EGP: The future of Europe

Capture d’écran 2016-02-15 à 09.44.12

D’European Green Party (EGP) hat Samschdes, den 13. Februar, op eng Sëtzung vum Aarbechtsgrupp “The Future of Europe” agelueden, presidéiert vum Monica Frassoni, Copresidentin vun der EGP. Eigentlech um Sëtz vun der EGP geplangt, huet d’Sëtzung op Grond vum groussen Interessi missen a méi e grousse Raum, am Mundo B zu Bréissel, verluecht ginn.

Vertrieder vu grénge Parteien aus ganz Europa haten sech zesummefonnt fir driwwer ze diskutéiere wou mer haut sti mam europäeschen Dram. Wat ass aus den Iddien, déi bei der Grënnung vun der EU wichteg waren, wéi Fridden, Mënscherechter, Demokratie… ginn? Virun allem fir Europäer, déi net weider mobil sinn, déi net vun der Beweegungsfräiheet profitéieren, déi Europa geschaf huet, zeechent sech een ëmmer méi negatiivt Bild vun Europa. Wéi kann een den ëmmer méi staarke Bewegunge vun Nationalisten a Populisten entgéintsteieren, wat ass haut nach un der europäescher Iddi attraktiv? Fir déi gréng ass et sécher, datt global Erausfuerderungen (Fridden, Klimawandel, Soziale Wuelstand, …) am beschte kënne gemeinsam bewältegt ginn. Et ass vill iwwert Begrëffer wéi Fräiheet a Sécherheet diskutéiert ginn.

E weidere Sujet war den Ëmgang mat engem méigleche BREXIT. Och wann den Datum vum Referendum nach net offiziell festläit, sou ass et awer wahrscheinlech, datt den 23. Juni 2016 a Groussbritannien ofgetëmmt gëtt. An de Sondage läit de Jo an den Nee zum Brexit no beieneen. Wann een awer berücksichtegt, datt vill Wieler nach onsécher sinn, da gesäit et sou aus wéi wann en Drëttel vun de Wieler wëll an der EU bleiwen, an een Drëttel wëll eraus goen. De leschten Drëttel decidéiert, op Grond vun allméiglechen Iwwerleeungen, mee net onbedéngt wéinst dem wat den Tusk an de Cameron mateneen ofgeschwat hunn.

Déi Britesch Gréng (GPEW) hunn hier Positioun, déi vun allen anere grénge Vertrieder gutt geheescht ginn ass, duergeluecht. Dem Donald Tusk seng Offer fir dem Cameron entgéint ze kommen, gëtt éischter negativ betruecht. Dëse Wee féiert weider an eng neoliberal Richtung a riskéiert och op d’Käschte vun de Rechter vun de Salariéen ze goen. Déi britesch Gewerkschaften halen sech mat enger Positioun zréck. D’GPEW engagéiert sech fir de Verbleif an der EU, och wa vereenzelt Mandatairë vun hinnen sech am Camp fir den Nee agedroen hunn. Gläichzäiteg freet d’GPEW och no Reformen an Europa, déi awer an eng diametral aner Richtung ginn, wéi dat wat de Cameron freet. Dem Cameron seng Grënn firwat Groussbritannien an der EU bleiwe soll, sinn net d’Grënn vun deene Gréngen. Et gëtt souwuel eng emotional wéi och eng economesch Debatt gefouert. Et geet drëm ze weisen, wat eis dat gemeinsamt Europa an der Vergaangenheet Positives bruecht huet a fir d’Zukunft brénge kann. Dem Tusk seng Proposë si keng Gewëssheeten ; do muss zum Deel och nach d’EU-Parlament säin Accord ginn.

D’Fro vun engem Europa, dat sech an ënnerschiddleche Vitessen an op ënnerschiddlechen Niveaue weiderentwéckelt stellt sech schonn haut, a wäert sech nach eng Kéier verstäerkt nom britesche Referendum stellen, egal wéi de Vote ausgeet. Als Konsequenz vum Vote unanime, ass Europa mat der Vitesse vun deene méi Luese virugaang : mat 28 Stëmmen ass e Konsens net einfach. D’EU ass wéi e Vëlo: wann e stoe bleift, fält en ëm. D’Fro vun den ënnerschiddleche Vitesse koum op, well mat der normaler Vitesse näischt méi virugaang ass, zum Beispill am Fall vum Euro oder dem Schengen Accord.

Fir d’Zukunft ass et wichteg, an Europa manner eis Eegenaarten ze prononcéieren, mee ze sichen, wat mer kënnen zesumme maachen, wat zesumme Sënn mécht.

Capture d’écran 2016-02-15 à 09.59.59

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

Visite du secrétaire général de l’OSCE

24669459025_fcf148c8bd_o

Le Secrétaire général de l’Organisation pour la coopération et la sécurité en Europe (OSCE), Lamberto Zannier, a informé les membres de la Commission des Affaires étrangères et européennes et de la délégation à l’Assemblée parlementaire sur les missions de l’OSCE.

Le monde est confronté à toute une série de défis globaux: terrorisme, migration, changements climatiques… L’OSCE cherche à soutenir la formation de coalitions entre pays pour affronter ces problèmes ensemble. Malheureusement le Secrétaire général a dû constater un retour à des stratégies géopolitiques à un niveau plus vu depuis la fin de la guerre froide. L’OSCE est la plus grande organisation de sécurité régionale du monde. Elle s’appuie également sur un volet parlementaire réunissant des députés de ses États participants.

M. Zannier a e.a. expliqué que la Bosnie-Herzégovine était un projet non encore accompli, qu’il fallait réformer le modèle bosniaque. Il a notamment parlé d’une réelle situation de ségrégation dans les écoles. Le concept des « deux écoles sous le même toit », était une idée de la Communauté internationale: d’un côté, les élèves bosniaques (musulmans) et de l’autre les croates (catholiques). Les négociations s’avèrent compliquées, vu que 17 ministres de l’éducation du pays sont concernés.

M. Zannier a donné aussi un bref résumé de la situation en Ukraine. Les progrès s’y 24041292014_f160221c6b_oannoncent très lentement. Il n’y a pas encore de date pour les élections dans la région du Donbass, les négociations entre séparatistes et le gouvernement s’avèrent difficiles, les réformes annoncées par le gouvernement se font toujours attendre. Une nouvelle constitution, qui devrait être votée début 2016, pour ensuite pouvoir réformer le système judiciaire, risque de ne pas trouver la majorité requise. L’OSCE compte presque 800 observateurs en Ukraine, la moitié étant concentrée à l’est du pays.

 

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

L’accord CETA: visite du négociateur en chef du Québec

24514842192_cca165e248_zLe mardi 26 janvier, Monsieur Pierre-Marc Johnson, négociateur en chef du Québec dans le cadre des négociations du projet d’accord économique et commercial global (AECG, plus connu sous l’abréviation anglaise CETA, Comprehensive Trade and Economic Agreement) entre le Canada et l’Union européenne, était en visite à la Chambre des Députés.

Lors de cette visite, Monsieur Johnson a notamment déclaré regretter que les discussions autour du mécanisme d’arbitrage des différends entre investisseurs et États (ISDS) en rapport avec TTIP aient fait oublier l’importance et le contenu de l’accord CETA. Il a ajouté qu’il considérait la réglementation des cours d’arbitrage du CETA comme étant le régime le plus progressiste qui soit. Cependant, il semble aussi comprendre les sensibilités qui ont été éveillées et les réactions qu’ont provoquées ces discussions autour des ISDS.

Le nouveau gouvernement canadien s’est ainsi positionné en faveur d’une signature des accords CETA dans les meilleurs délais et est prêt à ouvrir largement ses marchés publics à l’Europe. Les Canadiens ont, selon Monsieur Johnson, développé une culture de la concurrence et estiment que celle-ci doit aussi bénéficier aux contribuables. Le Canada veut évidemment profiter d’une certaine réciprocité, c’est à dire d’une ouverture des marchés publics européens, mais il s’avère qu’il considère les accords CETA surtout comme une étape lui permettant dans le futur d’obtenir des concessions concernant l’accès aux marchés publics américains.

Les négociations entre le Canada et l’Union européenne sont à présent terminées, du moins 24597004206_50a2042f00_zofficiellement. Le texte est à présent en cours de traduction dans les 23 langues de la Communauté et ces travaux sont très avancés, exception faite de la partie concernant les cours d’arbitrage. Cependant, il est à l’heure actuelle encore impossible de prédire la date de la signature de l’accord CETA.

 

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Cooperatiounspolitik*

Musse wéinst der méi grousser Zuel u Flüchtlingen déi an Europa kommen méi Suen an d’Kooperatioun fléissen?

– Kënne mer duerch eng intelligent Kooperatiounspolitik manner Migratioun kréien? Ech mengen, dat klappt kaum. Nach bis d’lescht Joer sinn déi meescht Demandeurs de protection internationale aus de Balkanlänner komm. Sécher ass de Kosovo e Land, wou et schwiereg ass ze liewen, mä et gehéiert net zu den äermste Länner vun der Welt an et ass och eigentlech keen typescht Zilland fir Kooperatioun. Et ass jo esou, datt déi meescht Demanden fir Asyl aus deem Land komm sinn. Wann een awer kuckt, wéi d’Unerkennung war, da gëtt dat schonn en anert Bild. Haut kommen déi meescht Flüchtlingen aus Syrien, dem Irak; wierklech och keng typesch Zillänner fir Kooperatioun. An do ass am Moment och guer net, leider guer net u Kooperatiounsstrukturen ze denken.

Éischte Constat also: D’Zillänner vun der Kooperatiounspolitik sinn net onbedéngt identesch mat deene Länner, wou déi meeschte Migranten hierkommen.

Déi Migranten, déi haut bei eis ukommen, sinn zu engem groussen Deel aus enger Mëttelschicht oder aus besser situéierte Milieuen. Och wa mer d’Gefill hunn, datt ganz vill Leit ënnerwee wiere bei eis, wësse mer, datt ganz vill Leit sech de Wee bis heihinner guer net leeschte kënnen. All mënschlech Katastrophen an der Vergaangenheet hu gewisen, datt et déi Leit sinn, déi sech eng Flucht emol fir d’Éischt finanziell konnte leeschten, déi déi gréissten Iwwerliewenschancen haten. Déi Äermst vun deenen Aarmen hu kaum d’Moyenen, fir ze flüchten, a scho guer net bis an Europa.

Zweete Constat also: D’Zilpopulatioun vun der Kooperatiounspolitik, déi Äermst vun deenen Aarmen, ass net direkt identesch mam Gros vun de Flüchtlingen, déi an Europa kommen.

Jo, an da gëtt et besonnesch an Afrika de Phenomeen vun de Communautéiten, déi all Suen zesummekrazen an hire beschte jonke Mann op de Wee an de Weste schécken. Wann deen dann a sengem Zilland ukënnt, da laascht op him den Drock, fir alles, wat seng Communautéit an hien investéiert huet, och erëm zréckzeginn. An do wier et wichteg fir Europa a fir déi betraffe Leit, wa mer eng Dier géifen opmaache fir eng legal Migratioun an Europa.

Mäin drëtte Constat: Jo, mir kéinten d’Flüchtlingskris e bëssen entschäerfen, wa mer an Europa legal Méiglechkeete fir Mënschen, déi net politesch verfollegt sinn, géife schafen, fir an Europa anzereesen an ze schaffen.

 

Wéi wäert d’Kooperatiounspolitik an der Zukunft ausgesinn?

Mir wëssen alleguer, datt d’Chancen net grouss sinn, datt d’Situatioun an de Krichsgebidder sech schnell wäert verbesseren. An eigentlech wësse mer och all, datt eng nei Well vu Flüchtlinge bevirsteet, wa mer et net dréngend fäerdegbréngen, Fortschrëtter an der Klimapolitik ze erreechen. Zwee Grad Äerderwäermung, dat schaaft scho ganz vill Problemer. Mä wa mer emol net dat Zil géifen erreechen, da géife ganz Stied a Géigenden, wou haut nach Millioune Leit wunnen, ganz einfach onbewunnbar ginn.

Duerfir ass et och fir eis ganz wichteg, datt eis Regierung de Wee zu méi Klimaschutz konsequent weidergeet, déi nei Weeër a positiv Auswierkungen op d’Wirtschaft an d’Aarbechtsplazen an d’Fënster stellt an déi Chancen, déi sech doraus erginn, och notzt.

Kooperatiounspolitik bedreiwe mir net als Selbstzweck. D’Hëllef sollt ëmmer hannerfrot ginn, a mir musse kontrolléieren, fir dass eis Suen sou gutt wéi méiglech agesat ginn; Lëtzebuerg huet eng gutt Renommée. Mir hunn an deene leschten 30 Joer vill geléiert, an zesumme mat eisen ONGen wäerte mir och weider bäiléieren. Mir hunn e gesond Verhältnis tëscht multilateraler a bilateraler Hëllef geschaf, an als räicht Land sollte mir eis weider engagéieren. An Zukunft wäerte mir probéieren, eis nach méi wéi bis elo ob déi äermst Länner ze fokusséieren well eng Rei sougenannte Schwellelänner mëttlerweil an der Positioun si, fir selwer méi fir hier benodeelegt Regiounen a Populatiounen ze maachen.

Wat fir eng Bedeitung hunn déi nei global Ziler vun der UN?

Poster realiséiert vun de Schoulkanner vun der Angsber Schoul

Poster realiséiert vun de Schoulkanner vun der Angsber Schoul

Déi al Millennium Ziler vun der UN goufen am September duerch déi nei Nohalteg Entwécklungs Ziler ersat. D’Millenniumsziler goufen zwar net all erreecht, mee et huet sech awer villes positiv verännert: et gëtt Fortschrëtter bei der Bekämpfung vun der Kannerstierflechkeet, bei der Reduzéierung vun der extremer Aarmut a bei der Aschoulung. Déi nei Objektiver markéieren allerdéngs e wichtege Paradigmewiessel: si si vill méi breed opgestallt a betreffen net méi just déi sougenannten Entwécklungslänner, mee all d’Länner, also och d’Industrielänner. An si verknäppen de Kampf géint Aarmut an Ongläichheet z.B. och mam Klimaschutz.

Ass fairen Handel eng Méiglechkeet fir eppes géint d’Ausbeutung vun de Leit ze maachen?

Jo! Produiten aus fairem Handel ze kafen, ass fir eis vläicht just e klenge Geste, mee et ass awer ee Geste dee jidderee ka maachen, an deen d’Produzenten schützt an ënnerstëtzt.

Wou mer kënnen, solle mer op regional a lokal Produiten a wa méiglech op Produiten aus der biologescher Landwirtschaft zréckgräifen. Dat geet bei Kaffi, Kakao, Banannen… net, an do solle mer eis da beméien, déi Produite mam Label vu Fairtrade ze huelen.

Mir huelen nach ëmmer a Kaf, datt a villen Deeler vun der Welt d’Ausbeutung vun de Leit mat ëffentleche Gelder finanzéiert gëtt. Et ka jo keng Fro vum Präis sinn, wann an ëffentleche Verwaltungen an op Gemengen nach ëmmer Kaffismaschinne stinn, wou de Kilospräis vun de Kaffiskapselen tëschent 80 an 90 Euro läit, ganz ofgesi vun der ökologescher Bilanz vun der Verpackung.

Eis Administratioune kennen a mussen hei mam gudde Beispill virgoen, an an deem Sënn begréissen ech et, dass d’Chamber sech och lues awer sécher op fair Liewensmëttel ëmstellt.

*Interview duerch déi gréng
Veröffentlicht unter Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Ebooks pour bibliothèques publiques

Capture d’écran 2015-11-27 à 17.22.55Les bibliothèques publiques (BP) étaient demandeurs de mettre en place une offre attrayante et adaptée de livres numériques à leurs publics dans un tout proche avenir. A elles seules, les BP n’ont ni les ressources financières ni les ressources humaines pour réagir de façon adéquate à la réalité des ebooks à laquelle elles sont confrontées.

Un groupe de travail du Conseil supérieur des Bibliothèques (CSBP) publiques a analysé la situation luxembourgeoise en détail et a proposé de mettre en oeuvre un projet pilote d’une durée de 24 mois.

La mise en oeuvre du projet, prévue pour janvier 2015, puis reportée aux Journées du livre 2015, a finalement démarré en juin 2015. Le projet pilote a été officiellement présenté lors des Walfer Bicherdeeg, le samedi 21 novembre 2015.

Le projet repose sur les connaissances techniques et administratives du département informatique de la Bibliothèque nationale de Luxembourg (BnL) et sur un budget d’acquisition de 75.000€ mis à disposition par la BnL, auquel s’ajoutent les contributions des bibliothèques qui participent au projet avec un montant de 60.450€. La promotion du projet ebooks est financée par les BP (13.750€) et la BnL< (29.300€).

Le lancement du projet ebooks aux Walfer Bicherdeeg n’a connu aucune retombée médiatique. L’idée de lancer le projet dans ce cadre, qui avait séduit tout le monde n’était peut-être pas si bonne qu’on ne l’avait pensé. La présentation, qui reposait sur un discours très engagé de la présidente du groupe de travail du CSBP, n’était pas accompagnée d’une démonstration pratique “Comment avoir accès au ebook des BP”, comme je l’avais espéré.

Comment accéder aux ebooks de votre bibliothèque publique?

Il faut:

  1. S’inscrire dans une des 12 bibliothèques partenaires*
  2. Créer une ID Adobe
  3. Télécharger et installer une appli Reader

Et oui, malheureusement les BP ne peuvent pas prêter sur les supports Kindle (Amazon). Amazon préfère vendre des livres ou bien invente son propre système de prêts (membres premium sous certaines conditions et dans certains pays seulement).

 

*Bibliothéik Eschduerf ; Bibliothèque municipale de Differdange ; Bibliothèque municipale de Grevenmacher ; Bibliothèque publique régionale de Dudelange ; Bibliothèque Tony Bourg ; Cité Bibliothèque Luxembourg ; Escher Bibliothéik ; Ettelbrécker Bibliothéik ; Mierscher Lieshaus ; musel sauer mediathéik ; Ourdall Bibliothéik ;
Bicherbus
Veröffentlicht unter Kultur | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Audiovisual Media Services Directive

At the Saeima with Lolita Čigāne  Chairperson of the European Affairs Committee

At the Saeima with Lolita Čigāne
Chairperson of the European Affairs Committee

Le meeting interparlementaire „Audiovisual Media Services Directive : Still strengthening the single market or creating vulnerabilities?“, était organisé par la Commission des Affaires européennes de la Saeima lettone à Riga. La directive sur les services de médias audiovisuels (SMA) qui est au cœur de la régulation des médias européens était au centre des discussions.

Le Luxembourg, comme « global player » sur le plan des médias audiovisuels, a évidemment un intérêt à assister à des débats internationaux à ce sujet. Ainsi il est intéressant de savoir que le principe du pays d’origine n’a été mis en question à aucun moment et par aucune des délégations.

Les pays baltes se voient confronter à ce qu’ils appellent une propagande permanente par des médias russes, établis en Suède pour la plupart. Ils disent constater une tendance préoccupante qui veut que les médias deviennent progressivement un outil puissant de propagation de la haine, de l’intolérance et de la propagande. Face au contexte de la nouvelle réalité technologique et géopolitique, la révision de la directive SMA est bienvenue.

La délégation lettone avait présenté une ébauche de proposition pour une « carte verte » à adresser à la Commission européenne dans le cadre du dialogue politique existant. Par cette proposition, elle tenait à attirer l’attention sur plusieurs aspects problématiques de la réglementation actuelle en ce qui concerne le niveau de protection contre l’incitation à la haine. Il a été décidé d’envoyer cette proposition avec son argumentaire aux délégations nationales représentées à la conférence. Après discussion, cette proposition sera retournée à la Commission des Affaires européennes de la Saeima.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Débat interparlementaire sur la crise de migration à Bruxelles, le 10.11.2015

Mon intervention au débat:

„Merci aux orateurs…

Je partage les vues de M. Jean Asselborn, le ministre des Affaires étrangères, de ~9224164l’Immigration et de l’Asile luxembourgeois : Les dangers pour l’Europe, pour ce que nous avons appelé jadis le rêve européen, sont réels, si nous oublions les valeurs qui sont à la base de la création de l’Union. L’accord de Schengen, qui reste à mes yeux un des plus grands succès européens, est menacé. Un nationalisme exagéré de certains pays pourrait nous mener à de nouvelles guerres en Europe.

Gérer les défis de la migration exige plusieurs choses de nous :

  •  Le respect des droits de l’homme doit être considéré comme une obligation pour nous tous. En font partie : Le respect du principe de non-refoulement, le droit de ne pas être soumis à des traitements inhumains ou dégradants, le droit de ne pas être détendu arbitrairement, le droit au respect de la vie privée et familiale, le droit à un recours effectif…
  • Les questions de migration et d’asile exigent une réponse commune : commune des pays de l’UE, mais aussi commune avec les voisins de l’UE.
  • Il n’existe pas de solution miracle. Soyons sincères avec nos citoyens, avec nos électeurs : Il faut faire des efforts budgétaires et humanitaires, il n’y a pas d’autre voie.
  • Ne nous laissons pas tenter par le retour aux frontières fermées, à un nationalisme qui nous a mené trop souvent à l’impasse, voire à la guerre.

Le Luxembourg a accueilli 374 demandeurs de protection internationale en septembre 2015, 381 en octobre 2015. Ces chiffres sont évidemment inférieurs à ceux des pays des Balkans, mais je vous rappelle que le Grand-Duché compte un peu plus de 500 000 habitants et qu’il s’agit de personnes qui ne sont pas de passage mais qui veulent rester…

Un récent sondage au Luxembourg nous a dit que :

76% des habitants de mon pays disent que le Luxembourg a un devoir moral d’accueillir des réfugiés.

62% sont d’avis qu’il existe actuellement un grand élan de solidarité du Luxembourg en faveur de l’accueil de réfugiés.

Accueillir et répartir les migrants est notre devoir. Evidemment ce n’est pas la solution du problème à moyen ou à long terme. Relancer la diplomatie dans le Proche et Moyen Orient, créer des perspectives d’avenir pour les pays d’Afrique restent des missions tout aussi importantes et urgentes.“

J’étais invité à prendre le déjeuner en compagnie de M. Elmar Brok, président de la Commission des Affaires étrangères du Parlement européen et des représentants des différents parlements nationaux présents à la réunion. Et oui, les entretiens non publics sont aussi intéressants! J’ai encore assisté à l’exposé de M. Fernando Gentilini, représentant de l’UE pour le processus de paix au Moyen Orient (il ne faut pas avoir de négociations, juste pour dire qu’il y a des négociations), puis j’ai pris le train pour retourner à Luxembourg. Le train avait 15 minutes de retard au départ à Bruxelles et 45 minutes à l’arrivée :-((.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

Wahlsonndeg zu Odessa

De Wahlbureau dee mir eis duerch den Zoufallsprinzip erausgesicht hate fir bei der Ouverture derbäi ze sinn, hat Problemer alles fir 8 Auer opgeriicht ze kréien. Et stounge schonn eng ganz Rei Leit virun der Dier ze waarden, wéi dunn endlech um 20 op 8 alles op senger Plaz war an déi éischt Wieler konnten erakommen.

An engem Wahlbureau zu Odessa

An engem Wahlbureau zu Odessa

Dat war awer och schonn all Onregelméissegkeet, déi mer op eisem Tour duerch eng gutt 10 Wahlbureaue begéint sinn. Am Bezierk Odessa schingt de Wahlprozess friddlech an ouni Tëschefäll iwwert d’Bühn gaangen ze sinn, dat hunn eis am fréien Owend och eis LTOen (Long Time Observer), déi d’Koordinatioun vun der Missioun haten, iwwer Telefon gemellt. All Wieler konnt jee ee Kräiz maache bei engem vun den 42 Kandidate fir de Buergermeeschterposte vun Odessa, bei engem vun den 20 Spëtzekandidaten déi d’Parteien opgestalt hate fir de Gemengerot a bei engem vun de 16 Spëtzekandidate vun der Regioun. D’Bureaue ware vun 8.00 bis 20.00 Auer fir d’Wieler op. D’Leit vun de Wahlbureauen hunn en immens laangen Aarbechtsdag. Si musse schonn um 6.00 AuerCapture d’écran 2015-10-26 à 18.10.59 um Poste sinn, a si däerfen net aus dem Wahlbureau eraus, bis ausgezielt ass. Bei iwwer 2000 Wieler pro Wahlbureau, krute mer gesot, dat ging wéinstens 4 Stonnen daueren, wann alles gutt geet. Natierlech sinn d’Memberen aus de Wahlbureauen, déi net ausgewiesselt ginn, owes midd, an do kann d’Konzentratioun scho mol noloossen.
Mir si just bis 22.00 Auer bei der Auszielung bliwwen, e.a. och well meng Teamkollegin aus der tscheschecher Republik scho Méindeg de Moien um 5 Auer op de Fluchhafe gefuer ass fir heem ze fléien.

Capture d’écran 2015-10-26 à 18.02.13D’Wahlresultat wäert ech an der Press gewuer ginn, an ODIHR/OSCE huet eng Pressekonferenz fir Méindeg am Nomëtteg aberuff, fir eng éischt Evaluatioun vum Oflaf vun de Wahlen ze ginn. Mäi Bericht ass natierlech ee positiven. Gespaant sinn ech iwwert d’Wahlbedeelegung, do sinn d’Meenungen an de Wahlbureaue wäit ausernee gaang. Mir ass opgefall, datt virun allem eeler Leit wiele gaang sinn, do wier ech nawell gespaant, op den Androck richteg ass oder net.

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Hinterlasse einen Kommentar

Meeting Lena Zhuravlova*

IMG_9081Je vous ai rencontré dans votre studio de yoga…

Lena: Je suis professeur de yoga à Kiev, avec une expérience internationale. Je propose des cours de hatha-yoga (style classique) en Français et en Anglais pour des groupes, des individuels et des entreprises. Les cours en Anglais sont actuellement complets, pour les cours de Français, il y a encore des places libres.IMG_9079

Vous avez vécu avec votre mari en France et en Autriche, puis vous vous êtes réinstallés à Kiev.

Lena: Après les événements de Maidan de 2013 qui ont abouti à la seconde révolution ukrainienne en février 2014, nous avons décidé de vivre à Kiev. Nous sommes très optimistes et confiants que l’Ukraine va avoir un bel avenir européen. Nous aimons bien vivre à Kiev.

Votre amie Irina m’a dit qu’elle ne voulait pas se déplacer plus de quatre heures en train pour aller aux urnes le dimanche. Et vous, vous allez voter ?

IMG_9083Lena : Bien sûr, je vais me rendre dans mon bureau de vote pour soutenir ceux qui travaillent pour le renouveau du pays. Les réformes doivent être menées à fond, je veux aider à la construction d’un meilleur avenir pour mon pays. Le processus de renouveau devrait avancer plus rapidement.

* le vendredi, 23 octobre 2015
Veröffentlicht unter Verschiddenes | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Odessa een Dag virun de Wahlen

Am Summer ass hei ganz vill lass.

Am Summer ass hei ganz vill lass.

Den Hotel wou mer logéiert sinn, ass 5 km vum Zentrum vun Odessa ewech. Am Summer ass et eventuell interessant hei, well mer no beim Mier a bei enger ganz beléifte Summervakanzenavenue sinn. Elo Enn Oktober sinn et 13°C an déi meescht Geschäfter, Bistroen a Restaurante sinn zou. Schued, Odessa huet méi ze bidden.

Ech war och nach ni op enger Wahlbeobachtermissioun, déi esou schlecht organiséiert war ewéi dës. Et ass mir och onverständlech, firwat mir Interprete vu Kiev mat op Odessa bruecht hunn. De Fliger an d’Ënnerbréngung kaschten dräimol méi wéi déi Leit verdingen. En plus ass et ëmmer een Avantage wann den Interpret d’Géigend kennt, wou mer an d’Wahlbureaue ginn. Dat ass dës Kéier net de Fall.

Well um Samschdeg Mëtteg näischt um Programm stoung, hunn ech mer iwwer Dreizackreisen eng Féierung duerch Odessa organiséiert. Zu Odessa gëtt et ganz vill verschidde Kierchen, eng kleng armenesch Kierch, eng grouss griichesch-orthodox Kierch, eng Synagog, eng Moschee…., alles no beieneen an ouni Problemer.

Restaurant zu Odessa

Restaurant zu Odessa

Odessa ass ëmmer eng ganz international Stad gewiescht, wou Toleranz grouss geschriwwe gouf. Ëmsou méi schrecklech sinn d’Evenementer vum 2. Mee 2014 vun den Awunner erlieft ginn, wéi d’Affrontementer tëschent prorusseschen a proukrainesche Manifestanten eskaléiert sinn an 48 Menschen d’Liewe kascht hunn. Dat waren déi bluddegst Evenementer zu Odessa zanter 1918. Duerno ware nach regelméisseg Explosiounen zu Odessa ze héieren, déi awer ni méi Mënscheliewe kascht hunn, an et sinn och nach ëfters proseparatistesch Demonstratiounen zu Odessa. Am Summer 2014 ware guer keng Touristen zu Odessa, dëse Summer waren der erëm méi do wéi je virdrun.

Wéi ech duerch d’Stroosse vun Odessa gaange sinn, hunn ech wierklech näischt vu Spannunge gespuert. Am Géigendeel, et ware vill Leit ënnerwee, d’Restauranten an d’Caféë ware gutt besicht, et ass gelaacht an diskutéiert ginn.

IMG_9135

IMG_9134

Ee jiddeschen Orchester spillt am Park

Meng Guide huet mer e bëssen aus dem Liewen zu Odessa erzielt. Zum Beispill verdéngt ee Schoulmeeschter hei ronn 150 Euro de Mount, sot si wéi mer grad virun enger Fënster stoungen, wou eng Jeansbox zu deem Präis ausgestallt war. Nieft dem Léierpersonal verdingen och d’Dokteren extrem schlecht. Dofir bréngen d’Leit dem Dokter Sue matt, wann se an d’Ënnersichung ginn. Ganz schwiereg gëtt et, wann ee Familljemember richteg krank gëtt. Da muss d’Famill all Suen zesummekraatzen, fir dem Kranken ze hëllefen. Déi meescht Leit hu méi wéi ee Beruff. D’Privatindustrie bezillt vill besser wéi de Staat. Et gëtt och eng ganz Rëtsch räich Leit zu Odessa. Et ass immens schwéier, d’Korruptioun ze bekämpfen, wann d’Léin esou niddreg leien. Ee Fluchticket vun Odessa op Istanbul kascht schonn zwee Joer laang ongeféier 200€, mä well den Hrivna (déi ukrainesch Währung) esou vill Wäert verluer huet, gëtt et fir d’Ukrainer ëmmer méi deier. Vum 25. Oktober 2015 un, gëtt et keng direkt Fluchverbindunge méi tëschent Russland an der Ukraine, eng Decisioun déi d’Liewe fir eng Rei Leit méi komplizéiert mécht.

Vill Leit verspriechen sech guer näischt méi vun de Wahlen. Si wielen net deen, deem se am meeschte Vertrauen entgéint bréngen, mee deen, deen se als dat klengsten Iwwel gesinn.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar