PISA 2015 – näischt Neies

capture-decran-2016-12-07-a-19-18-33PISA 2015 bestätegt dat, wat mer aus allen PISA Etude virdru scho kennen:

  • – Eis Schüler schneiden am internationale Verglach éischter schlecht of. Mir leien ëmmer ënnert der OECD-Moyenne.
  • – Eise Schoulsystem léisst grouss Ecarten bei de Schüler zou. Dës Ënnerscheeder erklären sech duerch den Migratiounshannergrond an/oder de sozio-ekonomesche Milieu. (Erklären heescht net entschëllegen.)
  • – Eis Resultater sinn konstant. Si sinn net besser ginn, awer och net méi schlecht.

PISA 2018 wäert wahrscheinlech net vill aner Resultater liwweren. Sollte mer vläicht einfach ophalen, dës Tester an eise Schoulen duerchzeféieren? De PISA Test muss kritesch gekuckt ginn, do sinn ech ganz d’accord. Virun allem de Ranking werft en ongerecht Liicht op d’Situatioun zu Lëtzebuerg: Eis Sproochesituatioun an eis Populatioun sinn esou komplex wéi a kengem anere Land!

Trotzdem sollte mer eis net vun dësem Evaluatiounsprozess lasskoppelen, mee einfach léieren, mat de PISA-Donneeën richteg ëmzegoen. Mir kréien awer eng Rei Donneeën, déi interessant sinn, a mir hunn –och dank PISA, eng gewëss Exzellenz am Monitoring opgebaut. De Ranking ass do éischter niewesächlech. Am Lännervergläich ass eis Schülerpopulatioun nach ëmmer ganz aussergewéinlech. Et ass schonn e Succès, datt mir et fäerdegbréngen, eis Leeschtungen ze halen, obschonn eis Schülerpopulatioun sech an de leschte Joren vill gewandelt huet.

Wann een op Ballungszentren an Europa kuckt, da stellt ee fest, datt an aneren europäeschen Groussstied d’Situatioun der vun Lëtzebuerg gläicht. Zu Berlin, zu Wien, zu Bréissel,… si bal esou vill Schüler mat Migratiounshannergrond ewéi zu Lëtzebuerg. Och bei hinnen ass d’sproochlech Situatioun komplex. Och duerfir ass et wichteg, bei internationale Studien matzemaachen. Di kruzial Fro ass a bleift déi vun eise Sproochenexigenzen. Hei hoffen ech op wäertvoll Erkenntnisser aus der neier ëffentlecher internationaler Schoul zu Déifferdeng. Wa mer all Efforten méi flexibel mat eisem „apprentissage des langues“ ëmzegoen ofleenen, well mer fäerten, da géing den Niveau erof goen, da leie mer ganz einfach falsch, a riskéieren eis Schüler ze benodeelegen.

 

Dieser Beitrag wurde unter Educatioun abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Hinterlasse einen Kommentar