D’Zukunft vum Archivage : Erausfuerderungen a Chancen

Table ronde avec Andreas Fickers (Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, C2DH), Josée Kirps (Archives Nationales), Jean-Marie Ottelé (industrie.lu), Joëlle Weis (Université du Luxembourg) ainsi que d’autres invités.

Table ronde avec Andreas Fickers (Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, C2DH), Josée Kirps (Archives Nationales), Jean-Marie Ottelé (industrie.lu), Joëlle Weis (Université du Luxembourg) ainsi que d’autres invités.

Archiven si Muechtzentren : do gëtt schonn haut decidéiert, wéi eng Vergaangenheet eis an Zukunft zur Verfügung steet. Traditionell besteet hir Haaptfunktioun an der Konservéierung vun historeschen Dokumenter. Dat bedeit, datt d’Archiven decidéieren, wat versuergt a wat vernicht gëtt, an sou a gewëssem Mooss eis Geschichtsschreiwung beaflossen. An enger Zäit an där Transparenz grouss geschriwwe gëtt, kréien d’Archiven donieft och ëmmer méi d’Roll vun engem Service public. D’Roll vun den Archiven zu Lëtzebuerg huet sech an de leschte Jore weiderentwéckelt. Eng wichteg Ännerung an der Perceptioun vun den Archiven ass op d’Grënnung vun der Uni Lëtzebuerg zréckzeféieren. Doktoranden a Chercheuren, z. B. vum Institut fir zäitgenëssesch Geschicht, hunn no Quellen am Archiv gesicht an dobäi sou munch Lacunne siichtbar gemaach. An de leschte Jore goufen duerfir enorm Efforte gemaach fir dës ze behiewen.

Archive solle benotzt ginn, duerfir ass et wichteg en einfachen Zougang ze schafen an dem Bild vun den Archiven als helleg Plaz entgéint ze wierken. Et gëtt eng grouss Hemmschwell fir d’Benotze vun Archiven, wat mat Rituale verbonnen ass, déi een duerfir muss kennen. Ausserdeem funktionéiert en Archiv net ewéi eng Google-Sichmaschinn, wou een e Begrëff agëtt an innerhalb vu Sekonnen all méiglech Informatiounen ugewise kritt. Inventaire sinn néideg, fir (um Internet) trotzdem relativ schnell ze fanne wat ee sicht. E Phenomen dat am gaangen ass den Archivage grondleeënd ze veränneren ass d’Digitaliséierung. D’Digitaliséierung versprécht méi Notzerfrëndlechkeet a spillt och eng wichteg Roll an der Perceptioun vun Archiv als service public.

Den Zougang, accessibility, steet dobäi am Virdergrond a baut och e gewëssen Drock an Erwaardungen op. Wat a wéi vill soll digitaliséiert ginn ? Ass d’Zil fir 100% ze digitaliséieren? E plan stratégique deelt d’Prioritéit momentan Fongen zou, déi an engem schlechten Zoustand sinn oder vill consultéiert ginn. Eng ganz Rei Kritären, och Ressourcen, gi mateneen a Verbindung bruecht fir eng Decisioun zur Digitaliséierung vun engem Fong ze huelen. Eng weider Erausfuerderung vun Digitaliséierungsprozess ass, dat en digitaalt Dokument vill méi fragile ass, wéi alles wat et analog gëtt. D’Bedeitung vun de Quelle verännert sech : eng Quell gëtt am Archiv net méi zum Dokument, mee zur enger Donnée. D’Fro, wat en Original a wat eng Fälschung ass, ass elo vill méi schwéier ze beäntweren. D’Fro no der Integritéit vun Donnéeë réckelt an de Virdergrond, dëst verlaangt och nei Fähegkeete vu Studenten am Beräich vun der Archivéierung. Den internationale Standard ass bis haut d’Microfiche.

Dem Chercheur soll alles zur Verfügung stoen, mee d’Bestëmmungen zum Dateschutz mussen natierlech respektéiert ginn. D’Problematik vum Dateschutz ass besonnesch am Bezuch op d’Digitaliséierung méi komplex ginn: wiem gehéieren z. B. d’Droit d’auteurs vu Fotoen, déi an enger Fotothéik sinn, wou awer d’Original nach a privaten Hänn ass. En anere Volet ass, dat verschidde Quellen nëmmen un en Archiv weidergi ginn ënnert der Konditioun, dat d’Dokument nach net verëffentlecht gëtt (z. B. CNL). Och ze beuechte sinn d’Ënnerscheeder an der Legislatioun vun anere Länner, notamment den USA.

Ech sinn, wéi den Andreas Fickers vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, der Meenung, datt et net drëm geet, déi nei Technik an den Himmel ze luewen oder ze verdamen. D’Technik ass en Outil, et ass un eis, eis mat der Fro auserneenzesetzen, wéi mir domat ëmginn. En neit Gesetz iwwert den Archivage ass um Instanzewee. De Gemengen ass an dësem Gesetz fräigestallt wéi an ob si un den Archivage eruginn. Dat ass engersäits verständlech : vill Gemengen, besonnesch déi kleng, wieren iwwerfuerdert mat de strenge Kritäre fir den Archivage. Anerersäits gesäit et net all Gemeng t’selwecht noutwendeg a wichteg fir eng gutt Archivéierung ze maachen. Wien decidéiert, wat versuergt gëtt, a firwat? De Schäfferot? Dëst schéngt mir eng geféierlech Piste, well Muecht zu Muechtmëssbrauch verleede kann. Vill Gemenge wieren och frou, wann si wéisste wat a wéi si sollen archivéieren, wat versuergen, wat zerstéieren. D’Gemeng Réimech huet eng Konventioun mam Nationalarchiv, d’Gemeng Déifferdeng huet een diploméierten Archivar agestallt. D’autonomie communale ass fir mech hei net de richtegen Usaz. Et geet net drëm de Gemengen d’Liewe schwéier ze maachen, mee hinne bei dëser komplexer Missioun ze hëllefen.

(Gedanken zu de Beiträg um Forum „Des archives pour l’ère digitale. Défis et opportunités“ vum 11. Februar 2017)

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Politik abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Hinterlasse einen Kommentar