En français svp?

Konferenz Méisproochegkeet um Aarbechtsmaart:
Dënsdeg, den 28. Mäerz um 19:00 Auer am Forum Da Vinci

Mir stelle fest, datt graff vereinfacht, zu Lëtzebuerg 100.000 Lëtzebuerger schaffen, 100.000 net-Lëtzebuerger Residenten an 200.000 Frontalieren. Datt ënnert deene Prämissen a ville Betriber wéineg Lëtzebuergesch geschwat gëtt, ass net verwonnerlech. An enger globaliséierter Welt ass dat och kaum ze änneren. Huele mer mol e Betrib ewéi d’Good Year, e Betrib dee mëttlerweil bal 70 Joer hei am Land ass. Do schaffen haut méi ewéi 3000 Leit, dat ass ee vun de gréisste Privatbetriber am Land. Ech weess net wéi eng Sproochen an der Produktioun geschwat ginn, ech weess awer, datt déi éischt offiziell Sprooch vun dësem Betrib weder Lëtzebuergesch nach Franséisch, mee Englesch ass. [1]

Bei der Gesellschaft Luxtram, déi den Tram bedreift, ass déi operationell Sprooch franséisch, sou datt d’Mataarbechter vu Luxtram dës Sprooch musse beherrschen. Si missten d’Regelen an d‘Sécherheetsprozedure vum Tram kënne verstoen an déi wieren eben op franséisch, esou de Minister.

Dat sinn zwee Beispiller déi weisen, datt mer eis Sprooch solle fërderen, mee näischt kënne forcéieren a vun uewen erof diktéieren.

Wat bedeit eng Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch fir den Aarbechtsmaart ? Wat sinn déi eenzel Uspréch an deene verschiddene Wirtschaftssecteuren ? Wéi gesäit eng erfollegräich Sproochegestioun an der Entreprise aus ? Fir op dës a weider Froen anzegoen huet déi gréng Stëftung op eng Table ronde agelueden. Um Plateau sinn : De Fernand Fehlen, Chercheur an Auteur zu deem Sujet, a 5 Vertrieder vu grousse Betriber déi Responsabilitéit an de Ressources humaines droen. D’Moderatioun gëtt assuréiert vun der Journalistin Bérengère Beffort vum Lëtzebuerger Wort.

De Rendez-vous ass: Dënsdeg, den 28. Mäerz um 19 :00 Auer am Forum Da Vinci an der Stad.

[1] Extrait aus menger Chamberried am Kader vun der Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch, den 15. März 2017

Dieser Beitrag wurde unter Politik abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

2 Antworten zu En français svp?

  1. Anderson Alexandria schreibt:

    Gudden Owend Haer Adam,

    Ech wende mech un Iech , well ech net mei weess wat ech soll machen.
    Ech sinn seit 30 Joer matt menger fra zesummen, Sie ass Schottin a wunt och 30 Joer hei zu Letzebuerg.
    Lescht Joer am November huet Sie decideiert , Letzebuergerin ze ginn. Sie huet laut dem alen Gesetz hire cour civique gemach.Duerno hu mir zesummen geleiert, Sie wor net an engem cour,ma well Sie scho Letzebuergesch konnt schwetzen,hu mir 3 Meint all Dag geleiert, a si huet dunn hiere sprochentest absolveiert, den Sie och gutt gepackt huet!Sie huet hir attestatioun kritt, ,lescht Woch, wou drop steet dat Sie avec succes gepackt huet!
    Elo, muss Sie awer erem an e cour goen ,24 stonnen, ouni examen, Sie kritt hire sprochentest net mei unerkannt!

    Wat fir Gesetzer gin hei am Land gemach? Wat soll dat ganzt, d’Leit examineieren an duerno koennen Sie di Fatz attestatioun an den Dreckseemer geheien!

    Wei huet den Haer Stephane Bern dat da gemach?, a schon virun engem mount seng letzebuerger Nationaliteit annonceiert!Vlaicht kennt dir mir eng Aentwert ginn, an entschellegt mai Letzebuergesch, ech hun dat nie geleiert schreiwen, als Stackletzebuerger!

    Meng Roserei ass grouss, ma ech sin net beis mat Iech.

    A bon entendeur
    Nic Ludowicy

    • clauderadam schreibt:

      Gudden Owend,
      Merci fir aere Message.
      Ech verstinn, datt der rose sidd, mee fir ze verstoen, wat genee gelaf ass, bräicht ech nach e puer Donnéen vun iech:
      1. Hutt dir d’Demande virum oder nom 1. Abrëll eraginn ? Vum 1. Abrëll unn sinn d’Bestëmmungen vum neie Gesetz a Kraaft.
      2. Demande en Option oder Naturalisation ? wann Option, wat fir e Cas de figure ?
      3. Et mécht och wahrscheinlech och een !ennerscheed op dir bestued sidd oder net an ob dir mannerjähreg Kanner hutt oder net.
      4. War dat Sproochenzertifikat vun enger Institutioun mat oder ouni Agrément ausgestallt?
      Matbeschte Gréiss,
      P.S.: Dir kënnt mer awer och gären uruffen op den 691320556, dat ass vläicht nach méi einfach.
      MbG
      Claude Adam

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s