Debatt an der Chamber iwwert 3 Motiounen zum CETA-Accord (7. Juni 2016)
De Sträit ronderëm d’TTIP Ofkommes tëschent den USA an Europa huet d’Ëffentlechkeet esou vill beschäftegt, datt op een Hoer den Handelsaccord mat Kanada, den CETA-Accord, iwwert d’Bühn gaange wier ouni dat een et gemierkt hätt.
CETA ass net TTIP. Kanada ass, gemooss un der Fläch, dat zweetgréisst Land op der Welt. Mat 35,8 Milliounen Awunner huet et awer nëmmen e Brochdeel vun den Awunner vun den USA an ass domat en däitlech méi klengen Handelspartner. Déi kanadesch Politik, a besonnesch de neie kanadesche Premier, den Justin Trudeau, setzen aner Akzenter wéi hir amerikanesch Konterpartien. Den CETA-Text, wéi en elo virläit, gouf allerdéngs vun der EU mat der konservativer Regierung virdrun ausgehandelt.
Den CETA baut Taxen of, dat ass eppes wat allgemeng éischter begréisst gëtt. Et bleift awer ofzewaarden op dëse Virdeel déi sëllech Kritikpunkte kann opweien. Ee Punkt dee scho vill diskutéiert gouf, ass d’Aféiere vu Schiidsgeriichter duerch den Accord. Ursprénglech goufen d’Schiidsgeriichter agefouert fir Investisseuren ze schützen déi bereet waren, mat sou enger Garantie, a Länner mat stabiller Korruptioun a wackeleger Justiz ze investéieren. Am Fall vum CETA-Accord hu mir et awer mat Länner ze dinn, déi wéineg bis keng Korruptioun kennen an op eng onofhängeg Justiz kënnen zeréckgräifen. Wie soll also hei viru wat geschützt ginn? Et gi Stëmmen déi argumentéieren dat de Justizsystem a verschiddenen europäesche Länner net grad sou onofhängeg ass, wéi se sollten. An dësem Fall sinn awer Reformen an dëse Länner gefrot a net en Investment Court System (ICS). Den ICS ass wuel eng Weiderentwécklung vun den Investor-State Dispute Settlement Mechanism (ISDS) a kënnt opgrond vu méi Transparenz, Professionalitéit an Objektivitéit engem „richtege“ Geriicht méi no. D’Fro bleift awer, ob mir sou Geriichter wierklech brauchen.
Eng weider Fro ass, ob dës Geriichter iwwerhaapt mat den europäeschen Traitéen kompatibel wieren. D’Meenungen zu dësem Thema ginn auserneen. Bis et dozou eng kloer juristesch Äntwert gëtt, misst eigentlech den europäesche Vorsorgeprinzip gräifen, an dat géif bedeiten dat mir d’Fangeren dervu loossen. Wa mir d’Fro vun der Noutwendegkeet an der Kompatibilitéit vun esou Geriichter kuerz op d’Säit stellen an vun hirer Aféierung ausginn, mussen ënner allen Ëmstänn am Virfeld d’Critèren, ënner deenen d’Geriicht operéiert, gekläert ginn. D’Riichtere mussen onofhängeg sinn, de code de déontologie muss um Dësch leien an et muss och kloer sinn, wéi dës Riichter bezuelt ginn. D’Modalitéiten, wéi se aktuell virgesi sinn, loossen do nach ze vill Froen op.
Och d’EU Kommissioun deet sech schwéier mat kloren Aussoen. D’Diskussiounen zum Thema baséieren op engem Muechtspill tëschent der EU-Kommissioun an de Memberstaaten. Et steet net zur Debatt dat de Nationalstaat net ëmmer déi beschten Äntwerten op global Erausfuerderunge ka liwweren. D’Thema Migratioun ass e kloert Beispill dofir dat e gutt Stéck méi europäesch Solidaritéit géif zu bessere Léisunge féieren, wéi wann all Member doheem eleng seng Zopp kacht. Déi nei Zort Handelsverträg, wéi dem TTIP an dem CETA, gräifen allerdéngs déif an d’Funktionéiere vun eiser Wirtschaft, eisem Rechtsstaat an esou guer an d’Entscheedungsprozesser vun eisen demokrateschen Institutiounen an. Et ass dofir absolut noutwendeg, dat déi national Parlamenter mat an dës Decisiounen agebonne ginn an d’Entscheedung net eleng bei der EU-Kommissioun läit. Et steet ausser Fro, dat et zu engem Vote am EU-Parlament muss kommen, iert den Traité ka provisoresch ugewand ginn. D’Chambre des salariés weist an enger rezenter Note ob eng Rei Problemer a Verbindung mam CETA Accord hin. Hei geet et nieft dem Risque de pouvoir législatif vum souveräne Staat ze beschneiden, och ëm méiglech Auswierkunge vun CETA op ëffentlech a sozial Déngschter zu Lëtzebuerg. Dëst ass eng Diskussioun, déi muss weidergeféiert ginn. Et wier och sënnvoll d’Uerteel iwwer den Handelsaccord mat Singapur ofzewaarden, fir zumindest eng Rei juristesch Froen ze klären, iert eng Decisioun iwwert den CETA-Accord geholl gëtt.
Déi gréng bleiwe ganz kritesch vis-à-vis vun der neier Zort Handelsaccorden ewéi TTIP an CETA. Mir hu Bedenken, datt groussen internationalen Investisseuren duerch esou Verträg eng Dier opgemaach gëtt, fir géint Verbesserungen a géint méi strikt Gesetzer beim Ëmweltschutz a beim Verbraucherschutz kënnen ze kloen. Mir stinn net eleng mat dëse Bedenken do a mir sollten d’Suerge vun eis a vun deene villen anere Leit Eescht huelen an d’Credibilitéit vun der Politik net nach eng Kéier op d’Spill setzen. Vill Leit fillen sech iwwerfuerdert, wann se sollen zu CETA an TTIP Stellung huelen – bei sou enger komplexer Matière ass dat net verwonnerlech.
Déi gréng ënnerstëtzen duerfir d’Motioun zum CETA, déi den Här Bodry deposéiert huet. Si iwwerléisst souwuel der Regierung wéi och dem Parlament genuch Raum, fir weiderhin d’Entwécklungen am Dossier kënne kritesch ze begleeden, déi néideg Äntwerten op déi vill oppe Froen ze verlaangen an hir Roll par rapport zu der finaler Decisioun ze iwwerhuelen.