En français svp?

Konferenz Méisproochegkeet um Aarbechtsmaart:
Dënsdeg, den 28. Mäerz um 19:00 Auer am Forum Da Vinci

Mir stelle fest, datt graff vereinfacht, zu Lëtzebuerg 100.000 Lëtzebuerger schaffen, 100.000 net-Lëtzebuerger Residenten an 200.000 Frontalieren. Datt ënnert deene Prämissen a ville Betriber wéineg Lëtzebuergesch geschwat gëtt, ass net verwonnerlech. An enger globaliséierter Welt ass dat och kaum ze änneren. Huele mer mol e Betrib ewéi d’Good Year, e Betrib dee mëttlerweil bal 70 Joer hei am Land ass. Do schaffen haut méi ewéi 3000 Leit, dat ass ee vun de gréisste Privatbetriber am Land. Ech weess net wéi eng Sproochen an der Produktioun geschwat ginn, ech weess awer, datt déi éischt offiziell Sprooch vun dësem Betrib weder Lëtzebuergesch nach Franséisch, mee Englesch ass. [1]

Bei der Gesellschaft Luxtram, déi den Tram bedreift, ass déi operationell Sprooch franséisch, sou datt d’Mataarbechter vu Luxtram dës Sprooch musse beherrschen. Si missten d’Regelen an d‘Sécherheetsprozedure vum Tram kënne verstoen an déi wieren eben op franséisch, esou de Minister.

Dat sinn zwee Beispiller déi weisen, datt mer eis Sprooch solle fërderen, mee näischt kënne forcéieren a vun uewen erof diktéieren.

Wat bedeit eng Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch fir den Aarbechtsmaart ? Wat sinn déi eenzel Uspréch an deene verschiddene Wirtschaftssecteuren ? Wéi gesäit eng erfollegräich Sproochegestioun an der Entreprise aus ? Fir op dës a weider Froen anzegoen huet déi gréng Stëftung op eng Table ronde agelueden. Um Plateau sinn : De Fernand Fehlen, Chercheur an Auteur zu deem Sujet, a 5 Vertrieder vu grousse Betriber déi Responsabilitéit an de Ressources humaines droen. D’Moderatioun gëtt assuréiert vun der Journalistin Bérengère Beffort vum Lëtzebuerger Wort.

De Rendez-vous ass: Dënsdeg, den 28. Mäerz um 19 :00 Auer am Forum Da Vinci an der Stad.

[1] Extrait aus menger Chamberried am Kader vun der Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch, den 15. März 2017

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | 2 Kommentare

No Hate Speech Movement – “Mit Energie und Konsequenz gegen Bullshit”

Internationale Konferenz in Berlin der No-Hate-Allianz des Europarats am 13. Februar 2017

Internationale Konferenz in Berlin der No-Hate-Allianz des Europarats am 13. Februar 2017

So mancher schiebt die Schuld für Hassnachrichten, die tagtäglich in Kommentarspalten und sozialen Netzwerken auftauchen, auf die neuen Medien: ohne Facebook, Twitter und Konsorten gäbe es solch menschenverachtende Beiträge nicht. Die Medien an sich, ob neu oder traditionell, sind jedoch neutral; sie dienen der Vermittlung von Botschaften. Das “Neue” an den neuen Medien sind die veränderten Möglichkeiten der Kommunikation und die Formen die Botschaften annehmen können.

“Gleich und gleich gesellt sich gern” – Menschen suchen im Allgemeinen die Nähe zu Gleichgesinnten. Die rezenten Entwicklungen in der Medienwelt bewirken einerseits, dass sich Gruppen weniger von einander abschotten können und öfter mit anderen Werten und Lebenswelten konfrontiert werden. Andererseits kreieren soziale Netzwerke sogenannte Echo-Räume, Räume in denen Menschen immer nur ihre eigene Auffassung als Echo zurückbekommen und sich so in ihrer Meinung bestärkt fühlen.

Heute sind mehr Menschen online als je zuvor und doch hinken wir den Entwicklungen der digitalen Gesellschaft hinterher und fühlen uns oft verunsichert. Privatsphäre und Öffentlichkeit vermischen sich, postet jemand etwas als Privatperson oder in seiner öffentlichen Funktion? Welcher Quelle können wir trauen und woher bezieht diese ihre Informationen?

Sascha Lobo

Sascha Lobo

Hassnachrichten dienen oft als Ventil; sie stellen einen Versuch dar, die eigene Hilfslosigkeit zu bewältigen. Der Verfasser findet Bestätigung in der Zustimmung durch die Gruppe. Hinzu kommt eine selektive Wahrnehmung und Verarbeitung von Informationen, die dann zum Aufbau von Echo-kammern und sektenhaften Gedankengebäuden führen kann. Logik spielt in diesen Fällen also nur noch eine untergeordnete Rollem, mit den Worten des Bloggers Sascha Lobo “Es fing damit an dass er zurückschlug”.

Wann die Grenze zwischen menschenverachtendem Gedankengut und hassgeführten Handlungen überschritten wird, ist schwer zu sagen (und noch nicht ausreichend erforscht). Es ist jedoch festzustellen, dass zum Beispiel die Hemmschwelle für Gewalt gegenüber von Flüchtlingen gesunken ist. Frauen, Juden, sogenannte “Gutmenschen” werden bedroht; Minderheiten ziehen sich aus der Öffentlichkeit zurück.

Die neuen Medien entziehen dem menschlichen Kontakt eine gewisse physische Unmittelbarkeit. Mitglieder von Minderheiten werden als Symbole wahrgenommen, der direkte Kontakt löst diese Illusion auf. Laut Bernd Harder, Forscher am GWUP, kann man mit der Hälfte der Verfasser von Hassnachrichten ins Gespräch kommen, 10% verstärken ihre radikalen Auffassungen dadurch noch. Trotzdem ist es wichtig falsche Informationen zu berichtigen und vor allem den vielen stillen Mitlesern zu zeigen, dass es auch andere Meinungen gibt. Falschinformationen sollten sachlich, aber bestimmt, richtig gestellt werden.

 

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Kommentar hinterlassen

D’Zukunft vum Archivage : Erausfuerderungen a Chancen

Table ronde avec Andreas Fickers (Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, C2DH), Josée Kirps (Archives Nationales), Jean-Marie Ottelé (industrie.lu), Joëlle Weis (Université du Luxembourg) ainsi que d’autres invités.

Table ronde avec Andreas Fickers (Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, C2DH), Josée Kirps (Archives Nationales), Jean-Marie Ottelé (industrie.lu), Joëlle Weis (Université du Luxembourg) ainsi que d’autres invités.

Archiven si Muechtzentren : do gëtt schonn haut decidéiert, wéi eng Vergaangenheet eis an Zukunft zur Verfügung steet. Traditionell besteet hir Haaptfunktioun an der Konservéierung vun historeschen Dokumenter. Dat bedeit, datt d’Archiven decidéieren, wat versuergt a wat vernicht gëtt, an sou a gewëssem Mooss eis Geschichtsschreiwung beaflossen. An enger Zäit an där Transparenz grouss geschriwwe gëtt, kréien d’Archiven donieft och ëmmer méi d’Roll vun engem Service public. D’Roll vun den Archiven zu Lëtzebuerg huet sech an de leschte Jore weiderentwéckelt. Eng wichteg Ännerung an der Perceptioun vun den Archiven ass op d’Grënnung vun der Uni Lëtzebuerg zréckzeféieren. Doktoranden a Chercheuren, z. B. vum Institut fir zäitgenëssesch Geschicht, hunn no Quellen am Archiv gesicht an dobäi sou munch Lacunne siichtbar gemaach. An de leschte Jore goufen duerfir enorm Efforte gemaach fir dës ze behiewen.

Archive solle benotzt ginn, duerfir ass et wichteg en einfachen Zougang ze schafen an dem Bild vun den Archiven als helleg Plaz entgéint ze wierken. Et gëtt eng grouss Hemmschwell fir d’Benotze vun Archiven, wat mat Rituale verbonnen ass, déi een duerfir muss kennen. Ausserdeem funktionéiert en Archiv net ewéi eng Google-Sichmaschinn, wou een e Begrëff agëtt an innerhalb vu Sekonnen all méiglech Informatiounen ugewise kritt. Inventaire sinn néideg, fir (um Internet) trotzdem relativ schnell ze fanne wat ee sicht. E Phenomen dat am gaangen ass den Archivage grondleeënd ze veränneren ass d’Digitaliséierung. D’Digitaliséierung versprécht méi Notzerfrëndlechkeet a spillt och eng wichteg Roll an der Perceptioun vun Archiv als service public.

Den Zougang, accessibility, steet dobäi am Virdergrond a baut och e gewëssen Drock an Erwaardungen op. Wat a wéi vill soll digitaliséiert ginn ? Ass d’Zil fir 100% ze digitaliséieren? E plan stratégique deelt d’Prioritéit momentan Fongen zou, déi an engem schlechten Zoustand sinn oder vill consultéiert ginn. Eng ganz Rei Kritären, och Ressourcen, gi mateneen a Verbindung bruecht fir eng Decisioun zur Digitaliséierung vun engem Fong ze huelen. Eng weider Erausfuerderung vun Digitaliséierungsprozess ass, dat en digitaalt Dokument vill méi fragile ass, wéi alles wat et analog gëtt. D’Bedeitung vun de Quelle verännert sech : eng Quell gëtt am Archiv net méi zum Dokument, mee zur enger Donnée. D’Fro, wat en Original a wat eng Fälschung ass, ass elo vill méi schwéier ze beäntweren. D’Fro no der Integritéit vun Donnéeë réckelt an de Virdergrond, dëst verlaangt och nei Fähegkeete vu Studenten am Beräich vun der Archivéierung. Den internationale Standard ass bis haut d’Microfiche.

Dem Chercheur soll alles zur Verfügung stoen, mee d’Bestëmmungen zum Dateschutz mussen natierlech respektéiert ginn. D’Problematik vum Dateschutz ass besonnesch am Bezuch op d’Digitaliséierung méi komplex ginn: wiem gehéieren z. B. d’Droit d’auteurs vu Fotoen, déi an enger Fotothéik sinn, wou awer d’Original nach a privaten Hänn ass. En anere Volet ass, dat verschidde Quellen nëmmen un en Archiv weidergi ginn ënnert der Konditioun, dat d’Dokument nach net verëffentlecht gëtt (z. B. CNL). Och ze beuechte sinn d’Ënnerscheeder an der Legislatioun vun anere Länner, notamment den USA.

Ech sinn, wéi den Andreas Fickers vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, der Meenung, datt et net drëm geet, déi nei Technik an den Himmel ze luewen oder ze verdamen. D’Technik ass en Outil, et ass un eis, eis mat der Fro auserneenzesetzen, wéi mir domat ëmginn. En neit Gesetz iwwert den Archivage ass um Instanzewee. De Gemengen ass an dësem Gesetz fräigestallt wéi an ob si un den Archivage eruginn. Dat ass engersäits verständlech : vill Gemengen, besonnesch déi kleng, wieren iwwerfuerdert mat de strenge Kritäre fir den Archivage. Anerersäits gesäit et net all Gemeng t’selwecht noutwendeg a wichteg fir eng gutt Archivéierung ze maachen. Wien decidéiert, wat versuergt gëtt, a firwat? De Schäfferot? Dëst schéngt mir eng geféierlech Piste, well Muecht zu Muechtmëssbrauch verleede kann. Vill Gemenge wieren och frou, wann si wéisste wat a wéi si sollen archivéieren, wat versuergen, wat zerstéieren. D’Gemeng Réimech huet eng Konventioun mam Nationalarchiv, d’Gemeng Déifferdeng huet een diploméierten Archivar agestallt. D’autonomie communale ass fir mech hei net de richtegen Usaz. Et geet net drëm de Gemengen d’Liewe schwéier ze maachen, mee hinne bei dëser komplexer Missioun ze hëllefen.

(Gedanken zu de Beiträg um Forum „Des archives pour l’ère digitale. Défis et opportunités“ vum 11. Februar 2017)

 

 

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Kommentar hinterlassen

Lëtzebuerg weider denken

greng-uelzechtEt ass héich Zäit fir iwwert d’Zukunft vun eisem Land ze diskutéieren. Dësen Hierscht hunn d’Debatt iwwert déi zukünfteg Landesplanung an d’Virstellung vun der Rifkin Strategie dozou bäigedroen dëse Steen an d’Rullen ze bréngen.

Säit dem Enn vun den 1990er Jore gouf sou munesch Chance verpasst fir de Wuesstem vun eisem Land an eng nohalteg Richtung ze dirigéieren. D’Konsequenzen dovu sinn den deegleche Stau op eise Stroossen, d’Zersiidlung vun eiser Landschaft an e mangelnde Schutz vu Natur an Ëmwelt.

Fir déi gréng steet Liewensqualitéit virum Wuesstem. Dës Iwwerzeegung kënne mir zanter 2013 an eis Politik als Regierungsmember afléisse loossen. Am Plaz weider haaptsächlech an de Stroossebau, fléissen haut 2/3 vun eisen Transport-Investitiounen an den Ausbau vum ëffentlechem Transport. Ab Januar trieden och nei Fërdermoossnahme fir elektresch Autoen a Vëloen, souwéi eng Ëmwelt-Besteierung fir Déngschtween a Kraaft.

Mir setzen op eng nohalteg Landesplanung, fir eng Bebauung déi d’Besoine vun de Leit, der Wirtschaft an der Natur an Uecht hëlt. An deem Sënn wëll de Nohaltegkeetsministère verbindlech Regele fir d’Landesplanung definéieren. Eis ass et wichteg Natur an Ëmwelt ze schützen, zum Beispill duerch Regele fir de Schutz vun eisen Drénkwaasser-Quellen, déi agefouert goufen. Mir setzen ausserdeem op eng Reduktioun vum Tanktourismus an den Ausbau vun erneierbaren Energie fir d’Ziler vum Klimaaccord vu Kyoto ze erreechen.

Mir mussen eist Land sou weiderentwéckelen, datt mir och eise Kanner an Enkelen eng héich Liewensqualitéit erméigleche kënnen. Dozou gehéiert an eisen Aen eng intakt Ëmwelt, eng gesond Wirtschaft, e staarke Sozialstaat an eng gerecht Gesellschaft. Weder eise Wirtschafts- nach eise Sozialmodell kënnen éiweg op maximale Wuesstem setzen. Eis Landfläch, eis Ressourcen an och d’Belaaschtbarkeet vun eiser Ëmwelt si begrenzt. Lëtzebuerg muss also anescht wuessen: manner mä dofir méi intelligent, méi geziilt a méi nohalteg.

Anescht wuessen heescht och anescht plangen. Mat der Rifkin-Strategie an der Debatt ronderëm d’Landesplanung leien nei Visiounen a konkret Ziler um Dësch. Elo gëllt et, de Wee dohin ze skizzéieren an un der Ëmsetzung ze schaffen. D’Wuel vum Land läit am Interessi vun eis all an däerf weder parteipolitesche Kämpf, nach enger populistescher Angschtdebatt zum Affer falen. déi gréng sinn iwwerzeegt, dass sech iwwer d’Politik eraus esou vill Mënschen ewéi méiglech un der Zukunftsdebatt bedeelege mussen. Nëmmen esou léisst sech eng staark gemeinsam Visioun entwéckelen an eng positiv Dynamik fir d’nohalteg Entwécklung vun eisem Land opbauen. Och d’Gewerkschaften, d’Patronat, d’Ëmweltorganisatiounen hunn eng zentral Roll an dësem Prozess ze spillen.

Lëtzebuerg brauch sech net nei ze erfannen. Eist Land an eis Käpp hu vill Potenzial Opweises, dat et ze notzen an entfale gëtt. déi gréng wäerten d’Zukunftspläng, déi um Dësch leien, elo oppen a kontrovers mat all den Acteuren a virun allem mat all de Mënschen op der Plaz diskutéieren. Vu Februar un wäerte mer am ganze Land mat Informatiouns- an Diskussiounsowender ënnerwee sinn, d’Gespréich mat méiglechst ville Biergerinnen a Bierger sichen an eis mat hire Virschléi a Kritiken ausernee setzen.

Eist Zil ass et fir Lëtzebuerg souwuel um ökologeschen, wéi och um wirtschaftlechem an um soziale Plang an zukunftsfäeg Bunnen ze steieren. Dëst mat enger onopgereegter a zukunftsgeriichter Politik, mat dem néidege Courage, a fir d’Wuel vun der Allgemengheet.

capture-decran-2017-01-12-a-08-35-05

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Kommentar hinterlassen

PISA 2015 – näischt Neies

capture-decran-2016-12-07-a-19-18-33PISA 2015 bestätegt dat, wat mer aus allen PISA Etude virdru scho kennen:

  • – Eis Schüler schneiden am internationale Verglach éischter schlecht of. Mir leien ëmmer ënnert der OECD-Moyenne.
  • – Eise Schoulsystem léisst grouss Ecarten bei de Schüler zou. Dës Ënnerscheeder erklären sech duerch den Migratiounshannergrond an/oder de sozio-ekonomesche Milieu. (Erklären heescht net entschëllegen.)
  • – Eis Resultater sinn konstant. Si sinn net besser ginn, awer och net méi schlecht.

PISA 2018 wäert wahrscheinlech net vill aner Resultater liwweren. Sollte mer vläicht einfach ophalen, dës Tester an eise Schoulen duerchzeféieren? De PISA Test muss kritesch gekuckt ginn, do sinn ech ganz d’accord. Virun allem de Ranking werft en ongerecht Liicht op d’Situatioun zu Lëtzebuerg: Eis Sproochesituatioun an eis Populatioun sinn esou komplex wéi a kengem anere Land!

Trotzdem sollte mer eis net vun dësem Evaluatiounsprozess lasskoppelen, mee einfach léieren, mat de PISA-Donneeën richteg ëmzegoen. Mir kréien awer eng Rei Donneeën, déi interessant sinn, a mir hunn –och dank PISA, eng gewëss Exzellenz am Monitoring opgebaut. De Ranking ass do éischter niewesächlech. Am Lännervergläich ass eis Schülerpopulatioun nach ëmmer ganz aussergewéinlech. Et ass schonn e Succès, datt mir et fäerdegbréngen, eis Leeschtungen ze halen, obschonn eis Schülerpopulatioun sech an de leschte Joren vill gewandelt huet.

Wann een op Ballungszentren an Europa kuckt, da stellt ee fest, datt an aneren europäeschen Groussstied d’Situatioun der vun Lëtzebuerg gläicht. Zu Berlin, zu Wien, zu Bréissel,… si bal esou vill Schüler mat Migratiounshannergrond ewéi zu Lëtzebuerg. Och bei hinnen ass d’sproochlech Situatioun komplex. Och duerfir ass et wichteg, bei internationale Studien matzemaachen. Di kruzial Fro ass a bleift déi vun eise Sproochenexigenzen. Hei hoffen ech op wäertvoll Erkenntnisser aus der neier ëffentlecher internationaler Schoul zu Déifferdeng. Wa mer all Efforten méi flexibel mat eisem „apprentissage des langues“ ëmzegoen ofleenen, well mer fäerten, da géing den Niveau erof goen, da leie mer ganz einfach falsch, a riskéieren eis Schüler ze benodeelegen.

 

Veröffentlicht unter Educatioun | Verschlagwortet mit | Kommentar hinterlassen

Wat stécht hannert dem Fairtrade Label?

img_0365Am Mee 2016 war ech mat Fairtrade Lëtzebuerg eng Bananneplantage am Peru besichen. Ech war virwëtzeg ze gesi wat fairen Handel um Terrain bedeit.

D’Cooperative APPBOSA zu Saman am Norde vum Peru encadréiert iwwer 400 kleng Proprietären déi Banannen ubauen. Et war immens impressionant ze gesinn, wéi dës Baueren dohanne schaffen, a wéi houfreg si op hir Aarbecht sinn. Vu dat d’Bananne d’ganzt Joer iwwer wuessen, kënnen op engem Hektar Land 3 Leit schaffen an sou hir Famill ënnerhalen. img_0506

Op der Plaz war och kloer ze gesinn, dat hannert dem Fairtrade Label nach méi stécht wéi besser Aarbechtskonditiounen. Fair Trade kuckt zum Beispill op d’Nohaltegkeet vun de Produiten an investéiert een Deel vum Präis zréck an d’Géigend. Andeems een sech fir fair gehandelt Produiten entscheet, ënnerstëtzt een also déi ganz Communautéit.

Zu der Visite gëtt et och een Interview béi déi gréng, an den Donneschdeg, den 8. Dezember 2016 ass eng ëffentlech Konferenz Make Bananas & Chocolate Fair Again am Lycée Ermesinde zu Miersch.

Veröffentlicht unter Politik, Verschiddenes | Verschlagwortet mit , | Kommentar hinterlassen

Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg

Capture d’écran 2016-06-30 à 09.47.08Lëtzebuerg ass e Raum vu geliefter Méisproochegkeet. Eis Sproochesituatioun ass an hirer Komplexitéit kaum ze iwwertreffen: dräi Sproochen, déi gläichzäiteg matenee funktionéieren; eng Nationalsprooch, déi fir 50% vun de Schoulkanner net méi déi éischt Sprooch an hirem Alldag ass; eng Villfalt vu Sproochen, ronn 25% vun eise Kanner schwätzen och Portugisesch. Englesch behaapt sech op internationalem Niveau als gemeinsam Sprooch – och zu Paräis gëtt op internationale Konferenzen englesch geschwat.

Et schéngt mir dofir konsequent, datt den Educatiounsminister de Fokus op d’Sproochefërderung am Klengkandberäich riicht. No engem quantitative Wuesstum an de leschte Joren, ausgeléist duerch déi reell Besoine vu Mammen a Pappen, déi wëllen oder musse schaffe goen, beschleunegt duerch d’Aféiere vun de Chèques-services begréissen ech et, dass d’Regierung Qualitéitskritären an de Crèchen aféiert. Et ass wichteg, datt mer méi genee kucken, datt eis Kanner an de Betreiungsstrukture besser sproochlech gefërdert ginn. Eng Pilotphas mat de Partner an Akteuren um Terrain zur fréier Sproochefërderung schéngt e gudde Wee ze sinn.

Eis eenzegaarteg Situatioun bedeit awer och dat mir net kënnen op auslännesch Studien zeréckgräifen. Ech sinn dofir frou fir all Pilotphas an all Etüd, déi sech mat der Villsproochegkeet hei am Land befaasst. Ech hu ganz laang no enger Evaluatioun vum Précoce gefrot. Wéi mir endlech eng Evaluatioun kritt hunn, huet dës keng detailléiert Informatiounen iwwert d’Auswierkunge vun der geliefter Méisproochegkeet an eisem Land op eis Kanner ginn.

Während déi vill Sprooche fir verschidde Kanner eng Beräicherung sinn, ginn et anerer fir déi déi aktuell Sproochevillfalt op hirem Schoulwee eng Hürd bedeit, déi se net kënnen iwwerwannen. An deem Kontext stellen sech eng Rei Froen: Wéi wierkt sech d’Méisproochegkeet op d’Léiere vun der Mathematik aus? Awéiwäit hëlleft d’Méisproochegkeet bei den Naturwëssenschaften? Awéiwäit ass se eng Brems oder een Obstakel? Gëtt et een Zesummenhang tëschent där enger oder anerer Dys-Problematik an der Méisproochegkeet? Wa mer keng esou Froe stellen an net no Äntwerte sichen, da riskéiere mer, eventuell méi wéi déi 150 geplangte spezialiséiert Enseignantë mussen anzesetzen.

Eng Tatsaach, déi mir och net sollten aus den An verléieren, ass dat d’Sprooch nëmmen ee Fakteur um Wee zum schouleschen Erfolleg ass. D’Resultater vun internationalen an nationale Studien iwwert d’Schoulleeschtunge weisen ëmmer erëm a ganz däitlech drop hin, datt et net eng Fro vun der Sprooch ass, mä en Zesummespill vu migratiounsspezifeschen a sozioekonomesche Facteuren, déi e groussen Deel matbestëmmt iwwert de schouleschen Erfolleg oder Mësserfolleg.

Nieft der Fro nom spéidere Schoulerfolleg, sollte mir awer eent net vergiessen: Kanner sollen däerfe Kanner bleiwen, besonnesch an der nonformaler Bildung. Dëst ass e Prinzip, deen iwwer all aner Zilsetzunge vun eiser Bildungspolitik sollt stoen.

 

 

 

 

 

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Kommentar hinterlassen

Den CETA net ënnerschätzen

Debatt an der Chamber iwwert 3 Motiounen zum CETA-Accord (7. Juni 2016)

Debatt an der Chamber iwwert 3 Motiounen zum CETA-Accord (7. Juni 2016)

De Sträit ronderëm d’TTIP Ofkommes tëschent den USA an Europa huet d’Ëffentlechkeet esou vill beschäftegt, datt op een Hoer den Handelsaccord mat Kanada, den CETA-Accord, iwwert d’Bühn gaange wier ouni dat een et gemierkt hätt.

CETA ass net TTIP. Kanada ass, gemooss un der Fläch, dat zweetgréisst Land op der Welt. Mat 35,8 Milliounen Awunner huet et awer nëmmen e Brochdeel vun den Awunner vun den USA an ass domat en däitlech méi klengen Handelspartner. Déi kanadesch Politik, a besonnesch de neie kanadesche Premier, den Justin Trudeau, setzen aner Akzenter wéi hir amerikanesch Konterpartien. Den CETA-Text, wéi en elo virläit, gouf allerdéngs vun der EU mat der konservativer Regierung virdrun ausgehandelt.

Den CETA baut Taxen of, dat ass eppes wat allgemeng éischter begréisst gëtt. Et bleift awer ofzewaarden op dëse Virdeel déi sëllech Kritikpunkte kann opweien. Ee Punkt dee scho vill diskutéiert gouf, ass d’Aféiere vu Schiidsgeriichter duerch den Accord. Ursprénglech goufen d’Schiidsgeriichter agefouert fir Investisseuren ze schützen déi bereet waren, mat sou enger Garantie, a Länner mat stabiller Korruptioun a wackeleger Justiz ze investéieren. Am Fall vum CETA-Accord hu mir et awer mat Länner ze dinn, déi wéineg bis keng Korruptioun kennen an op eng onofhängeg Justiz kënnen zeréckgräifen. Wie soll also hei viru wat geschützt ginn? Et gi Stëmmen déi argumentéieren dat de Justizsystem a verschiddenen europäesche Länner net grad sou onofhängeg ass, wéi se sollten. An dësem Fall sinn awer Reformen an dëse Länner gefrot a net en Investment Court System (ICS). Den ICS ass wuel eng Weiderentwécklung vun den Investor-State Dispute Settlement Mechanism (ISDS) a kënnt opgrond vu méi Transparenz, Professionalitéit an Objektivitéit engem „richtege“ Geriicht méi no. D’Fro bleift awer, ob mir sou Geriichter wierklech brauchen.

Eng weider Fro ass, ob dës Geriichter iwwerhaapt mat den europäeschen Traitéen kompatibel wieren. D’Meenungen zu dësem Thema ginn auserneen. Bis et dozou eng kloer juristesch Äntwert gëtt, misst eigentlech den europäesche Vorsorgeprinzip gräifen, an dat géif bedeiten dat mir d’Fangeren dervu loossen. Wa mir d’Fro vun der Noutwendegkeet an der Kompatibilitéit vun esou Geriichter kuerz op d’Säit stellen an vun hirer Aféierung ausginn, mussen ënner allen Ëmstänn am Virfeld d’Critèren, ënner deenen d’Geriicht operéiert, gekläert ginn. D’Riichtere mussen onofhängeg sinn, de code de déontologie muss um Dësch leien an et muss och kloer sinn, wéi dës Riichter bezuelt ginn. D’Modalitéiten, wéi se aktuell virgesi sinn, loossen do nach ze vill Froen op.

Och d’EU Kommissioun deet sech schwéier mat kloren Aussoen. D’Diskussiounen zum Thema baséieren op engem Muechtspill tëschent der EU-Kommissioun an de Memberstaaten. Et steet net zur Debatt dat de Nationalstaat net ëmmer déi beschten Äntwerten op global Erausfuerderunge ka liwweren. D’Thema Migratioun ass e kloert Beispill dofir dat e gutt Stéck méi europäesch Solidaritéit géif zu bessere Léisunge féieren, wéi wann all Member doheem eleng seng Zopp kacht. Déi nei Zort Handelsverträg, wéi dem TTIP an dem CETA, gräifen allerdéngs déif an d’Funktionéiere vun eiser Wirtschaft, eisem Rechtsstaat an esou guer an d’Entscheedungsprozesser vun eisen demokrateschen Institutiounen an. Et ass dofir absolut noutwendeg, dat déi national Parlamenter mat an dës Decisiounen agebonne ginn an d’Entscheedung net eleng bei der EU-Kommissioun läit. Et steet ausser Fro, dat et zu engem Vote am EU-Parlament muss kommen, iert den Traité ka provisoresch ugewand ginn. D’Chambre des salariés weist an enger rezenter Note ob eng Rei Problemer a Verbindung mam CETA Accord hin. Hei geet et nieft dem Risque de pouvoir législatif vum souveräne Staat ze beschneiden, och ëm méiglech Auswierkunge vun CETA op ëffentlech a sozial Déngschter zu Lëtzebuerg. Dëst ass eng Diskussioun, déi muss weidergeféiert ginn. Et wier och sënnvoll d’Uerteel iwwer den Handelsaccord mat Singapur ofzewaarden,  fir zumindest eng Rei juristesch Froen ze klären, iert eng Decisioun iwwert den CETA-Accord geholl gëtt.

Déi gréng bleiwe ganz kritesch vis-à-vis vun der neier Zort Handelsaccorden ewéi TTIP an CETA. Mir hu Bedenken, datt groussen internationalen Investisseuren duerch esou Verträg eng Dier opgemaach gëtt, fir géint Verbesserungen a géint méi strikt Gesetzer beim Ëmweltschutz a beim Verbraucherschutz kënnen ze kloen. Mir stinn net eleng mat dëse Bedenken do a mir sollten d’Suerge vun eis a vun deene villen anere Leit Eescht huelen an d’Credibilitéit vun der Politik net nach eng Kéier op d’Spill setzen. Vill Leit fillen sech iwwerfuerdert, wann se sollen zu CETA an TTIP Stellung huelen – bei sou enger komplexer Matière ass dat net verwonnerlech.

Déi gréng ënnerstëtzen duerfir d’Motioun zum CETA, déi den Här Bodry deposéiert huet. Si iwwerléisst souwuel der Regierung wéi och dem Parlament genuch Raum, fir weiderhin d’Entwécklungen am Dossier kënne kritesch ze begleeden, déi néideg Äntwerten op déi vill oppe Froen ze verlaangen an hir Roll par rapport zu der finaler Decisioun ze iwwerhuelen.

 

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit , | Kommentar hinterlassen

Demissioun als President vun der ULBP

1. Juni, meng lescht Generalversammlung vun der ULBP. lénks den neie President Gusty Graas, riets den Sekretär Ben Linster

1. Juni 2016, meng lescht Generalversammlung vun der ULBP. lénks den neie President Gusty Graas, riets den Sekretär Ben Linster

D’Union publique des bibliothèques publiques (ULBP) gouf 2007 gegrënnt a vertrëtt zanterhier d’Interesse vun de sëllechen ëffentleche Bibliothéiken zu Lëtzebuerg a setzt sech an fir Bicher an aner Medien engem breede Public a ganz Lëtzebuerg zougänglech ze maachen. Nieft dem edukativen an kulturelle Kader, bidden d’Bibliothéiken och e soziaalt Ëmfeld an deem Leit sech kënne begéinen an austauschen.

Als membre fondateur, war ech vun Ufank un dobäi. Den éischte comité exécutif huet sech folgendermoossen zesummegesat: Marco Schank (President) Claude Adam a Roger Negri (Vize-Presidenten), Jean-Marie Reding (Secrétaire general), Henri Lutgen (Secrétaire adjoint), Agnès Poupart (Trésorière), Angelika Bräutigam (Trésorière adjointe). Zanter 2009 konnt ech als President zesumme mat dem Comité vill flott Projeten op d’Been setzen an déi ëffentlech Bibliothéiken ënnerstëtzen.

17. November 2012 Walfer Bicherdeeg Claude Conter (Direkter CNL), Tanja Duhr (Secret. ULBP), Claude Adam (Pres. ULBP), Monique Kieffer (Direktesch BnL)

17. November 2012
Walfer Bicherdeeg
Claude Conter (Direkter CNL), Tanja Duhr (Secret. ULBP), Claude Adam (Pres. ULBP), Monique Kieffer (Direktesch BnL)

Ech si frou a stolz wann ech gesinn wat mir bis haut erreecht hunn. D’ULBP beréit Gemengen a Veräiner déi wëllen eng nei Bibliothéik oder Mediathéik opmaachen a kann tëscht de lokale Bibliothéiken an de nationalen Instanzen am Bibliothéikswiesen an dem Kulturministère vermëttelen. Mir si  regelméisseg präsent op de Walfer Bicherdeeg, d’ULBP ass Partner bei de Journées du livre, mir hunn vill Zäit an d’Ausernanersetzung mam Bibliothéiksgesetz vun 2010  investéiert. De vun eis erhofften Opschwong fir ëffentlech Bibliothéiken ass ausbliwwen; déi Konditiounen, déi eis duerch d’Bibliothéiksgesetz operluecht goufen, friessen ee groussen Deel vun der staatlecher Bäihëllef op.

Zanter 2010 ass d’ULBP och um Internet ze fannen (http://www.ulbp.lu/index.html) an 2013 hu mir e Guide mat Informatiounen zu den ëffentleche Bibliothéiken zu Lëtzebuerg erausbruecht. Op de Walfer Bicherdeeg 2015 hu mir eis offiziell engem weideren Defi vun der Zäit gestallt an ugefaangen eng e-book Bibliothéik an d’Liewen ze ruffen, an där 10 ëffentlech Bibliothéike matmaachen, a wou een e-books op Däitsch, Franséisch an Englesch ausléine kann.

No bal 7 Joer, gëtt et awer elo Zäit, de Posten vum President un eng nei Persoun mat frëschen Iddien an Éiergäiz ofzeginn. No menger Demissioun, déi ech den 1. Juni 2016 agereecht hunn, iwwerhëlt de Gusty Graas meng Positioun. Ech wënschen him an der ULBP weiderhi vill Gléck an Erfolleg bei hirer Missioun.

De Comité vun der ULBP mam "président sortant"

De Comité vun der ULBP mam „président sortant“

Veröffentlicht unter Kultur | Verschlagwortet mit | Kommentar hinterlassen

TTIP „Blackroom“

Chamber Aktuell: Mosar - Adam 22.02.2016

Chamber Aktuell: Mosar – Adam 22.02.2016

Mat dem Ariichte vun engem « Blackroom » kréien d’Deputéiert elo Zougang zu den TTIP Dokumenter. Den Zougang ass d’Resultat vun engem Accord tëschent dem Conseil européen CE an der amerikanescher Regierung. Duerch déi vill Restriktiounen un déi den Zougang gebonnen ass, ass dësen Accord leider e gutt Stéck ewech vun dem Niveau un Transparenz, dee mir eis fir eng demokratesch Politik wënschen.

Sou lues schéngt sech an der lëtzebuerger Politiklandschaft ee kloren TTIP-kritesche Konsens erauszeschielen. Et freet mech, datt och d’CSV sech Suergen em d’Transparenz mécht… léiwer spéit wéi ni ! An hirem Wahlprogramm zu den Europawahlen 2014, war der CSV den TTIP nach keng Zeil wärt. Bei deene Grénge stoung dëst am Programm : « Derzeit wird über eine Transatlantische Handels- und Investitionspartnerschaft (TTIP) mit den Vereinigten Staaten von Amerika verhandelt. déi gréng widersetzen sich der fehlenden Transparenz in diesen Verhandlungen und werden sich, zum Schutz von Gesundheit, Umwelt und starken Bürgerrechten, gegen den Abbau der in Europa geltenden Normen einsetzen. » Wéi de Lange-Bericht zu TTIP den 08.07.2015 am Europaparlament votéiert ginn ass, hat eisen Europadeputéierten e.a. dësem Amendement zougestëmmt :

Capture d’écran 2016-02-22 à 22.12.38Vun de lëtzebuerger CSV-Deputéierten hat een fir dësen Amendement gestëmmt, een dergéint an een net mat ofgestëmmt.

Déi gréng hunn de Mangel un Transparenz ëm den TTIP vun Ufank u kritiséiert an Zougang zu de Verhandlungsdokumenter gefuerdert. Fir eis ass et wichteg, méiglechst vill gesellschaftlech Acteuren, an och d’Bierger a Biergerinne selwer, anzebannen an zesummen ze diskutéieren ëm wat et hei geet. Dësen Accord wäert eis alleguerte betreffen. Mir kéinten den ageschränkten Zougang ausschloen, well en ongenügend ass. Mir hunnChamber Aktuell_Mosar Adam 20160222 005
eis awer dozou decidéiert, vun der Méiglechkeet ze profitéieren, een Abléck an den aktuelle Stand vun de Verhandlungen ze kréien a wäerten eis och weider dofir asetzen, dat den Dialog iwwer den TTIP och mat der sougenannter Société Civile geféiert gëtt.

 

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | 1 Kommentar