Lëtzebuerg weider denken

greng-uelzechtEt ass héich Zäit fir iwwert d’Zukunft vun eisem Land ze diskutéieren. Dësen Hierscht hunn d’Debatt iwwert déi zukünfteg Landesplanung an d’Virstellung vun der Rifkin Strategie dozou bäigedroen dëse Steen an d’Rullen ze bréngen.

Säit dem Enn vun den 1990er Jore gouf sou munesch Chance verpasst fir de Wuesstem vun eisem Land an eng nohalteg Richtung ze dirigéieren. D’Konsequenzen dovu sinn den deegleche Stau op eise Stroossen, d’Zersiidlung vun eiser Landschaft an e mangelnde Schutz vu Natur an Ëmwelt.

Fir déi gréng steet Liewensqualitéit virum Wuesstem. Dës Iwwerzeegung kënne mir zanter 2013 an eis Politik als Regierungsmember afléisse loossen. Am Plaz weider haaptsächlech an de Stroossebau, fléissen haut 2/3 vun eisen Transport-Investitiounen an den Ausbau vum ëffentlechem Transport. Ab Januar trieden och nei Fërdermoossnahme fir elektresch Autoen a Vëloen, souwéi eng Ëmwelt-Besteierung fir Déngschtween a Kraaft.

Mir setzen op eng nohalteg Landesplanung, fir eng Bebauung déi d’Besoine vun de Leit, der Wirtschaft an der Natur an Uecht hëlt. An deem Sënn wëll de Nohaltegkeetsministère verbindlech Regele fir d’Landesplanung definéieren. Eis ass et wichteg Natur an Ëmwelt ze schützen, zum Beispill duerch Regele fir de Schutz vun eisen Drénkwaasser-Quellen, déi agefouert goufen. Mir setzen ausserdeem op eng Reduktioun vum Tanktourismus an den Ausbau vun erneierbaren Energie fir d’Ziler vum Klimaaccord vu Kyoto ze erreechen.

Mir mussen eist Land sou weiderentwéckelen, datt mir och eise Kanner an Enkelen eng héich Liewensqualitéit erméigleche kënnen. Dozou gehéiert an eisen Aen eng intakt Ëmwelt, eng gesond Wirtschaft, e staarke Sozialstaat an eng gerecht Gesellschaft. Weder eise Wirtschafts- nach eise Sozialmodell kënnen éiweg op maximale Wuesstem setzen. Eis Landfläch, eis Ressourcen an och d’Belaaschtbarkeet vun eiser Ëmwelt si begrenzt. Lëtzebuerg muss also anescht wuessen: manner mä dofir méi intelligent, méi geziilt a méi nohalteg.

Anescht wuessen heescht och anescht plangen. Mat der Rifkin-Strategie an der Debatt ronderëm d’Landesplanung leien nei Visiounen a konkret Ziler um Dësch. Elo gëllt et, de Wee dohin ze skizzéieren an un der Ëmsetzung ze schaffen. D’Wuel vum Land läit am Interessi vun eis all an däerf weder parteipolitesche Kämpf, nach enger populistescher Angschtdebatt zum Affer falen. déi gréng sinn iwwerzeegt, dass sech iwwer d’Politik eraus esou vill Mënschen ewéi méiglech un der Zukunftsdebatt bedeelege mussen. Nëmmen esou léisst sech eng staark gemeinsam Visioun entwéckelen an eng positiv Dynamik fir d’nohalteg Entwécklung vun eisem Land opbauen. Och d’Gewerkschaften, d’Patronat, d’Ëmweltorganisatiounen hunn eng zentral Roll an dësem Prozess ze spillen.

Lëtzebuerg brauch sech net nei ze erfannen. Eist Land an eis Käpp hu vill Potenzial Opweises, dat et ze notzen an entfale gëtt. déi gréng wäerten d’Zukunftspläng, déi um Dësch leien, elo oppen a kontrovers mat all den Acteuren a virun allem mat all de Mënschen op der Plaz diskutéieren. Vu Februar un wäerte mer am ganze Land mat Informatiouns- an Diskussiounsowender ënnerwee sinn, d’Gespréich mat méiglechst ville Biergerinnen a Bierger sichen an eis mat hire Virschléi a Kritiken ausernee setzen.

Eist Zil ass et fir Lëtzebuerg souwuel um ökologeschen, wéi och um wirtschaftlechem an um soziale Plang an zukunftsfäeg Bunnen ze steieren. Dëst mat enger onopgereegter a zukunftsgeriichter Politik, mat dem néidege Courage, a fir d’Wuel vun der Allgemengheet.

capture-decran-2017-01-12-a-08-35-05

Dieser Beitrag wurde unter Verschiddenes veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Hinterlasse einen Kommentar