Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg

Capture d’écran 2016-06-30 à 09.47.08Lëtzebuerg ass e Raum vu geliefter Méisproochegkeet. Eis Sproochesituatioun ass an hirer Komplexitéit kaum ze iwwertreffen: dräi Sproochen, déi gläichzäiteg matenee funktionéieren; eng Nationalsprooch, déi fir 50% vun de Schoulkanner net méi déi éischt Sprooch an hirem Alldag ass; eng Villfalt vu Sproochen, ronn 25% vun eise Kanner schwätzen och Portugisesch. Englesch behaapt sech op internationalem Niveau als gemeinsam Sprooch – och zu Paräis gëtt op internationale Konferenzen englesch geschwat.

Et schéngt mir dofir konsequent, datt den Educatiounsminister de Fokus op d’Sproochefërderung am Klengkandberäich riicht. No engem quantitative Wuesstum an de leschte Joren, ausgeléist duerch déi reell Besoine vu Mammen a Pappen, déi wëllen oder musse schaffe goen, beschleunegt duerch d’Aféiere vun de Chèques-services begréissen ech et, dass d’Regierung Qualitéitskritären an de Crèchen aféiert. Et ass wichteg, datt mer méi genee kucken, datt eis Kanner an de Betreiungsstrukture besser sproochlech gefërdert ginn. Eng Pilotphas mat de Partner an Akteuren um Terrain zur fréier Sproochefërderung schéngt e gudde Wee ze sinn.

Eis eenzegaarteg Situatioun bedeit awer och dat mir net kënnen op auslännesch Studien zeréckgräifen. Ech sinn dofir frou fir all Pilotphas an all Etüd, déi sech mat der Villsproochegkeet hei am Land befaasst. Ech hu ganz laang no enger Evaluatioun vum Précoce gefrot. Wéi mir endlech eng Evaluatioun kritt hunn, huet dës keng detailléiert Informatiounen iwwert d’Auswierkunge vun der geliefter Méisproochegkeet an eisem Land op eis Kanner ginn.

Während déi vill Sprooche fir verschidde Kanner eng Beräicherung sinn, ginn et anerer fir déi déi aktuell Sproochevillfalt op hirem Schoulwee eng Hürd bedeit, déi se net kënnen iwwerwannen. An deem Kontext stellen sech eng Rei Froen: Wéi wierkt sech d’Méisproochegkeet op d’Léiere vun der Mathematik aus? Awéiwäit hëlleft d’Méisproochegkeet bei den Naturwëssenschaften? Awéiwäit ass se eng Brems oder een Obstakel? Gëtt et een Zesummenhang tëschent där enger oder anerer Dys-Problematik an der Méisproochegkeet? Wa mer keng esou Froe stellen an net no Äntwerte sichen, da riskéiere mer, eventuell méi wéi déi 150 geplangte spezialiséiert Enseignantë mussen anzesetzen.

Eng Tatsaach, déi mir och net sollten aus den An verléieren, ass dat d’Sprooch nëmmen ee Fakteur um Wee zum schouleschen Erfolleg ass. D’Resultater vun internationalen an nationale Studien iwwert d’Schoulleeschtunge weisen ëmmer erëm a ganz däitlech drop hin, datt et net eng Fro vun der Sprooch ass, mä en Zesummespill vu migratiounsspezifeschen a sozioekonomesche Facteuren, déi e groussen Deel matbestëmmt iwwert de schouleschen Erfolleg oder Mësserfolleg.

Nieft der Fro nom spéidere Schoulerfolleg, sollte mir awer eent net vergiessen: Kanner sollen däerfe Kanner bleiwen, besonnesch an der nonformaler Bildung. Dëst ass e Prinzip, deen iwwer all aner Zilsetzunge vun eiser Bildungspolitik sollt stoen.

 

 

 

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Verschiddenes veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s