83. Rose Roth Seminar vum Natoparlament zu Tbilisi

P1020547Den 83. Rose Roth Seminar vum Natoparlament zu Tbilisi hat seng Ziler esou beschriwwen:

 The seminar, which follows the legislative elections of 2012, will adress the consolidation of Georgia’s democracy and its reform agenda in the context of its integration into the Euro-Atlantic institutions. The seminar will also adress the developments in North Caucasus, the prospects of reconciliation of Armenia and Azerbaijan and the contribution of civil society to democraty and stability in the South Caucasus.

 An Georgien ass et no den Parlamentswalen vum 1. Oktober 2012 zu engem politeschen Wiessel komm. Een Bündnis vun Oppositiounsparteien (Georgian Dream) huet 55% vun de Stëmme kritt an d’Regierungspartei vum Mikheil Saakachvili  ofgeléist.

Den Saakachvili, dem säin Mandat am Oktober 2013 ausleeft, hat a westlechen Länner zimlech vill Ënnerstëtzung fonnt. Hien ass als Reformer an Demokrat betruecht ginn, e.a. well hien een däitlechen prowestlechen Kurs ageschloen hat.

P1020535Der neier Regiirung ass am Ufank mat vill Skepsis begéint ginn. Hieren  Chef, den Bidzina Ivanichvili, war politesch een Onbekannten. Et war haaptsächlech bekannt, datt hien Milliardär war (153e fortune mondiale en 2012), an seng Suen a relativ kuerzer Zäit an Russland verdéngt hat.

E puer Méint nodeems déi nei Regierung am Amt ass, kritt se eng zimlech gutt Zensur ausgestallt. De Wëllen zu weideren Reformen gëtt allgemeng unerkannt, besonnesch och wat d’Reform vum Justizapparat betrëfft. D’Efforten fir d’Korruptioun ze bekämpfen schingen weider ze goen an déi Erfolleger aus der leschter Zäit ginn net a Fro gestallt. Georgien ass 2012 op déi 51. Plaatz am „Transparency International Corruption Perception Index” komm, wat fir dës Géigend vun der Welt een zimlech gudde Wäert ass.

karte_4Problemer am Südkaukasus gëtt et natierlech eng ganz Rei, vun enger grousser geopolitescher Envergure sinn awer virum allem dës 3 Krisepunkten:

Abchasien,

Süd-Ossetien,

Berg-Karabach.

Doriwwer kann een natierlech op villen Platzen villes noliesen. Interessant ass och, datt an Georgien mëttlerweil dem Saakachvili seng Interventioun vun 2008 kritesch hannerfrot gëtt. Iwwerhaapt, et ass relativ vill u sengem Lack gekraazt ginn, an Meenungsëmfroen gesinn seng Partei weiderhin an engem Negativ-Trend. Bei den Debatten op der Konferenz ass däitlech ze spieren, datt dës Partei nach ëmmer ënnert dem Schock vun enger verluerener Wal steet, an ganz oft vun gudden eegenen Leeschtungen an der Vergaangenheet geschwäermt gëtt an d’Diskussioun éischter emotionell wéi op Inhalter gefouert gëtt. Politesch Cohabitatioun ass meeschtens net einfach, an Georgien schingt se extra schwéier ze sinn.

Eeneg sinn sech all politesch Kräften, datt d’Zukunft an Georgien sech no Westen riicht. Den Schewardnadse hat virun 10 Joer bei der NATO-Diir ugeklappt, virun 5 Joer huet et fir den Saakachvili geheescht d’NATO-Dir ass fir Georgien op. Haut froen Ivanichvili an Usupachvili: Kënne mer dann elo duerch déi Diir eragoen? Fir sii ass d’NATO net just ee Militärbündnis, mee virun allem eng politesch Allianz, déi kéint hëllefen, d’Demokratie am Land ze festegen.

Wat d‘NATO Memberschaft betrëfft: Do stellt Russland sech queesch, schon alleng well Georgien net lassgeléist vun Azerbaijan an Armenien gekuckt ka ginn.

Grouss sinn och d‘Problemer vun Mobilitéit an der Géigend: näischt leeft ouni Visa, an den Krisegebidder ass d’Mobilitéit natierlech nach méi ageschränkt. Georgien mécht do eng innovativ Politik: Sie froen den Awunner vun hieren Nopeschlänner kee Visa méi vir an d’Land ze kommen, obschonn sie selwer mussen ee Visa ufroen fir an déi Länner anzereesen.

P1020563Ketevan Tsikhelashvili (Deputy State Minister of Georgia for Reintegration), huet eng zimlech pragmatesch Approche: Manner Propaganda, manner politesch Statements, mee probéieren, d’Situatioun vun de Leit an de betraffene Gebidder ze verbesseren: Handel neess beliewen, Zougang zu medezineschen Institutiounen, Zougang zu Edukatioun. Sie stellt haut däitlech méi Toleranz an Versteestemech fir d’Komplexitéit vun der Situatioun wéi nach virun 20 Joer fest. Et wier wichteg, datt d’EU an der Géigend engagéiert bleiwt, spillt hei eng positiv, stabiliséierend Roll. D’Situatioun vun de Leit déi aus hierer Heemcht verdriwwe gi sinn bleiwt weiderhinn ongeléist. Et wier méi richteg vun enger „long time conflict transformation“ ze schwaetzen wéi vun enger „conflict resolution“. Déi nei Regierung wëll däitlech op eng Deseskalatioun setzen.

D’Europäesch Unioun huet sech am Südkaukasus zimlech vill engagéiert. Engersäits well mat der Osterweiterung och de Südkaukasus méi no bei d’EU geréckelt ass, anerersäits muss een awer och feststellen, datt d’EU een handfesten ekonomeschen Interessi (Energieversuergung) un der Géigend huet.

Interessant Evenementer an näechster Zukunft sinn d’Präsidentschaftswalen am Oktober 2013 an d’Olympesch Spiller zu Sotchi, eng russesch Stat am Kaukasus (Schwaarzt Mier), net wäit ewech vun Georgien.

 

 

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

Tbilisi

Pällemsonndeg zu Tiflis

Pällemsonndeg zu Tbilisi

"Schwefelbäder in Abanotubani"

„Schwefelbäder in Abanotubani“

De Palais vum President Mikheil Saakachvili

De Palais vum President Mikheil Saakachvili

Och dat ass nach ëmmer Tiflis /Tbilisi

Tbilisi on the rocks

Tbilisi ass d’Haaptstat vun Georgien (ronn 4,5 mio Awunner). De Stalin ass zu Gori, westlech vun Tbilisi gebuer, bekannt dierft och nach den Schewardnadse sinn, den sowjeteschen Ausseminister war, iert en President vun Georgien gi war (bis 2003).

Tbilisi ass mat 1,2 mio Awunner déi eenzeg wierklech grouss Stat a Georgien. Hei ass ganz vill investéiert an renovéiert ginn, -mee et bleiwt nach ëmmer vill ze dinn.

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Louisa Marie Summer am Pomhouse vum CNA

P1020495Samschden de Moien war de Vernissage vun der Ausstellung „JENNIFER’S Family“ vum Louisa Marie Summer.

Dat war déi éischt Ausstellung am Pomhouse vum CNA zu Diddeleng. Den Jean Back, Direkter vum CNA, huet a senger Usprooch och erkläert wéi et grad just zu dëser Ausstellung komm ass. New York, Workshop an Dockendorff sinn mol Wierder déi gefall sinn, den Zoufall war och e bëssen am Spill.

P1020506Op d’Pomhouse sech fir esou Zwecker eegent, dat wäert sech an der Zukunft erausstellen. Et ass relativ kleng, d’Ausstellungsfläch ass ganz begrenzt . Datt et net „doud“ renovéiert gouf dréit zum Charme vun der Raimlechkeet bäi, an duerfir  muss een eben a Kaf huelen, datt  et z.B. net permanent gehëtzt ass. Mat Sécherheet ass d’Pomhouse ze gebrauchen fir „Partyevents“ z’organiséieren, an et hat sech och bei dem Vernissage e bësse Partystëmmung breet gemeet.

D’Louisa Marie Summer ass eng jonk däitsch Fotografin, déi zu New York studéiert huet an och di meeschten Zäit do liewt.

D’Ausstellung  „JENNIFER’S Family“ weist Fotoen vun enger jonker Frau, dem Jennifer, eng Emigrantin aus dem Puerto Rico (an zweeter Generatioun), déi d’Louisa zu South Providence, Rhode Island, kennen a schätze geléiert huet. De géigesäitege Respekt huet et der Fotografin erlaabt, en zimlech intimisteschen Abléck an d’Liewen vum Jennifer an senger Famill ze kréien.

“Avec ce travail, Louisa Marie Summer a voulu donner la parole à des individus qui affrontent quotidiennement la pauvreté et le désespoir. L’artiste est convaincue que l’image photographique, si tant est qu’elle soit honnête et empathique, joue un rôle important en tant que manifestation d’une « conscience sociale » susceptible de sensibiliser le grand public, tout au moins de changer son regard.” (CNA)

Domat ass dann och den Lien hiergestallt zu der permanenter Ausstellung am Waassertuerm: The Bitter Years, déi läescht Ausstellung, déi den Edward Steichen 1962 fir den MoMA zusummegestalt hat. Dee Lien ass dem Daniela Del Fabbro, Commissaire vun der Expo, op alle Fall gegléckt.

Zu Diddeleng ass nëmmen eng relativ kleng Auswiel vun de Fotoen ausgestallt. Um Site vun der Fotografin um Internet kritt een ee gudden Androck vun hierem Wierk, an et gëtt d’”Jennifer’s Family“och als Fotobuch.

Genee esou  interessant fannen ech dem Louisa seng Biller aus Georgien: „Youth in the Republic of Georgia„. Engersäits, well déi Biller mech vum Sujet hier uspriechen, an natierlech och, well ech grad just haut zu Tiflis, an der Haaptstad vun Georgien, ukomm sinn. P1020501

Veröffentlicht unter Kultur | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Reform vum Lycée: Eng Charmeoffensiv vun der Ministesch ?!

 

Wéi ech de Rapport de synthèse vun der DNL gelies hat, a verschidden Commentairen vun Leit aus der DNL héieren hat, war ech iwwerzeegt, datt et net kéint zu enger « Entente » bei der Lycéesreform kommen. D’Positiounen louchen a mengen Aen ze wäit auserneen.

Wéi ech d’Äntwerten vun der Ministesch op dës Synthèse gelies hunn, war ech allerdéngs – zumindest deelweis – angenehm iwwerrascht : Den MENFP huet eng Flexibilitéit gewisen, déi en nach bei kengem Reformprojet virdrun gewisen huet. Eng Rei Punkten, déi nach am Dezember 2011 als indiskutabel duergestallt gi waren, sinn an den grands axes de la réforme du lycée  verschwonnen. Zum Deel huet dat mer gutt gefall, zum Deel och manner gutt. De Projet ass eng Zort Collage ginn, wou probéiert gëtt jiddereen zefridden ze stellen, datt hannerléisst en Androck vun enger gewësser Konzeptlosegket.

Der Lycée classique gëtt mat de méi strengen Promotiounscritèren an Ajournementsregelen wuel méi elitär a méi « kleng ». Ass dat wënschenswäert ? Jo an Nee! Jo, wann parallel déi historesch Trennung tëschent classique an technique net nëmmen bei der Numerotatioun, mee och an der Praxis manner strikt ass. Nee, wann et um Terrain op nach méi eng kloer sozial Segregatioun erausleeft.

D’Ministesch huet versicht eng Charmeoffensive bei den Enseignanten ze starten. Hier grouss Linnen sinn esou duergestallt ginn, wéi wann déi schonn den Accord vun alle Partner hätten. Am Secondaire ass berouegt ginn : Déi meescht Ännerungen betreffen den Technique, am Secondaire (classique) ännert sech ganz wéineg (…wat och eng korrekt Ausso ass).

Esou eng Offensiv war och déck néideg, well am Enseignement ass nach ëmmer, a schonn zimlech laang, eng grouss Onzefriddenheet. Wichteg Chantieren sinn lassgekappt ginn, mee no 9 Joer LSAP-CSV Schoulreform stellt sech d’Fro, wat dann elo vun all dene Reformen iwwereg bleift? Et sinn iwwerall nëmme Chantieren : D’Reform vum Enseignement Professionnel ass nach ëmmer ee Chantier, esou wuel fir d’Schüler ewéi fir d’Enseignanten. Am Enseignement fondamental, wou mir d’Approche vun der Reform (mir akzeptéieren d’Heterogenitéit vun eiser Gesellschaft a setzen op d’Stäerkten vun de Kanner), trotz allen Onzoulänglechkeeten vun der Ëmsetzung, gutt gefall huet, ass et elo duerchaus méiglech, datt rëm alles a Fro gestallt gëtt. An da steet jo och nach d’Reform vun der Fonction publique virun der Dier ! Do gëtt et zwar een Accord mat SNE a FEDUSE, mee SEW-OGBL an APESS refuséieren desen Accord.

D’Ministesch huet de Projet Schoulreform genee esou op d’Schinne gesat, wéi et an den 90er Joeren fir de Projet BTB de Fall war (Bus-Tram-Bunn). Dee stoung och schonn op de Schinnen an ass dunn total entgleist. Dat huet deemools d’Diskussioun iwwert ee besseren ëffentlechen Transport hei am Land ëm Joeren zréckgehäit. Gëtt d’Schoulreform der Ministesch hieren (an eisen) BTB 2 ?

Hei drënner och nach ee franséischen Text deen sech un der Pressekonferenz vun de Moien orientéiert, déi ech am Numm vun der grénger Fraktioun gehalen hunn:

 

Les « nouveaux » grands axes de la réforme du lycée :

 Face aux précédentes propositions du Ministère de l’Education nationale, les enseignants avaient demandé la mise à plat de la réforme des lycées, exigence soutenu par déi gréng. Depuis lors, il y a eu 10 mois de consultations et de discussions et de nombreuses rencontres entre la DNL et le Ministère.

Constat :

–       Les nouveaux grands axes font preuve d’une flexibilité nouvelle du Ministère

–       Un grand nombre de propositions ont changé par rapport au projet initial

–       Nous avons l’impression qu’il s’agit d’un essai d’offensive de charme à l’encontre des enseignants

L’essai d’offensive de charme est un premier élément positif.

 

Les buts de la réforme:

N’oublions pas les buts de la réforme !

  • Acquérir des niveaux de savoir et savoir-faire plus élevé afin de mieux réussir
  • Augmenter le nombre de détenteurs de diplôme de fin d’études secondaires
  • Elargir et faciliter l’accès aux études supérieures

Je ne suis pas prêt à faire un choix parmi ces buts ni à donner une priorité à l’un ou à l’autre. C’est justement la somme de ces buts qui devrait motiver toute réforme scolaire.

Les points positifs:

  • Les nouvelles dénominations: numérotation des classes de 7e à 1re aussi bien à l’ESC  qu’à l’ESG. Ce sont des détails, mais ce sont aussi des messages que le MENFP émet : le rapprochement de l’ESC et de l’ESG par une même dénomination des classes est un message que je soutiens.
  • Mise en place d’un tutorat, obligatoire pour la plupart des élèves des classes      inférieures. Reste à savoir pourquoi le tutorat ne serait pas obligatoire pour tout le cycle inférieur de l’ESC…
  • Introduction d’un travail encadré en 2e (si les conditions de l’encadrement sont appropriées). Réaliser un travail d’envergure sera un exercice bénéfique pour tout étudiant d’une classe de deuxième. Néanmoins, il persiste un risque de créer un nouvel instrument de ségrégation dans le système scolaire, si l’encadrement scolaire ne garantit pas une grande équité en ce qui concerne les moyens dont disposent tous les élèves.
  • Réduction du nombre d’épreuves à l’examen de fin d’études.
  • Mise en place d’une cellule de développement scolaire dans chaque lycée. Un PRS (Plan de Réussite Scolaire de l’école fondamentale) au lycée ? Oui, un tel instrument      me semble être une nécessité pour structurer et organiser des discussions      concernant l’évolution d’un lycée dans un cadre d’une plus grande autonomie.

Les points décevants :

  • Enseignement des langues: Le système d’un enseignement de langues ambitieux est maintenu, ce qui est positif. Bonne ouverture à l’ESG, réforme insuffisante à l’ESC      (allemand et français au niveau très élevé C1).

Je suis d’avis qu’actuellement, la plupart des décrocheurs d’un bac classique risqueraient de ne pas obtenir une certification à un niveau très élevé des deux langues (l’allemand et le français). Considérer l’allemand et le français comme langues secondes, comme le propose la DNL est une bonne idée, mais ne résout aucun problème. Maintenir un apprentissage de nombreuses langues à un niveau haut et très haut, exige la possibilité d’une certification différenciée et d’une large compensation d’une langue au profit d’une autre. Ici, les idées retenues dans les grands axes de la réforme du lycée ne vont pas assez loin.

  • Evaluation et promotion: la promotion est décidée à la fin de chaque année scolaire. La proposition initiale du MENFP d’introduire un bloc 7e-6e, lié à une promotion automatique est donc abandonnée.

Constat du MENFP (réponses à la synthèse de la DNL): Le MENFP reste convaincu que l’énorme taux de redoublement de l’école luxembourgeoise ne contribue pas à l’amélioration des performances des élèves, mais qu’il constitue un gaspillage de ressources et un facteur de démotivation pour beaucoup d’élèves. Comme cette conviction n’est pas partagée, il est renoncé à la promotion automatique de 7e en 6e, mais le redoublement devra être encadré par des mesures de remédiation.

La considération de la 7e et de la 6e comme un cycle avec une décision d’orientation à la fin du cycle aurait été le bon choix et aurait assuré une meilleure continuation par rapport au système de l’enseignement fondamental.

  • La faisabilité: Beaucoup de problèmes que nous rencontrons actuellement à tous les niveaux de l’enseignement concernent autant la mise en place de la réforme que le      contenu (cf réformes de l’enseignement professionnel et de l’enseignement fondamental).
  • Quel sera l’impact budgétaire de la réforme du lycée ? La réforme de l’enseignement fondamental a contribué à une augmentation de 62% du coût annuel par élève. Refuser toute tentative d’introduire un budget d’austérité pour l’enseignement ne veut pas dire que l’emploi des deniers publiques ne devrait pas être transparent, justifié et prévisible.

Une réforme scolaire ne peut se faire sans les enseignants et elle peut encore moins se faire contre les enseignants. J’approuve donc la démarche qui a été entreprise (création DNL et discussions avec le MENFP). Néanmoins, une réforme scolaire ne peut pas non plus être faite par les seuls enseignants. Voilà pourquoi je considère p.ex. les assises de l’enseignement secondaires comme une initiative qu’on devrait répéter (en y invitant cette fois-ci aussi les député-e-s.) Je regrette que la réforme scolaire a cessé d’être un projet commun de (et pour) toute la société luxembourgeoise.

 

Conclusion :

Les « nouveaux » grands axes de la réforme du lycée pourraient être une possible sortie de l’impasse, pourvu que l’opération de charme soit un succès. Mais je suis déçu du « flou artistique » qui persiste de même que de l’absence de certains volets essentiels, nécessaires pour remplir les objectifs fixés, notamment une amélioration de l’orientation scolaire à tous les niveaux !

Ces axes et le calendrier font ensuite preuve d’une rupture plutôt que d’une continuité entre enseignement fondamental et secondaire. En 2013/14 entreront à l’enseignement post-primaire les premiers élèves évalués selon les critères de la réforme de l’enseignement fondamental. Or, la réforme du lycée débutera au plus tôt pour l’année scolaire 2014/2015 et obéira très probablement à un autre esprit que celle du fondamental.

Restent ensuite la réforme de la formation professionnelle qui présente toujours de graves déficits, de même que la réforme de la fonction publique et ses retombées pour le secteur de l’enseignement.

Veröffentlicht unter Educatioun | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Musée national de la Résistance

 tribune%20musee%20aLe Musée national de la Résistance d’Esch-sur-Alzette a été inauguré en 1956 dans le souci de préserver la mémoire collective en relation avec les crimes commis contre l’humanité et les mouvements de résistance et de solidarité pendant la deuxième guerre mondiale. Il permet de garder vivante la mémoire et l’histoire du Luxembourg des années 1940-1945.

La restauration du Musée national de la Résistance est urgente et la mise en place d’une structure digne d’un musée national figurait parmi les priorités gouvernementales dans le domaine des musées il y a huit ans.

Le musée va fêter son 60ème anniversaire en 2016 et les responsables politiques communaux ont prévu un plan de financement pour la rénovation et l’élaboration d’un concept muséal et architectural.

– Est-ce que le gouvernement et le Ministère de la Culture en particulier se sont fixés un plan d’action, des délais et des priorités budgétaires à des fins de renouvellement et d’agrandissement du Musée national de la Résistance? (QP du 16 avril 2013)

 

Veröffentlicht unter Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Grondschoulreform: Op der Bildung däerfe mer net spueren!

Vun 2009 bis 2013 inklusiv gëtt de Staat 62 Milliarden Euro aus. Dës Zomm enthält een Zukunftsblock, deen impressionnant ass.

Sou loosse mer der Schoul – der Zukunftsfabrik par excellence – 9,7 Milliarden Euro zoukommen. 9,7 Milliarden Euro fir d’Schoul ouni d’Käschte fir hir Annex- a Konnexaktivitéiten. Op der Bildung kënnen an däerfe mer an den nächste Joren net spueren. De Budgetsposte fir d’Schoul kann een net ofsenken.“ 1 

Richteg: D’Schoul ass d’Zukunftsfabrik par excellence, op der Schoul däerfe mer och an denen nächste Joren net spueren!

Iwwert d’Reform vun der Grondschoul ass scho vill diskutéiert ginn, iwwert de Präis vun der Reform schwätzt allerdengs keen. Eigentlech erstaunlech! De Fait, datt mer vill Suen an d’Schoul investéieren ass zwar eng Noutwennegket, mee dat alleng ass awer weder en Ziel nach e Qualitéitscritère. D’Fro ass jo eigentlech: Firwat ginn déi zousätzleche Suen an der „Schoul“ benotzt?

De Käschtepunkt an eiser Grondschoul ass vun 12.856 Euro pro Schüler am Joer 2008 op 20.821 Euro am Joer 2010 geklomm. Dat ass eng Augmentatioun vu ronn 62%. Dat ass eent vun de Resultater vun der Schoureform vun 2009.

Mee em wéivill Prozent hu mer dann elo eis Schoul besser gemeet? Och em 62% ? Oder hu mer se just e bësse besser gemeet? Oder hun eventuell eis Gewerkschaften vum Léierpersonal recht, wann se soen, et ging villes schief laafen an et wier kee Vertrauen méi do tëschend den Enseignanten an dem MEN ? Ech gi mol dovun aus, datt zu Lëtzebuerg kee Mënsch wëll un der Schoul spueren. Mee 62% oder 365 Milliounen u Méiausgaben bannend 2 Joer ass awer eng gewalteg Steigerung an dofir  muss et och zu Lëtzebuerg erlaabt sinn ze froen, op mer déi vill Suen, déi mer an d’Schoul investéieren och gutt investéieren. An hierer Äntwert op meng parlamentaresch Ufro vum 13. Februar 2013 hat d’Ministesch 6 Ursaachen uginn, firwat datt d’Käschten esou vill an d’Luucht gaange sinn:

1. le reclassement de carrière des instituteurs et institutrices de l’enseignement fondamental;

2. la hausse des leçons hebdomadaires d’enseignement pour la tenue de cours d’accueil ;

3. la prise en compte de situations particulières dans certaines écoles (élèves présentant des difficultés d’apprentissage et/ou de comportement) ;

4. la hausse des leçons hebdomadaires d’enseignement pour l’animation et la gestion des bibliothèques et médiathèques scolaires ;

5. l’introduction de la coordination des activités pédagogiques à l’intérieur des différents cycles d’apprentissage ;

6. la participation du personnel des écoles aux comités d’école ou aux comités de cogestion.

Déi 6 Ursaachen sinn alleguer hier Sue wäert. Problematesch ass just, datt dat an 2 Joer fir d’Grondschoul zesummen eng Hausse vun 62% ausmécht. Mech ging natierlech och interesséieren, wéivill all eenzel Ursaach, déi hei opgezielt gëtt, zu der Hausse bäidréit.

Ronn 5000 Leit schaffen an der Grondschoul, 4000 am Secondaire an 450 an der Ediff an an der Logo. Mat bal 10.000 Leit ass den MENFP den Departement vum Staat, den déi meeschten Leit beschäftegt.

An der Grondschoul maachen d’Personalkäschten vum Léierpersonal 67,5% (2010)  vun de Gesamtausgaben aus. 2008 waren et nach 70,4%. Während d‘Bildungsministesch an hierer Äntwert op meng Ufro undeit, datt d’Personalkäschten den Haaptgrond fir d’Hausse wären, weisen d’Zuelen allerdengs en annert Bild: D’Personalkäschten bleiwen zwar largement dee gréisse Bloc bei den Ausgaben, mee d‘Steigerung gesäit een virun allem bei den „Dépenses courantes“. Des Käschten hu sech vun 2008 bis 2010 quasi vervéierfacht (x 3,9). Ingesamt fallen ennert dese Posten all d‘Fraisen déi extern Fournisseure betreffen, frais de bureau, de publicité et de sensibilisation, loyers, charges, matériel pédagogique, frais d’exploitation courants, Entretiens vun de Gebäier, … Do besteet also Klärungsbedarf.

Extraits : Rapports annuels 2008 & 2010 sur les « Coûts et financements du système scolaire luxembourgeois »

20082010

1: Jean-Claude Juncker, Discours sur l’état de la nation, 10.04.2013
Veröffentlicht unter Educatioun | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Evaluatioun vum neien BScE

Den zweeten externen Rapport vun der Uni Lëtzebuerg ass jo schonn am Mäerz der Press virgestallt ginn. Nei, an nach net definitiv fäerdeg gestallt, ass eng Evaluatioun vum BScE, also dem Bachelor vun der Formatioun vun den Schoulmeeschteren an Léierinnen zu Walfer.
Der neier Équipe déi den BScE reforméiert, ass eng relativ gutt Zensur ausgestallt ginn. Och wann nach net alles perfekt ass, da sinn awer am Verglach zum éischten Rapport eng ganz Rei Fortschrëtter gemeet ginn. Virun allem wat den Encadrement vun de Stagen betrëfft, kritt d’Uni eng besser an däitlech méi professionell Approche beschäinegt. Och d’Zesummenaarbecht mat de Leit um Terrain, also dem Léierpersonal an de Schoulen, ass däitlech besser wéi an den éischten Joeren vun der Unis-Formatioun.
Problemer bestinn awer och nach ëmmer. Esou ass d’Astellungspolitik nach ëmmer zentral vun der Uni aus gesteiert an dréit vill méi der Fuerschung Rechnung wéi dem Enseignement. An och wann beim BScE vill Effort’en wat d’Verbesserung vun der Kommunikatioun betrëfft, gemeet ginn, sou bleift och hei, wéi am ganzen Unisbetrieb, nach vill ze dinn: Déi intern Kommunikatioun ass jo een vun den gréissten Defiziter vun eiser Uni insgesamt. Och wat den Feedback vun de Studenten iwwert de Léierbetrieb ugeet, ass nach villes am Onkloeren: D’Studenten hunn zwar d’Méiglechkeet, hier Couren ze kommentéieren, notzen déi Méiglechkeet awer kaum. An déi wéineg Feedbacken schéngen op kenger Plaz debattéiert ze ginn, an zéien duerfir och keng Konsequenzen no sech.
Déi auslännesch Experten hunn drop higewisen, datt et ganz schwiereg ass, een Brevet unzebidden, den befähegt, d’Schüler vun 3 bis 15-16 Joer oder esou guer nach driwwer, z’enseignéieren. Op mer allerdéngs bereet sinn, dës lëtzebuerger Iddi (ech kennen keen Schoulsystem am Ausland, deen esou een Brevet unique huet) eng Kéier a Fro ze stellen, dierft bezweiwelt ginn. D’Leit vum BScE hunn mat ähnlech Problemer ze kämpfen wéi op ganz villen Plazen an Europa, wou d’Formatioun vum Léierpersonal vun enger Fachhéichschoul an eng Universitéit verlagert ginn ass. Et ass kloer gestallt ginn, datt eng gutt Zesummenaarbecht mam MENFP ganz wichteg wier fir den BScE. Geneesou kloer ass awer och, datt et kee Wee méi zréck zur Fachhéichschoul gëtt, déi Formatioun gehéiert op eng Uni.

Den Minister Biltgen huet ugekënnegt, datt hien wéilt Assisen vun der Uni organiséieren, wou ënner anerem och de Problem vun der Kommunikatioun soll diskutéiert ginn. Dës Assisen sollen dann och fir d’Deputéierten op sinn (anescht wéi déi vum Secondaire, déi den MENFP den 1. An 2. Februar 2013 organiséiert hat.)

Veröffentlicht unter Educatioun | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Marrakech

Fantasialand chez Ali

Fantasialand chez Ali

Le parlement du royaume du Maroc a été bien hospitalier. Les délégations étaient invitées à une excursion touristique la soirée du jeudi. Nous avons visité le Jardin Majorelle, le Palais Bahia, la Place Jamaa el-Fna et le quartier Medina. Enfin nous avons dîné tous ensemble au Restaurant Chez Ali (attrape-touriste bien organisé).

Jardin Majorelle

Jardin Majorelle

Place Jamaa el-Fna

Place Jamaa el-Fna

De tels sorties sont intéressantes, d’abord évidemment du point de vue touristiques, mais aussi parce qu’on a la possibilité d’échanger des idées avec des panelistes ou d’autres participants. Ainsi j’avais e.a. la chance de discuter avec Rose, qui travaille pour le Comité international de la Croix rouge (CICR) au Maroc. Rose a travaillé pendant 5 ans en Iraq pour ce comité. Une des missions du CICR est de voir si les conventions internationales sont respectées dans les prisons. Rose a visité le prisonnier le plus médiatisé de l’époque dans sa cellule : Saddam Hussein. Elle considère l’Irak comme un pays formidable et elle a dit –sans la moindre ironie- qu’elle avait rencontré des gens très intelligents et très intéressants dans les prisons de ce pays. Elle est originaire du Liban, a étudié en Suisse et s’est rappelé un jour ses propres expériences de réfugiée de guerre supportée par le CICR, ce qui l’a motivé de travailler pour cette organisation.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

AP de l’OTAN: La Syrie

Palais des Congrés

Palais des Congrés

Les vents du printemps arabe se sont transformés en cyclones d’automne en Syrie. Il y a une surenchère de la crise : intérêts confessionnels, régionaux et internationaux, tout se heurte en Syrie. Les résolutions de la ligue arabe ne sont pas appliquées, l’ONU est incapable d’imposer un cessez-le-feu.

Salam Kawakibi, chercheur et président de l’association « Initiative pour une nouvelle Syrie », a fait un bilan amer de la situation. Il a intitulé son exposé : « La guerre contre les civils et non la guerre civile, la Syrie après deux ans de révolution. » Selon lui, la révolution syrienne avait commencé le 15 mars 2011 comme une révolution pacifique et a tourné en guerre atroce suite à l’acharnement du régime. Il a décrit le régime d’Assad comme n’étant ni laïque (des groupes jihadistes ont été créés par le régime, d’innombrables mosquées ont été construites) ni socialiste (installation du capitalisme d’Etat et d’un régime mafieux). Evidemment,  l’opposition est fragmentée après des décennies de répression. L’opposition de la Chine et de la Russie à une intervention plus décidée de l’ONU seraient bien vue par l’Occident, parce que l’Occident n’a pas de vision pour la Syrie. D’autres intervenants ont admis que le régime d’Assad n’était pas encore sur le point de s’effondre. Assad a retiré ses troupes de certaines régions moins importantes pour lui. Il a abandonné de larges parties du pays sans faire de compromis, il semble vouloir réduire la Syrie en différents fiefs plutôt que de rendre le pouvoir. La Russie semble actuellement considérer l’anarchie en Syrie comme pire qu’une perte d’influence, pour l’Iran par contre, l’anarchie dans le pays serait préférable à une victoire de l’opposition.

La plus grande faiblesse de l’opposition est le manque de contrôle des troupes rebelles, des troupes qui diffèrent largement en ce qui concerne les idéologies et les buts qu’ils veulent atteindre. Même si Assad devrait chuter, la guerre continuerait très probablement.

Les pays voisins de la Syrie sont confrontés avec une arrivée massive de réfugiés de la Syrie. La Jordanie accueille entre 2000 et 3000 personnes par jour. La Jordanie ne peut plus s’occuper d’une façon adéquate des réfugiés. Les ressources budgétaires étant limités, il y a un risque de déstabilisation éminent. Le Liban connait des violences entre groupes qui soutiennent et qui combattent Assad. Le Liban risque de voir le même sort que la Syrie. Le rôle de la diaspora Syrienne a été évoqué, une diaspora qui est apparemment responsable pour une majeure partie de l’aide humanitaire dans le pays. Livrer des armes aux rebelles, une demande de Salam Kawakibi, compréhensible face à un adversaire très bien armé, risquerait d’aggraver la situation sur plusieurs plans selon l’avis de nombreux intervenants. Les Etats-Unis ont été critiqués par certains orateurs : ils investissaient plus dans les monarchies autoritaires que dans les nouvelles démocraties, ils dépenseraient plus pour l’armement que pour le maintien de la paix.

La disparition de l’Etat Syrien risquerait de déstabiliser l’ensemble du Proche-Orient pour plusieurs décennies. « Le diable qu’on connaît est mieux que le diable qu’on ne connaît pas ». Serait-ce une raison de ne pas combattre le régime d’Assad ? Est-ce la raison pourquoi il n’y a pas eu d’instauration d’une zône d’exclusion aérienne comme en Libye ? L’Union Européenne a plutôt réagit au lieu d’agir. Les Européens n’avaient pas compris le régime Assad, ils pensaient qu’il allait tout simplement se retirer.

 

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

AP de l’OTAN: La situation au Mali

P1020413Plusieurs orateurs ont insisté sur le fait que les transformations dans la région du Moyen Orient et de l’Afrique du nord (MOAN) ont été beaucoup plus rapides et plus radicales qu’aucun observateur de la région n’aurait pu se l’imaginer. Au lie de parler du printemps arabes, il serait juste de parler de plusieurs printemps arabes, avec différentes situations de départ et différentes réactions: départ des dictateurs en Egypte et en Tunisie, répression sanglante en Lybie et en Syrie, changement par le régime au pouvoir comme au Maroc. Néanmoins il est vrai aussi que les économies et les peuples de la région ont des liens plus ou moins étroits et les menaces et les dangers sont assez similaires pour l’ensemble de la population de la région.

Un des points de mire de la réunion à Marrakech a été la situation actuelle au Mali. Mes voisins de table étaient d’ailleurs deux parlementaires de ce pays de l’Afrique de l’Ouest, notamment le Vice-président de la l’assemblée nationale du Mali et le président de la Commission Défense. Selon le Vice-président Assarid Ag Imbarcaouane, la situation au Mali découle e.a. des événements en Libye. Les nombreuses armes présentes dans la région proviennent de la Libye. Les forces internationales n’ont pas terminé leur mission en Libye. Il n’y a pas d’Etat fort, il n’y a que des groupements armés. Les notions de « démocratie » et de « stabilité » sont indissociablement liées. Le contrôle des zones et des routes n’est pas assuré, le terrorisme est toujours attiré par le vide étatique. Le large espace du Sahel a toujours été un espace pour tout genre de contrebande : contrebande de cigarettes d’abord, mais aussi de drogues, – 35% de la consommation européenne de cocaïne passe la route saharienne. Puis il y a l’immigration clandestine, -le trafic d’êtres humains, est encore plus lucratif que le trafic de la drogue. Ces trafics assurent les recettes et les capacités de recrutement de l’Al-Qaïda au Maghreb islamique (Aqmi), qui s’est implanté dans les parties saharo-sahéliennes du Mali, à partir des années 2000.

P1020402Assarid Ag Imbarcaouane proposait de ne plus parler de djihadistes dans son pays, parce que selon lui, le terme de djihadiste « a une connotation trop positive pour nous musulmans que nous sommes, parlons de terroristes ! » Et il déclare que les jeunes qui meurent à Tombouctou ont « la peau claire, ils ressemblent à des Néerlandais, des Suisses, des Suèdes, mais ils ne sont pas maliens. » Au Mali, les villes ont été reprises, mais elles ne sont pas sécurisées. Le gouvernement malien compte néanmoins organiser des élections avant la fin du mois de juillet 2013. A part la prolifération d’armes, on constate l’arrivée de plus en plus  d’armes lourdes dans la région (missiles antiaériens portables SA-24 et  missiles sol-air SAM-7), et à côté du vide étatique dans la région, il y a encore l’absence de perspectives économiques pour toute la région qui est frappante et qui laisse peu de place à un optimisme quelconque. Depuis quelques jours, des formateurs internationaux ont commencé à former des soldats maliens, afin de (re)donner au gouvernement la possibilité de combler le vide étatique dans la région nord. Le Luxembourg participe à la mission de formation de l’armée malienne.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar