Expo: Between Shade and Darkness

Frank Schroeder, chargé de direction du musée

Frank Schroeder, chargé de direction du musée

Lors du vernissage  de l’exposition „Between Shade and  Darkness – Le sort des Juifs du Luxembourg de 1940 à1945“ au Musée national de la Résistance à Esch-sur-Alzette le jeudi, 6 juin 2013, Monsieur Frank Schroeder, chargé de direction du musée, a remercié les nombreux intervenants qui ont réalisé l’exposition.

Il s’est aussi montré très satisfait que déjà cinq classes scolaires aient visité cette exposition, donc avant l’ouverture proprement dite. Monsieur Schroeder estimait que le matériel historique dont on disposait aurait permis une exposition quatre fois plus grande. Mais l’espace dont dispose le musée est limité -trop limité!

Dan Codello, qui avait pris la parole pour la ville d’Esch, a confirmé une nouvelle fois l’intérêt et le support que la commune avait pour ce musée.

IMG_4288Récemment il y avait une entrevue avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker, et il paraît qu’un agrandissement et une rénovation du musée, des revendications de longue date qui ont déjà été l’objet de maintes interventions (e.a. ma question parlementaire du 16.04.2013), seraient envisagés dans un futur proche!

Le catalogue d’une centaine de pages donne un aperçu complet de l’exposition. J’ai lu le document dans le train en retournant à Luxembourg. C’est une lecture qui m’a impressionné par sa densité et qui devrait atteindre son but de faire „réfléchir sur les ressorts profonds qui amènent l’être humain à semer la haine et le mépris, à diaboliser son prochain pour ce qu’il est ou ce qu’il n’est pas.“

… Le 1er octobre 1941, les Juifs doivent remettre leurs bicyclettes. Le 14 octobre il sont astreints au port d’une étoile noire sur fond jaune. Le 26 octobre, ils n’ont plus le droit de se déplacer hors de leur lieu de résidence sans autorisation de la police locale… Le 17 novembre, ils ne peuvent plus s’entretenir en public ou en privé avec des personnes non-juives…

Déjà ce petit extrait du catalogue montre avec quelle rapidité les nazies ont procédé à la „dépossession et déshumanisation“ des Juifs qui n’avaient pas réussi à quitter le pays à temps. En ce qui concerne le degré de collaboration de l’administration luxembourgeoise avec le régime nazi, le catalogue se limite à poser quelques questions „délicates“.

En septembre 1941, le premier convoi de juifs quitte le Luxembourg avec 326 personnes à bord. Les suites sont connues : un numéro tatoué sur la peau, les effroyables conditions des camps de travail, les chambres à gaz…

Veröffentlicht unter Kultur | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

chamber tv

CHD Aktuell_TR Sproochen  030613 010

Méindeg, den 3. Juni 2013, huet d’Chamber TV eng Emissioun iwwert d’Sproochenproblematik an eise Schoulen iwwerdroen. Déi Debatt war ganz bewosst lassgeléist vun der Dagesaktualitéit (Lycéesreform, Reform vun der Fonction publique…). Mir hätt et natierlech och Spaass gemeet, fir dës Themen op dëser Plattform unzeschwätzen, mee et war net u mir, fir den „ordre du jour“ ze bestëmmen.

Op enger „Table ronde“ ginn keng Problemer geléist, et kann awer interessant sinn, Problemer ze beschreiwen, ze definéieren, an Léisungsproposen opzeweisen an kontradiktoresch ze diskutéieren.

Lëtzebuerg ass net dat eenzegt Land, dat vun der Villsproochegkeet erausgefuerdert ass, mee bei eis ass déi Erausfuerderung wéinst enger ganzer Rei Donneeën awer eng zimlech spezifesch.

-Mir hunn 3 offiziell Sproochen, déi sech net op Regiounen begrenzen, mee am ganze Land mateneen funktionéieren. Déi Sproochen spillen ënnerschiddlech Rollen, wat zum Deel historesch bedingt ass.

– Lëtzebuerg ass een Awannerungsland, vill Leit déi zu Lëtzebuerg liewen a schaffen hunn een anere Schoulsystem duerchlaf. All Joer kommen nach ronn 10000 Leit op Lëtzebuerg, zum Deel mat Kanner am schoulpflichtegen Alter.

– Um Aarbechtsmaart ass eng grouss Zuel vun Frontalieren, déi aner sproochlech Kenntnisser  hunn, wéi déi Schüler, déi den Lëtzebuerger Schoulsystem duerchlaf hunn.

Op der Table ronde hunn ech fir déi gréng eis Grondpositiounen vertrueden:

– Mir mussen d’Kanner fréi förderen, och sproochlech fréi förderen. Mir hunn vun Ufank un, an och nach haut, Zweifel, op den Précoce, also eng schoulesch Institutioun, déi eenzeg richteg Äntwert op d’Fréiförderung ass. Mir gesinn och eng ganz Rei Nodeeler, wa mer Kanner scho mat 3 Joer an eng schoulesch Institutioun stiechen. Mir stelle fest, datt d’Offer vum  Précoce iwwert d’Land verschidden ausgesäit, a mir wëssen net wéi eng Offer dann elo wierklech déi bescht fir d’Kanner ass. Mir wëssen och net, wien déi 20% Kanner sinn, déi net an de Précoce ginn, an ob déi de Précoce net vläicht am néidegsten ginge brauchen.

– Esou laang wéi d’Kanner schoulpflichteg sinn, mussen se déi 3 Sproochen, déi mer am Land hunn, léieren, do derbäi kënnt dann och nach déi englesch Sprooch, déi international ëmmer méi eng wichteg Roll kritt.

– Mam Alter vun 15 oder 16 Joer, misst kënnen eng (oder méi) Sproochen zur enger méiglechst grousser Perfektioun geléiert ginn. Well mer awer och nach Mathe an Naturwëssenschaften mussen léieren, geet dat fir eng Rei Kanner/Jugendlecher just, wann eng (oder méi) Sprooch(en) op méi engem nidderegen Lewell däerf(en) geléiert ginn. D’Reform vum Secondaire, wéi se am Moment geplangt ass, dréit dem am Secondaire général (bis elo nach den Technique) Rechnung, am Secondaire classique awer net.

– Et ass och d’Alphabetiséierung op Franséisch ugeschwat ginn. Jidefreen huet gewarnt, datt mer gingen riskéieren eis Gesellschaft an zwee ze splécken, wa mer d’Méiglechkeet vun enger Filière, déi mat Franséisch ufänkt, an eiser Schoul gingen zouloossen. Mir gesinn dat méi nuancéiert: Natierlech besteet déi Gefor, an ech wëll dat net minimiséieren. Et ass och richteg, datt déi mannst Kanner bei eis Franséisch als Mammesprooch hunn, an datt Franséisch a Portugiesesch net datselwecht ass. Trotzdem: Mir bedaueren, datt d’école française zu Walfer zou gemet gëtt. Mir gingen ee Projet vun enger Schoul,  wou déi eng Kanner eng Alphabetiséierung op F. ginge maachen, déi aner eng op D., mam Ziel nom Cycle 4 op dem selwechten Niveau an denen zwou Sproochen ze sinn, als sënnvoll betruechten. An de Fait, datt z.B. am Régime préparatoire ronn 80% vun de Schüler ee Migratiounshannergrond hunn, am Lycée classique awer manner ewéi 20%, weist, datt mer och haut schonn een Ongläichgewiicht hunn. Wann d’ëffentlech Schoul net reagéiert, da schécken ëmmer Leit, déi sech et leeschte kënnen, hier Kanner an eng international Schoul oder an eng Schoul an engem Nopeschland.

CHD Aktuell_TR Sproochen  030613 008b

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Graffiti Mierscher Gare

IMG_4272

Wann een zu Miersch vun der Gare op Biereng wëll goen (oder mam Velo fueren), da muss een ënnert den Eisebunnschinnen erduerch. Den „passage souterrain“, den zwar immens breet ass an vill Plaatz fir Foussgänger a Velofuerer huet, war bis elo gro an triste. IMG_4271

Dat ass am Gaang sech ze änneren. En éischten Deel vum Passage ass scho faerdeg: 3 Kënschtler an Zesummenaarbecht mam Mierscher Jugendhaus, hun riesegrouss Graffiti’en an d’Saitemaueren gesprayt. Dës Aarbecht ass gréisstendeels an der Päischtvakanz gemet ginn.

Elo ass dann den 2. Deel vum Passage un der Rei. Ënnert der Regie vum Guy Hary, IMG_4279Kënschtler an Enseignant am Lycée Ermesinde (an 1. Scheffen an der Gemeng Bous), gëtt hei awer virum allem mam Pinsel geschafft. De Guy Hary, dee sech op Airbrush -Konscht spezialiséiert huet, bréngt och dës Technik bei dësem Bild  an den Asatz. De Plang, den mat de Schüler zesummen ausgeschafft gouf, ass prett, den Hannergrond ass schonn gefierwt. D’Viraarbechten un der Mauer sinn am Gaang, a vu maer un sollen dann och d’Schüler zesummen mat hierem Professer de Plang an d’Realitéit emsetzen. Bis zu der Summervakanz soll de ganzen Projet ofgeschloss sinn.

IMG_4281

Och wann hei vill benevolen Asaatz am Spill ass, esou ee Projet kascht Geld! De Mierscher Gemengerot hat duerfir den 11. Mäerz 2013 ee Budget vun 86.900 Euro fir dëse Projet gestëmmt – an dat „à l’unanimité des membres présents“.

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Religionsunterricht: Zahlenmaterial

Ich bin nicht der Ansicht, dass Zahlen wirklich gute Argumente für oder gegen den Religionsunterricht/gemeinsamen Werteunterricht liefern.

Das MENFP hat eine Arbeitsgruppe aus 4 ReligionslehrerInnen und 4 MorallehrerInnen eingesetzt, um eine programmatische Diskussion über eine Annäherung der beiden Kurse zu führen. Das scheint mir ein sinnvolles Unterfangen.

Zur Ergänzung zu den Zahlen in meinem Blog, hier die Zusammenstallung, wie wir sie vom MENFP erhalten haben.

Capture d’écran 2013-05-27 à 18.38.02

Zur Erklärung:

MORCH: Instruction religieuse et morale

FOMOS: Formation morale et sociale

blank:  pas d’offre, donc ni MORCH ni FOMOS

Veröffentlicht unter Educatioun | Verschlagwortet mit | 1 Kommentar

Lernfest zu Mamer

Ouverture vum Lernfest zu Mamer

Ouverture vum Lernfest zu Mamer

D’ULBP huet eng éischte Kéier um Lernfest vun der Landakademie mat gemaach. Well et esou laang scho kal an naass war, hate mir de Choix getraff, fir eise Stand bannen an der Schoul opzeriichten. Dat huet sech dunn allerdings bei dem herrlechen Wierder  net als den allerbeschten Choix erausgestalt.

D’ULBP Benevolen haten Regaler mat insgesamt 1000 Bicher an enger ganzer Rëtsch Sëtzkëssen op Mamer gefouert.

Exif_JPEG_PICTUREMam Stand wollte mer op d’Offer vun den ëffentlechen Bibliothéiken hei am Land opmierksam maachen. Mir hun d’Méiglechket gebueden, sech matt engem Buch –Comic, Sachbuch, Krimi , …, gemittlech op engem Podest oder Sëtzkësen néierzeloossen, ze liesen an ze raschten.

Mir hätten eis scho méi Leit op eisem Stand gewënscht. Mee et war absolut logesch, datt d’Leit sech bei dem gudde Wierder éischter baussen opgehal hunn, wéi datt se bannen an der Mamer Schoul wollten sëtze bleiwen.

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Verschlagwortet mit | 1 Kommentar

Meeting Alexander Bonde

P1020660Am Rande des Frühjahrsgipfels des NATO Parlamentes in Luxemburg hatte ich ein informelles Gespräch mit Alexander Bonde, Minister für Ländlichen Raum und Verbraucherschutz in Baden-Württemberg.

Am 12. Mai 2011 wurde Bonde als Mitglied des Kabinetts Kretschmanns im Landtag von Baden-Württemberg als neuer Minister für Ländlichen Raum und Verbraucherschutz vereidigt. Bonde ist auch Präsident des Tourismusverbandes Baden-Württemberg.

Das Bundesland Baden-Württemberg existiert erst seit 1952 und ist konservativ geprägt. Von 1953 bis 2011 führte die CDU ohne Unterbrechung die Landesregierung.

Wirtschaft

In Baden-Württemberg ist kaum etwas von der Wirtschaftskrise zu spüren. Die Arbeitslosigkeit liegt bei rund 3 Prozent, die Wirtschaft brummt auch weiterhin. Wichtigste Standbeine sind vor allem die Autoindustrie, mit den vielen mittelständischen, spezialisierten Zulieferfirmen, und der Maschinenbau. Nach 58 Jahren schwarz-gelber Regierung war der Wechsel zu rot-grün nicht leicht. Besonders zu Beginn waren die Gesprächspartner aus der Industrie sehr hellhörig auf eventuelle Misstöne (etwa: weniger Autos sind besser! oder unsere Wirtschaft braucht eine Restrukturierungspeitsche…). Mittlerweile ist die Zusammenarbeit eher ungetrübt, besonders das Vertrauen in Ministerpräsident Winfried Kretschmann ist sehr groß. Und so sind auch die Umfragen, zwei Jahre nach der Landtagswahl, für die Grünen mit 28% immer noch sehr günstig. 62% sind zufrieden mit der Landesregierung, mit Kretschmann gar 67%.

Die gute wirtschaftliche Lage führt Bonde vor allem auf die starken mittelständischen Betriebe zurück, aber auch auf die positiven Auswirkungen der Agenda 2010 der rot-grünen Regierung von Gerhard Schröder. Das Niedrighalten der Lohnkosten hätte es erlaubt, die Wirtschaftskrise nahezu ohne Entlassungen zu überstehen. Es sei zu lange viel für Reintegration in die Arbeitswelt getan worden, allerdings nichts für die Integration. Das sei jetzt alles besser, aber natürlich braucht es jetzt auch Anpassungen. Die Grenzen in den unteren Lohnkategorien fehlen. Ein gesetzlicher Mindestlohn muss kommen!

Herausforderungen für die Wirtschaft des Autolandes Baden-Württemberg kommen auch aus dem Fortschritt der Technik: Das Land war Spitzenreiter bei Verbrennungsmotoren und darf jetzt z.B. den  Anschluss beim Elektroantrieb nicht verpassen. Lange Zeit kamen die Marktführer bei Batterien aus diesem Land, in einer Zeit wo es sich kaum lohnte. Jetzt lohnt es sich wieder, aber Batterien werden nun vor allem in Asien gebaut. Wenn keine Zündkerzen mehr gebraucht werden, muss z.B. Bosch sich umorientieren.

Steuern

Zu den angekündigten Steuererhöhungen, die die Grünen im Bundestagswahlkampf thematisieren, rät Alexander Bonde eher zur Vorsicht. (Eine zeitlich befristete Vermögensabgabe und eine nachfolgenden Vermögenssteuer sollen nach dem Willen der Grünen zunächst die Staatsschulden abbauen helfen und dann die Länderhaushalte auffüllen.) Er weist daraufhin, dass die Situation in Deutschland sehr unterschiedlich ist: Die Kassen im Süden sind besser gefüllt als in den nördlichen Ländern, mittelständische Betriebe dürften nicht zu sehr steuerlich belastet werden. Steuerlich ist sicher noch Spielraum, aber die Steuerschraube sollte vorsichtig behandelt werden.

Landwirtschaft, Weinbau

Die Landwirtschaft (insbesondere der Weinbau) spielt in Baden-Württemberg eine wichtige Nebenrolle. Eine Nebenrolle, weil sie weniger als 1% zum BIP beitragen und auch nur etwa 1% der Arbeitsplätze bereit stellen. Wichtig, weil sie natürlich urgrüne Themen sind, weil sie Naturschutz und Verbraucherschutz betreffen und weil sie wichtig für das Image des Landes sind und vieles zu Lebensqualität und Selbstwertgefühl beitragen.

Staat und Kirche

Wir hatten auch einen kurzen Austausch über die aktuelle Debatte in Luxemburg über Trennung von Kirche und Staat sowie über Religionsunterricht in der Schule. In Baden-Württemberg gibt es, ähnlich wie bei uns, die Möglichkeit in der Schule zwischen Religionsunterricht (evangelisch/katholisch) und Ethikunterricht zu wählen. Bei den deutschen Grünen gibt es sowohl eine ganze Reihe von engagierten Christen (Kretschmann, Göring-Eckhardt) wie auch Menschen die sich klar von den Religionsgemeinschaften abgrenzen möchten. Bonde sieht das sehr pragmatisch: Ob Menschen sich für Biodiversität oder für die Bewahrung der Schöpfung einsetzen, ich brauche sie alle, wenn ich im Bereich Naturschutz etwas erreichen will! Bonde sieht Kirchengemeinschaften dann auch eher als sinnvolle Vereinigungen im sozialen Bereich denn als irgendwelche politischen Gegner.

Schulsystem

Alexander Bonde bezeichnet das Schulsystem in seinem Land als ziemlich gut. Dennoch sind es vor allem zwei Faktoren, die nach einer Reform verlangen:

–        In Baden-Württemberg sind die Bevölkerungszahlen rückläufig, die Schülerzahlen gehen teilweise drastisch zurück. Einzelne Schulen, vor allem im ländlichen Raum, riskieren wegen Schülermangels nicht mehr weiter bestehen zu können. Damit es nicht zu einem unkontrollierten Zusammenbrechen einzelner Schulen kommt, ist eine vorausschauende Planung der Landesregierung unumgänglich.

–        Die Schüler werden nach der vierten Klasse in Hauptschule, Realschule, Gymnasium aufgeteilt. Dies Aufteilung ist einerseits problematisch, weil sie soziale Nachteile verstärkt und nicht aufbaut, andererseits werden immer mehr junge Menschen aus Realschule und sogar aus dem Gymnasium im Handwerk gebraucht, so dass die Ausbildungschancen für Hauptschüler immer schlechter werden.

Ein sanfter Einstieg in gemeinsames Lernen von der 5. bis zur 9. Klasse wäre eine gute Möglichkeit, Schulstandorte zusammenzulegen und zu erhalten, und auch die soziale Gerechtigkeit wieder etwas besser zu gestalten. Das ist natürlich kein leichtes Unterfangen: CDU und FDP halten an der bestehenden Dreigliedrigkeit fest und schüren Widerstand gegen jegliche Schulreform. Schulpolitik schneidet relativ schlecht ab in den Umfragen, ein Konsens für eine Reform scheint dennoch nicht in Sicht.

P1020658

Alexander Bonde ist der Ansicht, dass für Baden-Württemberg eine rot-grüne Koalition die einzige mögliche Antwort auf 58 Jahre CDU dominierte Regierungen war. Bundesweit sollten die Grünen aber eine schwarz-grüne Koalition nicht prinzipiell ausschließen.

Veröffentlicht unter Politik | Hinterlasse einen Kommentar

NATO PA Fréijoerssëtzung zu Lëtzebuerg

20130520-110504.jpgRonn 550 Leit (Parlamentarier, parlamentaresch Mataarbechter, Diplomaten, Chercheuren an aner Experten) hunn de Päischtweekend un der Fréijoerssëtzung vum NATO Parlament zu Lëtzebuerg deel geholl. Um Site vum NATO-PA kann een relativ vill Informatiounen iwwert dëst Evenement fannen.

C.Adam, N. Haupert, L.Polver, M. Angel, N. Kemp-Arendt, 3 membres (au centre) et 3 membres suppléants luxembourgeois du parlement de l'OTAN (F. Eischen, le 3e m.s. n'est pas sur la photo)

C.Adam, N. Haupert, L.Polver, M. Angel, N. Kemp-Arendt, 3 membres (au centre) et 3 membres suppléants luxembourgeois du parlement de l’OTAN (F. Eischen, le 3e m.s. n’est pas sur la photo)

Och wann den éischten Dag d’Qualitéit vun der Lautsprecheranlag net immens war, huet Lëtzebuerg een exzellenten Androck als Organisateur hannerlooss. De Konferenzzenter um Kierchbierg huet optimal Raimlechkeeten gebueden, d’Leit waren an gudden Hotellen rondrëm den Zenter logéiert, a mat der offizieller Receptioun vum Chamberspresident an der Philharmonie huet Lëtzebuerg Punkten bei dem internationale Publikum gemeet. Staark war och den Optrëtt vum André Mergenthaler, den mat engem Concert vun enger hallwer Stonn begeeschtert huet.

Interessant sinn op esou Veranstaltungen natierlech un éischter Plaz d’Conférencier’en. Een zimlech gudden Androck huet d’Viviane Reding bei senger Ried iwwer Cybersecurity hannerlooss… wat natierlech net heescht dat ech mat allem muss d’accord sinn wat vun der EU-Kommissioun kënnt :-).

Meeting mat der Serbescher Delegation, zesummen mam Norbert Haupert (Mëtt)

Meeting mat der Serbescher Delegation, zesummen mam Norbert Haupert

Interessant ass och déi Lobbyaarbecht, déi rondrëm de Meeting gemet gëtt. Esou hat z.B. déi serbesch Delegatioun praktesch all Delegatioun eenzel zu engem Gespréich beméit. Si hunn sech besuergt gewissen iwwert eng méiglech Reduzéierung vun de Kfor-Truppen am Kosovo an hunn gesot all politesch Parteien a Serbien wéilten, datt hiert Land an d’EU kéim.

Et ass éischter sielen, datt ech Kollegen aus enger grénger Partei op den Manifestatiounen vum NATO-PA begéinen -déi gréng hu jo een relativ kritescht Verhältnis zur NATO, an esou ganz vill gréng Parlamentarier gëtt et och guer net am NATO PA. Emsou méi frou war ech, dem Alexander Bonde, Minister „für Ländlichen Raum und Verbraucherschutz“ vu Baden-Württemberg ze begéinen. Mir hunn eis Zäit geholl fir ee Gespréich .

Mam Alexander Bonde am MUDAM

Mam Alexander Bonde am MUDAM

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Mierscher Gemengerot (16. Mee)

m.r. écoleEischte Punkt vun engem laangen Ordre du jour : Approbation du projet avec devis pour la construction d’une école fondamentale (cycle 1) et d’une maison relais.

Leider konnten déi gréng dëse Projet net matstëmmen, an dat aus enger ganzer Rei Ursaachen:

– Mir hu scho joerelaang verlaangt, datt een Aarbechtsgrupp zesummekéim an eng sérieux Planung vun Schoul- an Betreiungsstrukturen géing maachen. Dat ass leider ni geschitt.
– Mir hu scho viru Joeren gesot, mer sollten all eis Energien op een neien Schoulsite riichten. Da kéinten all Schüler vum Site A. Elsen an N. Welter an déi Schoul goen, an da kéinte mer dëse Schoulsite renovéieren an bauen wat mer bräichten. Do ass ëmmer behaapt ging, dat ging ze laang daueren. An effektiv, mat dem aktuellen Mierscher Schäfferot ging dat wierklech onendlech daueren, well de Projet um ordre du jour huet och scho ganz laang gedauert: Dëse Projet war schonn 2010 eng Kéier gestëmmt ginn (ouni eis Stëmmen), an ass elo vun der selwechter Majoritéit ofgeännert ginn, wat 3 Joer gedauert huet, an ass rëm zum Vote gestallt ginn.
– D’Décisioun fir net op een 3. Schoulsite auszewäichen, mee fir direkt um aktuellen Schoulsite nei ze bauen heescht: Mir kréien ee joerelaange Chantier op dem och Schoul gehale gëtt.
– Am Plan de Réussite scolaire war festgehalen ginn, datt zu Miersch zevill Kanner a Léierpersonal wieren, fir alles als een Site ze geréieren. Et ass proposéiert ginn, zwou eegestänneg Schoulen ze maachen, dat kéint dann och den Schoultransport méi einfach maachen. De Projet vun der Majoritéit dréit dem net Rechnung.
– Mir sinn der Meenung, datt eng gutt Schoulpolitik misst drop auslafen, datt Betreiungsstrukturen an Schoulen enk gingen aneneen gräifen an datt dës Strukturen och net zevill grouss wieren. Mir fannen et net gutt, wann kleng Kanner mussen duerch d’ganz Gemeng mat Bussen gefouert ginn. Mir hun keen oppent Ouer am Schäfferot fir esou eng Politik fonnt.
– De Projet gesäit vir, datt eng Maison Relais fir 242 Kanner gebaut gëtt (dat ass ze grouss, mee well zu Miersch bis haut just provisoresch Strukturen a Containeren gesat gi sinn, ass de Besoin och riisegrouss), an eng Schoul mat 6 Säll fir de Précoce an 2 Säll fir de Préscolaire.
De Projet ass opgedeelt: 56% Maison Relais, 44% Schoul. Virun allem déi 44% Schoul passen a kee Konzept.
– Mir hunn iwwerhaapt keen Dossier präsentéiert kritt. Mir hunn weder een Rapport vun enger Versammlung mam Léierpersonal oder enger Stellungnahm vum Schoulcomité kritt, nach eng Positioun vun den Elterevertrieder. Och d’Schoulkommissioun huet keen Avis zu dësem Projet ofginn.

Den zweete Punkt: Approbation du devis pour la réfection du pont existant dans le parc communal de Mersch war fir eis eigentlech onproblematesch: Et ass jo kloer, datt mer eis Infrastrukturen mussen an der Rei halen. Den Devis vun 45.000€ ass zwar gepeffert, mee dat ass virun allem drop zréckzeféieren, datt eng ganz Rei Schutzmossnahmen geholl ginn, fir datt keng Faarw a keng Léisungsmëttel an d’Waasser solle kommen.

Well ech awer nach den Dag virdrun iwwert déi Bréck gejoggt sinn an net direkt festgestalt hunn, firwat dat dës Bréck misst nei gemet ginn -mir ass z.B. eng aner Bréck am Park méi vétuste virkomm, wollt ech eng Erklärung vum Schäfferot. Leider hat kee Mënsch eng Ahnung. Ee Beamten hat proposéiert dës Bréck nei ze maachen, de Schäfferot huet keng Froen gestallt an den Devis viru ginn. Dat hat keen an der Majoritéit gestéiert, mir hunn de Projet doropshinn allerdéngs net gestëmmt.

Bei denen aneren Punkten vum ordre du jour war nach vill Interessantes, mee dat kënne mer jo iergendwann am Gemengebuet noliesen. Just e puer Beispiller:

 3) Approbation du projet avec devis pour l’extension de l’aire de jeux dans l’enceinte du parc communal; (vote unanime)

4) Approbation du devis pour l’aménagement d’un revêtement synthétique sur le terrain multi-sports dans la rue des Prés à Mersch; (vote unanime)

5) Approbation du projet avec devis pour la mise en conformité de la source Déiwelsfass à Schoenfels; (vote unanime)

9) Approbation du devis pour l’acquisition des supports de vélo dans le cadre de la convention «Uelzechtdall»; (vote unanime)

10) Approbation du devis pour la construction d’un chemin forestier au lieudit „Ieweschte Bësch“ à Beringen; (vote unanime)

14) Déclaration d’intention concernant les champs électromagnétiques de la téléphonie mobile; (vote unanime)

Da stung och nach d’Konventioun Maison Relais um ordre du jour. Well mer als gréng jo viru kuurzem eng Aktioun gestart haten ënnert dem Motto: Eng gutt Kannerbetreiung: gratis a fir jidfereen (deen se wëll)!, an niewent vill Zoustëmmung och eng Rei kritesch Bemierkungen kritt hunn, ass et jo awer vläicht interessant, sech mat der Realitéit auserneen ze setzen:

Sans titre

Bei de Gesamtkäschten vun 1.917.073€ kommen 207.200 € vun den Elteren. Wa mir also vun gratis Kannerbetreiung schwätzen, dann geet et ëm ronn 10% vum gesamte Käschtepunkt. A do gëtt et einfach eng Rei gutt Grënn, dës 10% op eng aner Manéier ze finanzéieren.

Ech hat och nach e puer Froen zu der Konventioun, d’Äntwerten krut ech fir den nächsten Gemengerot versprach.  🙂
 

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Reliounsunterrecht

P1020059Wat de Reliounsunterrecht an der Schoul betrëfft sinn d’Positiounen -zumindest theoretesch an um Pabeier, kloer. déi gréng, DP, LSAP an déi Lénk sinn fir een gemeinsamen Wäerteunterrecht. D’CSV ass dofir datt sech guer näischt ännert. D’adr wëll d’Reliounen all an d’Schoulen eraloossen, awer all kontrolléieren, wat a mengen Aen géint de Prinzip vun der Reliounsfräiheet verstéisst an och nët ze realiséieren ass.

Vun der rietser Säit gëtt ëmmer rëm betount, datt déi meescht Elteren hier Kanner an de „cours d’instruction religieuse et morale“ schécken, an net an de cours de formation morale et sociale. Dat ass natierlech een Argument, dat fir den kathouleschen Reliounsunterrecht schwätzt. Et ass awer een Argument, dat een soll hannerfroen.

– Am Lycéesgesetz vum 10. Mee 1968 ass de Moralcours parallel zum Reliounsunterrecht agefouert ginn, et ass awer och d’Méiglechkeet agefouert ginn, datt d’Elteren op eng einfach schrëftlech Demande hin, hier Kanner aus deenen zwee Couren konnten ofmellen. An vun dëser drëtter Méiglechkeet ass esou vill Gebrauch gemeet ginn, datt se mam Gesetz vum 16. November 1988 rëm ofgeschaaft ginn ass. D’Begeeschterung vun den Elteren fir de Reliounsunterrecht ass also och nëmmen relativ.

– D’Zuel vun de Schüler déi an den Reliounsunterrecht ginn huet sech am Laf vun der Zäit geännert (cf. Schluss vun dësem Artikel).

Am Projet de loi iwwert d’Reform vum Secondaire vum Abrëll 2013 stet am Exposé des Motifs:

Nous vivons une époque de migrations: ce phénomène marquera le 21e siècle et constituera, sans doute, le plus grand défi que devront relever les pays occidentaux. Au Luxembourg, la part des étrangers dans la population totale est passée de 18,4% en 1980 à 43,8% en 2012.

Comment faire vivre ensemble les hommes et les femmes qui arrivent et ceux qui sont installés depuis longtemps ? Comment développer chez les nouveaux arrivants le sentiment d’appartenance à un mode de vie inconnu et chez les anciens l’acceptation de modes de vie différents ? Et comment organiser les apprentissages pour des enfants, des jeunes et des adultes qui proviennent de cultures, de pays, de langues et de religions différents, qui ne partagent pas une histoire commune et qui, pourtant, doivent construire ensemble un avenir commun ?

Alors que le risque du communautarisme existe, l’École reste le lieu unique où peut se transmettre une lecture commune du monde, fondée sur les valeurs démocratiques et les droits universels.

Ech deelen déi Ausso. Fir mech heescht dat, datt de Stat eng Verpflichtung huet, sech och em d’Vermëttelung vun dësen demokrateschen Wäerter an universelle Rechter ze këmmeren. Ech sinn der Meenung datt een demokrateschen an laizisteschen Stat dës Aufgab net kann un eng oder méi Reliounsgemeinschaften auslageren.

Och wann dat finanziellt Argument an dësem Kontext net onbedingt dat bescht ass, kann een et net einfach ënnert den Dësch falen loossen: Mir bezuelen an der Grondschoul all Woch 30 Stonne Schoul, obschonn d’Kanner nëmmen 28 Stonnen an der Schoul sinn: 26 Stonnen verschidden Fächer, 2 Stonnen Moral an 2 Stonnen Relioun. Mat engem gemeinsamen Wäerteunterrecht fir all Kanner kéinte mer all Woch 2 Stonnen Appui oder Hausaufgabenhëllef oder Förderung vun de Sproochen oder … ubidden. Da wier sënnvoll!

Déi genee Positiounen vun déi gréng zu dësem Sujet fannt dir hei.

Et war ganz wichteg, datt déi gréng gefrot hunn fir iwwert de Reliounsunterrecht an der Edukatiounskommissioun ze schwätzen. De MENFP huet elo endlech ugefaang, eng Mise à jour vun den Donneeën ze maachen. Och wa mer nach nëmmen wéineg Detailer kruten, esou ass dach awer schonn Erstaunleches festgestallt ginn:

40% vun de Secondairesschüler hunn weder Moral- nach Reliounsunterrecht. (Et ass op 1e an 2e keen Reliounsunterrecht, op den ieweschten Klassen vum Technique och net net bei den classe d’appui, weder bei DAP nach CATP…)

Am Secondaire sinn 47% vun den Schüler, déi dann esou een Unterrecht ugebuede kréien, am Moralunterrecht an 53% am Reliounsunterrecht, dat ass nei an anescht wéi déi läscht offiziell Zuelen, ob déi sech nach ëmmer beruff gëtt (39% zu 61%).

Et ass och onverständlech, firwat et esou grouss Ënnerscheeder tëschent enseignement technique an enseignement classique gëtt .

An der Diskussioun stinn ëmmer rëm Fuerderungen vun der Shoura. Do ass nach vill gesellschaftleche Sprengstoff dran. De Prinzip vun der Gläichstellung vun allen Reliounen an eise Schoulen wäert och nach enger CSV ganz vill ze knae ginn! D’Positioun vun engem Bäibehalen vum Statu quo wäert vun der gesellschaftlecher Realitéit iwwerrannt ginn.

Veröffentlicht unter Educatioun | Verschlagwortet mit | 12 Kommentare

Tbilisi (suite)

La cuisine géorgienne a une très bonne renommée -et pour cause!

P1020591 P1020592 P1020593

P1020594

En Géorgie, beaucoup de gens parlent le russe (surtout les gens à partir de 35 ans), les jeunes apprennent plutôt l’anglais comme langue étrangère. Parmi ceux qui ont fait des études supérieures, nombreux sont ceux qui parlent le géorgien, le russe et l’anglais. Ils maîtrisent donc trois langues différentes -avec trois alphabets différents. Dernière ligne, les deux premiers mots: Claude Adam en géorgien!

P1020582

Tbilisi, nuit et jour

P1020649 P1020586

Excursion dans le pays (photo avec les interprètes)

P1020632travYoga à Tbilisi: une expérience enrichissante que je recommande à tout intéressé 🙂P1020530

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Verschlagwortet mit | 2 Kommentare