Wann een zu Miersch vun der Gare op Biereng wëll goen (oder mam Velo fueren), da muss een ënnert den Eisebunnschinnen erduerch. Den „passage souterrain“, den zwar immens breet ass an vill Plaatz fir Foussgänger a Velofuerer huet, war bis elo gro an triste.
Dat ass am Gaang sech ze änneren. En éischten Deel vum Passage ass scho faerdeg: 3 Kënschtler an Zesummenaarbecht mam Mierscher Jugendhaus, hun riesegrouss Graffiti’en an d’Saitemaueren gesprayt. Dës Aarbecht ass gréisstendeels an der Päischtvakanz gemet ginn.
Elo ass dann den 2. Deel vum Passage un der Rei. Ënnert der Regie vum Guy Hary, Kënschtler an Enseignant am Lycée Ermesinde (an 1. Scheffen an der Gemeng Bous), gëtt hei awer virum allem mam Pinsel geschafft. De Guy Hary, dee sech op Airbrush -Konscht spezialiséiert huet, bréngt och dës Technik bei dësem Bild an den Asatz. De Plang, den mat de Schüler zesummen ausgeschafft gouf, ass prett, den Hannergrond ass schonn gefierwt. D’Viraarbechten un der Mauer sinn am Gaang, a vu maer un sollen dann och d’Schüler zesummen mat hierem Professer de Plang an d’Realitéit emsetzen. Bis zu der Summervakanz soll de ganzen Projet ofgeschloss sinn.
Och wann hei vill benevolen Asaatz am Spill ass, esou ee Projet kascht Geld! De Mierscher Gemengerot hat duerfir den 11. Mäerz 2013 ee Budget vun 86.900 Euro fir dëse Projet gestëmmt – an dat „à l’unanimité des membres présents“.