Reliounsunterrecht

P1020059Wat de Reliounsunterrecht an der Schoul betrëfft sinn d’Positiounen -zumindest theoretesch an um Pabeier, kloer. déi gréng, DP, LSAP an déi Lénk sinn fir een gemeinsamen Wäerteunterrecht. D’CSV ass dofir datt sech guer näischt ännert. D’adr wëll d’Reliounen all an d’Schoulen eraloossen, awer all kontrolléieren, wat a mengen Aen géint de Prinzip vun der Reliounsfräiheet verstéisst an och nët ze realiséieren ass.

Vun der rietser Säit gëtt ëmmer rëm betount, datt déi meescht Elteren hier Kanner an de „cours d’instruction religieuse et morale“ schécken, an net an de cours de formation morale et sociale. Dat ass natierlech een Argument, dat fir den kathouleschen Reliounsunterrecht schwätzt. Et ass awer een Argument, dat een soll hannerfroen.

– Am Lycéesgesetz vum 10. Mee 1968 ass de Moralcours parallel zum Reliounsunterrecht agefouert ginn, et ass awer och d’Méiglechkeet agefouert ginn, datt d’Elteren op eng einfach schrëftlech Demande hin, hier Kanner aus deenen zwee Couren konnten ofmellen. An vun dëser drëtter Méiglechkeet ass esou vill Gebrauch gemeet ginn, datt se mam Gesetz vum 16. November 1988 rëm ofgeschaaft ginn ass. D’Begeeschterung vun den Elteren fir de Reliounsunterrecht ass also och nëmmen relativ.

– D’Zuel vun de Schüler déi an den Reliounsunterrecht ginn huet sech am Laf vun der Zäit geännert (cf. Schluss vun dësem Artikel).

Am Projet de loi iwwert d’Reform vum Secondaire vum Abrëll 2013 stet am Exposé des Motifs:

Nous vivons une époque de migrations: ce phénomène marquera le 21e siècle et constituera, sans doute, le plus grand défi que devront relever les pays occidentaux. Au Luxembourg, la part des étrangers dans la population totale est passée de 18,4% en 1980 à 43,8% en 2012.

Comment faire vivre ensemble les hommes et les femmes qui arrivent et ceux qui sont installés depuis longtemps ? Comment développer chez les nouveaux arrivants le sentiment d’appartenance à un mode de vie inconnu et chez les anciens l’acceptation de modes de vie différents ? Et comment organiser les apprentissages pour des enfants, des jeunes et des adultes qui proviennent de cultures, de pays, de langues et de religions différents, qui ne partagent pas une histoire commune et qui, pourtant, doivent construire ensemble un avenir commun ?

Alors que le risque du communautarisme existe, l’École reste le lieu unique où peut se transmettre une lecture commune du monde, fondée sur les valeurs démocratiques et les droits universels.

Ech deelen déi Ausso. Fir mech heescht dat, datt de Stat eng Verpflichtung huet, sech och em d’Vermëttelung vun dësen demokrateschen Wäerter an universelle Rechter ze këmmeren. Ech sinn der Meenung datt een demokrateschen an laizisteschen Stat dës Aufgab net kann un eng oder méi Reliounsgemeinschaften auslageren.

Och wann dat finanziellt Argument an dësem Kontext net onbedingt dat bescht ass, kann een et net einfach ënnert den Dësch falen loossen: Mir bezuelen an der Grondschoul all Woch 30 Stonne Schoul, obschonn d’Kanner nëmmen 28 Stonnen an der Schoul sinn: 26 Stonnen verschidden Fächer, 2 Stonnen Moral an 2 Stonnen Relioun. Mat engem gemeinsamen Wäerteunterrecht fir all Kanner kéinte mer all Woch 2 Stonnen Appui oder Hausaufgabenhëllef oder Förderung vun de Sproochen oder … ubidden. Da wier sënnvoll!

Déi genee Positiounen vun déi gréng zu dësem Sujet fannt dir hei.

Et war ganz wichteg, datt déi gréng gefrot hunn fir iwwert de Reliounsunterrecht an der Edukatiounskommissioun ze schwätzen. De MENFP huet elo endlech ugefaang, eng Mise à jour vun den Donneeën ze maachen. Och wa mer nach nëmmen wéineg Detailer kruten, esou ass dach awer schonn Erstaunleches festgestallt ginn:

40% vun de Secondairesschüler hunn weder Moral- nach Reliounsunterrecht. (Et ass op 1e an 2e keen Reliounsunterrecht, op den ieweschten Klassen vum Technique och net net bei den classe d’appui, weder bei DAP nach CATP…)

Am Secondaire sinn 47% vun den Schüler, déi dann esou een Unterrecht ugebuede kréien, am Moralunterrecht an 53% am Reliounsunterrecht, dat ass nei an anescht wéi déi läscht offiziell Zuelen, ob déi sech nach ëmmer beruff gëtt (39% zu 61%).

Et ass och onverständlech, firwat et esou grouss Ënnerscheeder tëschent enseignement technique an enseignement classique gëtt .

An der Diskussioun stinn ëmmer rëm Fuerderungen vun der Shoura. Do ass nach vill gesellschaftleche Sprengstoff dran. De Prinzip vun der Gläichstellung vun allen Reliounen an eise Schoulen wäert och nach enger CSV ganz vill ze knae ginn! D’Positioun vun engem Bäibehalen vum Statu quo wäert vun der gesellschaftlecher Realitéit iwwerrannt ginn.

Dieser Beitrag wurde unter Educatioun abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

12 Antworten zu Reliounsunterrecht

  1. Wann dach eng Majoritéit (ouni Drock vun iirgendwou) beim Angebot vun 2 Méiglechkeeten, sech fir d’Ed. rel. et mor. entscheed, wou läit dann do de Grond fir dat ofzeschafen. De fräie Choix an engem fräie Land. Wann et an eiser esou gewuessener Gesellschaft kee Grond (Gefor fir d’Gesellschaft, Reliéisen Zwang, Ausschloss vun Aaneschdenkenden, …) gëtt fir, dat wéi et elo ugebude gëtt, ofzeschaafen, da loosst et dach einfach si wéi et ass. A wa meng Rechnung richteg ass, kënnen net nëmme bekennend CSV-Membren dat esou gesinn, mais och mindestens 20 % vu Leit déi sech Parteipolitesch aanescht artikuléiren. Firwat de Leit ëppes ewechhuelen, woumat se nach ëmmer eens ginn. Déi dat net wëllen hu jo hiirt Angebot an dierfen dat gäeren notzen. Deene gëtt näischt ewechgeholl an och näischt opgezwongen.

    • Brigitte schreibt:

      Ech ënnerstëtzen dem Schmit-Lehnertz Marco seng Meenung voll a ganz. Firwaat eppes ofschaafen waat bis elo gud an demokratesch fonktionnéiert huet ? Ausserdem ass Är Rechnung falsch Här Adam well esouguur beim RU nach % dobäi kéimen : an enger Reih Lycéen wiren méi Schülerinnen a Schüler am RU wann e geng ugebuede gin. Dëst ass awer leider nët ëmmer de Fall faute d’enseignants de religion sprich Reliounsproffen. Dofir gin dës Schüler dann eben an d’FOMOS. Et gët och Zäit, dass mir dës Diskussioun emol parteionideolesch féieren, sou wéi bei onsen däitschen a belschen Noperen.

      • clauderadam schreibt:

        Ech respektéieren selbstverständlech aer Meenung, an ech fannen et flott, datt dir op de Blog reagéiert. Natierlech bréngen ech och déi gréng Argumenter a Positiounen mat an d’Diskussioun. Ech probéieren awer, méiglechst all Problemer nët duerch een parteiideolegesche Brëll ze kucken.
        Ech deelen aer Meenung, datt alles esou ganz demokratesch funktionéiert, an esou guer wann dat esou wier, datt dat automatesch ging heeschen, datt näischt misst geännert ginn, wierklech net.
        Et ass jo esou, datt mer an deene meeschte Schoulen de choix hunn, tëschend dem Reliounsunterrecht ënnert der Responsabilitéit vun der kathoulescher Kierch an engem „staatlechen“ Moralscours. Ass et gerecht, wann just eng Reliounsgemeinschaft hieren Unterrecht daerf an der ëffentlecher Schoul ubidden? Misst nët all Relioun, oder zumindest all Relioun mat enger gewëssen Zuel vun Unhänger kënnen hieren Unterrecht an der Schoul ubidden? Ass et een Argument, datt mer méi Katholiken hunn an och eng ganz aner geschichtlecher Relatioun mat der kathoulescher Kierch hunn, fir z.B. keen Reliounsunterrecht vun der zweetgréisster Reliounsgemeinschaft hei am Land (dem Islam) zou ze loossen? Dat ass mol net d’Positioun vun der kathoulescher Kierch!

        Gerecht wier et, a mengen Aen, wa méiglechst all Reliounsgemeinschaft hieren Unterrecht an der ëffentlecher Schoul kéint ubidden oder keng. Et ass allerdengs ganz schwéier hei Grenzen ze zéihen. Gëllen just déi grouss Weltreliounen? Wéi ass et dann z.B. mat den ZeugenJehova oder ähnlechen Gemeinschaften?
        Fir mech ass et gerecht an am Sënn vun der Reliounsfräiheet, all Reliounsgemeinschaft et z’erméiglechen hier Relioun ze hegen an ze pflegen -mee eben net an der ëffentlecher Schoul. Duerfir ass et, a mengen Aen, awer wichteg, dat de Stat sech Méi mécht, all Kanner hei am Land, egal wéi eng Relioun hier Elteren hunn, engersäits iwwert wichteg Wäerter an eiser Gesellschaft opkläert (droits de l’homme, égalité, liberté…, demokratesch Werter), an anerersäits natierlech och den „faits religieux“ an déi verschidden Reliounen an d’Roll vun der kathoulescher Kiirch an eisem Land no bréngt.

      • Brigitte schreibt:

        Léiwen Här Adam,

        Ech verstin Är Iwerléeung nët richteg : wann ech richteg informéiert sin an ech sin an där do Saach richteg informéiert, därf schon zënter langem all Reliounsgemeinschaft RU an der Schoul ubidden, déi mam Staat konventionnéiert ass. Allerdengs kann nët all Reliounsgemeinschaft daat well si dee RU nët (an all Schoul) organiséiert kritt, sprich genug ausgebilte Leit huet fir en ze haalen. Esou hun z.Bsp. vru Joren schon déi griechesch a russesch Orthodoxen, d’Protestanten an och d’Synagog drop verzicht fir an der Schoul RU z’erdeelen.
        Waat den Islam betrëfft, sou missten d’Moslem selbstverständlech eng Konventioun mam Staat kréien a därfen RU an der Schoul ubidden. Daat ass – wéi Dir ganz richteg sot – jo och d’Positioun vun der kath. Kierch. Allerdengs wësse mir jo awer ganz klor, dass weder déi Rout nach déi Greng op deen do Wee genge matgoen. Offiziell soen si daat natiirlech nët, mä ët ass all Mënsch klor, dass eng rout-greng-(blo) Regierung nie und nimmer den Islam an der Schoul wëllt hun.
        Hypokritesch wéi verschidde Politiker(innen) nun eben sin, soen se daat natiirlech nët en publique, daat wir jo nët political correct. Do luewen ech mir dach en Här Biltgen, dee wéinestens den Effort gemaach huet fir hei en Dialogue an d’Rullen ze kréien, och wann en bis elo nët vill bruecht huet.
        Ech sin och der Meenung, dass RU (vun all Relioun) an d’Öffentlechkeet gehéiert an nët verstoppt an de private Beräich. Schlussendlech ass och Sport a Kultur öffentlech a gët öffentlech finanzéiert. Déi Diskussioun ass schon am Ausland längstens gelaaf an an Däitschland z.Bsp. sin och vill greng a roud Politiker(innen) der Meenung, dass Relioun eng öffentlech a keng privat Saach ass.
        Just hei zu Lëtzebuerg si mir nach ëmmer intolerant genug fir de Contraire ze mengen. Freet een d’Auslänner hei zu Lëtzebuerg zu deem Thema, verstin si daat iwerhapt nët.

  2. ckmiotek schreibt:

    Et ass dach net méiglech, datt all méiglech Reliounen, Stréimungen a Subdivisiounen dovunn en eegene Cours kréien; dat misst awer sinn, wann ee gerecht wär, ma wou komme mer dann hinn. Ausserdem: Glawen ass eng Privatsaach a gehéiert an d’Privatliewen, net an d“öffentlech Schoul. Mer maache jo och net niewt dem Biologiescours nach a Cours fir déi di un den Creationismus gleewen!

  3. Robert Kayser schreibt:

    Ech liesen gären dén Blog hei, well déi Themen mech interesséieren, vlait als Chrescht dén sech net dofir schummt dat ze sin an nie wärt eng CSV Parteikaart hun an och soss seng Iwwerzégung net well mentzen (an sech och gären kritesch domatt ausernanersetzt) . Et hätt missen eng „loi 1905“ zu Letzebuerg gin. Dén ganzen Wust aus Frustratioun, politeschem Opportunismus, AHA-terrorismus (il est beau de s’associer mais espérons que ce soit pour une juste cause) wär dann einfach net méi néideg.

  4. Monique Heinen schreibt:

    Wann d’Ministesch d’Inhalter vun den 2 Cours vergläicht, wäerd se ganz vill Gemeinsamkeeten feststellen, dofir fannen ech dat eng gutt Initiativ. Ob dann de kathouleschen Reliounsunterricht nach finanziell a personnel tragbar ass an eiser multikulti Gesellschaft, muss si sech dann awer froen! De Glawen, deen dann nach just iwwreg bleift, kann och ausserhalb vun de Schoulzäiten geléiert ginn, esou wéi all déi aner Gleeweg dat och maachen.

    • Brigitte schreibt:

      Ech wees nët ob Dir d’Programmer vum RU an d’Inhalter vun de Reliounsbicher kennt ?
      Natiirlech gët ët do vill Gemeinsames an daat ass dach wonnerbar esou, mä gët och vill Spezifesches en e Kand oder Jugendlechen muss och an Zukunft de Choix därfen hun. Wéi hei scho gesot gouf, firwaat de Leit dee Choix ewech huelen wann eng Majoritéit dovunner wëllt profitéieren ? De RU ass ebe grad an enger multikultureller Gesellschaft wou ët esou vill verschidden Usiichten gët tragbar oder musse mir elo alleguur an eng eenzeg Schoubloun erapassen. Wéi gesot, iwert Relioun oder de fait religieux ze diskutéieren, ass einfach en Tabu. Entweder si mir enger Meenung oder ët gët direkt polemesch (cf. Sokrates, AHA & Co) oder béisarteg (do kënnte mir emol vun onsen däitschen, belschen an esouguur franzéischen Noperen léieren)
      An iwrigens, do luewen ech mir och dem Här Adam säin Toun hei, deen d’Diskussioun op eng fair an intelligent hei ukuerbelt.

  5. Danielle schmidt schreibt:

    Die Rechnung geht nicht auf, Herr Adam! oder Ein verwirrendes und irreführendes Zahlenspiel rund um die Statistik des Werteunterrichts an den luxemburgischen Sekundarschulen
    Laut den offiziellen Zahlen des MEN fürs Schuljahr 2011/2012 hatten rund 60% (will man ganz genau sein 58,43%) der eingetragenen Sekundarschüler Werteunterricht im Angebot. Diese Prozentzahl ist seit mehreren Jahren eher konstant. Man kann also nicht vom freien Fall des Religionsunterrichts sprechen, so wie dies fälschlicherweise in manchen Presseorganen dargestellt wurde.
    Die Verteilung dieser 60% auf die zwei Wahlfächer („instruction religieuse et morale“ und „formation morale et sociale“) sieht auch ganz anders aus, als Herr Adam dies schildert:
    60,01 % (laut Herrn Adam 53%) sind im Religionsunterricht und 39,99% (laut Herrn Adam 47%) in der so genannten „Morale“ eingeschrieben. Unsere Zahlen lassen sich folgendermaßen
    belegen: Von den 22.965 (58,43%) Schülern mit Werteunterricht im Lehrplan, wählten 13.782 (60,01%) den Religionsunterricht und 9.183 (39,99%) die „Morale“.
    Mitgeteilt vom Vorstand der Religionslehrer im Enseignement Secondaire.

  6. clauderadam schreibt:

    Lieber Vorstand der Religionslehrer im Enseignement Secondaire,
    Die Diskussion „gemeinsamer Werteunterricht“ oder „Religionsunterricht“ lässt sich unter vielen Aspekten führen. Zahlenbelege sind in meinen Augen nicht die besten Argumente. Zahlen müssen aber selbstverständlich korrekt sein!
    Die Zahlen in meinem Blog wurden uns so in der Sitzung der Unterrichtskommission vom 16. Mai 2013 von der Unterrichtsministerin mitgeteilt. Wenn mir das versprochene Zahlendokument zur Verfügung steht, dann werde ich gerne darauf zu sprechen (schreiben) kommen.

  7. Manuel schreibt:

    Bei allem Respekt léif Frënn vum Reliounsunterrecht, mä dat Argument mat der Wahlfräiheet, déi sech bewäert hätt, ass dach immens schwaach. Wann een déi Wahlfräiheet emol op aner Beräicher an der Schoul applizéiert, da schéngt mer dat zimmlech kloer ze ginn: deele mer d’Schüler bei der Philo an e platoneschen an een aristotelesche Cours op, jee no philosophescher Preferenz? Neen… Deele mer d’Schüler an der Civique an en CSV-, LSAP-, etc. Cours op, jee no Parteipreferenz vun de Schüler oder den Elteren? Neen… a jidderee géif d’Hänn iwwert dem Kapp zesumme schloe, wa mer et da maache géifen. Wisou also maache mer et grad bei der Wäertevermëttlung, also grad an deem Fachberäich, wou et jo eigentlech ëm de gesellschaftlechen Zesummenhalt sollt goen? Déi Opdeelung gëtt weder der gesellschaftlecher Realitéit nach der Missioun vun der ëffentlecher Schoul gerecht. D’Schüler sollten zesummen an engem gemeinsame Cours neutral iwwert all d’reliéis a net-reliéis Positiounen zu all méiglechen ethesche Froestellungen ënnerriit ginn, sou datt jiddereen selwer den eegene Wee zu senger Iwwerzeegung fanne kann an d’Schüler net onnéideg vuneneen getrennt ginn.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s