Bourses pour étudiants : Juni/Juli 2013

Richterhammer und EU-FahneDen europäeschen Geriichtshaff huet den 20. Juni 2013 geuerteelt, datt mer net einfach d’Frontallier’en aus  dem Genoss vun enger Studienbäihëllef kéinten ausschléissen. (La CJUE estime que „la réglementation luxembourgeoise contestée, la loi du 26 juillet 2010 sur l’aide financière de l’Etat pour études supérieures, va au-delà de ce qui est nécessaire pour atteindre l’objectif poursuivi par le législateur“…, pour conclure que la réglementation en question est contraire au principe de la libre circulation des travailleurs. Source : exposé des motifs du PL 6585)

De System vun de Studentenbäihëllefen, esou wéi en am Gesetz vun 2010 festgeluecht gouf, ass also net konform zu den EU-Richtlinnen. Dat hunn d’Gewerkschaften vun Ufank un gesot, dat war och een Deel vun eiser Argumentatioun. Trotzdem hat d’Regierung kee Plang b prett, fir wann d’Uerteel géing negativ ausfalen. Duerfir hu mir, erëm eng Kéier ënnert engem immensen Zäitdrock, den 9. Juli 2013 e puer Ofännerungen vum Gesetz vun 2010 debattéiert an gestëmmt (respektiv net gestëmmt).P1010519

Fir eng gewëss Rechtssécherheet fir d’Studenten ze schafen sinn zwee weider Punkten am modifizéierten Gesetz iwwert staatlech Hëllefen fir Studenten bäigesat ginn.

1)       Hëllef kënnen och déi Studenten ufroen, déi net am Land wunnen, ënnert dëser Bedingung : Et handelt sech em een   « enfant d’un travailleur … ressortissant de l’Union européenne … et que ce travailleur ait été employé au Luxembourg pendant une durée ininterrompue d’au moins cinq ans au moment de la demande de l’aide financière pour études supérieures par l’étudiant. »

Dat ass déi direkt Reaktioun op d’Geriichtsuertel. Problematesch fannen ech d’Formulatioun „une durée ininterrompue“. Dat ass eng onflexibel Formulatioun, déi Leit ausschléisst well se am Chômage waren, well se eng (kuerz) Ënnerbriechung vun hirem Aarbechstverhältnis haten oder pensionéiert sinn.

2)       Well Studenten jo och an hirem jeeweilegen Nopeschland kënnen Studentenhëllefen ufroen, däerfen se déi Hëllefen net cumuléieren. „L’aide financière allouée sur le fondement de la présente loi n’est pas cumulable avec les aides financières équivalentes qui seraient versées dans l’Etat de la résidence de l’étudiant.“

Dovun ofgesinn, datt et net evident ass, wéi eng Dokumenter déi Studenten mussen erbäi bréngen, war et anscheinend aus zäitleche Grënn och net méiglech, d’Kannergeld, wat an der Belsch an an Däitschland bis 25 Joer ausbezuelt gëtt an a Frankräich bis 20 Joer, mat an dës anti-cumul Bestëmmung anzebréngen.

Esou komme mer an déi cocasse Situatioun, datt d’Kanner vun de Frontalieren besser ewech kommen, wéi d’Kanner vun de Résidenten: bei deenen engen kréien d’Elteren zousätzlech Kannergeld, bei deenen aneren gëtt et kee Kannergeld méi.

Och den finanzielle Volet vun der Ännerung ass alles anescht ewéi kloer. An der fiche financière vum Gesetz steet einfach et géingen 13.875 Kanner vun Frontalier’en ginn, déi fir dës Hëllef a Fro kéimen, dat géing dann pro Semester ronn 45.000.000 Milliounen Euro kaschten. Déi Zuelen sinn allerdéngs net beluecht, an et ass och nët beluecht wéivill Elteren d’Konditiounen erfëllen, fir datt hier Kanner iwwerhaapt an de Genoss vun enger Bäihëllef vum lëtzebuerger Stat kommen. D’Fro, ob déi Hëllefen och retroaktiv mussen ausbezuelt ginn ass net gekläert. Wahrscheinlech kréien déi Leit, déi eng Plainte géint d’Gesetz vun 2010 gemeet hunn, d’Hëllefen ausbezuelt, déi Leit déi keng Plainte gemeet hunn, ginn eidel aus. D’Moral vun der Geschicht: Wann der net mat enger Décisioun d‘accord sidd, da maacht mol léiwer direkt eng Plainte! Wat 2010 als Spuermoossnahm vun der Majoritéit décidéiert gouf, huet sech zu engem enormen Käschtepunkt entwéckelt.

Veröffentlicht unter Educatioun | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

déi gréng!

P1040238Donneschden den Owend am Melusina: déi gréng stellen hier 4 Lëschten fir d’Chamberwalen vir. 29 Fraen an 31 Männer . 4 Spëtzekandidatinnen an 4 Spëtzekandidaten. Déi jéngst Kandidatin ass 20 Joer al, deen eelsten Kandidat ass der 66. Dobäi fannen ech, datt den Alter nu wierklech kee wichtegsten Critère ass fir gutt Politik ze maachen. Schéin, datt mir et fäerdeg bréngen, mat paritéitesch besatenen Lëschten unzetrieden. Super Lëschten an alle Bezierker!

P1040241

An no dem offiziellen Deel, den manner offiziellen.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | 2 Kommentare

Shooting Star fir 20 Minutten

IMG_4535IMG_4538

 

 

 

 

Do kënnt keen derlaanscht, de mat an d’Walen geet: Besuch beim Photograph. Dat ass och schonn een zimlech schwiiregen Punkt vun eiser Campagne. 30 Fraen an 30 Männer mussen ee Rendez-vous kréien an engem Zäitraum wou scho vill Leit hier Vakanz geplangt haten. E bësse schéin ass esou ee Besuch och ëmmer: Kucken, Kapp e bësse méi héich, laachen, -gutt esou, nach eng Kéier, e bëssen no lénks, entspanen, laachen, d’Hiem riicht zéien -esou ass et gutt, mee mir maachen dat ganzt elo nach eng Kéier… shooting Star fir 20 Minutten :-).

Veröffentlicht unter Politik, Verschiddenes | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Bourses pour étudiants : Den Ufank!

P1040030D’Gesetz iwwert d’Reform vun de Studenteboursen vun 2010 war als „Spuermoossnam geduecht – dat gëtt offensichtlech ëmmer erëm vergiess -, an et gehéiert zu deem Krisepak, deen – nom Platten… vun der leschter Tripartite – d’Regierung am Sologank ficeléiert an … op de Wee geschéckt huet.“ Esou hat den deemolegen Rapporter Lucien Thiel vum Projet de loi 6148 iwwert d’Boursen vun de Studenten den 13. Juli 2010 séng Ried an der Chamber ugefaang.

D’Rechnung vun der Regierung war, fir duerch d’Ofschafe vum Kannergeld a vum Kannerboni fir Héichschoulstudenten 74 Milliounen anzespueren. Fir déi jonk Leit déi wëllen studéieren goen, ass een neien System vun Boursen a Prêten agefouert ginn. Well déi nei Regeluing vum Kannergeld fir d’éischt décidéiert gouf, war d’Reform vun de Bäihëllefen fir d’Studenten ënnert engem groussen Zäitdrock zustan komm.

All Student, den zu Lëtzebuerg wunnt, kann pro Joer 6500€ Bourse an 6500€ Prêt kréien. Un dem Finanzement hänke keng weider Konditioun drunn. All Student kann bis maximal 3700€ Aschreiwungsgebühren rembourséiert kréien. An enger aussergewéinlech schwiereger Situatioun kann de Student nach eng Kéier 1000€ weider vum Stat kréien.

Et war domat gerechent ginn, datt d’Frais’en vun de Boursen gingen vun 17 Milliounen op 55 Milliounen eropgoen, dat heescht op de Boursen ass mat enger Méiausgab vun 38 Milliounen gerechent ginn.

De Stat wollt also ënnert dem Stréch 36 Milliounen Euro spueren! Déi Erspuernis, déi sech mat där neier Regelung sollt erginn, war um Bockel vun de Frontaliere geplangt, fir déi d’Kannergeld elo bei 18 amplaz bei 27 Joer ophal hat.

Déi Rechnung war awer net opgaang:

Sorce: Etude de Caritas Luxembourg : Les transferts sociaux en temps de rééquilibrages budgétaires

Source: Etude de Caritas Luxembourg et Gréng Stëftung : Les transferts sociaux en temps de rééquilibrages budgétaires

Source: Etude de Caritas Luxembourg : Les transferts sociaux en temps de rééquilibrages budgétaires

Source: Etude de Caritas Luxembourg et Gréng Stëftung : Les transferts sociaux en temps de rééquilibrages budgétaires

Déi nei Regelung huet also net 36 Milliounen Euro gespuert, mee ass 11 Milliounen Euro méi deier ginn. D’Regierung hat sech also em 47 Milliounen Euro verplangt!

Mam Gesetz vun 2010 hu mer ee Grondakommes fir Studenten geschaf. Dat war e Paradigmewiessel. Dat ass u sech sympathesch.  Jiddweree gëtt d’selwecht gekuckt. Mir hu keng Studente méi aus räichen a manner räichen Elterenhaiser. Mir hunn nach just jonk Leit, déi wëlle studéieren.

Wann een esou een Paradigmewiessel wëll, da musse en sech natierlech d’Fro stellen : Gëtt et Gewënner a Verléierer bei dem neien System? D’Äntwert ass kloer:

Fir d’éischt mol verléieren d’Frontalieren. Déi kréien keen Kannergeld méi, wann hier Kanner op  d’Uni ginn, an hier Kanner kommen och net an de genoss vun de lëtzebuerger Bäihëllefen.

Dann, déi Leit, déi wéineg Sue verdéngen a vill Kanner hunn, well d’Kannergeld gestaffelt war, an och Leit mat enger Behënnerung riskéieren duerch deen neie System manner finanziell Hëllef ze kréien ewéi virdrunn.

Gewënner sinn déi Leit mat engem relativ gudden Akommes, dat heescht Familljen, deenen hir finanziell Situatioun bis elo ni zougelooss hat, datt hir Kanner eng substantiell Bourse konnte kréien.

Schon 2010 hunn sech eng Rei Froe gestallt:

–         Ass d’Iddi vum Grondakommes fir Studenten gerecht?

–         Sinn déi nei Bäihëllefen finanzéierbar?

–         Ass dëse System konform zu eisen Verpflichtungen als EU-Stat?

Mir haten 2010 keng zefriddestellend Äntwerten op dës Froen kritt an duerfir hat déi gréng Fraktioun géint dëst Gesetz gestëmmt.

Veröffentlicht unter Educatioun | Verschlagwortet mit | 3 Kommentare

Alles op de Vëlo

P1040130Mam Vëlo duerch de Mamerdall, dat ass just eemol am Joer ze recommandéieren: Beim „Alles op de Vëlo Mamer – Miersch ».
Dëse Sonndeg war déi 17. Editioun, a bei herrlechem Wieder waren vill Leit ënnerwee. Mir huet besonnesch gutt gefall, datt vill Leit mat Kanner um Tour waren. A well een groussen Deel vum Parcours duerch de Bësch get, war d’Hëtzt och auszehalen. Fir Ravitaillement ass zu Miersch, Schëndels, Koplëscht an zu Mamer gesuergt.
D’Iddi vum Vëlosdag op dëser Streck war engersäits fir op d’Schéinheet vum Mamerdall hinzeweisen, anerersäits fir den Vëlo als Verkéiersmëttel ze promovéieren.

Heemount am Mamerdall, 21.07.2013

Heemount am Mamerdall, 21.07.2013

Mëttlerweil ass de ganzen Mamerdall eng réserve naturelle! D’Zil vun der Unerkennung vun dëser schéiner Naturlandschaft ass jo mol erreecht.
Eng sécher Vëlosverbindung vun Miersch op Mamer ass awer nach laang net realiséiert. Den Environnement huet zwar viru kuerzem den Accord fir d’Velosstreck Miersch Schëndels ginn. Trotzdem schingt nach ëmmer ee Knuet an der Realisatioun ze sinn. Mengen Informatiounen no, hunn verschidden Leit vun de Ponts&Chaussées ugekënnegt, si wéilten dës Streck net mat den aktuellen Oplaagen bauen. Affaire à suivre…
Bleift dann natierlech nach de Wee vun Schëndels bis op Mamer, wou virun allem den gréngen Conseiller vun Koplescht, den Christophe Reuter ganz vill Aarbecht geleescht huet. Bis dëse Wee Realitéit gëtt, dat wäert nach vill Zäit an Energie kaschten.

P1040165Konklusioun: Mam Vëlo duerch de Mamerdall, dat ass einstweilen just eemol am Joer ze recommandéieren !

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Verschlagwortet mit , | 3 Kommentare

Mir ginn also den 20. Oktober 2013 wielen.

Nom Vote vum Rapport vun der Enquêtekommissioun war et kloer: Neiwalen!

Nom Vote vum Rapport vun der Enquêtekommissioun war et kloer: Neiwalen!

Ech hunn eng Zäit laang net un Neiwalen gegleeft. Dat ass jo och éischter een raren Phänomen zu Lëtzebuerg. Wéi ech awer no dem Vote vum Rapport vun der Enquêtekommissioun (5. Juli) déi verschidden Deklaratiounen live mat erlieft hat, wosst ech, datt et géingen Neiwalen ginn.

Den Datum vum 20. Oktober war och du schonn den wahrscheinlechsten. Den hin an hier bis dësen Datum konnt festgehal ginn, huet déi politesch Institutiounen hei am Land an engem éischter schlechten Liicht gewisen. Eng Reform vun eiser Konstitutioun ass net just eng kosmetesch Operatioun mee eng dringend Noutwennegkeet.

Wéi et zu dëse Walen komm ass, dat ass schonn oft beschriwwen an kommentéiert ginn. Elo heescht et, d‘ Wieler sollen décidéieren, wéi et politesch weider geet. D‘ Wieler zu Lëtzebuerg, dat sinn ronn 56% vun de Résident’en iwwer 18 Joer, an eng Minoritéit vun de Leit déi hei am Land schaffen, hunn de Choix! Keng Partei schléisst iergend eng Koalitioun ausdrécklech aus. Verschidden Koalitiounen sinn awer éischter onwahrscheinlech (gemeet ginn). Den 10. Juli hat den Premier (endlech) festgestallt, datt déi aktuell Regierung um Enn wier. Den 11. Juli hat d’CSV décidéiert, datt si keen neien Ufank wéilt maachen, mee mat dene selwechte Leit wéilt weider regéieren. Dat war och schon eppes wéi eng Koalitiounsausso. Logesch wier eng Koalitioun vun LSAP, déi gréng an DP,méiglech ass a mengen Aen och eng Koalitioun vun CSV an DP. An well et oft am Liewen ganz anescht kënnt wéi ee mengt, halen ech elo ze spekuléieren.

Déi politesch Parteien haten hier Programmer an hier Lëschten schonn fir den Mee 2014 an der Aarbecht. Elo geet dann alles e bëssse méi séier, mee dat dierft fir keng Partei problematesch sinn.

déi gréng zu Contern

déi gréng zu Contern

Déi Leit, déi mat an d’Walen ginn, weisen sech verstäerkt an der Ëffentlechkeet. Dat ass och richteg esou, den Kontakt mam Bierger mécht een jo net doheem an der Stuff. An awer hoffen ech, datt de Walkampf, deen méi kuurz wéi gewinnt a vläicht och méi spannend gëtt, sech nët op d’Optrëtter op Fester an Aweiungen reduzéiert, mee datt sech inhaltlech mat wichtegen Themen ausernee gesat gëtt.

Meng Dossieren waren a sinn virun allem Schoul, Héichschoul, (nei) Medien an Kultur, an dorop wëll ech mech och an den knapp dräi Méint bis zu de Walen konzentréieren.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | 2 Kommentare

Te Deum

IMG-20130622-00186Als Gemengeconseiller vun der Gemeng Miersch hunn ech de leschte Samschden un den Feierlechkeeten vum Nationalfeierdag Deel geholl. Mir hunn zu Miersch keng Trennung vu Kierch a Gemeng, an ech sinn och mat an den Te Deum gaang. Dat ass natierlech diskutabel, mee dat wëll ech awer elo an hei net diskutéieren.

Interessant hunn ech allerdings de Sujet vum Te Deum 2013 fonnt.

Virum Altor stoung eng Kierbiicht, een wäissen Teppech, an déi schwaarz Bull sollt eng Bomm duerstellen. Et ass vum Déchen vill driwwer philosophéiert ginn, op een ëmmer déi ganz Wourecht misst un d’Liicht bréngen, ob et net besser wier och mol eppes ze vergiessen, besonnesch no esou laanger Zäit. Vläicht wier et besser fir d’Vollek, wann een dat eent oder anert ging ënnert den Teppech kieren, anstatt alles an der Ëffentlechkeet ze debattéieren.

Ennermauert gouf dësen Exposé ënnert anerem duerch en Zitat aus der Novell „Michael Kohlhaas“ vum Heinrich von  Kleist aus dem Joer 1810: „Es soll Gerechtigkeit geschehen, und gehe auch die Welt daran zugrunde!“ (Der Pferdehändler Michael Kohlhaas wird Opfer eines Betrugs und bricht zu einem grausamen Rachefeldzug auf, nachdem ihm der Rechtsweg verweigert wurde. Die Handlung spielt im 16. Jahrhundert in Brandenburg und Sachsen.)

Ech mengen et war keng ganz gutt Iddi, dem Michael Kohlhaas seng Selbstjustiz, zu der hien komm ass, well den Staat senger Pflicht fir Gerechtegkeet ze suergen net no komm ass, an de Kontext vun der Opschaffung vun der Bommeléeraffaire ze setzen.

Ech mengen och, datt et keng gutt Iddi ass, d’Opklärung vun ëmmerhinn 20 Verbriechen als eventuell ongutt fir dem Vollek seng Séil duerzestellen.

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Verschlagwortet mit | 3 Kommentare

Halte à la répression violente des manifestations en Turquie!

P1030122Amnesty International Luxembourg a organisé une manifestation devant l’Ambassade de Turquie au Luxembourg aujourd’hui à 13h.

Le but de la manifestation était de demander aux autorités turques de cesser immédiatement la répression violente des manifestants et de mener des enquêtes sur les violations commises par la police lors des manifestations!

Était-ce l’heure de midi ou l’invitation à court terme, malheureusement, il n’y avait pas grand monde au rendez-vous. Les seuls députés qui ont manifesté leur solidarité avec les victimes de la répression en Turquie et avec AI Luxembourg était ma collègue Viviane Loschetter et moi-même.

Je suis choqué par les évènements récents en Turquie ! Le recours disproportionné et excessif à la force par la police turque en réponse aux manifestations pacifiques du parc Gezi d’Istanbul est intolérable. Dans une vraie démocratie, tous les citoyens devraient se sentir représentés et la majorité est tenue d’associer l’opposition et la société civile au processus décisionnel. La liberté d’expression et le pluralisme des médias sont au cœur des valeurs d’une société démocratique !

Les réactions dures du gouvernement turc et du premier ministre Erdogan contribuent à polariser davantage la société turque.

P1030127AI n’a pas été reçu par l’Ambassadeur -mais le piquet de protestation a du moins été suivi de l’intérieur de l’Ambassade.

 

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

De Prinzip vun der Netzneutralitéit kënnt an d’Gesetz!

Den 17. November 2011 hat ech am Numm vun der grénger Fraktioun d’Regierung iwwert de Prinzip vun der Netzneutralitéit vum Internet interpelléiert.

Mir haten an dem Kontext hei unanim eng Motioun gestëmmt, déi vu mir deposéiert gouf, wou mer d’Regierung opgefuerdert hun d’Netzneutralitéit an d’Gesetz ze schreiwen:

à inscrire dans la loi le principe de la neutralité de l’Internet ainsi que les exceptions indispensables en tenant compte des développements sur le plan de l’Union Européenne;

Dat war deemool schon een dueble Kompromess : engersäits gehéieren déi exceptions indispensables zwar iergendwou definiéiert, mee net onbedengt op där Plaaz wou mer just de Prinzip vun der Netzneutralitéit festschreiwen. Annerersäits musse mer guer net op d’Europäesch Unioun waerden fir aktiv ze ginn.

Och no den villen Entrevuen an Diskussiounen vun der Kommissioun, och no der Lekture vum Rapport, bleiwen ech der Meenung, datt mer sollen aktiv ginn an de Prinzip vun der Netzneutralitéit an d’Gesetz schreiwen.

Duerfir hat ech mech beim Vote vum Rapport enthal, well do ass d‘Konklusioun: Komm mir maachen mol näischt, mir waarden op d‘Europäesch Kommissioun.

déi gréng plädéiere genee wéi 2011 och haut fir de Contraire: Dach, näischt machen ass schlemm! De fraie Maart ass kee faire Maart. An de Prinzip vun der Netzneutralitéit ass ze wichteg fir en dem fräie Maart z’iwwerloossen.

D’Netzneutralitéit huet och onoofhängeg vun den ekonomeschen Enjeuxen fir PME, Start-ups oder Open-source Projeten och e wichtegen dateschutzpoliteschen Zweck fir all Bierger ! Wann d’Operateuren net gezwonge ginn fir sech par rapport zum transportréierte Contenu neutral ze verhalen, ass et fir si evidenterweis méi lukrativ fir verschidde Contenuen gezielt ze privilégéieren oder je nodeems och ze bremsen. Fir dëse gezielten net-neutrale Contenu-Managment mussen d‘Operateuren ewer wëssen wat an all eenzelnem Datepaket drann ass. Dofir gett et dann esou „flott“ Techniken wéi Deep Packet Inspection. Kuerz: Keng streng Netzneutralitéit ze garantéieren, riskéiert zu enger genereller Iwwerwachung an dem Filtrage vum Internet-Trafic ze féieren.

Argumenter déi ëmmer optauchen fir net aktiv ze ginn :

–       Mir wieren ze kleng, mir sollen net virun de won lafen, mir sollen ofwaerden!

Erstaunlech!

  1. Eréicht gëschter hu mer an der Chamber unanim ee Gesetz gestëmmt, wat méi Sécherhet am Fall vun enger Faillite vun engem Prestataire am Beraich vum Cloud -Computing soll schafen.

–        Ganz houfreg waren d’Kollegen hei op de Tribün, grad esou houfreg war d’Mme Justizminister:

–        Nei ekonomesch Nischen a nei Kompetenzen fir Lëtzebuerg ginge mer hei opmaachen.

–        Mir sin dat éischt Land wat esou eng Legislatioun kritt, dat ass ee wichtege Virsprong fir d’Lëtzebuerger Industrie an den Timing hätt net besser kënne sinn, sot d‘Octavie Modert

  1. Wat heescht hei ze kleng? D’Hollänner an d’Slowenen hun de Prinzip vun der Netzneutralitéit an d’Gesetz geschriwwen. Dat sinn och net grad déi allergréissten europäesch Länner. Mir selwer hunn net gezéckt, fir eis eng positiv Legislatioun am Beräich vun der Finanzwelt ze ginn. Dat hu mer dach relativ gutt gemaach! Do hu mer och net ofgewaart, bis mer vu Bréissel de Wee virgemolt kruten.

Déi gréng sinn genee esou sensibel an interesséiert, Lëtzebuerg als Standuert fir den e-business auszebauen.  Déi gréng sinn awer –anscheinend- méi sensibel wéi vill anerer, och d’Rechter vun all ennzelnem Bierger an de klengen Entreprisen op ee fräien Internet – an net just en 2-Klasse Internet – ze schützen!

–        Mir gingen riskéieren, Wettbewerbsnodeler ze kréien, wa mir gingen am Beräich Netzneutralitéit legiferéieren, gëtt gefaert.

Ma neen, faert net!

Mir sinn gutt opgestalt. D’Regierung ass dach scho joerelaang am gaang, mat deene Betriber wou mer zu 100% Aktionnär sinn, an een Breedbandreseau z’investéieren. Mir hunn eng Qualitéit vu Réseau, do ginn all déi aner Länner neidesch. Mir kënnen eis Netzneutralitéit leeschten! Mir kënnen domatt kloer ee Wettbewerbsvirdeel fir kleng an innovativ Betrieber ubidden. A mer daerfen net vergiessen, datt déi grouss vun haut, déi eventuell een Interêt drunn hätten, de Reseau zu hierem Virdeel ze notzen, virun 10 Joer och nach kleng an innovativ waren. Et wier eng besser a laangfristeg méi sécher Strategie fir op PME ze setzen wéi ëmmer nach wëllen Giganten op Lëtzebuerg ze lackelen. Dat gëlt fir den  IT-Beräich awer net just hei.

–        De Reseau misst geréiert ginn, well soss kéint et zu Datestau kommen…

Dat stet op ville Plazen am Rapport a gëtt och gaeren vun den Reseaux Bedreiwer als Argument ugefouert.

Mir sinn der Meenung, datt Netzwierkmanagment zu kengem Moment daerf d’Netzneutralitéit a Gefohr bréngen.

Watt d’Méiglechketen méi grouss sinn, fir d’Daten „intelligent“ oder méi richteg formuléiert „selektiv“ ze verdeelen, watt den Interêt, d’Reseauen auszebauen méi kleng gëtt.

D’Meenungen ginn och auserneen, wéi wäit esou een Netzmanagment iwerthaapt néideg ass.

Den Markus Beckedahl, een vun den zwee Experten, déi mer am Kader vun dësem débat d’orientation an d’Chamberkommissioun invitéiert haten:

Quant à l’argument que des surcharges des réseaux imposent une gestion de trafic par les opérateurs, il y a lieu de constater qu’en Allemagne, après examen des réseaux des cinq grands opérateurs, aucune surcharge n’a pu être constatée. La Commission d’enquête du Bundestag avait invité des représentants de DE-CIX, le principal noeud d’interconnexion allemand situé à Francfort, qui ont confirmé que des surcharges des réseaux backbone n’existent pas. Des surcharges pourraient éventuellement se produire sur la boucle locale, ce qui est alors clairement une conséquence du manque d’investissements des opérateurs dans les infrastructures.1

Dem Här Beckedahl seng Konklusioun ass dann och eendeiteg :

Il s’agit de garantir la neutralité d’Internet avant que les opérateurs télécom ne nous mettent devant le fait accompli. M. Markus Beckedahl estime qu’un cadre régulateur imposé par les Etats est indispensable.

Eisen 2. Expert, d’Mme Nadia Kutscher kënnt zu der selwechter Konklusioun:

Sans régulation imposée, l’accès à Internet sera gouverné selon les lois du marché et donc en fonction des critères économiques.

Wat ass méi wichteg:

D‘Fräiheet vum Eenzelenen schützen?

Oder d’Fräihet vu grousse Konzerne schützen, fir dem Eenzelenen méiglechst vill Geld ofzeknäppen?

Mir hun Gesetzer fir alles, awer beim Internet soll sech alles vum selwen reguléieren? Haten net och scho vill ze vill Leit vill ze laang dat selwecht vum Bankesekteur gegleewt?

-Wien hëlleft de Réseau bezuelen?

Den Zougang zum Internet iwwert ee Forfait ass agefouert ginn, wéi d’Leit nach net vill vun desem Forfait (flatrate) profitéiert hunn.

Haut, wou ëmmer méi Leit Apparater hunn, déi ganz vill Applikatiounen zouloossen an och ganz einfach zouloossen, stellen ëmmer méi Provideren fest, datt se mat den flate-rate Tarifer hier Onkäschten net méi gedeckt kréien. Si sinn quasi Affer vun hierem eegenen Erfolleg ginn.

Wéi finanzéieren: haut ass et jo schon esou, datt den Präis sech je no

  • Der Vitesse vun der Transmissioun
  • A nom Volume den forfaitaire gratis ass

zesummesetzt.

Dat ass och logesch, et huet jo net wierklech jidfereen déi selwecht Besoinen, net jidfereen ass een heavy user, an datt een heavy user, deen méi a méi schnell wëll erof an/oder eroplueden och méi bezuelt wéi een deen seng Mailen liest, ee Blog bedreiwt an e bëssen surft, dat schingt mir engersäits logesch an anerersäits och een Uspron ze sinn, déi technesch Entwécklung och a Richtung Spuersamket ze lenken.

Déi Däitsch Telecom schwätzt vun ronn 3% vun den Notzer als heavy user. De Wee, deen déi D-Telecom matt hierer neier Tarif-Struktur ageschloen huet, ass ganz geféierlech. Net fir näischt gett et mettlerweil eng grouss Bierger-Petitioun un de Bundestag an durch d’Medien geeschtert de Spëtznumm „Deutsche Drosselkom“.

De Choix vun deser Firma ass ganz klor net kompatibel matt der Netzneutralitéit. Ech kommen nach mé spéit doropper zréck.

 Les internautes socio-économiquement avantagés peuvent se permettre une qualité de service élevée. (Nadia Kutscher)

Richteg a bedauerlech, mee d’Inegalitéit vun räich an aarm beschränkt sech net just op den Gebrauch vum Internet.

–        Brauche mer eng Käschtebedeelegung vun den Netzgiganten?

Dat schingt ob den éischte Bléck éischter sympatesch ! Firwat sollen Megakonzerner, wéi Google (dem Youtube gehéiert) oder Apple (deen iTunes bedreiwt) , Facebook, etc… fir déi mer ganz vill backbone brauchen, sech net mussen un de Käschten vum Réseau bedeelegen?

Dat fënnt och eis Post :

A long terme, il faudra trouver un moyen de répartition des frais d’investissement dans les backbones, notamment par une participation des fournisseurs de contenu.

Déi gréng sinn der Meenung, datt dat kee richtege Wee ka sinn, mir mengen éischter, datt dat d’Enn vun engem oppenen Internet wier.

Des entreprises monopolistiques comme Google ou Facebook payeront pour bénéficier d’une trans­mission prioritaire de leurs données. Une conséquence en serait que, en contrepartie d’un traitement prioritaire, les usagers soient obligés de souscrire à une appartenance exclusive à leurs services, ce qui entraînerait la perte de tout contrôle sur l’utilisation de leurs données personnelles. (Nadia Kutscher)

déi gréng gesin des Geforen genee esou wéi d’Madame Kutscher. Fir eis ass Eeng gesetzlech festgeschriwwen Verpflichtung zur vun der Netzneutralitéit absolut noutwenneg a wier méi sënnvoll wéi all accord commercial!

 Zu Lëtzebuerg ass alles an der Rei, mir hu kee Problem matt der Netzneutralitéit.

ILR:

A noter que l’activité de fourniture de réseaux est seulement soumise à notification auprès du régu­lateur national et ne nécessite donc aucun agrément.

L’ILR peut théoriquement interdire à un opérateur d’effectuer une gestion de trafic, mais une telle décision entraîne une procédure complexe, notamment le recours à une consultation publique.

Da wonnert mech d’Konklusioun vum ILR :

D’après l’ILR, la législation luxembourgeoise en vigueur est suffisante à l’heure actuelle afin de garantir la neutralité d’Internet.

 

LU-CIX

Le fait que le Gouvernement attache une grande importance à la neutralité d’Internet est un bon message pour les clients du secteur des TIC au Luxembourg. Au mieux serait-il d’inscrire le principe de la neutralité des réseaux en tant que droit fondamental dans la Constitution. Une législation en la matière pourrait également être trop contraignante.

OPAL :

(L’OPAL représente la quasi-totalité des opérateurs de télécommu­nication et de télédistribution au Luxembourg35, à l’exception de l’opérateur historique l’EPT.)

Dat sinn déi eenzeg, déi aus der Rei danzen !

Mir sinn och mat ganz villen Positiounen vun der OPAL, esou wéi se am Rapport stinn, net averstan !

  1. 1.       A noter que la neutralité du net s’applique à l’Internet public ouvert. Les services IPTV ne font pas partie du débat de la neu­tralité d’Internet puisqu’il s’agit de services dédiés à valeur ajoutée.
  2. 2.       Un marché concurrentiel et une transparence au niveau des conditions générales des services garantissent le respect de la neutralité d’Internet.
  3. 3.       L’OPAL conclut qu’un Internet ouvert sans restriction mène à une diminution de la qualité pour tous les utilisateurs.
  4. 4.       Les prix de la téléphonie mobile au Luxembourg ne sont pas très élevés. Si une législation interdisait la gestion de trafic sur les réseaux mobiles, les operateurs seraient contraints à investir. Or, est-ce que la situation financière des opérateurs leur permet des investissements d’infrastructures supplémentaires? A la fin, ces coûts supplémentaires seraient à la charge des consommateurs et se traduiraient par une augmentation générale des prix.

 

Besonnesch dee leschte Punkt an dëser Argumentatioun ass néfaste: Wann d’Operateuren den Choix tëschent géréiren an investéieren fräi no Gewënnchancen daerfe maachen, da kënne mer een qualitativ héichwäertegen an neutralen Internet vergiessen.

ICT Luxembourg

ICTLuxembourg juge important de garder Internet ouvert et neutre.

Le déploiement des réseaux en fibres optiques tel que prévu dans le contexte de la „stratégie réseaux très haut débit“ du Gouvernement luxembourgeois devrait empêcher les opérateurs de devoir gérer le trafic et constitue le meilleur garant de la neutralité d’Internet.

ICTLuxembourg se prononce dès lors contre une approche législative nationale dans ce domaine.

Par contre une résolution du Parlement national, qui n’est pas de nature contraignante, serait pourtant un message politique fort à l’adresse des régulateurs et du secteur pour garantir l’ouverture et la neu­tralité d’Internet dans le contexte de marchés en évolution rapide.

L’Association des Antennes collectives (AAC) estime qu’il sera difficile d’obliger les fournisseurs de contenu dominants à payer pour le passage de leurs données.

Déi gréng hunn déi selwecht Vue vun der Problematik wéi déi ganz Chamberkommissioun :

Rattachement ferme au principe de la neutralité du réseau

Les travaux en commission parlementaire ont su cerner l’enjeu de la liberté des réseaux, qui est de taille. L’abandon de ce principe risquerait d’engendrer de lourdes conséquences tant au niveau écono­mique que sociétal. Voilà pourquoi, la Commission se prononce clairement en faveur du maintien du principe de la neutralité du réseau.

 

Mir kommen awer net zu der selwechter Konklusioun !

La voie à emprunter

En ce qui concerne la nécessité de légiférer en la matière, la commission parlementaire souhaite attendre les développements au niveau de la Commission européenne.

Déi gréng sin der Meenung, datt de Fait, datt mer MOMENTAN keng gréisser Mëssstänn wat d’Netzneutralitéit zu Lëtzebuerg betrëfft hunn,  eis nët garantéiert, datt dat an Zukunft och nach esou bleiwt.

Beispill

Die Telekom will ab 2014 ihre bislang im Festnetz verkauften Flatrates so nicht mehr anbieten. Künftig soll das Datenvolumen, das heruntergeladen werden kann, begrenzt sein. Ist die Grenze erreicht, wird der Zugang um 90 Prozent gedrosselt.

Den eigentleche Problem am Sënn vun der Netzneutralitéit ass ewer net des Beschränkung – déi u sech net ganz nei ass – mee d’Ongläichbehandlung vum Trafic deen deser Quota ugerechnet gett.

 Gleichzeitig will das Unternehmen eigene Angebote davon ausnehmen – das generelle Internet wird irgendwann gebremst, das Telekom-Fernsehen namens Entertain aber nicht. Letzteres verstößt gegen die Netzneutralität. Die Telekom argumentiert, Entertain sei ein gesondert regulierter und bezahlter Mediendienst, ein managed service, wie sie ihn nennt. Daher dürfe sie ihn anders als andere Videoangebote wie YouTube oder Netflix behandeln. Sie betrachtet das Ganze damit als zwei verschiedene Röhren, in einer läuft Internet, in der anderen läuft Entertain. (cf OPAL) Leider funktioniert das Internet so nicht, eben weil alle Datenpakete über alle Wege geschickt werden. Wer eine Leitung reserviert, nimmt allen anderen Bandbreite weg. 2

 D’EU Kommissarin  Neelie Kroes  wéilt elo d‘Netzneutraliteit festschreiwen, mengt esou guer d‘Piratepartei !

Mir hun dat nach eng Kéier alles gelies, an d’Mme Kroes ass definitiv op enger ganz anner Schinn wéi mir mat der Netzneutralitéit ! Si huet an deem Sënn och guer net hier Meenung geännert, mee just aner Wierder an Tournure benotzt fir genee dat selwecht ze soen wei ëmmer: fräie Choix ass wichteg, och fir Operateuren, Konkurrenz garantéiert gutt Präisser an Innovation, an natierlech kënnen d’Operateuren och nach „extra Servicer“ ubidden !!! Dat ass exakt dat wat Telekom a POST argumentéieren (Managed Services oder Services à valeur ajoutée)

Mir sollten net op Kroes vertrauen (zweedeuteg Aussoen), net op Kroes warden (soss 2015/16 bis eppes ugeholl ass), mee elo hei zu Letzebuerg handelen

Mir sinn nach ëmmer der Meenung, datt et gutt a richteg wier, am Gesetz vum 27. Februar 2011 iwwert d’Réseaux et services de communications électroniques expressis verbis dran ze schreiwen, datt et och eng Aufgab vum Régulateur wier, d’Netzneutralitéit z’assuréieren.

Et get net drëm, een eegestännegt Gesetz matt allerhand Oplaagen ze maachen, fir d’Netzneutralitéit ze garantéieren. Da wier ënner Ëmstänn och kontraproduktiv fir d’Netzneutralitéit selwer.

Et get drëm, d’Positioun vum ILR ze stäerken, matt engem kloer Hiweis op esou eng Missioun vum ILR, an dann kéint mat relativ wéineg Opwand am Gesetz vum 27. Februar 2011 geschéien. (Loi du 27 février 2011 sur les réseaux et les services de communications électroniques).

Dës Motioun ass no e bëssen hin an hier, an der Chamber ugeholl ginn.

1: Den Text den kursiv a fett gedréckt ass, ass aus dem Rapport vun der Chamberkommissioun iwwerholl.

2: zeit online

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Miersch: Alt rëm Containeren!

IMG_4276D’Wiel vun verschiddenen neien Schoulmeeschteren an Léierinnen war den éischte Punkt um Ordre du jour vum  Mierscher Gemengerot vum 10 Juni 2013. Eigentlech gëtt do de Gemengerot fir domm verkaaft. Mir däerfe Leit wielen, déi net wierklech wëllen op Miersch kommen -an da wahrscheinlech och guer net untrieden. Fir vill Posten ass guer kee Kandidat do… Dat ass schonn eng zimlech onnëtz Geschicht. Op der zweeter Lëscht am Juli ginn dann all Posten, déi nach iwwereg sinn vum MENFP besat.

Als 2. Punkt stoung d’Verlängerung vun der Iwwerschaffung vum PAG um Programm, ee Punkt den bei praktesch alle Gemengen aus dem Land ëm dës Zäit op de Lee steet.

Beim Punkt 5 ass et drëm gaangen, fir eng Rei Fënsteren an der Crèche zu Rolleng ze ersetzen (30.000€ TTC). Déi Fënsteren, all op der Reesäit, sinn an engem schlechten Zoustand, an mir zweiwelen och net drun, datt se mussen ersat ginn. Mir hu gefrot, op dann déi Crèche och op hiren energeteschen Zoustand gepréift gi wier. Wa mer elo nei Fënsteren asetzen, da gi mer jo bestëmmt net an e puer Joer eng Isoléierfassade maachen. Et si jo och Suën am Budget virgesinn fir energetesch Sanéierungen. De Schäfferot hat sech do leider keng Gedanken driwwer gemeet, an duerfir hu mir eis beim Vote enthal.

Och beim 8. Punkt: „Approbation du projet avec devis pour le renouvellement partiel de la canalisation dans la rue Nic Welter à Mersch“ hat de Schäfferot sech net genuch Gedanke gemeet. Si wollten Suen spueren an hunn just een Deel vum Projet wollten realiséieren. Do war awer den Ofwaassersyndikat SIDERO net frou driwwer an ass intervenéiert. Du war de Schäfferot rëm net méi sécher wat déi richteg Léisung wier. Op meng Propose hin ass de Projet vum Ordre du jour geholl ginn an soll elo an enger nächster Sëtzung, mat den néidegen Erklärungen, erëm kommen.

P1020727Beim 9. Punkt „Approbation du projet avec devis pour l’aménagement de structures modulables provisoires près de l’Ecole Jean Majerus à Mersch“ (45.000€) a beim 10. Punkt „Location de structures modulables provisoires (16.000€ pro Joer), hunn déi gréng dergéint gestëmmt. Mir sinn der Meenung, datt et misst méiglech sinn, fir och 3-4 Joer mat enger Klass manner iwwerbréckt ze kréien. Esou laang dauert et, bis déi nei Maison Relais mat Schoulsäll gebaut ass. D’Kannerzuelen sinn zu Miersch zimlech stabil, d’Moyennen vun de Klassen géingen eiser Meenung no duerchaus eng Klass manner erlaben. Do derbäi kënnt, datt d’Gemeng Miersch an de leschte Joeren zimlech vill Containeren opgeriicht huet: All Maison Relais ass an engem Container, all déi Containeren sinn als provisoresch votéiert ginn, an all déi Containeren riskéieren eng ganz laang Zäit stoen ze bleiwen. Dëse Container bei der Spillschoul verklengert den Schoulhaff, ass net schéin, net noutwenneg a Kascht vill Suen.

 

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar