Alles op de Vëlo

P1040130Mam Vëlo duerch de Mamerdall, dat ass just eemol am Joer ze recommandéieren: Beim „Alles op de Vëlo Mamer – Miersch ».
Dëse Sonndeg war déi 17. Editioun, a bei herrlechem Wieder waren vill Leit ënnerwee. Mir huet besonnesch gutt gefall, datt vill Leit mat Kanner um Tour waren. A well een groussen Deel vum Parcours duerch de Bësch get, war d’Hëtzt och auszehalen. Fir Ravitaillement ass zu Miersch, Schëndels, Koplëscht an zu Mamer gesuergt.
D’Iddi vum Vëlosdag op dëser Streck war engersäits fir op d’Schéinheet vum Mamerdall hinzeweisen, anerersäits fir den Vëlo als Verkéiersmëttel ze promovéieren.

Heemount am Mamerdall, 21.07.2013

Heemount am Mamerdall, 21.07.2013

Mëttlerweil ass de ganzen Mamerdall eng réserve naturelle! D’Zil vun der Unerkennung vun dëser schéiner Naturlandschaft ass jo mol erreecht.
Eng sécher Vëlosverbindung vun Miersch op Mamer ass awer nach laang net realiséiert. Den Environnement huet zwar viru kuerzem den Accord fir d’Velosstreck Miersch Schëndels ginn. Trotzdem schingt nach ëmmer ee Knuet an der Realisatioun ze sinn. Mengen Informatiounen no, hunn verschidden Leit vun de Ponts&Chaussées ugekënnegt, si wéilten dës Streck net mat den aktuellen Oplaagen bauen. Affaire à suivre…
Bleift dann natierlech nach de Wee vun Schëndels bis op Mamer, wou virun allem den gréngen Conseiller vun Koplescht, den Christophe Reuter ganz vill Aarbecht geleescht huet. Bis dëse Wee Realitéit gëtt, dat wäert nach vill Zäit an Energie kaschten.

P1040165Konklusioun: Mam Vëlo duerch de Mamerdall, dat ass einstweilen just eemol am Joer ze recommandéieren !

Dieser Beitrag wurde unter Verschiddenes abgelegt und mit , verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

3 Antworten zu Alles op de Vëlo

  1. Viviane Adams schreibt:

    A propos „sécher Vëlosverbindungen“:
    Virun ongeféier 2 Joër gouf tëschent der Soup a Kéideng eifreg gebaggert fir dann och emol do endlech e séchere Vëloswee ze schaafen.
    Vu datt ech dës Streck méi oft fueren a wees wéi geféierlech d’Strooss do ass hun ech dës Initiative wirklech begréisst. A Gedanken sin ech dëse wonnerschéine Vëloswee laanscht d’Iernz schon méi wéi eng Kéier gefuer mais leider eben nëmmen a Gedanken well nodéms se de gréissten Deel vun der Streck freigeluecht haaten gouf de Projet a bémol gestoppt. Mir koum duerno zu Oueren datt se d’Arbéchten hu missten astellen well anscheinend e puer Beem déi ënnert Naturschutz stoungen mat ofgeholzt goufen?!? Seitdem leit de Projet also brach an ech froën mech wéi eng Logik dohannert stécht. Déi Beem déi ofgeholzt goufen kann é jo wuel nët méi nés lieweg maachen, oder? An op där aanerer Säit kann én awer d’Liewen vun de Vëlosfuerer schützen andéms én dé Wee do endlech ferdeg mécht! Mais vläicht muss eben dén én oder aanere Vëlosfuerer nach drun gleewen ier hei emol eppes Vernünfteges ënnerholl gët. Bei dësem Projet stin sech déi Gréng wuel selwer am Wee a mat esou enger Politik bréngt én d’Land awer nun och nët virun. Wirklech schued well dës Stréck géif bestëmmt och nach méi Touristen an dës wonnerschéin Géigend lackelen mais vläicht ass daat jo och nët erwënscht well déi kéinten d’Landschaft jo eventuell verknaschten. Ech sin jo ganz fir Naturschutz an och fir esou Aktiounen wéi „Alles op de Vëlo“ mais an dësem Fall muss én dach de Pro a Kontra kënnen ofweien an sech fir daat mannert Iwwel décidéieren an zwar direkt! … ier dén éischte Vëlosfuerer do op der Strooss leie bleiwt!

  2. SCHOLTES PIERRE schreibt:

    Vu Miersch bis Mamer gëtt et e wonnerschéine Bëschwee, dee genial mam MTB ze fueren ass. Ech hoffen, datt dësen net och nach zoubetonéiert gëtt. Ech sinn iwwerzeegt , datt dir als „Gréng“ mat sou enger Iddi net kënnt d’accord sinn; oder iiren ech mach do ?
    Schéi Gréiss
    Pierre Scholtes

  3. Fränz schreibt:

    Ech ka mech dem Pit nemmen uschléissen…déi 14 km lang Streck duerch de Bësch vun der Mamer Kläranlag bis op Schendels (ech kenne kwasi all Baam do mam Virnumm) ass herllech mam Velo ze fueren! E Mountainbike ass net mol erfuederlech, mat Ausnahm vun e puer Platzen wou Quellen aus dem Hang kommen-wann een daat wéillt als Velo’spiste ausschelderen, wieren also just punktuell e puer Moossnahmen ze ennerhuelen!)
    Mir ass et komplett onverständlech wéi den Environnement do ka gring Luucht gin, fir duerch déi wonnerschéin Reserve naturelle eng Betong/Macadamsträif ze zéien…

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s