Mam Vëlo vu Miersch op Mamer!

Mam Velo vu Miersch op Mamer: Dat mécht zur Zäit just 1x am Joer Spaass, beim "Alles op de Vëlo".

Mam Velo vu Miersch op Mamer: Dat mécht zur Zäit just 1x am Joer Spaass, beim „Alles op de Vëlo“.

Méindeg den Owend huet de Mierscher Gemengerot eestëmmeg eng Motioun ugeholl:

Le Conseil Communal de la Commune de Mersch

 –       déclare être favorable à la réalisation d’une piste cyclable dans la vallée de la Mamer suivant le tracé de chemins existants;

 –       invite le gouvernement à entamer les travaux de planification de cette piste cyclable et de mettre en œuvre ce projet.

 Vëlospisten déngen net nëmmen Hobbycyclisten, mee sinn ee wesentlechen Bestanddeel vum Nohaltegketsministère sengem Verkéierskonzept MODU (mobilité durable), wat fir 2020 een Undeel vun 25% “mobilité douce” (Vëlo a Foussgänger) virgesäit (2009: 13%). Vëlospisten ginn och vun Randonneuren, Leefer, Leit mat Poussetten, a Rollstill benotzt.

De proposéierten Tracé (17km Piste cyclable Mamerdall + 3,5km Liaisoun op Kielen) leeft duerch 8 Gemengen (Miersch, Luerenzweiler, Steesel, Koplescht, Kielen, Stroossen, Bartreng, Mamer) an iwwert Bëschweeër, déi et scho gëtt. Duerch des Vëlospiste “Mamerdall” (PC14) géif zesummen mat de Pisten “Nicolas Frantz” (PC13), “dici. tour” (Sectioun Bartreng-Gronn) an “Uelzechtdall” (PC15) een Dräieck vun Vëlospisten entstoen, wat op enger Marathonstreck (42km) fir 30% vun der Populatioun vum Grand-Duché direkt accessibel wier.

An dem neien Naturreservat “Mamerdall” (säit 13.12.2012) ass eng Vëlospiste ausdrécklech erlaabt:

Article 3. „Dans la réserve naturelle sont interdits: …L’élargissement et le redressement de la voirie publique existante et le changement d’affectation des chemins communaux, ruraux et forestiers, à l’exception de l’aménagement de pistes cyclables, qui restent cependant soumises à l’autorisation du Ministre”.

Am Schëndelser Schlass baut d’Natur- a Forstverwaltung ee Centre d’accueil, fir dem Public d’Naturreservat méi no ze bréngen. Aus eisen 8 Gemengen kéinten eleng 9000 Schüler (3’600 Grondschoul, 5’400 Lycéeën) dësen Centre d’accueil mam Vëlo erreechen.

Droits d'auteur: Administration du Cadastre et de la Topographie. http://wiki.geoportal.lu/doku.php?id=fr:mcg_1

Droits d’auteur: Administration du Cadastre et de la Topographie. http://wiki.geoportal.lu/doku.php?id=fr:mcg_1

Déi Motioun ass vun gréngen Conseilleren aus deenen 8 Gemengen ausgeschafft ginn, a mécht elo de Wee duerch d’Gemengeréit. Déi dreiwend Kraaft bei dësem Projet ass den Christophe Reuter, gréngen Conseiller zu Koplescht. Natierlech ass nach kee Meter Vëloswee gebaut, wann de Mierscher Gemengerot eng Motioun stëmmt. Mee en éischte Schrack ass gemeet, mir bleiwen um Ball!

Dieser Beitrag wurde unter Politik abgelegt und mit , verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Hinterlasse einen Kommentar