D’Nordstreck däerf net stierwen!

Zuch um 6.11 Auer: pünktlech an vill Plaatz:-)

Zuch vu Miersch op Ettelbréck um 6.11 Auer: pünktlech an vill Plaatz:-)

D’Zuchverbindungen tëschent der Belsch an Lëtzebuerg geroden oft, a bal ëmmer negativ, an d’ëffentlech Diskussioun. Niewent dem Fait, datt et besonnesch an de Spëtzestonnen oft zu Verspéidungen kënnt, ass et virun allem och eisen belschen Noper, den fir negativ Nouvellen fir d’Nordstréck suergt. Et schéngt dorop erauszelafen, datt an der Belsch een Investitiounsstopp fir dës Zuchverbindung kënnt. Domat wier d’Zukunft vun der Streck Ettelbréck – Klierf –Ëlwen esouguer kuerzfristeg a Fro gestalt.

gréng Ettelbréck

gréng Ettelbréck

Déi gréng wieren sech géint esou een Negativ-Trend bei der Nordstreck. An enger Aktioun um fréie Moien hu mir Flyeren an eng Lutsch zu Ettelbréck, Clierf an Ëlwen verdeelt (Nous refusons que le transport ferroviaire parte en sucette !)

Eis Fuerderungen sinn e.a. den zweegleisegen Ausbau vun der Streck vun Ettelbréck an Richtung Belsch, Verbesserungen beim Fahrplang, besonnesch an den Owesstonnen, méi Sécherheet an den Zich a manner Verspéidungen… an däitlech Signaler un eis Noperen, datt mir ee gudden ëffentlechen Transport als absolut Prioritéit gesinn.P1020301 - Copie

Dës Aktioun ass zesummen mat de Kollegen vun Ecolo organiséiert ginn. Si verdeelen haut  a ronn 120 Garen Flyeren (et des sucettes vertes ) wou se déi selwecht Mëssstänn ukloen wéi mir hei zu Lëtzebuerg. Ecolo setzt sech duerfir an, datt de belsche Stat an d’Eisebunn investéiert.

 

Dieser Beitrag wurde unter Politik abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Hinterlasse einen Kommentar