Gemeng Miersch: Duerchgangsverkéier am Wunnvéirel

C_2Mir haten zu Miersch ëmmer déi zimlech speziell Situatioun, datt ee Wunnvéirel, den Beschmontsbongert, just duerch eng „zone artisanale et commerciale“ z’erreeche war. Et gouf keen aneren Uschloss un d’Uertschaft Miersch, obschonn dëse Quartier zimlech no beim Zentrum a bei der Gare läit.

Wéi 2006 ee weideren Terrain an dem Eck lotisséiert ginn ass, huet sech d’Méiglechkeet ugebueden, een direkten Accès fir dee ganze Véirel zu der Gare hin ze schafen. Dat ass dunn och esou vum Gemengerot décidéiert ginn.

Wéi de Quartier dunn allerdéngs fäerdeg gestallt war, hunn eng Rei Leit sech zesummegedoen, an bei dem Schäfferot iwwert de villen Duerchgangsverkéier geklot.

Den Schäfferot hat den 2. Juli 2012 décidéiert fir während e puer Méint eng Barrière ze setzen an esou den Wunnvéirel vum Geschäftsvéirel ofzetrennen. P1020282

Dunn hunn aner Leit sech iwwert d’Barrièren beschwéiert. D’Gemeng huet zweemol ee Comptage vum Verkéier vun der Police maache gelooss, allerdéngs ënnert verschiddenen Conditiounen an op zwou verschiddene Platzen, esou datt een mat deenen Comptage guer näischt ufänken kann.

Et sinn Bréiwer un de Gemengerot geschéckt ginn, déi awer net un d’Conseilléieren weidergeleet gi sinn. Duerfir hat ech den 8. Oktober déi Mesuren déi am Quartier Beschmontsbongert geholl gi sinn, op den Ordre du jour vum Gemengerot setzen gelooss, fir gewuer ze ginn, wat de Schäfferot dann eigentlech wëlles hätt. De 15. November 2012 sinn d’Leit op eng ëffentlech Versammlung invitéiert ginn. De Schäfferot war schlecht virbereet an huet laang a breet erkläert, datt et guer näischt géing bréngen, fir een allgemengt Fahrverbot do ze maachen, do géing jo keen sech drun halen. Dat huet ee Vertrieder vun der Mierscher Police geneesou gesinn. Ee Privatmann huet dierften der Gemeng hiere PC benotzen an huet der Versammlung eng ganz Rei vun Grënn presentéiert, firwat datt de Barrage misst fort a wat kéint an d’Plaz kommen. Hien war gutt preparéiert, wat d’Frënn vum Barrage geiergert huet. An der Versammlung huet de Buergermeeschter gesot, de Gemengerot géing an enger Aarbechtssëtzung nach eng Kéier iwwert d’Situatioun schwätzen, an duerno géing eng Décisioun geholl ginn. Ëmsou méi erstaunt war ech, wéi e puer Wochen duerno rëm eng Kéier déi Barrière geréckelt gouf, fir op enger aner Plaz installéiert ze ginn. Den 14. Januar 2013 koum et dunn zu der Aerbechtssetzung vum Gemengerot, an et ass ee Kompromëss erauskomm, deen Méindeg den Owend vum Gemengerot ofgeseent gouf:

P1020284 - CopieDe ganze Wunnquartier kritt een „ allgemeines Fahrverbot“, dat däitlech signaliséiert gëtt, mat Ralentisseuren an der Strooss fir d’Vitesse erofzesetzen. Et soll ee Bureau beoptraagt ginn, fir erauszefannen, wéi en weideren Accès an de Quartier mëttelfristeg kann realiséiert ginn. Am Intervall vun e puer Méint an op genau der selwechter Plaz muss de Verkéier gemooss ginn, a wann den Duerchgangsverkéier sech net géing duerch all déi realiséiert Mesuren an de Grëff kréien loossen, dann mussen mer rëm iwwert weider Mesuren (Barrière!?) schwätzen.

1

1

Méindeg den Owend hat de Buergermeeschter dunn déi schwiereg Aufgab, fir z’erklären, firwat datt d’Gemeng dann elo genee déi Mesuren géing huelen, déi se op der ëffentlecher Versammlung als net efficace duergestallt hat! Do fillen d’Leit sech fir domm verkaaft, an ech kann och kengem dat verdenken.

Ech vermëssen eng allgemeng Verkéierspolitik zu Miersch, a besonnesch an dësem Quartier, mat Parking résidentiell, Prioritéit fir Vëlo a Foussgänger, sécheren Busarrêten fir d’Schoulkanner, kuerz Weeër fir Foussgänger… Mir hunn an der Gemeng Miersch duerch eng falsch Planung esou vill Verkéier produzéiert, datt mer mëttlerweil rëm bal esou vill Stau hunn wéi an der Zäit virum Contournement (an den ass réischt ronn 12 Joer a Betrib).

1: Image courtesy of Gregory Szarkiewicz/ FreeDigitalPhotos.net
Dieser Beitrag wurde unter Politik abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Hinterlasse einen Kommentar