Te Deum

IMG-20130622-00186Als Gemengeconseiller vun der Gemeng Miersch hunn ech de leschte Samschden un den Feierlechkeeten vum Nationalfeierdag Deel geholl. Mir hunn zu Miersch keng Trennung vu Kierch a Gemeng, an ech sinn och mat an den Te Deum gaang. Dat ass natierlech diskutabel, mee dat wëll ech awer elo an hei net diskutéieren.

Interessant hunn ech allerdings de Sujet vum Te Deum 2013 fonnt.

Virum Altor stoung eng Kierbiicht, een wäissen Teppech, an déi schwaarz Bull sollt eng Bomm duerstellen. Et ass vum Déchen vill driwwer philosophéiert ginn, op een ëmmer déi ganz Wourecht misst un d’Liicht bréngen, ob et net besser wier och mol eppes ze vergiessen, besonnesch no esou laanger Zäit. Vläicht wier et besser fir d’Vollek, wann een dat eent oder anert ging ënnert den Teppech kieren, anstatt alles an der Ëffentlechkeet ze debattéieren.

Ennermauert gouf dësen Exposé ënnert anerem duerch en Zitat aus der Novell „Michael Kohlhaas“ vum Heinrich von  Kleist aus dem Joer 1810: „Es soll Gerechtigkeit geschehen, und gehe auch die Welt daran zugrunde!“ (Der Pferdehändler Michael Kohlhaas wird Opfer eines Betrugs und bricht zu einem grausamen Rachefeldzug auf, nachdem ihm der Rechtsweg verweigert wurde. Die Handlung spielt im 16. Jahrhundert in Brandenburg und Sachsen.)

Ech mengen et war keng ganz gutt Iddi, dem Michael Kohlhaas seng Selbstjustiz, zu der hien komm ass, well den Staat senger Pflicht fir Gerechtegkeet ze suergen net no komm ass, an de Kontext vun der Opschaffung vun der Bommeléeraffaire ze setzen.

Ech mengen och, datt et keng gutt Iddi ass, d’Opklärung vun ëmmerhinn 20 Verbriechen als eventuell ongutt fir dem Vollek seng Séil duerzestellen.

Dieser Beitrag wurde unter Verschiddenes abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

3 Antworten zu Te Deum

  1. Michel schreibt:

    Déi Priedegt hannerléist am Kontext vun rezenten Affären an der Kierch en nach méi batteren Noogeschmaach…

  2. Marie schreibt:

    Ech hunn d’Priedegt vum Paschtouer och héieren (fräiwëlleg) an ech hunn dat e bëssi anescht verstan. Natierlech musse Verbriechen opgeklärt ginn. Mee wann ech richteg verstan hunn huet de Paschtouer sech just besuergt gewisen iwert déi momentan „Diskussiounen“ fir net ze soe Streidereien déi am Moment an eisem Ländche donderem d’Bommeleeër gefouert ginn. An ech muss him Recht ginn wann hee seet, dass ee sech muss Gedanken em d’Konsequenze vun deem Prozess maachen, deen zwar néideg ass, mee muss een en ob déi dreckeg Art a Weis féieren? An ech denken domatt huet hee net just déi déi ukloe gemengt, mee och déi offiziell an inoffiziell Ugekloten. Hee fäert em déi „moralesch Gesondheet“ (oder wéi soll ech et nennen) vun eiser Gesellschaft. An déi Angscht deelen ech matt him. Well wat brengt dat ganzt wann herno kee méi kengem traut? Deen eenzegen deen no dem ganzen Theater Genugtuung empfend ass de Här Vogel wann en seng Rechnung bezuelt kritt.
    „Es soll Gerechtigkeit geschehen, und gehe auch die Welt daran zugrunde!“ Ech menge matt dësem Zitat wollt heen net bestreiden, dass de Kohlhaas net vum Staat gehollef krut an dass dat alleng scho Grond genuch fir Roserei a Verzweiflung ass. Heen huet vill méi vun der Konsequenz geschwat déi dat ganzt haat: Gerechtigkeit um jeden Preis.

    • clauderadam schreibt:

      Merci fir den korrekten an éierlechen Bäitrag. Ech mengen och, datt de Paschtouer dat wollt soen wat dir beschreift. Ech hat allerdéngs esou munnech Aussoen net glécklech fonnt, an ech fannen nach ëmmer den Verglach vum Kohlhaas mam Bommeleeër zimlech riskéiert, esouguer zimlech dernieft. Wat ech och a virum allem vermësst hunn, dat ass d’Fro firwat datt da Joeren laang näischt geschitt ass, net serieux ermëttelt ginn ass. Ech fannen et erstaunlech, wann ee sech iwwert d’Art A Weis, wéi elo e.a. och de Prozess gefouert gëtt iergert, an sech awer nëtt och entsat weist, datt joerezingte laang eng Ermëttlung ënnerdréckt ginn ass. Dat ass a mengen Aen net nëmme moralesch verwäerflech, do kraze mer un der Substanz vum demokratesche Stat.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s