Graffiti Mierscher Gare (2)

P1050177De Projet Graffiti op der Mierscher Gare ass scho méi laang fäerdeg. Gëschter gouf en ageweit. Iwwer 600m2 Mauere si bemoolt ginn.

D’Eisebunn hat eigentlech virgesinn, déi ganz Fläch mat Plättercher auszekleeden. Dat huet awer glécklecherweis de Responsable vun der Gemeng net gefall. Fir d’éischt war geplangt mat de Jugendclibb aus der Gemeng  déi Mauere faarweg ze gestalten. D’Resonanz war net grouss. Schlussendlech ass mat Hëllef vun 2 Mierscher Lycéeën (de Lycée Ermesinde an de Lycée classique Diekirch, Annexe Miersch) a mam Accord vun der CFL  dëst Wierk entstan.

D’Realisatioun vum Lycée Ermesinde sengem Deel ass mer verständlech, ech hat och P1050176Geleeënheet, fir mech schonn e puermol mam Guy Hary iwwert de Projet z’ënnerhalen. Wéi den éischten Deel zu stan komm ass, verstinn ech och no der Lecture vun dem Pressedossier vun ëmmerhinn 38 Säiten net esou richteg. Iergendwéi war d’Mierscher Jugendhaus mat derbäi an den LCD a 4 fräischaffend Künstler (NASK, CHAS, DATER, NASH). Wien do d’Aarbecht geplangt a coordinéiert huet weess ech net, mee d’Resultat ass ob alle Fall top!

De Projet ass super, schéngt och eng gutt Akzeptanz bei de Schüler ze hunn a gëtt zimlech respektéiert. Ee Beispill wat roueg däerf Schoul maachen.

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Projet de loi 6670: Entrevue mat Vertrieder vun der UNEL

unelDee selwechten Dag hat ech eng Entrevue mat 2 Vertrieder vun der UNEL.

D’Positioun vun der UNEL resuméiert sech esou:

1) An d’Plaatz vun enger Basisbourse vun 2000€ misst dës Bourse op 4000€ erop gesat ginn.

Dat géing heeschen, datt bei geschätzte 25.000 Studenten d’Bourse de Base net mat 50.000.000€ géing zu Buch schloen, mee dat géing dann 100.000.000€ kaschten. Domatt wier dem Versuch vun der neier Regierung, d’Käschtenexplosioun bei de Studenteboursen an de Grëff ze kréien, direkt een Enn gesat. Dës Käschtenexplosioun huet, menger Meenung no, hiren Ursprong net am Geriichtsuerteel vum europäesche Geriichtshaff, mee an deem net duerchduechte Gesetz vun 2010 ënnert dem deemolegen Héichschoulminister Biltgen.

2) D’Mobilitéitsbourse misst onofhängeg vum Wunnuert bezuelt ginn, wann ee Student kann noweisen, datt e Loyer bezuelt.

D’UNEL seet, datt déi Regelung wéi d’Regierung se virschléit déi Studente benodeelegt, déi op der uni.lu studéieren an net méi doheem wunnen. Benodeelegt ginn och d’Studenten aus de Frontaliersfamillen. Dat gëtt schonn däitlech aus der Fiche financière vum Projet de loi ervir: Bourse de mobilité: Résidents: 25.600.000€; Frontaliers: 1.800.000€. Dobäi misst awer ee Studium op der lëtzebuerger Uni fir d’Frontalieren duerch d’Erasmuscritèren méi attraktiv ginn.

3) D’UNEL Vertrieder hunn sech derfir ausgeschwat, datt esou wuel beim Bachelor wéi och beim Master déi regulär Studienzäit misst kënnen 1 Joer iwwerschratt ginn.

4) D’UNEL hätt gären, datt bei de soziale Critèren fir d’Bourse och d’Zuel vun de Kanner an engem Stot berücksichtegt gëtt.

An engem Informatiouns & Positiounspabeier hat d’UNEL gemengt, de Bäitrag vun der sozial gestaffelter Bourse kéint vun 2500 op 2000€ erofgesat ginn, an d’Zuel vun de Kanner am Stot misst berücksichtegt ginn.

D’Critèren, wien ënnert wéi engen Ëmstänn eng sozial gestaffelt Bourse kritt, musse menger Meenung no iwwerschafft ginn.

Datt d’UNEL gemengt huet, et kéint een de Montant vun der sozial gestaffelter Bourse erofsetze wonnert mech. Aktuell steet et esou am Projet de loi:

Bourse sur critères sociaux: la bourse sur critères sociaux est accessible à l’étudiant qui satisfait aux critères des articles 3 et 4 de la présente loi et dont le revenu total des personnes ayant l’obligation d’entretien est inférieur ou égal à quatre virgule cinq fois le montant brut du salaire social minimum pour non qualifiés. Les montants, par année académique, des sous-catégories de bourses sur critères sociaux sont échelonnés comme suit :

a) revenu inférieur à une fois le salaire social minimum pour non qualifiés : deux mille cinq cents euros ;

b) revenu compris entre une fois et une fois et demie le salaire social minimum pour non qualifiés: deux mille euros ;

c) revenu compris entre une fois et demie et deux fois le salaire social minimum pour non qualifiés: mille euros ;

d) revenu compris entre deux fois et trois fois et demie le salaire social minimum pour non qualifiés: sept cent cinquante euros ;

e) revenu compris entre trois fois et demie et quatre fois et demie le salaire social minimum pour non qualifiés : cinq cents euros.

Ee Student, deen aus enger Famill kënnt, wou de Revenu ënnert dem SSM läit, d.h. ënnert 1.921,03 euros (indice 775,17 au 1er janvier 2014) soll net 2500€ zousätzlech Bourse kréien, mee nëmmen 2000€?

Dës Positioun grad ewéi déi, datt de Prêt misst op 5000€ begrenzt sinn, ass net méi um Site vun der UNEL ze fannen.

Veröffentlicht unter Educatioun | Verschlagwortet mit | 1 Kommentar

Projet de loi 6670: Entrevue mat Vertrieder vun der ACEL

euroViru kuerzem hat ech eng Entrevue mat 2 Vertrieder vun der ACEL. D’ACEL huet sech insgesamt positiv zum Projet 6670 iwwert d’Studiebäihëllefen ausgeschwat, mécht awer eng Rei Verbesserungsproposen, déi och an engem Kommunikee publizéiert:

1. D’Bourse de Base soll op de Montant vum Kannergeld fixéiert ginn.

D’Bourse de Base gëtt effektiv agefouert, well mam Gesetz vun 2010 kee Kannergeld méi un d’Eltere vu Studenten ausbezuelt gëtt. Et ass och richteg, datt deen neie Montant méi niddreg ass, wéi d’Kannergeld wat de Staat ausbezuelt (huet).

2. Déi Studenten déi kee Recht op de volle Montant vun der sozialer Bourse hunn sollen d’Méiglechkeet kréien dësen Deel als Prêt ze huelen.

Et ass natierlech kriddeleg, wann Studenten niewent dem volle Prêt, deen hinnen zousteet, sech nach weider kënne/musse verschëllen. E Student, dee 6 Joer studéiert kann insgesamt 39.000€ zum garantéierte Mindestzënnssaatz léinen. Mat der ACEL hirer Propose kéimen nach eng Kéier bis zu 15.000€ derbäi. Mat de Studie faerdeg, 54.000€ Schold a keng Garantie op eng (gutt bezuelten) Aarbechtsplaz, dat ass eng gewalteg Belaaschtung, och fir Studenten, déi aus éischter finanziell gutt situéierte Famille kommen.

3. Wa sozial Critère gekuckt ginn da sollen se richteg gekuckt ginn

Mam Gesetz vun 2010 ass all Student d’selwecht gekuckt ginn: Ob en aus enger finanziell gutt oder manner gutt gestalter Famill komm ass, ob en en Eenzelkand war oder nach Gesëschter hat, déi eventuell och nach studéieren, hat keng Roll méi gespillt. Wat an der Philosophie vum Gesetz vun 2010 logesch war, ass mat der neier Propose net méi logesch. Ech erwaarde mer eng detailléiert Analyse an der Chamberskommissioun, vun de Critèren, wien eng „Sozialbourse“ kritt, a wien net.

4. Dat Joer wat een am Bachelor méi zegutt huet soll engem am Master gutt geschriwwe gi wann een de Bachelor an der Regelstudienzäit gepackt huet.

Genau Zuelen hu mer (nach ëmmer) net, mee mer ginn dovun aus, datt ronn 2/3 vun de Studenten dee Studium ofbriechen, deen se ugefaang hunn. D’Halschent dovun orientéiert sech nei a féiert een anere Studium zu Enn. E.a. duerfir ass virgesinn, datt een ee Joer méi laang ka fir de Bachelor-Studium brauchen, ouni déi finanziell Hëllefen anzebéissen. Mat Erasmusjoer, Stagen an oft ganz knapp bemoosse Regelstudienzäit, schéngt d’Demande vu méi Flexibilitéit beim Zougang zu de Studiebäihëllefe logesch. Logesch schéngt mer awer och, datt mer dringend eis Orientéierung an de Lycéeë musse verbesseren!

5. Méi Studentewunnengen oder eng Wunnengsbäihëllef fir d’Studente vun der Uni Lëtzebuerg

D’ACEL akzeptéiert d’Erasmuscritèren vun der Mobilitéitsbourse. Fir Residenten, déi zu Lëtzebuerg studéieren an déi net méi bei hiren Elteren zu Lëtzebuerg wunnen (kéinten), misste genuch präiswäert Studentewunnenge bei der Uni ugebuede ginn.

D’ACEL rifft net zum Streik op, mee wëll mam Héichschoulminister iwwert eng Verbesserung vum Gesetzprojet diskutéieren.

Veröffentlicht unter Educatioun | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Europawahlen

Ennerwee op d'Emaischen an der Stad

Ennerwee op d’Emaischen an der Stad

D’Wahlen vum 20. Oktober 2013 hate fir mech och eng Rei perséinlech Konsequenzen : Ech hunn räichlech iwwert mäint an eist Wahlresultat meditéiert, ech sinn an d’aussepolitesch Kommissioun komm, ech sinn Member vun der Assemblée parlementaire vum Conseil de l’Europe ginn an ech hunn mäin Mandat zu Miersch am Gemengerot un deen Nächstgewielten ofginn. Dat war den éischte Schrëtt, aus dem politeschen Mikrokosmos eraus an den Makrokosmos eran.

Den zweete Schrëtt war den 1. März 2014, wou ech um grénge Kongress Kandidat fir d’Europawahlen gi sinn.

Ech fannen, datt mir gréng deen engagéiersten an beschten Europadeputéierten hei am Land, an der Groussregioun an doriwwer eraus hun. Meng Kandidatur ass och ze verstoen als absolut Ënnerstëtzung fir de Claude Turmes.

Leschte Samsden um Maert an der Stad

Leschte Samsden um Maert an der Stad

Beim Bio-Bauer Kass zu Rolleng/Miersch

Beim Bio-Bauer Kass zu Rolleng/Miersch

 

 

 

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

Projet de loi 6670: Entrevue mat der Plattform „CEDIES amplaz Täschegeld“

euroEch hat Méindeg, den 31. März eng ganz interessant Entrevue mat zwee Vertrieder vun der Facebook Plattform „CEDIES amplaz Täschegeld“.

Déi zwee Vertrieder vun der Plattform haten mat hieren Argumenter zu 90% Recht: z.B. datt mer nach ëmmer keng genee Donneeën hunn, wou wéivill Studenten studéieren, wéi déi aktuell Wunnsituatioun vun de Studenten ass, am Ausland, an och hei zu Lëtzebuerg, datt mer rëm eng Kéier, elo di drëtte Kéier, ënner Zäitdrock musse schaffen, datt een net vun enger grousser Reform ka schwätzen, mee éischter vun engem Redressement vun Feeler vun de viiregten Regiirungen.

Ech hunn bedauert, datt mer net eng breet Diskussioun féieren iwwert d’Notzen an d’Finanzéieren vun Studien, iwwert déi mangelhaft Orientatioun an eise Schoulen, an datt et schued ass, datt mer just iwwert d’Studéieren als Spuermossnam schwätzen.
D’Bildung ass fir mech ganz kloer eng Ausgab an een Investissement. An all Ausgab an all Investissement daerf och hannerfrot ginn, muss esou guer hannerfrot ginn. D’Fro op ech déi Suen déi ech ausginn och bescht méiglech asetzen ass keng falsch Fro.
Mäi Fazit zu der Reformpropose war folgenden:
De Montant de base ass objektiv de Montant, deen am meeschten kascht.
D’Mobilitéitsbourse, riskéiert méi op Käschte vun de Frontalier’en ze goen.
Déi sozial Bourse oder hier Heicht sinn zumindest diskutabel, dat aus enger ganzer Rei vu Grënn.
Zum Schluss vun eiser Entrevue hunn ech festgehal, datt ech mech net wéilt op eng Ausso oder eng Zort Communiqué festleeën. Meng Aarbecht ass et fir déi gréng an der Chamberskommissioun Positioun ze huelen a fir mech ass a priori näischt onverhandelbar, och déi Argumenter déi d’Vertrieder vun der Plattform virbruecht hunn wärt ech an déi Debatte mat eranhuelen, dofir hu mer déi Entrevue jo gemaach, on dofir sinn och nach weider Entrevuen geplangt.

Dat ass mäi Resumée vun der Entrevue, déi ech, wéi gesot ganz interessant fonnt hunn, a wou Argumenter ugefouert gi sinn, déi duerchaus eng verdéiften Diskussioun verdingt hunn.“CEDIES amplaz Täschegeld“ hunn déi Entrevue och op facebook kommentéiert:

Capture d’écran 2014-04-17 à 21.47.06Entrevue mat déi gréng:
Zwee vun eis woren e Méinden stellvertriedend fir de Protest op dëser Plattform op eng Entrevue mat déi Gréng (e.a. Claude Adam, Bildungspoliteschen Spriecher). D’Entrevue huet iwwer 2 Stonnen gedauert, mir sinn eescht geholl ginn an eist Uleies ass ukomm. Déi Gréng sinn domat déi éischt Regierungspartei, déi sech dem Protest stellt.
Finalement si mer awer konstruktiv géint d’Wand gefuer: Déi Gréng sinn net bereet, sech an dësem Dossier queesch ze stellen an hunn eist dëst, fairer Weis och ouni eng grouss Show ze maachen, gesot.
Haaptaussoen vun hinnen woren:
– „Dir hutt mat 90% bei deem wat der sot einfach Recht“. Déi Gréng hunn eis gesot, dat se, wann se nach an der Oppositioun wieren, genee sou argumentéiere géifen wéi mir et lo maachen.
– „De Projet de Loi gouf iwwert de Knéi gebrach“. Déi Gréng hunn eis Recht ginn, dat een dëse Projet net „Reform“ nenne kann, dat et keng Zuelen an Impaktstudien zum Modell gëtt, an dat den eenzegen Zweck vun deem Gesetz ass, méiglechst effektiv Suen anzespueren.
– Dat et keng grondsätzlech Iwwerleeunge gëtt, déi hannert dësem Projet de Loi stinn, dat d’Regierung heimat d’Situatioun verschlechtert ouni op anere Plazen aktiv ze ginn (Jugendchômage, Zougank zu den Unien fir Leit, déi sech dat och am ale System net leeschte konnten, Mangel u Studentewunnegen asw.) woren och alles Punkten, déi vun déi Gréng bestätegt goufen.
– „Et muss gespuert ginn“ wor u sech deen eenzegen Punkt, op deem mer inhaltlech mat déi Gréng ënnerschiddlecher Meenung woren. Op eis Géigefroen: Firwat een dann grad bei de Studente spuert, op Bildung fir si eng Ausgab oder en Investissement ass, an op hirer Meenung no déi Jonk déijéineg sinn, déi Schold un der Kris sinn, wéinst der lo gespuert gi muss, krute mer awer keng richteg Äntwert.
Fazit déi Gréng:
– Montant vun der Basisbourse ass onverhandelbar, well des déi Haaptspuermesure ass.
– Mobilitéitsbourse ass onverhandelbar, well déi grad sou geplangt gouf, fir haaptsächlech d’Frontalierskanner ze treffen.
– Déi Gréng wäerten sech dëser Reform net widderspriechen, wäerten héchstens versichen, déi sozial Bourse, déi och hirer Meenung no den Numm net verdéngt, nach ee bëssi ze modifizéieren.
– Déi Gréng wäerten sech zu dësem Sujet net ëffentlech zu Wuert mellen.
Eise Fazit:
Mir kënnen eis leider net erwaarden, dat déi Gréng genuch Réckgrad huet, fir sech bei dëser Reform fir hir Idealer z’entscheeden an sech géint d’Gramegna-Spuerideologie an Austeritéitspolitik ze stellen. Déi Gréng hu keng Méiglechkeet sech duerchzesetzen an wëllen och kee Sträit an der Koalitioun. Dowéinst muss den Drock vu baussen, an op déi ganz Regierung sou grouss sinn, dat all d’Regierungsparteien, wann och just aus egoisteschen PR-Grënn virun den Europawalen, zesummen alenken.

 

Veröffentlicht unter Educatioun | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Rasmussen at the Luxembourgish Chamber of Deputies

 

P1010427Mr Rasmussen, still Secretary General of the NATO, made a short stop at the Luxembourgish parliament during his visit to Luxembourg on April 15.

On the agenda were the topics to be discussed at the NATO summit in Wales in September:

–       NATO in Afghanistan: Rasmussen hopes that NATO will be able to deal with a new President;

–       Open door policy: Montenegro, Georgia, Former Yugoslav Republic of Macedonia and Bosnia Herzegovina are candidates but they do not yet fulfil all the conditions;

–       Ukraine: the crisis will continue and it goes far beyond the Crimea. Putin seems to be trying to reinstall the Russian influence in the states of the former Soviet Union. Rasmussen asked for tough sanctions and isolation of Russia.

NATO’s response is focused on 3 points:

– Strengthening the common defence. More NATO presence in this part of Europe, updating existing defence plans and elaboration of new ones; reassuring the Baltic States about Art. 5 of the North Atlantic Treaty (The Parties agree that an armed attack against one or more of them in Europe or North America shall be considered an attack against them all…)

– Cooperating with Ukraine: restrengthening our partnership with Ukraine, including military to military cooperation, access to NATO exercises for the Ukrainian army.

– Suspending cooperation with Russia. « We are not discussing military options. » The practical cooperation with Russia is stopped, diplomatic contacts are maintained. Rasmussen hopes for strong international pressure. The decision about the future of Ukraine can only be taken by the Ukrainian people.

I asked whether isolating Russia was really the right thing to do and if this didn’t mean going back to the Cold War. Mr Rasmussen answered that he did not say the isolation of Russia was an aim, but that Russia was isolating itself. Only 11 countries in the UN supported the Russian position regarding the annexation of the Crimea.

At the end of the Soviet era, NATO enlargement was not discussed, because it was not yet on the NATO-agenda at that time. Russia doesn’t respect the NATO-Russia Founding Act of 1997.

My second question dealt with the recent evolution of the political situation in the NATO member state Turkey. The preamble of the North Atlantic Treaty claims that « The Parties to this Treaty …. are determined to safeguard the freedom … founded on the principles of democracy, individual liberty and the rule of law. » I wanted to know how Mr Rasmussen evaluated the current events in Turkey with Erdogan blocking social media and not respecting the independence of justice.

Mr Rasmussen mentioned that NATO did not want meddling in internal state affairs, but that they took it for granted that the principals of democracy were respected by NATO members. He underlined that the Turkish President (Abdullah Gul) made a firm statement in favour of democracy, including the free use of social media.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

L’APCE et l’Ukraine: sanctions et dialogue

P1050118Lors du débat du jeudi, 10 avril 2014 à l’Assemblée parlementaire du Conseil de l’Europe (APCE), les parlementaires étaient tous -à l’exception de la délégation russe évidemment- d’accord à déclarer l’annexion de la Crimée, partie de l’Ukraine, par la Russie, comme infraction au droit international et comme violation de l’intégrité territoriale d’un pays membre par un autre pays membre. -Mais quelles conclusions fallait-il tirer de ce constat?

La délégation russe n’assistait pas au débat mais était présente dans l’enceinte du Conseil de l’Europe. Le débat a été émotionnel et assez vif par moment. Les parlementaires venant des pays qui formaient jadis l’Union Soviétique se montraient tous particulièrement indignés et inquiets par les agissements de Poutine. Les députés de l’Ukraine et de la Géorgie se déclaraient  opposé à un dialogue avec les Russes et réclamaient des mesures  sévères: l’exclusion pure et simple de la Russie du Conseil de l’Europe!

Bien que je comprenne les ressentiments contre la politique de Poutine, les arguments échangés à cet égard étaient peu convaincants: „La Fédération de Russie possède l’arme nucléaire et fait peur à l’ensemble de la planète, Europe incluse.“ clame un député du parti Svoboda. Un député Géorgien disait que „dans chacune de ses déclarations, M. Poutine confirme qu’il est déterminé à détruire les acquis de l’après guerre mondiale et à anéantir tout ce que le Conseil de l’Europe a créé. Refusons le chantage auquel nous soumet la Russie.“ La politique de Poutine a été comparée à celle d’Hitler dans les années 30.P1050117

Le vote était pris à l’issue de trois heures de débat. Par une résolution adoptée par 145 voix en faveur, 21 contre et 22 abstentions,  l’APCE a affirmé que l’occupation militaire du territoire ukrainien, la menace d’une intervention des forces militaires, le rattachement de la Crimée « constituent incontestablement une grave violation du droit international ».

L’Assemblée a décidé de suspendre les droits suivants de la délégation de la Fédération de Russie jusqu’à la fin de la session 2014 :

• droit de vote,
• droit d’être représentée au Bureau de l’Assemblée, au Comité des Présidents, à la Commission permanente,
• droit de participer à des missions d’observation des élections. »

Le Conseil d’Europe qui, contrairement à l’Union Européenne ou de l’OTAN, est une organisation qui n’est pas guidée par des intérêts géostratégiques ou géopolitiques a choisi de sanctionner tout en gardant la voie du dialogue ouverte. La sanction est pareille à celle d’avril 2000 contre les Russes à cause de la guerre en Tchétchénie. Lors de l’envahissement de la Géorgie en 2008, le Conseil de l’Europe avait critiqué mais pas exprimé de sanctions.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

La situation et les droits des minorités nationales traditionnelles en Europe

P1050101Le projet de rapport dit, à juste titre, que le Luxembourg est un des Etats parmi d’autres, qui a signé mais non encore ratifiée la convention-cadre pour la protection des minorités nationales.

Bien que non membre de cette Convention, nous avons toujours soutenu le fait qu’il s’agit ici d’un instrument très important du corpus normatif du Conseil de l’Europe. Son impact dans de nombreux Etats membres doit être reconnu, le respect des minorités nationales étant fondamental pour la stabilité d’une société démocratique. De nombreuses crises nationales trouvent leur origine dans les divergences entre les peuples qui forment une seule et même société. La Convention cadre est dans ce contexte un instrument qui a fait ses preuves.

Le grand intérêt que le Luxembourg porte à cet instrument est démontré par notre signature par solidarité, tout comme nous avons signé et ratifié la Charte des langues minoritaires par solidarité pour les Etats concernés par le problème.

Au Luxembourg, la situation linguistique est très particulière, j’y reviendrai dans un instant. Ainsi pour nous les définitions de minorité nationale et de minorité nationale traditionnelle sont d’une grande importance.

En ce qui concerne la charte européenne des langues régionales et minoritaires, le Luxembourg a défini les minorités nationales comme un groupe de personnes installées depuis de nombreuses générations sur notre territoire, qui ont la nationalité luxembourgeoise et qui ont conservé des caractéristiques distinctes du point de vue ethnique et linguistique. Sur base de cette définition, le Grand-Duché de Luxembourg est amené à constater qu’il n’existe pas de « minorité nationale » sur son territoire.

Cette définition a été acceptée par le Conseil de l’Europe, et «  les autorités du Luxembourg sont félicitées pour l’engagement et la solidarité européenne dont elles ont fait preuve en ratifiant la Charte. Le Comité d’experts conclut qu’au vu de la situation linguistique du Luxembourg… il ne proposera pas au Comité des Ministres d’adresser au Grand-Duché de Luxembourg quelque recommandation que ce soit. »

Nous avons un système linguistique basé sur l’utilisation simultanée de trois langues : Le luxembourgeois est la langue nationale. Le français est la langue de la législation. Le français, l’allemand et le luxembourgeois ont le statut de langues administratives et judiciaires.

La population au Luxembourg se compose de 150 nationalités différentes, qui font plus de 43% de la population totale et dépassent 65% dans la capitale.

Ce sont les Portugais, avec quelque 37% de la nationalité étrangère, qui forment la plus grande communauté étrangère au Luxembourg. En 2e place viennent les Français avec 14%, ensuite les Italiens, les Belges et les Allemands.

Il s’ensuit un formidable mélange de nationalités et de cultures qui se traduit à tous les aspects de la société, que ce soit dans la restauration, les arts, les loisirs, les sports, etc.

Dans nos écoles maternelles, une majorité d’enfants ne parlent pas le luxembourgeois comme première langue à leur domicile. A peu près la moitié des enfants n’ont pas la nationalité luxembourgeoise. Tout en admettant que les langues des migrants ne sont pas visées par ce rapport, il faut constater que le chapitre du rapport touchant le droit à l’enseignement dans sa propre langue n’est pas compatible avec la situation au Luxembourg.

De plus, le rapport ne définit pas clairement et de façon systématique ce qu’il faut entendre par minorité nationale, ce qu’il faut regretter.

Voilà le discours que je ne pouvais tenir à l’APCE, parce que j’étais positionné à la fin d’une liste d’orateurs très longue. Le président avait clôturé le débat en invitant les orateurs qui n’avaient pas eu la chance de s’exprimer à déposer leur intervention écrite au service de la séance pour publication au compte rendu, ce qui a été fait.

Un certain nombre d’orateurs ont déclaré absurde de vouloir parler de minorité nationales traditionnelles. Selon eux, les juristes internationaux s’entendent pour considérer comme minorités nationales des groupes minoritaires ayant existé pendant des siècles sur le territoire d’un Etat particulier en partageant une identité commune. Il ne faudrait pas créer un nouveau groupe en parlant de minorités traditionnelles, toutes les minorités nationales devraient jouir des mêmes droits. Tous les amendements qui ont exigé ce changement de la résolution ont passé.

Le rapport ne vise pas la situation au Luxembourg, mais surtout le chapitre „droit à l’enseignement dans sa propre langue“ pourrait nous confronter avec des problèmes insurmontables. Je me suis abstenu du vote.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

Edward Snowden par liaison vidéo en direct à l’APCE (mardi, 8 avril 2014)

P1050096La commission des questions juridiques et des droits de l’homme de l’Assemblée parlementaire du Conseil de l’Europe (APCE) avait invité le donneur d’alerte Edward Snowden et des fonctionnaires américains à venir discuter à Strasbourg. Snowden pourrait rappeler l’historique de ses révélations et éventuellement en faire de nouvelles, tandis que les représentants des Etats-Unis pourraient se prononcer sur la question de savoir s’il disait la vérité et, dans l’affirmative, comment une telle surveillance pourrait se justifier.

L’administration américaine n’avait pas répondu à l’ invitation, Edward Snowden n’était pas venu à Strasbourg pour des raisons évidentes, mais il avait accepté d’assister en direct à l’audition parlementaire via une liaison video en direct depuis Moscou.

Parmi les participants à l’audition ont figuré l’ancien directeur du service fédéral allemand du renseignement, Hansjörg Geiger et Douwe Korff, professeur de droit international à Londres.

« Edward Snowden a provoqué un gigantesque débat public sur le respect de la vie privée à l’ère d’internet », a déclaré Pieter Omtzigt (Pays-Bas, PPE/DC), qui prépare pour l’Assemblée deux rapports distincts sur les opérations massives de surveillance et sur les donneurs d’alerte. « Nous espérons lui demander notamment ce que signifient ses révélations pour les utilisateurs, de quelle manière ceux-ci peuvent protéger leur vie privée, quelle types de restrictions l’Europe devrait imposer à présent aux Etats en matière de surveillance – tout en restant efficace dans la lutte contre le terrorisme – et comment ces restrictions pourraient être mises en vigueur ».

P1050100Snowdon avait confirmé qu’il fallait légiférer d’urgence. Il y a de nouvelles technologies et les services secrets veulent en profiter. Les services secrets, et le NSA en premier lieu, disposent de toute une armada d’avocats à la recherche permanente de failles dans les législations. Tous les services secrets bien structurés et bien financés font ce même boulot. Le NSA est évidemment une sorte de leader parce qu’il s’agit du service le mieux équipé. Il y partenariat et coopération entre les services secrets de l’ouest, il y a échange et stockage de données sans le moindre consentement des concernés. La surveillance de masse est un moyen inefficace dans la lutte contre le terrorisme.

En tant qu’employé du NSA, Snowden disait qu’il avait été conscient du fait qu’on dépassait les limites juridiques. Les abus arrangeaient les responsables, les comportements illégaux ne sont pas sanctionnés.

Les états européens vont probablement changer leurs lois, mes les services secrets vont toujours être à la recherche de failles possibles, les règles ne seront pas respectées dans tous les endroits du monde…

Snowden a enregistré avec une certaine satisfaction qu’aujourd’hui la personne moyenne, l’homme de la rue, est sensible à la protection des données personnelles et aux droits de l’homme.

P1050095Hansjörg Geiger a confirmé que la collection massive et illimitée de données personnelles par des services secrets est incompatible avec les droits de l’homme.

Seulement des traités transnationaux et internationaux pourront porter remède.

Professeur Geiger propose comme mesure à court terme la création d’un « Intelligence Kodex » qui devrait tenir compte au moins des 4 règles suivantes :

–       Jedwede Form von gegenseitiger politischer und Wirtschaftsspionage muss definitiv ausgeschlossen werden.

–       Jede nachrichtendienstliche Tätigkeit auf dem Gebiet eines anderen Mitgliedsstaates darf nur mit dessen Zustimmung und im Rahmen der dort geltenden Gesetze erfolgen.

–       Der Zugriff auf internationale Datenströme darf nur zu vorher vereinbarten und eng begrenzten Zwecken erfolgen …

–       Telekommunikationsfirmen und INTERNET-Firmen dürfen nicht dazu genötigt werden, Nachrichtendiensten Zugang zu ihren Daten zu gewähren.

Tout en étant conscient de la fonction que M. Geiger occupait pendant son activité professionnelle, ces propos me paraissent évidemment bien fondés mais utopistes…

Néanmoins, il y a des signes d’espoir : La Cour de Justice de l’Union Européenne (CJUE) a déclaré invalide en date du 8 avril la directive 24/2006 sur la conservation des données sur base notamment des articles 7 et 8 de la Charte des droits fondamentaux de l’Union européenne qui consacrent la protection de la vie privée et la protection des données à caractère personnel.

Sans remettre fondamentalement en cause la légitimité même de la conservation des données comme instrument utile pour les enquêtes pénales, la Cour déclare que le principe de la proportionnalité n’a pas été respecté par la directive.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

bilans intermédiaires: keng Bagatelle!

Mat der Schoulreform, déi am Januar 2009 votéiert ginn ass, sinn e.a. och d’Punktenzensuren an der lëtzebuerger Primärschoul ofgeschaaft ginn. Dat war eng Decisioun, déi vun alle Parteien, déi dee Moment an der Chamber waren, mat gedroe ginn ass. Dat war eng Decisioun, déi eigentlech zimlech onerwaart agetraff ass: (Bal) keng Partei hat d’Ofschafen vun der Punktenzensur an hirem Wahlprogramm explizit drastoen.
D’Virstellungen wat d’Bewäertung an der Schoul ugeet, waren éischter vague gehal.

LSAP : … Die Bewertung der Schüler soll nicht nur auf negativen Kriterien, d.h. auf einem Fehlerkatalog beruhen, sondern auch die Talente und hauptsächlich die Fortschritte des Einzelnen beschreiben

CSV : … Die Bewertung der Schüler muss mehr sein als nur eine klassische, normative Bewertung, bei der hauptsächlich Fehler negativ bewertet werden. Die Bewertung muss formative Elemente integrieren und soll positiv zur Motivation des Schülers beitragen

Am däitlechsten haten sech eigentlech 2004 déi gréng positionéiert.

wir wollen ein positives, konstruktives System der Lernbeurteilung einführen, das nicht Fehler bestraft, sondern Fortschritte belohnt. Das aktuelle Punktesystem kann diesem Anspruch nicht gerecht werden. Wir werden ein deskriptives Zeugnis einführen, das die Fähigkeiten, Stärken und Schwächen der Schülerinnen und Schüler darstellt

Mir haten eis logescherweis positiv geäussert, wéi d’Punktenzensur ofgeschaf gouf. Mir waren eis awer och ëmmer bewosst, datt dat ee ganz wichtegen an ee ganz grousse Schrëtt vun enger Reform wier. Mir hunn och ëmmer gewarnt, datt wann dee Schrëtt net gutt geplangt an ausdiskutéiert wier, da ginge mer riskéieren net déi néideg Akzeptanz um Terrain (Elteren, Enseignant’en) ze fannen. Da kéint dee Punkt vun der Reform scheiteren, an domatt wier een vun de Kärpunkten vun der Reform gescheitert.

Et ass fir mech kloer, déi d’Aféieren vun den Bilan intermédiaires am enseignement fondamental iwwert de Knéi gebrach ginn ass.

Mir haten haut, an der leschter Educatiounskommissioun vun dëser Legislaturperiod een kuerzen Austausch iwwert d’Bilans intermédiaires.

De Fuerschungsbericht vun der Uni vum 1. Juli 2013 set eigentlech, dass de Ministère iwwert d’Ziel erausgeschoss hat mat den bilans intermédiaires a confirméiert, datt se musse méi einfach gemet ginn. Dat wësse mer scho méi laang, a scho méi laang stinn eng Rei Froen a Constaten am Raum :

  1. Firwat war d’Uni net direkt mat abezunn ginn, fir dës nei Bilan’en auszeschaffen, anstatt elo no 5 Joer réischt däerfe festzestellen, datt villes net gutt ass ?
  2. D’Uni hat déi Zäit anscheinend wéineg « Loscht », sech mat neie Bilan’en ze befaassen. Wann dat dann esou ass, firwat sinn dann net méi Ressourcen vun MEN a SCRIPT genotzt ginn, fir eng besser Preparatioun ?
  3. Wat huet de Bléck iwwert d’Grenzen eraus, de Bléck op aner Schoulsystemer Positives zum Ausschaffen vun de Bilan’en bäigedroen, oder ass den Exercice och net gemeet ginn ?
  4. A 5 Gemengen waren écoles en mouvement designéiert ginn, fir esou eng nei Form vu Bewäertung auszeprobéieren. Déi nei Bilan’en sinn agefouert ginn, ouni dës Efforten z’analyséieren a méiglech Erfahrungen ze berücksichtegen.
  5. D’Bilan’en si schonn 2 mol nogebessert ginn, op Wonsch vun den Gewerkschaften : dat huet keen zefridde gestallt, awer d’Loscht op weider Verännerungen erwächt.

Elo leien jo dann d’Iddien vun der Uni um Dësch. Dat ass gutt, mee dat heescht net, et soll/muss eng Ëmsetzung 1 zu 1 vun deene Propose ginn. Och wëssenschaftlech Etuden mussen kritesch hannerfrot ginn. D’Top down Strategie huet sech an der Educatioun schonn oft als dee schlechte Wee gewisen.

D’Bilan’en mussen de Schüler, Elteren an den Enseignant’en ee Feedback ginn, wou d’Kand schoulesch drun ass. Et muss méi wichteg bleiwen, dem Kand säi schoulesche Wee un Hand vun sengen Fortschrëtter a Problemer ze begleeden wéi duerch de Verglach mat senger Altersgrupp. Dat ass keng Bagatell, mee eng grouss Erausfuerderung un dee ganze Schoulsystem. Dat ass de Punkt, wou sech weise wäert, op Differenzéierung mat engem begrenzten Deel Individualiséierung vum Unterrecht Realitéit ginn oder just eidel Verspriechen sinn.

Dat ass eng (vun de villen) Erausfuerderung un déi demnächst nei Persoun un der Spëtzt vum MENFP. Et ass ugepeilt, fir 2014/15 nei Bilan’en ze hunn. Wann dat ze knapp sollt sinn: léiwer réischt ee Joer méi spéit nei Bilan’en , ewéi se a kuerzer Zäit scho rëm mussen z’änneren!

Veröffentlicht unter Educatioun | Verschlagwortet mit | 1 Kommentar