Projet de loi 6670: Entrevue mat Vertrieder vun der ACEL

euroViru kuerzem hat ech eng Entrevue mat 2 Vertrieder vun der ACEL. D’ACEL huet sech insgesamt positiv zum Projet 6670 iwwert d’Studiebäihëllefen ausgeschwat, mécht awer eng Rei Verbesserungsproposen, déi och an engem Kommunikee publizéiert:

1. D’Bourse de Base soll op de Montant vum Kannergeld fixéiert ginn.

D’Bourse de Base gëtt effektiv agefouert, well mam Gesetz vun 2010 kee Kannergeld méi un d’Eltere vu Studenten ausbezuelt gëtt. Et ass och richteg, datt deen neie Montant méi niddreg ass, wéi d’Kannergeld wat de Staat ausbezuelt (huet).

2. Déi Studenten déi kee Recht op de volle Montant vun der sozialer Bourse hunn sollen d’Méiglechkeet kréien dësen Deel als Prêt ze huelen.

Et ass natierlech kriddeleg, wann Studenten niewent dem volle Prêt, deen hinnen zousteet, sech nach weider kënne/musse verschëllen. E Student, dee 6 Joer studéiert kann insgesamt 39.000€ zum garantéierte Mindestzënnssaatz léinen. Mat der ACEL hirer Propose kéimen nach eng Kéier bis zu 15.000€ derbäi. Mat de Studie faerdeg, 54.000€ Schold a keng Garantie op eng (gutt bezuelten) Aarbechtsplaz, dat ass eng gewalteg Belaaschtung, och fir Studenten, déi aus éischter finanziell gutt situéierte Famille kommen.

3. Wa sozial Critère gekuckt ginn da sollen se richteg gekuckt ginn

Mam Gesetz vun 2010 ass all Student d’selwecht gekuckt ginn: Ob en aus enger finanziell gutt oder manner gutt gestalter Famill komm ass, ob en en Eenzelkand war oder nach Gesëschter hat, déi eventuell och nach studéieren, hat keng Roll méi gespillt. Wat an der Philosophie vum Gesetz vun 2010 logesch war, ass mat der neier Propose net méi logesch. Ech erwaarde mer eng detailléiert Analyse an der Chamberskommissioun, vun de Critèren, wien eng „Sozialbourse“ kritt, a wien net.

4. Dat Joer wat een am Bachelor méi zegutt huet soll engem am Master gutt geschriwwe gi wann een de Bachelor an der Regelstudienzäit gepackt huet.

Genau Zuelen hu mer (nach ëmmer) net, mee mer ginn dovun aus, datt ronn 2/3 vun de Studenten dee Studium ofbriechen, deen se ugefaang hunn. D’Halschent dovun orientéiert sech nei a féiert een anere Studium zu Enn. E.a. duerfir ass virgesinn, datt een ee Joer méi laang ka fir de Bachelor-Studium brauchen, ouni déi finanziell Hëllefen anzebéissen. Mat Erasmusjoer, Stagen an oft ganz knapp bemoosse Regelstudienzäit, schéngt d’Demande vu méi Flexibilitéit beim Zougang zu de Studiebäihëllefe logesch. Logesch schéngt mer awer och, datt mer dringend eis Orientéierung an de Lycéeë musse verbesseren!

5. Méi Studentewunnengen oder eng Wunnengsbäihëllef fir d’Studente vun der Uni Lëtzebuerg

D’ACEL akzeptéiert d’Erasmuscritèren vun der Mobilitéitsbourse. Fir Residenten, déi zu Lëtzebuerg studéieren an déi net méi bei hiren Elteren zu Lëtzebuerg wunnen (kéinten), misste genuch präiswäert Studentewunnenge bei der Uni ugebuede ginn.

D’ACEL rifft net zum Streik op, mee wëll mam Héichschoulminister iwwert eng Verbesserung vum Gesetzprojet diskutéieren.

Dieser Beitrag wurde unter Educatioun abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Hinterlasse einen Kommentar