bilans intermédiaires: keng Bagatelle!

Mat der Schoulreform, déi am Januar 2009 votéiert ginn ass, sinn e.a. och d’Punktenzensuren an der lëtzebuerger Primärschoul ofgeschaaft ginn. Dat war eng Decisioun, déi vun alle Parteien, déi dee Moment an der Chamber waren, mat gedroe ginn ass. Dat war eng Decisioun, déi eigentlech zimlech onerwaart agetraff ass: (Bal) keng Partei hat d’Ofschafen vun der Punktenzensur an hirem Wahlprogramm explizit drastoen.
D’Virstellungen wat d’Bewäertung an der Schoul ugeet, waren éischter vague gehal.

LSAP : … Die Bewertung der Schüler soll nicht nur auf negativen Kriterien, d.h. auf einem Fehlerkatalog beruhen, sondern auch die Talente und hauptsächlich die Fortschritte des Einzelnen beschreiben

CSV : … Die Bewertung der Schüler muss mehr sein als nur eine klassische, normative Bewertung, bei der hauptsächlich Fehler negativ bewertet werden. Die Bewertung muss formative Elemente integrieren und soll positiv zur Motivation des Schülers beitragen

Am däitlechsten haten sech eigentlech 2004 déi gréng positionéiert.

wir wollen ein positives, konstruktives System der Lernbeurteilung einführen, das nicht Fehler bestraft, sondern Fortschritte belohnt. Das aktuelle Punktesystem kann diesem Anspruch nicht gerecht werden. Wir werden ein deskriptives Zeugnis einführen, das die Fähigkeiten, Stärken und Schwächen der Schülerinnen und Schüler darstellt

Mir haten eis logescherweis positiv geäussert, wéi d’Punktenzensur ofgeschaf gouf. Mir waren eis awer och ëmmer bewosst, datt dat ee ganz wichtegen an ee ganz grousse Schrëtt vun enger Reform wier. Mir hunn och ëmmer gewarnt, datt wann dee Schrëtt net gutt geplangt an ausdiskutéiert wier, da ginge mer riskéieren net déi néideg Akzeptanz um Terrain (Elteren, Enseignant’en) ze fannen. Da kéint dee Punkt vun der Reform scheiteren, an domatt wier een vun de Kärpunkten vun der Reform gescheitert.

Et ass fir mech kloer, déi d’Aféieren vun den Bilan intermédiaires am enseignement fondamental iwwert de Knéi gebrach ginn ass.

Mir haten haut, an der leschter Educatiounskommissioun vun dëser Legislaturperiod een kuerzen Austausch iwwert d’Bilans intermédiaires.

De Fuerschungsbericht vun der Uni vum 1. Juli 2013 set eigentlech, dass de Ministère iwwert d’Ziel erausgeschoss hat mat den bilans intermédiaires a confirméiert, datt se musse méi einfach gemet ginn. Dat wësse mer scho méi laang, a scho méi laang stinn eng Rei Froen a Constaten am Raum :

  1. Firwat war d’Uni net direkt mat abezunn ginn, fir dës nei Bilan’en auszeschaffen, anstatt elo no 5 Joer réischt däerfe festzestellen, datt villes net gutt ass ?
  2. D’Uni hat déi Zäit anscheinend wéineg « Loscht », sech mat neie Bilan’en ze befaassen. Wann dat dann esou ass, firwat sinn dann net méi Ressourcen vun MEN a SCRIPT genotzt ginn, fir eng besser Preparatioun ?
  3. Wat huet de Bléck iwwert d’Grenzen eraus, de Bléck op aner Schoulsystemer Positives zum Ausschaffen vun de Bilan’en bäigedroen, oder ass den Exercice och net gemeet ginn ?
  4. A 5 Gemengen waren écoles en mouvement designéiert ginn, fir esou eng nei Form vu Bewäertung auszeprobéieren. Déi nei Bilan’en sinn agefouert ginn, ouni dës Efforten z’analyséieren a méiglech Erfahrungen ze berücksichtegen.
  5. D’Bilan’en si schonn 2 mol nogebessert ginn, op Wonsch vun den Gewerkschaften : dat huet keen zefridde gestallt, awer d’Loscht op weider Verännerungen erwächt.

Elo leien jo dann d’Iddien vun der Uni um Dësch. Dat ass gutt, mee dat heescht net, et soll/muss eng Ëmsetzung 1 zu 1 vun deene Propose ginn. Och wëssenschaftlech Etuden mussen kritesch hannerfrot ginn. D’Top down Strategie huet sech an der Educatioun schonn oft als dee schlechte Wee gewisen.

D’Bilan’en mussen de Schüler, Elteren an den Enseignant’en ee Feedback ginn, wou d’Kand schoulesch drun ass. Et muss méi wichteg bleiwen, dem Kand säi schoulesche Wee un Hand vun sengen Fortschrëtter a Problemer ze begleeden wéi duerch de Verglach mat senger Altersgrupp. Dat ass keng Bagatell, mee eng grouss Erausfuerderung un dee ganze Schoulsystem. Dat ass de Punkt, wou sech weise wäert, op Differenzéierung mat engem begrenzten Deel Individualiséierung vum Unterrecht Realitéit ginn oder just eidel Verspriechen sinn.

Dat ass eng (vun de villen) Erausfuerderung un déi demnächst nei Persoun un der Spëtzt vum MENFP. Et ass ugepeilt, fir 2014/15 nei Bilan’en ze hunn. Wann dat ze knapp sollt sinn: léiwer réischt ee Joer méi spéit nei Bilan’en , ewéi se a kuerzer Zäit scho rëm mussen z’änneren!

Dieser Beitrag wurde unter Educatioun abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Eine Antwort zu bilans intermédiaires: keng Bagatelle!

  1. claudeadamaassociate schreibt:

    Adam kardeş, bak mail kutumu spamla dolduruyon. Hoş değil, benim 6 tane abim var 7. yolda ona göre ayağını denk al. Thank u very much

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s