Entrevue mat der ALPE

P1050267D‘Association Luxembourgeoise des Professeurs d’Ethique (ALPE) hat eng Entrevue bei déi gréng ugefrot.

Mir waren eis eens, datt mat der Konventioun tëschent dem Staat an de Reliounsgemeinschaften, een historesche Moment op eis Schoulen zoukënnt. Vun der Rentrée 2016/17 un soll et net méi zwee Couren an den ëffentleche Schoule ginn: D’Formation morale et sociale an d’Instruction religieuse et morale ginn ersat duerch e Cours, den einstweilen „gemeinsame Werteunterrecht“ genannt gëtt.
 Domatt ass et dann an den ëffentleche Schoulen eriwwer mat der Opdeelung vun de Schüler je no der Relioun an de reliéisen Iwwerzeegunge vun den Eltere vun dëse Schüler. Et ass positiv, datt de Staat d’Responsabilitéit fir an de Schoulen iwwert ethesch Sujeten ze schwätzen net méi un reliéis Gemeinschaften delegéiert, mee deen Unterrecht selwer organiséiert an och déi voll Verantwortung duerfir iwwerhëlt.

Elo sollen da Programmer fir dat neit Fach ausgeschafft ginn. Fir d’Rentrée 2016/17 soll alles stoen. De Ministère de l’Education nationale (MEN) muss net alles nei erfannen, et ass schonn eng ganz Rei Viraarbecht gemaach ginn, schonn déi viregt Ministesch hat en Aarbechtsgrupp agesat fir un esou engem Programm ze schaffen.

D’Vertrieder vun der ALPE schwätze vun engem Kommunikatiounsmangel tëschent dem MEN an hinne wat d’Ausschaffe vun dem neie Programm betrëfft. Déi Signaler, déi si kréien, fannen si beonrouegend: laang Zäit war de Modell vum Quebec am Gespréich, ee Programm deen si carrément ofleenen. Elo soll sech um Lehrplan 21 aus der Schwäiz orientéiert ginn. D’ALPE huet sech de Programm ugekuckt an ass der Meenung, datt dat ferme an d’Richtung vun engem Reliounecours geet an net vun engem Ethikcours. Reliéis Phänomener stinn hei am Mëttelpunkt, d’Konzeptioun vum Fach ass aus enger reliéiser Perspektiv gemaach. Der ALPE no feelt de philosophesche Volet ganz. Et misst een d’Mënscherechter als Kader huelen, an net direkt d’Welt duerch e reliéise Brëll kucken. Leitdisziplin muss d’Philosophie sinn, an net d’Relioun. „Et kann dach net sinn, datt mer 2016 ee Cours kréien, wou 3/4 vum Reliounscours iwwerholl ass a just 1/4 vum Moralscours“.

Et wier och wichteg, datt scho fir d’Rentrée 2015/16 Pilotprojeten an dem engen oder anere Lycée, an der enger oder anerer Primärschoul géingen ulafen, wou den neie Cours kéint praktesch erprouwt ginn. „Werteunterrecht“ ass als Numm net ideal fir dat neit Fach. Ethikunterrecht wier méi korrekt, mee do riskéiert den Numm schonn d’Dir ganz grouss opzemaache fir reliéis Ethik. Och den Titel „praktische Philosophie“ wier gutt, mee dee schéngt schonn duerch d’Diskussiounen am Virfeld „verbrannt“ ze sinn. Bleift nach eventuell „Questions philosophiques“…
Och wann ee Schoulprogramm méi liicht ze änneren ass wéi ee Gesetz oder eis Constitutioun, esou ass et dach awer wichteg, vun Ufank un ee serieux’en Programm op d’Been ze setzen. Dat heescht ee Programm, dee weltanschaulech neutral ass, deen en „Überwältigungsverbot“ (keng Indoktrinéierung) festhält, den och iwwert Relioun an Relioune schwätzt, den awer net vum Sujet Relioun dominéiert gëtt.

Veröffentlicht unter Educatioun, Politik | Verschlagwortet mit , | 1 Kommentar

Meeting Annick Pütz

P1060549D‘Annick Pütz, Dänzerin a Choreografin, huet viru kuerzem hiert Danzstéck Hüllen zu Leipzig gedanzt. Een nächste Projet, zesumme mat der Berliner Dänzerin Odile Seitz, ass a Virbereedung a gëtt am Mee zu Gent gewisen. Déi Performance soll och am Summer am Kader vum Trois CL zu Lëtzebuerg op d’Bühn kommen.

Niewent dëse Projeten, gëtt d’Annick awer och Coure fir zäitgenësseschen Danz, Body-Mind Centering© an Danzimprovisatioun. Regelméisseg am Conservatoire du Nord, méi onregelméisseg an och a Form vu Seminairen, z.B. an der Banannefabrik oder an sengem Atelier an den Annexe vum Schlass zu Buerglënster.

D’Konditioune fir eng onofhängeg Dänzerin a Choreografin sinn net einfach. D’Kënschtlerin wënscht sech, och emol Perspektiven iwwert eng méi laang Zäit ze hunn. P1060550De Moment leeft d’Ënnerstëtzung, wann een eng Zouso kritt, fir e bestëmmte Projet am nächste Joer. Eng Ënnerstëtzung fir e Projet iwwert eng länger Period ze hunn (z. B. verdeelt iwwert dräi Joer), sou datt ee kann am viraus plangen a gläichzäiteg och eng gewësse Fräiheet huet, wéini Projete realiséiert ginn, ass leider net méiglech. Woubäi esou e Projet fir d’Annick net nëmmen am Ausschaffe vu Choreographië fir d’Bühn besteet. En laangfristege Projet ausschaffen, bedeit eng Recherche maachen, mat anere Leit zesumme schaffen, sech weiderentwéckelen, seng Erfahrunge kreativ vermëttelen, an natierlech och spannend Forme vu Virstellunge schafen, déi een dann hoffentlech oft engem Publikum ka weisen. Net ëmmer rëm vu vir ufänken, mee eng Démarche iwwert eng méi laang Zäit fannen, dat wier super. Eng grouss Hëllef wier och d’Schafung vu Strukturen, déi d’Artiste géinge professionell ënnerstëtzen, z.B. bei der Vermëttlung vun Optrëtter am Ausland, awer och beim administrativen an organisatoreschen Encadrement rondrëm den eigentleche Bühnenoptrëtt. An der Museksszene hëlleft music:LX a.s.b.l. enorm bei der Vermëttlung. Et gëtt leider nach näischt Vergläichbares an anere Kulturberäicher.

Veröffentlicht unter Kultur | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Chaire de recherche en études parlementaires

P1050146

La Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg a, depuis 2011, une convention avec l’université du Luxembourg, concernant la mise en place d’une Chaire de recherche en études parlementaires.

La Chaire de recherche fonctionne en étroite relation avec le Président de la Chambre des Députés, Mars Di Bartolomeo, le Secrétaire général, Claude Frieseisen et le Comité de pilotage composé des députés Claude Adam, Taina Bofferding, Alex Bodry, Eugène Berger et Laurent Mosar et d’un Comité scientifique composé de Jean Garrigues, professeur des Universités en histoire parlementaire et politique, Université d’Orléans, directeur de la revue Parlements et d’Eric Montigny, enseignant- chercheur en sciences politiques, Université Laval (Québec), directeur de la chaire de recherche sur la démocratie et les institutions parlementaires de l’Assemblée nationale du Québec.*

Le 3 février 2015, Philippe Poirier, titulaire de la Chaire susmentionnée, a eu une entrevue avec déi gréng afin de s’échanger sur les recherches utiles et réalisables dans le cadre de la convention.

Les idées discutées tournaient autour de l’organisation de forums pour citoyens, de certaines études comparatives touchant par exemple le statut du député, des modèles participatifs, des constitutions modernes…

La Chambre des Députés du Luxembourg  a commandité des projets de recherche  par rapport aux élections législatives et européennes. Ces projets servent à mieux comprendre le fonctionnement du système politique luxembourgeois et des rapports de forces qui se manifestent aux élections.

Des expériences islandaises, irlandaises et de l’Etat de l’Oregon (aux Etats-Unis) touchant l’organisation de forums publics ont été évoquées. Dans ces Etats, les citoyens auraient été pleinement impliqués dans le cadre de révision de la Constitution. L’organisation de forums pour citoyens dans le cadre du référendum du 7 juin 2015 a bien été discuté dans le groupe de pilotage de la Chaire, mais n’a pas été retenu, e.a. parce que le calendrier très serré n’avait pas laissé le temps de clarifier des détails concernant l’échantillon, le déroulement et surtout la publication et les suites à réserver à ces forums. D’ailleurs les expériences faites en Islande, en Irlande et en Oregon sont loin d’être transmissibles un à un au Luxembourg.

L’importance de tels forums n’a cependant pas été mise en doute et je suis sûr que l’organisation du deuxième référendum sur l’ensemble de la constitution luxembourgeoise, prévu pour 2016, permettra le recours à ce moyen.

 

*http://wwwfr.uni.lu/recherche/flshase/institut_de_science_politique/chaire_de_recherche_en_etudes_parlementaires
Veröffentlicht unter Politik | Hinterlasse einen Kommentar

La liberté de presse sans “mais”

Capture d’écran 2015-02-02 à 09.53.31Caroline Fourest, journaliste et essayiste française, a dit dans le cadre d’une audition à l’APCE à Strasbourg, que beaucoup de journaux, notamment aux Etats-Unis, n’ont pas publié la une de Charlie Hebdo après le massacre de Paris. Certains organes de presse semblent avoir plus de respect pour les sentiments des croyants que pour les victimes du terrorisme.

Tout le monde défend la liberté de presse, mais à mon avis beaucoup trop de personnes laissent place à un “mais”. Nombreux sont ceux qui sont prêts à construire une culture d’excuse : il ne faut pas toucher à la religion, le terrorisme est le résultat de l’injustice sociale…

La liberté d’expression s’arrête là où commence le discours de la haine. Peut-on associer la publication de caricatures à un discours de haine dans la mesure où elle blesserait profondément des convictions intimes?

“Le blasphème relève d’un crime imaginaire contre une divinité qui est une croyance. Ainsi furent supprimés (des anciens recueils de lois) non seulement le blasphème, mais aussi le sacrilège, la sorcellerie, l’hérésie, le suicide, l’homosexualité, etc. Les hommes de 1789 consacraient le combat de la philosophie des Lumières contre le fanatisme religieux” (source: Jacques de Saint-Victor, figaro 29 janvier 2015)

Je suis convaincu que nous ne devons pas nous excuser du fait que nous sommes une société libre et démocratique. Il n’y a pas d’alternative dans un monde libre, à la liberté d’expression. Les caricatures publiées ne sont pas le problème, le problème, ce sont les fanatiques.

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Hinterlasse einen Kommentar

Meeting Olena Sotnyk

P1060545

D’Olena Sotnyk ass zënter 2014 fir d’Partei Samopomich an der Verkhovna  Rada, dem ukraineschen Parlament. Si ass Juristin vu Beruff an huet joerelaang Maidamaktivisten virum Geriicht verteidegt.

Hier Partei ass hieren Aussoen no, an der rietser Mëtt vun der politescher Landschaft ugesidelt.

Eng éischt grouss parlamentaresch Aarbecht déi am gaang ass gemeet ze ginn, ass eng Reform vun der Verfaassung: et ass bal onméiglech, Konsens ze fannen, well zevill verschidden Autoritéiten mussen zesummefannen. Et gëtt déi ganzen Zäit Widderspréch, dat mécht et schwéier déi néideg Reformen unzegoen.

D’Olena Sotnyk schwaetzt vun 3 Schwéierpunkten an hierer politescher Aarbecht: D’Reform vun der Justiz, d’Reform vun der Police an d’Bekämpfung vun der Koruptioun.

Olena Sotnyk à l'Assemblée Parlementaire du Conseil de l'Europe.

Olena Sotnyk à l’Assemblée Parlementaire du Conseil de l’Europe.

Zu der Situatioun an der Ostukraine: Et ass ganz schwéier, d’Leit do z’ënnerstëtzen, et gëtt z.B. keng Méiglechkeet, Suen an den Donezk-Bassin z’iwwerweisen. D’Regiirung huet duerfir och kaum eng Méiglechkeet, fir Renten an der Géigend auszebezuelen. Et ass zwar méiglech dohinner ze reesen, fir en Member vum Parlament ass dat awer ganz geféierlech. 

Zu der Krim: Obschonn ganz enk Relatiounen tëschend der Krim an der Ukraine bestinn, z.B. wat d’Versuergung matEnergie an eigentlech déi ganz Ekonomie betrëfft, ass d’Wahrscheinlechkeet, datt Russland d’Krim an nächster Zäit zréck gëtt minim. Den internationalen Drock ass net héich genuch. D’Mme Sotnyk mengt, datt et op der Krim zwar scho vill Leit gëtt, déi sech méi no bei Russland fillen, mee et gingen och Gruppe ginn, déi sech no bei der Ukraine oder léiwer onofhängeg gesinn. Si huet natiirlech och op d’Ënnerdréckung vun den Tartaren higewisen, déi ursprünglech Bewunner vun der Krim.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

La délégation russe à l’Assemblée Parlementaire du Conseil de l’Europe (APCE)

Le 10 avril 2014, l’APCE avait adopté une résolution qui condamnait fermement la violation de la souveraineté et de l’intégrité territoriale de l’Ukraine par la Fédération de Russie.

L’APCE ne voulait pas exclure la Russie de son assemblée parce qu’elle était toujours d’avis qu’il ne fallait pas claquer les portes, mais miser sur le dialogue et la diplomatie pour trouver une solution au conflit.

Elle avait quand même décidé de retirer à la délégation russe son droit de vote, son droit d’être représentée au Bureau de l’Assemblée, au Comité des Présidents et à la Commission permanente ainsi que son droit de participer à des missions d’observation d’élections, jusqu’à la fin de la session 2014.

Capture d’écran 2015-01-30 à 08.34.06En janvier 2015, un rapport présenté par M. Stefan Schennach du groupe socialiste, faisait le bilan de l’évolution de la situation en Crimée et en Ukraine : La situation dans la région ne s’est pas améliorée, bien au contraire. La conclusion du rapport était, à première vue, étonnante. Selon la devise : Mieux vaut garder le diable dans la famille, la nouvelle résolution proposait de maintenir la plupart des sanctions, mais de retirer celle qui est la plus importante, la plus symbolique et de restituer le droit de vote à la délégation russe.

Je suis d’avis que les sanctions, telles qu’elles ont été décidées en avril 2014, sont un moyen peu approprié pour redresser la situation en Ukraine, je suis d’accord qu’il faut évidemment continuer les discussions bilatérales et multilatérales et négocier un chemin pour sortir de l’impasse.

Néanmoins, comme il n’y a eu, jusqu’à présent, aucun signe positif du côté russe pour résoudre le conflit, comme la situation s’est dégradée plutôt qu’améliorée, il me paraît difficile de revenir sur des sanctions qui n’ont pas atteint leur but. Beaucoup de députés de pays de l’est exigent des sanctions plus fortes et déclament que Poutine ne reconnaît qu’un seul argument, celui de la force de l’adversaire. D’ailleurs, les propositions de la Russie dans le cadre du groupe de Minsk seraient inexistantes.

Les membres de la délégation russe répliquent que plus de 75% de la population russe seraient d’avis qu’ils devraient arrêter leur travail au sein de l’APCE. Ils ont signalé que la pression de quitter l’APCE serait forte, si les sanctions étaient maintenues.

Actuellement, la création d’un groupe de travail de l’APCE, avec des représentants de la Douma russe et des experts internes est négociée. Contrairement à la séance d’avril 2014, les parlementaires russes ont cette fois-ci participé de façon constructive au débat.

L’Ambassadeur de la Russie au Luxembourg m’avait demandé une entrevue il y a une quinzaine de jour. Il voulait me convaincre de voter contre toute sorte de sanctions à l’APCE. Son argumentaire était court : Si vous votez pour les sanctions, vous voterez pour la guerre, si vous votez contre les sanctions, vous voterez pour le dialogue et la paix. Son excellence ne voyait pas de nécessité pour la délégation russe de signaler, par le moindre geste sur le terrain, une disposition à trouver une solution négociée ensemble.

Finalement, l’APCE a voté à une large majorité un amendement qui met en suspens le droit de vote et de représentation aux organismes les plus importants de l’APCE jusqu’à la prochaine séance (printemps 2015). Ces sanctions n’ont d’ailleurs qu’une valeur symbolique, elles laissent ouverte la voie des négociations. Le conflit entre l’Ukraine et la Fédération russe sera de nouveau à l’ordre du jour en avril 2015.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Séparation entre églises et école publique ?

Travail de l'artiste Tony Oursler, Oude Kerk, Amsterdam

Travail de l’artiste Tony Oursler, Oude Kerk, Amsterdam

Je comprends très bien qu’un grand nombre d’associations, qui se sont engagées depuis des décennies à la lutte pour la séparation entre églises et l’Etat, ressentent un besoin urgent d’avoir des informations supplémentaires concernant l’accord qui a été signé le lundi, 26 janvier 2015.

J’espère que les associations auront leurs entrevues dans les meilleurs délais et que cet entretien leur donnera satisfaction.

Personnellement, je reste convaincu que l’accord est un accord historique et ceci à plusieurs niveaux. Je vais me pencher ici juste sur le futur cours commun “éducation aux valeurs”.

En tant que député responsable du dossier de l’éducation de mon parti, j’ai proposé maintes fois d’arrêter la répartition des enfants dans nos écoles publiques dans deux groupes, suivant les croyances de leurs parents. J’étais vraiment déçu par les lois de la réforme de l’enseignement fondamental, qui restaient sur le statut quo du passé en ce qui concernait l’enseignement religieux. Des motions pour introduire un cours commun ont été refusées. “L’inspecteur de l’enseignement fondamental exerce le pouvoir hiérarchique sur le personnel des écoles de son arrondissement à l’exception des enseignants et chargés de cours de religion.”, cette phrase de la loi sur l’organisation scolaire de 2009 résume le mieux l’immobilisme en la matière.

Lors du débat à la Chambre des députés le 21 janvier 2015, j’ai dit que le cours « éducation aux valeurs » deviendrait un cours à l’école fondamentale comme tous les autres cours : les mêmes règles pour définir les contenus à retenir et à intégrer dans le plan d’études, les mêmes contraintes et libertés pour le personnel enseignant que pour tous les autres cours. Ines Kurschat pense au Lëtzebuerger Land que je me trompe, qu’il s’agit d’un cours spécial avec un historique particulier. Elle rappelle les débats échauffés qu’il y a depuis des décennies autour de ce cours. Et bien justement, avec cet accord, nous entrons dans une nouvelle ère.

Plusieurs lois doivent être redressées, comme par exemple l’art. 5 de la loi sur l’obligation scolaire, qui m’a toujours particulièrement agacé: “A l’exception de l’enseignant titulaire d’un cours d’instruction religieuse et morale, l’enseignant ne peut manifester ostensiblement par sa tenue vestimentaire ou le port de signes son appartenance à une doctrine religieuse ou politique.” La partie de phrase avant la virgule sera rayée –enfin!

Le fait que le “Conseil des Cultes conventionnés” sera consulté me paraît une évidence, tout comme le fait que les associations qui viennent de s’adresser au MEN soient également consultées. La décision appartient toutefois au Ministre, à qui d’autre !

L’art. 18 de la convention prévoit une offre de reprise des enseignants de religion et des chargés de cours de religion actuels dans un emploi dans le domaine scolaire. Et bien, je suis content que le patron “Etat” se voie responsable quant au sort de salariés qui ne peuvent plus exercer leur ancienne profession. Quelques 180 personnes trouveront un nouvel emploi auprès du MEN, selon les diplômes dont elles disposent. Environ 40 personnes continueront à travailler dans leur profession pour l’archevêché. J’aimerais bien savoir lesquelles. Celles qui sont titulaires du bachelier en pédagogie religieuse devraient en tout cas avoir un accès prioritaire à cette voie. Mais est-ce que ces titulaires vont vraiment opter pour l’archevêché ? Où est-ce qu’ils vont essayer de rentrer au sein du MEN ?

La possibilité qu’il y ait une influence encore trop importante des communautés religieuses sur le contenu du cours “éducation aux valeurs” n’est pas à nier. Néanmoins, les changements prévus amèneront des transformations beaucoup plus profondes que quelques lignes dans le programme d’un cours scolaire. Les plans d‘études se corrigent beaucoup plus aisément que les lois ou la constitution. A l’adresse de tous ceux qui ont tendance à minimiser la portée de la décision de bannir l’enseignement religieux de l’école publique, je tiens à rappeler qu’il existe une pétition pour le maintien de ce cours avec 25.000 signatures et que le plus grand parti du Luxembourg a refusé de voter la convention notamment à cause du volet « enseignement religieux. »

L’accord entre l’Etat et les communautés religieuses, notamment en ce qui concerne les écoles publiques, s’inscrira dans notre histoire.

 

Veröffentlicht unter Educatioun, Politik | Verschlagwortet mit , , , | Hinterlasse einen Kommentar

Entrevue ACEN (2)

~7382019No enger éischter Entrevue am Oktober d’lescht Joer, hunn ech dës Woch d’ACEN fir d’Zweet getraff, a krut en Update vun der ACEN hiren Aktivitéiten. Bei der Entrevue dës Woch huet d’Delegatioun vun der ACEN och eng Lescht mat Fuerderunge virgeluecht fir déi d’Vertriedung vun de Chargéen sech weiderhi konkret wäert asetzen. Wéi schonns bei der leschter Entrevue louchen och dës Kéier d’Schwéierpunkte vun den Diskussioune bei den allgemengen Aarbechtsbedingunge vun de Chargéë souwéi bei der Unerkennung vun hiren Diplomer.

Hei d’Fuerderungen vun der ACEN, déi ech all zur Kenntnis huelen, awer net allguerten deelen:

1) Unerkennung vun den Diplomer

2) Ofschafung vun de Koeffizienten déi ënnert dem Wäert vun 1 sinn

3) E volle Kader op 22 Stonnen begrenzen

4) Unerkennung vun der „expérience professionnelle“ (validation des acquis )

5) Eng kloer Bestëmmung vun eise Rechter an Flichten

6) Eng Alters-Decharge

7) E kohärent an transparent Fonctionnement vun der „réserve nationale“

8) Eng fundamental Reform vum „concours“ an „stage pédagogique“

9) D’Recht op e “congé sans traitement”, fir wann een de “concours” pakt

10) Keng onfreiwëlleg „negativ“ Avenanten

11) Recalcul vun der Pai

12) Fonctionairiséierung no 10 Joer

13) „Droit de mutation“

14) Minimum 80 Prozent vun senger Tâche an sengem Fach ënnerriichten

15) Ofschafung vum Punktwäert fir Employéen

Veröffentlicht unter Educatioun, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Interview: Conventioun vun Staat a Reliounsgemeinschaften*

Oude Kerk, Amsterdam

Oude Kerk, Amsterdam

Ass den Accord tëschent dem Staat an de Reliounsgemeinschaften en historesche Moment?

Absolut. Mir maache vill Fortschrëtter op ville Gebidder: Mir kréien endlech e neutrale Wäerteunterrecht fir all d’Schüler an der Schoul. Dat stäerkt de gesellschaftlechen Zesummenhalt an et hëlleft dem jonke Mënsch selwer de Wee zu sengen Iwwerzeegungen ze fannen. E ganz grousse Worf ass och de Volet vun de Kierchefabriken, wou d’Gemengen entlaascht ginn, a sech a Punkto Ëmfunktionaliséierung vun engem Deel vun de

Oude Kerk Amsterdam,

Oude Kerk Amsterdam,

Kierchegebaier intressant Dieren opmaachen. Schlussendlech gëtt och de staatleche Finanzement vun de sougenannte Ministres des Cultes aus der Verfassung gestrach a mer ginn op de Wee, datt sech d’reliéis Communautéiten an Zukunft wäitgehend selwer finanzéieren.

Mee och d’CSV huet nach een zousätzlechen historesche Moment bäigesteiert. Datt d’CSV als Oppositiounspartei géint een Accord vun der Regierung stëmmt ass net weider verwonnerlech. Et ass allerdéngs fir d’éischt, datt d’CSV géint een Accord gestëmmt huet, deen e.a. d’kathoulesch Kierch ausgehandelt huet! Eigentlech kaum ze verstoen. D’CSV huet kee Vertrauen an en Accord deen d’kathoulesch Kierch gutt genuch fënnt fir z’ënnerschreiwen!

Wéi gesäit de Wäerteunterrecht dann an Zukunft aus?

Hei muss een ënnerscheeden tëscht der Grondschoul an dem Secondaire. An der Grondschoul ass et esou, datt dee Cours vum Enseignant selwer gehale gëtt. Wéi aner Fächer och, kann den Enseignant och de Wäerteunterrecht ofginn, wann seng Tâche dat zouléisst. Et ginn keng extra Wurschte fir d’Personal gebroden, mee de Staat garantéiert awer och, datt déi Leit, déi de Reliounsunterrecht gehal hunn am Kader vun hirer Formatioun a mat der néideger Weiderbildung, eng Ustellung beim Ministère de l’Education nationale (MEN) kréien. Dat ass iergendwéi och dem Staat seng Flicht. Wat den Inhalt vun dem neie Wäerteunterrecht ugeet, sou gëtt dee vun enger nationaler Programmkommissioun ausgeschafft a muss vum Minister validéiert ginn. Am Secondaire hu mir haut Proffen, déi  d’Relioun respektiv d’Morale Laïque halen. Hei ass d’Fro vun der Formatioun an der Weiderbildung manner komplizéiert, an déi Leit hunn och schonn haut als Patron den MEN.

Grouss Changementer ginn et och um kommunale Niveau?

librairie-café,  Maastricht

librairie-café, Maastricht

Jo, an Zukunft mussen d‘Gemenge net méi fir den Ënnerhalt vun de Kierchegebaier opkommen. Dat heescht konkret: d’Kierchefabrike ginn ofgeschaf an duerch e spezielle Fong ersat, aus deem d’kathoulesch Kierch hir Infrastrukture selwer finanzéiert. Déi Kierchegebaier, déi de Bistum net behale wëll oder kann, kënne per Virkafsrecht zum symboleschen € un d’Gemeng goen, déi dat Gebai da fir aner Zwecker ëmfunktionaliséiere kann, woumat sech fir d’Gemenge ganz interessant Méiglechkeeten ubidden. Ech muss soen, datt ech wierklech ganz positiv iwwerrascht sinn, datt mer zesumme mat der kathoulescher Kierch zu dëser Léisung komm sinn.

Hu mer dann elo endlech d’Trennung vu Kierch a Staat?

A mengen Aen jo. Ob mer elo vun engem laizistesche Staat kënne schwätzen oder net, doriwwer kann een diskutéieren an philosophéieren. Dat hänkt vun enger Definitioun vun laizistesch of. Fir mech ass dat net wesentlech. Wesentlech ass: D’Subventioune gi vu ronn 25 Milliounen € d’Joer no enger Iwwergangszäit, lues a lues awer ganz drastesch op ronn 8 Milliounen erof. Den Artikel 106 gëtt gestrach, de Staat ass also net méi verflicht, d’Paie vun den zukünftegen Ministres des Cultes ze bezuelen. De Staat bidd de Communautéite just nach e finanzielle Sockel un, deen se dann awer selwer geréiere mussen. De Staat ass a Reliounsfroe neutral an onparteiesch, sou kënnt et an déi nei Verfassung stoen. All reliéis Communautéite verflichten sech dozou, eis gesellschaftlech Rechter a Fräiheeten, d’Mënscherechter an d’Gläichheet vu Mann a Fra ze respektéieren, esou steet et an der neier Konventioun.

 Duerch deen Accord ginn d’Leit elo am Referendum net méi zu deem Sujet gefrot…

Jo, ech verstinn, datt vill Leit dat op den éischte Bléck als Réckzéier gesinn. Dat huet awer eng ganz einfach Erklärung. Et ass jo hei – wat oft mëssverstan ginn ass – net drëms gaang pro/kontra Kierch ofzestëmmen. Villméi ass déi Fro ursprénglech aus deem Grond gestalt ginn (ewéi déi aner Referendumsfroen iwwregens och) well mer an der Chamber kee Konsens, keng 2/3 Majoritéit fonnt hunn, déi bei Verfassungsännerungen awer néideg ass.

An der aktueller Konstitutioun steet:

„Art. 106. Les traitements et pensions des ministres des cultes sont à charge de l’Etat et réglés par la loi.“

Do huet CSV ëmmer refuséiert, dat aus dem Text erauszehuelen. Elo hu mer de Konsens an dëser Fro awer nach fonnt – den Artikel 106 gëtt gestrach – dofir ass déi Fro

„Sidd Dir mat der Iddi averstanen, datt de Staat net méi d’Verflichtung huet, d’Paien an d’Pensioune vun de Kultusdénger vun den  Glawensgemeinschaften ze iwwerhuelen?“ 

einfach iwwerflësseg.

IMG_0317 

*mam Manuel Huss, déi gréng
Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Familljepolitik

ombre familleEch sinn iwwerzeegt dovun, datt et eng ganz räich Erfahrung ass Kanner ze kréien an ze hunn. Fir mech läit do ganz vill vum Sënn vu mengem Liewen dran. Ech sinn och iwwerzeegt, datt eng gutt Kand-Eltere-Bindung eppes ganz Wichteges a ganz Schéines ass. Dat soll iwwert de Wee, vun engem Congé parental ënnerstëtzt ginn, gären och vun Deelzäit-Aarbecht, a fir déi, déi sech et kënne leeschten och mat engem congé non payé.

Mir hunn eis bis elo ze wéineg mat de Froen ausernee gesat :

Wéi definéiere mer eng Familljepolitik am 21. Joerhonnert ? Wéi definéiere mer Chancegläichheet ?  Wat muss de Staat mat Steiersuen ënnerstëtzen ? Wéi gi mer de Kanner vun haut, alle Kanner, déi bescht Chance fir muer mat op de Wee ? 

Déi Mesuren, déi d’Regierung am Beräich vun der Familljepolitik ugekënnegt huet, gi vun deenen engen als Paradigmewiessel, vun deenen aneren als ideologeschen Agrëff an d’Wahlfräiheet vun den Eltere bezeechent.

Ech sinn der Meenung, datt all Mënsch, ob Mann oder Fra, dee seng Ausbildung plus ou moins ofgeschloss huet, sech an een Aarbechtsverhältnis soll beginn. Dat ass net einfach, do soll a muss de Staat hëllefen, mee dat muss d’Zil vun der Politik sinn.

Mir investéiere vill Suen an d’schoulesch Ausbildung vun eise Kanner –an dat ass de beschten Investissement, dee mer als Gesellschaft kënne maachen. D’Politik kann net jonk Leit encouragéieren, jorelaang vum Aarbechtsmaart ewech ze bleiwen. Mir géingen da riskéieren, datt deen Invest verluer geet. An et ass hei net den eventuelle finanzielle Verloscht vum Staat, dee mech interesséiert, mee de Verloscht, deen deen eenzelne Betraffenen trëfft. Esou schnell wéi sech d’Technologien, d’Mentalitéit, d’Aarbechtswelt veränneren, kënne mer eise Kanner dach wierklech net verklickeren, si sollen der Aarbechtswelt jorelaang de Réck dréinen.

Mir wëssen alleguer, wéi schwéier et ass, no enger laanger Paus rëm Fouss an der Aarbechtswelt ze faassen. A wann et dann net just drëm geet, wëllen zréck ze kommen, mee wann et heescht an d’Aarbechtswelt mussen zeréckzegoen, da sti vill Leit um Ufank vun engem ganz beschwéierleche Wee.

Wann am Joer 1983 nëmmen 42,9% vun de Fraen am Alter vu 25 bis 49 Joer schaffe gaange sinn, esou waren et an der selwechter Alterskategorie am Joer 2012 ëmmerhin 76,5% (Statec). Esou schéngt et mir logesch, datt Familljepolitik haut net en Encouragement ka sinn, fir opzehale mat schaffen, mee sech duerno riichte muss, Elteren ze hëllefen, fir Beruff a Famill besser ënnert een Hutt ze kréien.

 

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar