Entrevue mat der ALPE

P1050267D‘Association Luxembourgeoise des Professeurs d’Ethique (ALPE) hat eng Entrevue bei déi gréng ugefrot.

Mir waren eis eens, datt mat der Konventioun tëschent dem Staat an de Reliounsgemeinschaften, een historesche Moment op eis Schoulen zoukënnt. Vun der Rentrée 2016/17 un soll et net méi zwee Couren an den ëffentleche Schoule ginn: D’Formation morale et sociale an d’Instruction religieuse et morale ginn ersat duerch e Cours, den einstweilen „gemeinsame Werteunterrecht“ genannt gëtt.
 Domatt ass et dann an den ëffentleche Schoulen eriwwer mat der Opdeelung vun de Schüler je no der Relioun an de reliéisen Iwwerzeegunge vun den Eltere vun dëse Schüler. Et ass positiv, datt de Staat d’Responsabilitéit fir an de Schoulen iwwert ethesch Sujeten ze schwätzen net méi un reliéis Gemeinschaften delegéiert, mee deen Unterrecht selwer organiséiert an och déi voll Verantwortung duerfir iwwerhëlt.

Elo sollen da Programmer fir dat neit Fach ausgeschafft ginn. Fir d’Rentrée 2016/17 soll alles stoen. De Ministère de l’Education nationale (MEN) muss net alles nei erfannen, et ass schonn eng ganz Rei Viraarbecht gemaach ginn, schonn déi viregt Ministesch hat en Aarbechtsgrupp agesat fir un esou engem Programm ze schaffen.

D’Vertrieder vun der ALPE schwätze vun engem Kommunikatiounsmangel tëschent dem MEN an hinne wat d’Ausschaffe vun dem neie Programm betrëfft. Déi Signaler, déi si kréien, fannen si beonrouegend: laang Zäit war de Modell vum Quebec am Gespréich, ee Programm deen si carrément ofleenen. Elo soll sech um Lehrplan 21 aus der Schwäiz orientéiert ginn. D’ALPE huet sech de Programm ugekuckt an ass der Meenung, datt dat ferme an d’Richtung vun engem Reliounecours geet an net vun engem Ethikcours. Reliéis Phänomener stinn hei am Mëttelpunkt, d’Konzeptioun vum Fach ass aus enger reliéiser Perspektiv gemaach. Der ALPE no feelt de philosophesche Volet ganz. Et misst een d’Mënscherechter als Kader huelen, an net direkt d’Welt duerch e reliéise Brëll kucken. Leitdisziplin muss d’Philosophie sinn, an net d’Relioun. „Et kann dach net sinn, datt mer 2016 ee Cours kréien, wou 3/4 vum Reliounscours iwwerholl ass a just 1/4 vum Moralscours“.

Et wier och wichteg, datt scho fir d’Rentrée 2015/16 Pilotprojeten an dem engen oder anere Lycée, an der enger oder anerer Primärschoul géingen ulafen, wou den neie Cours kéint praktesch erprouwt ginn. „Werteunterrecht“ ass als Numm net ideal fir dat neit Fach. Ethikunterrecht wier méi korrekt, mee do riskéiert den Numm schonn d’Dir ganz grouss opzemaache fir reliéis Ethik. Och den Titel „praktische Philosophie“ wier gutt, mee dee schéngt schonn duerch d’Diskussiounen am Virfeld „verbrannt“ ze sinn. Bleift nach eventuell „Questions philosophiques“…
Och wann ee Schoulprogramm méi liicht ze änneren ass wéi ee Gesetz oder eis Constitutioun, esou ass et dach awer wichteg, vun Ufank un ee serieux’en Programm op d’Been ze setzen. Dat heescht ee Programm, dee weltanschaulech neutral ass, deen en „Überwältigungsverbot“ (keng Indoktrinéierung) festhält, den och iwwert Relioun an Relioune schwätzt, den awer net vum Sujet Relioun dominéiert gëtt.

Dieser Beitrag wurde unter Educatioun, Politik abgelegt und mit , verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Eine Antwort zu Entrevue mat der ALPE

  1. Monique Braun schreibt:

    Jo, et därf een net zevill doriwwer nodenken, waat do ob eis duerkënnt, dann hätte mer vläicht awer sollten all dir de Choix sinn….
    Waat ech schued fannen ass, datt déi meeschte Leit wierklech net wëssen, datt et zënter e puer Joër schons offiziel Bicher fir den C2 an den C3 am Fondamental gëtt, déi eigentlech inhaltlech esou opgebaut sinn, wéi en neien Unterrecht kéint ausgesinn. Daat huet jo och vill Geld an Zäit kascht, besonnesch déi vill Formatiounsstonnen fir eng ganz Rei Leit, déi mëttlerweil vum Fach sinn, waat geschitt mat deenen?

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s