Familljepolitik

ombre familleEch sinn iwwerzeegt dovun, datt et eng ganz räich Erfahrung ass Kanner ze kréien an ze hunn. Fir mech läit do ganz vill vum Sënn vu mengem Liewen dran. Ech sinn och iwwerzeegt, datt eng gutt Kand-Eltere-Bindung eppes ganz Wichteges a ganz Schéines ass. Dat soll iwwert de Wee, vun engem Congé parental ënnerstëtzt ginn, gären och vun Deelzäit-Aarbecht, a fir déi, déi sech et kënne leeschten och mat engem congé non payé.

Mir hunn eis bis elo ze wéineg mat de Froen ausernee gesat :

Wéi definéiere mer eng Familljepolitik am 21. Joerhonnert ? Wéi definéiere mer Chancegläichheet ?  Wat muss de Staat mat Steiersuen ënnerstëtzen ? Wéi gi mer de Kanner vun haut, alle Kanner, déi bescht Chance fir muer mat op de Wee ? 

Déi Mesuren, déi d’Regierung am Beräich vun der Familljepolitik ugekënnegt huet, gi vun deenen engen als Paradigmewiessel, vun deenen aneren als ideologeschen Agrëff an d’Wahlfräiheet vun den Eltere bezeechent.

Ech sinn der Meenung, datt all Mënsch, ob Mann oder Fra, dee seng Ausbildung plus ou moins ofgeschloss huet, sech an een Aarbechtsverhältnis soll beginn. Dat ass net einfach, do soll a muss de Staat hëllefen, mee dat muss d’Zil vun der Politik sinn.

Mir investéiere vill Suen an d’schoulesch Ausbildung vun eise Kanner –an dat ass de beschten Investissement, dee mer als Gesellschaft kënne maachen. D’Politik kann net jonk Leit encouragéieren, jorelaang vum Aarbechtsmaart ewech ze bleiwen. Mir géingen da riskéieren, datt deen Invest verluer geet. An et ass hei net den eventuelle finanzielle Verloscht vum Staat, dee mech interesséiert, mee de Verloscht, deen deen eenzelne Betraffenen trëfft. Esou schnell wéi sech d’Technologien, d’Mentalitéit, d’Aarbechtswelt veränneren, kënne mer eise Kanner dach wierklech net verklickeren, si sollen der Aarbechtswelt jorelaang de Réck dréinen.

Mir wëssen alleguer, wéi schwéier et ass, no enger laanger Paus rëm Fouss an der Aarbechtswelt ze faassen. A wann et dann net just drëm geet, wëllen zréck ze kommen, mee wann et heescht an d’Aarbechtswelt mussen zeréckzegoen, da sti vill Leit um Ufank vun engem ganz beschwéierleche Wee.

Wann am Joer 1983 nëmmen 42,9% vun de Fraen am Alter vu 25 bis 49 Joer schaffe gaange sinn, esou waren et an der selwechter Alterskategorie am Joer 2012 ëmmerhin 76,5% (Statec). Esou schéngt et mir logesch, datt Familljepolitik haut net en Encouragement ka sinn, fir opzehale mat schaffen, mee sech duerno riichte muss, Elteren ze hëllefen, fir Beruff a Famill besser ënnert een Hutt ze kréien.

 

Dieser Beitrag wurde unter Politik abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s