CSV distanziert sich von Schulreformen!

P1020239Tessy Scholtes, seit dem 3. Mai 2011 CSV Abgeordnete, hat am Samstag, den 19. Januar 2013 auf Seite 6 im Luxemburger Wort einen Blick auf die Schulpolitik geworfen und einen Ausblick auf das gewagt, was noch kommen soll und sich ganz allgemein mit der Thematik auseinandergesetzt[1].

Das ist erst mal positiv. Seit mindestens 8 Jahren warte ich auf eine Aussage zu unserem Schulsystem aus dem Lager der CSV. Die CSV-Abgeordnete hat auch einige wichtige Aspekte der Reform der Grundschule aufgezählt: die neue Bewertung, die Freistellungen des Lehrpersonals für dies und jenes, der Sprachenunterricht als größte Herausforderung unseres Schulsystems, die wachsende Heterogenität der Schüler.

Scholtes schreibt: „Es wäre endlich an der Zeit, sich mit konkreten Fragen auseinanderzusetzen.“ Dann holt sie zum Totschlagargument aus: „Und wo bleibt das Kind, das eigentlich im Mittelpunkt aller schulpolitischen Diskussionen stehen sollte?

Da erlaube ich mir doch zu fragen, wo die CSV all die Jahre blieb und wie es um die Verantwortung der CSV in der Regierung stand und steht? Der große Regierungspartner schaut tatenlos zu, wenn die Schule jahrelang am Kind vorbei reformiert wird? Scholtes hat ihren Artikel als bildungspolitische Sprecherin der CSV unterzeichnet. Ich gehe also davon aus, dass ihr Artikel in ihrer Partei abgesegnet wurde und weder naiv noch unschuldig zu eben diesem Zeitpunkt veröffentlicht wurde. Die CSV scheint auf Distanz zur LSAP Unterrichtsministerin zu gehen – und auf Annäherung zur Lehrerschaft. Vermutlich rechnet niemand mehr mit einer tiefgreifenden Schulreform im „Secondaire“ ein Jahr vor den Landeswahlen, da wird es so langsam Zeit, einer elektoral doch sehr großen Bevölkerungsgruppe die Hand zu reichen.

Zur Reform des Sekundarunterrichts schreibt Scholtes: Die Zahlen der Misserfolgsquoten, der Aufteilung der luxemburgischen und ausländischen Schulbevölkerung in ES und EST und der Schulabbrecherquote „sprechen für sich und stellen einen einzigen Reformvorschlag für alle Schüler in Frage. Vielmehr müsste hier auf die verschiedenen Problematiken eingegangen und angepasste Lösungsvorschläge ausgearbeitet werden.“ Die Problematik des Sprachunterrichts im „Secondaire“ unterschätzt Scholtes meiner Meinung nach („man kommt nicht daran vorbei, sich Gedanken über den Sprachenunterricht zu machen“) .  Zum Stichwort Wissenschaft meint sie: „Es wäre eine Überlegung wert, verschiedene Fächer früher und mehr zu fördern.“ Über das was und wie schreibt sie nichts. Sie möchte bloß so manches noch in die Stundenpläne integrieren, dieselben Stundenpläne, die sie im nächsten Abschnitt wieder als hoffnungslos überspannt beschreibt.

Schließlich wirft Scholtes den Reformern aus der Regierung vor, „viele neue Maßnahmen würden nur angedeutet, anstatt konsequent durchgeführt zu werden“ und zu guter letzt warnt die bildungspolitische Sprecherin der CSV davor, ideologisch vorzugehen. Dabei bedeutet  `ideologisch vorgehen` wahrscheinlich `etwas anderes wollen als die CSV`.

Eines scheint klar: die CSV trägt die Reformen der CSV-LSAP Regierung nicht mit: „Vielen Herausforderungen an unser Grundschulsystem trägt die Reform nicht Rechnung.“  „Und wo bleibt das Kind?“ „Und auch hier kann man sich fragen, ob diese Reform (Sekundarschulen) den wesentlichen Problemen unserer Schulen gerecht werden kann.“ … Womit ich allerdings immer noch nicht weiß, was denn jetzt die CSV eigentlich bildungspolitisch will!


[1] Scholtes T., Anforderungen an die Schule von heute, LW 19.01.2013, S. 6

Veröffentlicht unter Educatioun | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Neijoerspatt: Et war schéin zesummen!

IMG_2736Mat engem super Concert vum Jitz Jeitz, Claude Schaus, John Schlammes an Mich Mootz sin déi gréng aus dem Uelzechtdall an dat neit politescht Joer gestart. De Jitz huet gemengt, si missten elo aus Suerg ëm de politeschen Equiliber een Concert fir d’CSV spillen . Der CSV hier Oueren, déi bekanntlech iwwerall sin, an déi och op eisem Patt vertruede waren, kënnen déi Iddi jo viru gin… De Quartett hun ech op alle Fall super fonnt!

Jitz Jeitz Quartett

Jitz Jeitz Quartett

Bal ze schued fir z'iessen!

4 gréng Sektiounen aus dem Uelzechtdall haten zesummen op een Neijoerspattinvitéiert. Vill Leit haten Apéritifhaeppercher gemaach, schéin ze kucken an lecker! Et ware vill Leit op de Patt komm, d’Stëmmung war gutt, et war schéin zesummen. Also ee gudde Start an dat Neit Joer, an eng flott Erausfuerderung, et naechst Joer grad esou flott z’organiséieren.

IMG_2765 - Copie

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Schreiwatelier vum Mierscher Lieshaus

P1020205Haut hunn 11 Auteuren hier eegen Texter am Mierscher Kulturhaus virgedroen. Ech war begeeschtert. Vir d’alleréischt mol iwwert d’Qualitéit vun den Texter. Dat war esou zimlech alles zimlech gutt! Bravo fir d’Manon, d’Angelika, den Tom, d’Hélène, d’Yvette, d’Martina, d’Wally, d’Patty, d’Shirley, d’Sabina an de Jean Marc.

Dann awer och iwwert déi Initiativ vun der Responsabler vum Lieshaus, dem Angelika a vum Wally, datt den Schreiwatelier leed.

D’Mierscher Lieshaus ass eng ëffentlech Bibliothéik. Do kritt een un éischter Stell Bicher auszeléinen. -Wien léint dann haut nach Bicher aus? Ma am Joer 2011 waren dat ëmmerhin 403 Leit, déi insgesamt 4343 mol an d‘Bibliothéik komm sin an sech 17.675 Bicher oder Hörbicher ausgeléint hun. D’Zuelen vun 2012 hun ech nach net am Detail, well mer eis Geberalversammlung réicht an engem Mount hun, mee si sinn ganz ähnlech.

D’Mierscher Lieshaus ass awer net just een Haus, wou een ka Bicher ausléinen. Regelméisseg gëtt och mat de Schoulen aus dem Emgéigend zesummegeschafft, mir organiséieren Konferenzen, een „Lesezirkel“, Lëtzebuergesch Couren, …, an eben och eng Schreibwerkstatt, wou ee Mol am Mount Leit zesumme kommen fir ze schreiwen an sech iwwert hiert Schreiwen auszetauschen.  An, wéi gesot, wat se produzéieren léisst sech liesen, respektiv gutt nolauschteren. An Zäiten wou och an der Kultur meeschtens sech alles ëm Mega-Eventer dréint,  fannen ech et super, datt et och esou eppes wéi ee Schreiwatelier gëtt, an datt deen esou gutt funktionéiert.

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

Uelzechtdall: Et geet nëmmen zesummen

Dei Greng_0007

Gemengeréit vun déi gréng am Uelzechtdall

Déi gréng setzen sech fir eng gutt Zesummenaarbecht vun deenen 5 Gemengen Miersch, Lëntgen, Luerenzweiler, Steesel an Walfer an. Verkéier, Duerfëntwécklung, Bebauung, awer och Schoul- an Kulturpolitik mussen Gemengen iwwergräifend ugaang ginn. 2007 ass vun dësen 5 Gemengen d‘ Conventioun Uelzechtdall ënnerschriwwen ginn, 2010 ass se fir 2 Joer verlängert ginn. U sech eng ganz gutt Saach, mee leider ass nach net vill Positives dobäi eraus komm.

Regelméisseg virun de Walen kommen Flyeren vun der Conventioun Uelzechtdall eraus, mat e puer Fotoen vun de Buergermeeschteren aus dem Uelzechtdall, am Gemengerot kréien mer erzielt, datt se sech oft versammelen an villes diskutéieren. Konkret sinn bis elo just d‘Koordinatioun vun de Sproochecoursen, an d’Pläng vun enger Vëlospiste iwwert Pretten an Hënsdref. Dobäi sinn am Ufank d’Erwaardungen ganz héich geschrauft ginn. Dat ganzt huet och säi Präis: Zënter 2007 huet d‘ Konventioun ewell 620.000€ kascht.

zesummen

En Deel vun eisem Aarbechtsgrupp Uelzechtdall

Mir sinn fir eng verstäerkt regional Zesummenaarbecht. D’Awunner an d’Gemengeréit vun deenen 5 Gemengen sollen informéiert ginn an an d’Diskussiounen abezunn ginn. Et ass un der Zäit fir Neel mat Käpp ze maachen.

Déi regional Zesummenaarbecht vun déi gréng klappt scho mol gutt. Mir hunn een éischten gemeinsamen Flyer fir den Uelzechtdall gemeet an invitéieren zesummen op den Neijoerconcert an -apéro, Sonndeg, den 13. Januar um 11 Auer am Centre Culturel zu Hielem/Luerenzweiler.

Jitz Jeitz Quartett

Jitz Jeitz Quartett

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Madame, sidd dir dann iwwerhaapt eng Mierscher?

 

blog 1Bei enger Diskussioun an enger berodender Kommissioun vun der Gemeng Miersch, waren engem eeleren Här d’Argumenter ausgaang an hien huet ee Mënsch, den seng Meenung net onbedingt gedeelt huet, ugebaupst: Madame, ech kennen iech net, sidd dir dann iwwerhaapt eng Mierscher!

Ech hun de Sproch och schonn hei zu Miersch ze héieren kritt. Ech wunnen jo réischt 25 Joer hei, ech hunn déi éischt 25 Joeren vun mengem Liewen zu Biissen gewunnt, hat kuerz Tëschenetappen zu Buerschent, um Lampertsbierg an an der Fiels…

Wéi den Här esou al war wéi déi Madame haut ass, hunn an der Gemeng Miersch ronn 5000 Leit gewunnt.  1945, méi eng al Statistiken hun ech net zur Hand, hat d‘Gemeng Miersch 3257 Awunner. Haut wunnen zu Miersch ronn 8500 Leit.

Souguer wann ni e Mënsch aus der Gemeng fortgeplënnert wier, eng schrecklech Virstellung, déi jo och net der Realitéit entsprécht, dann ass d’Awunnerzuel virun allem erop gaang, well Leit derbäi geplënnert sinn: Aus aneren lëtzebuerger Uertschaften, aus insgesamt 77 anere Länner vun allen Kontinenter, bis op den australeschen, vun do huet nach keen de Wee op Miersch fonnt.

Wat muss den eeleren Här dach fir ee komescht Weltbild hunn, wann hien denkt, dat seng Meenung méi wert wier, well hien een echten Mierscher ass! Ech erënneren drun, datt mer am Joer 2013 liewen, a Lëtzebuerg ee räicht Land ass mat méi ewéi 500.000 Awunner, déi majoritaire net méi do wunnen wou se an d’Primärschoul gaange sinn.

Den Mouvement écologique, mécht e.a. och beim Mierscher Buergermeeschter Reklamm fir eng Fachveranstaltung zum Thema Biergerbedeelegung . „Mäer si vun enger ganzer Rei Gemengen ugeschwat ginn, déi soten: “eigentlech wéilte mäer nach méi an di Richtung goen, ma mäer gesinn net wei dat konkret kann ausgesin”“.  Ech freeë mech fir déi ganz Rei Gemengen an wënschen hinnen an dem Méco vill Succès!

 

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

BILDERBEDARF: Braucht Gesellschaft Kunst?

staatliche kunsthalle baden-baden

staatliche kunsthalle baden-baden

Wie und wodurch hat Kunst in den letzten sechzig Jahren in die öffentliche Diskussion eingewirkt? Welche Debatten hat sie initiiert? Welche Diskurse angestoßen oder begleitet? Diesen Themen widmet sich die Ausstellung BILDERBEDARF: Braucht Gesellschaft Kunst? in der Staatlichen Kunsthalle Baden-Baden.

Die Auswahl der gezeigten Werke erfolgt nach ungewöhnlichem Kriterium: der konkreten und damit nachweisbaren Wirkung der jeweiligen künstlerischen Arbeit in einem zivilgesellschaftlichen Umfeld. Illustriert werden Prozesse unterschiedlicher Natur, die dazu geführt haben, dass einzelne Kunstwerke weit über ihre ästhetische Rezeption hinaus zu wichtigen gesellschaftlichen Symbolen avancieren.

Ich bin eher zufällig auf die Ausstellung aufmerksam geworden – der Ausstellungskatalog lag im Café der Kunsthalle, das auch durch das benachbarte Frieder Burda Museum erreichbar ist, aus. Eine durchaus interessante Ausstellung, insbesondere für politisch interessierte Menschen. So gab es ein Wiedersehen mit verschiedenen politischen Plakaten von Klaus Staeck (70ger Jahre).

Klaus Staeck

Klaus Staeck

Das Projekt „Ausländer raus!“ von Christoph Schlingensief ist beeindruckend: Im Jahr 2000 installierte Schlingensief im Rahmen der Wiener Festwochen einen Container, der als Vorbild die Fernseh-Show Big Brother hatte und in dem sich Asylsuchende befanden. Durch Abstimmungen konnte das Publikum entscheiden, welcher Teilnehmer den Container und das Land verlassen musste. Schlingendorfs Provokation zielte auf die österreichische Regierungskoaltion von ÖVP und Haiders FPÖ.

Auch Jeremy Deller ist mit seinem Videofilm „The Battle of Orgreave (an Injury to One is

The Battle of Orgreave

The Battle of Orgreave

an Injury to All)“ präsent. Der Streik in Orgreave im Jahre 1984 war ein nationales Trauma in GB und stellte einen Wendepunkt dar, der unter Magret Thatcher zu gesellschaftlichen und politiaschen Umstrukturierungen führte. Deller hat 2001 diesen Schlüsselmoment des modernen Arbeitskampfes reinsziniert und auf Video verewigt.

 

Weitere Exponate sind die Pietà (Mutter mit totem Sohn) von Käthe Kollwitz,

PIETÀ

PIETÀ

Zeichnungen und Kunststoffgewebe zur Verhüllung des Berliner Reichtagsgebäudes im Sommer 1995 durch Christo & Jeanne-Claude, Werke von Jörg Immendorff und A.R. Penck, … Interessante Ausstellung!

Veröffentlicht unter Kultur | Hinterlasse einen Kommentar

Museum Frieder Burda

Museum frieder burda

Museum Frieder Burda

Besuch der Ausstellung „Menschenbilder“ im Museum Frieder Burda am zweitletzten Öffnungstag. Das Museum hat u.a. mit der Aussage: „Wie ein roter Faden zieht sich das Thema „Mensch“ durch die Ausstellung.“ geworben.

Das F. Burda Museum ist mir immer einen Besuch wert, wenn P1020109ich in der Nähe von Baden-Baden bin. Besonders bei meinen ersten Besuchen war ich von dem Gebäude beeindruckt: Das erst 2004 fertig gestellte Museumsgebäude ist ein idealer Ort für Ausstellungen. Das Museum besticht durch seine klare Struktur sowie den Einsatz von Licht und Glas. Die stufenlosen Übergänge zu den verschiedenen Stockwerken finde ich auch beeindruckend.

G. Baselitz: Sieben mal Paula

G. Baselitz: Sieben mal Paula

Der Schwerpunkt der Sammlung Frieder Burda liegt auf der zweiten Hälfte des 20. Jahrhunderts. „Menschenbilder“ bietet einen Blick auf die Sammlung Frieder Burda, in der die Darstellung des Menschen ein häufig wiederkehrendes Motiv ist. Der rote Faden war mir dennoch zu zart und vage.

Neben den Werken der bekannten Künstler wie Richter und Baselitz, der vor allem mit seinen „auf dem Kopf“ stehenden Bildern ab Mitte der 1970er weltweit berühmt wurde, habe ich mich besonders über einige für mich bislang unbekannte Künstler gefreut, wie etwa Susanne Kühn und Tim Eitel.

S. Kühn: Regina liest (Auszug)

S. Kühn: Regina liest (Auszug)

Tim Eitel: Abend (Auszug)

Tim Eitel: Abend (Auszug)

Veröffentlicht unter Kultur | Hinterlasse einen Kommentar

Éducation précoce: qui sont les absents?

L’éducation précoce, première année facultative du système scolaire luxembourgeois s’adressant aux enfants de 3 ans, fut introduite comme projet pilote dans les premières communes en 1998/99. Depuis l’année scolaire 2009/10, les communes sont obligées à offrir l’éducation précoce. Donc, l’offre est obligatoire mais la fréquentation du précoce ne l’est pas.

Evidemment, il existe d’autres modèles pour promouvoir l’évolution des jeunes enfants que de les scolariser à l’âge de trois ans. déi gréng avaient p.ex. toujours préférer élargir l’offre des crèches au lieu de forcer l’installation des classes de l’éducation précoce. De plus, nous avons regretté qu’il n’y avait jamais eu une évaluation du précoce avant de rendre son offre obligatoire avec les lois scolaires du 9 février 2009.

Le but de l’éducation précoce est de favoriser le développement des jeunes enfants dans tous les domaines: sur le plan social en entrant en contact avec des copains, en ce qui concerne l’apprentissage de la langue luxembourgeoise, le développement de la motricité etc… Il serait intéressant de savoir si les +/- 20% d’enfants d’une même année de naissance qui ne fréquentent pas le précoce ne comptent pas justement parmi la population cible qui pourrait profiter le plus de ces structures. Il est important de savoir quels enfants ne fréquentent pas le précoce et d’analyser les raisons du choix des parents concernés – ils renoncent à une structure éducative gratuite!

J’ai demandé à la Ministre de l’Education nationale, combien d’enfants fréquentaient l’éducation précoce pendant les années scolaires 2010/11, 2011/12 et 2012/13 et le pourcentage des enfants d’une même année de naissance ne fréquentant pas le précoce pour ces mêmes années scolaires.

J’aimerais aussi savoir, si le MENFP  dispose d’informations concernant les enfants ne fréquentant pas le précoce. Est-ce que ces enfants sont gardés à la maison, dans une crèche publique ou privée? Est-ce que le MENFP a des données concernant le niveau socio-économique et socio-culturel de ces enfants, respectivement de leurs parents ? Quels sont leurs nationalités et leur langue maternelle ?

Veröffentlicht unter Educatioun | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

Les services postaux

P1010968Mir haten, grad ewéi zéng aner EU-Memberstaten d’Recht kritt, fir d‘ EU-Direktiv 2008/6 net schonn 2010 ëmzesetzen, mee 2 Joer méi spéit, den 31. Januar 2012.

Et gëtt elo héich Zäit fir dëst Gesetz ze stëmmen, well soss riskéieren mer eng Strof ze kréien wéinst net Ëmsetzung vun der EU Direktiv.

Mat dem Gesetz iwwert d’services postaux féiere mer déi ganz Rei vun Bestriewungen zu Enn, fir de Postsekteur ëmmer méi ze liberaliséieren, den  méi ewéi 150 Joer alen Monopol vun der Lëtzebuerger Post fir d’Ausdeelen vun de Bréiwer a Postkaarten geet zu Enn, och wa mer der Post den service universel bis 2020 mat dësem Gesetz zouspriechen.

Et freet een sech natierlech zu Recht, wéi sënnvoll datt d’Liberaliséierung vun der Post ass, besonnesch fir ee klengt Land ewéi Lëtzebuerg. D’Postservicer hunn zu Lëtzebuerg eigentlech ëmmer gutt funktionéiert a waren relativ präiswäert –op alle Fall fir den Privatmann/fra. An esou ass et och kaum de Privatmann, deen vun der Liberaliséierung profitéiert.

Bei der Post huet villes changéiert. Wann de Bourvil nach virun 60 Joer an sengem Lidd „Tiens voilà le facteur“ gesongen huet:

Dans chaque village, on connaît l’facteur
C’est un personnage qu’on porte dans son cœur,

dann ass haut net méi vill vun der Nostalgie vum Bréifdréier iwwereg.

De Bréifdréier vun haut steet ënner Zäitdrock. Seng Gesten ginn ähnlech geplangt an organiséiert wéi déi an der Fleegeversécherung:

P1010966Moies muss de Bréifdréier eng strikt Reiefolleg anhalen, wéi hien säin Courrier zesummestellt. Fir d’éischt verdeelt hien déi virsortéiert Bréiwer an seng Casen, dann déi groussPli’en, dann d’Zäitschrëften, duerno d’Recommandéen an d’Reklammen. Dat erënnert un den E.W. Taylor an seng Theorie vum Scientific Managment. Den Taylor huet jo um Enn vum 19. Joerhonnert probéiert, duerch d’Observatioun an de Chronométrage vun eenzelnen Aarbechtsschrëtter d’Aarbecht op eng méiglechst rationell Aart a Weis nei z’organiséieren. Dat ass him och op villen Plazen gegléckt, huet awer och, an ech mengen ganz zu Recht, den Onmut vun de Gewerkschaften provozéiert: D’Leeschtungsverhalen vum Eenzelnen gëtt och vun de Relatiounen ënnert den eenzelnen Salariée an den Relatiounen mam Chef oder der Chefétage beaflosst. De Salarié kann a sengem Wierken net als Maschinn betruecht ginn.

Mee net nëmmen fir de Bréifdréier, och fir de Client huet sech villes geännert.

Den Bréifdréier däerf eigentlech keng Bréiwer méi vun de Leit op sengem Tour unhuelen. Dat ass op den Dierfer alt nach vill gemeet ginn, mee dat Kascht zevill Zäit, déi net an der Tournée mat ageplangt ass.

No der éischter Reorganisatioun vun der Post, déi jo net ganz glécklech war, war vill Duercherneen. D’Bréifdréier hunn oft gewiesselt, d’Zäit wou d’Post kënnt huet fir vill Leit changéiert. Et sinn verschidden Tir organiséiert ginn, een fir d’Zeitung, een fir d’Bréiwer, een fir d’Reklammen an een fir d’Päck. Dat hat esouguer eisen honorabelen an onermiddlechen Marcel Oberweisdozouverled, no der Ökobilanz an den CO2 Emissiounen vun der neier Strategie ze froen.

De Minister hat doropshin verséchert, datt d’Postentreprise sech scho géing Suergen ëm d’Ëmwelt an d’Nohaltegkeet maachen. D’Post keeft gréngen Stroum, passt bei hirem Fuerpark op de Verbrauch op an schafft drun, den „ecological footprint“ vun der Entreprise kleng ze halen.

Dat ass jo schéin agutt, a mat der 2. Reorganisatioun ass och munches besser ginn. Den interessanten Phänomen, datt zwee Postautoen sech nët aus de Féiss kommen: den Bréifdréier mam Courrier an den Michel Greco Auto de mat Päck hannendrun fiert, ass awer nach net ganz aus der Welt geschaf.

Mir schafen also haut den läschten service réservé vun der Post of, Liberaliséierung total. Déi gréng sprangen dowéinst net vu Freed an d’Luucht, eis Begeeschterung hält sech ferm a Grenzen. Och der Regierung hier Begeeschterung hat sech a Grenzen gehal, si hat sech esou laang ewéi et nëmmen méiglech war, géint déi Liberaliséierung gewiert. Mir waren eent vun deenen zwee Länner, déi sech den 1. Oktober 2007 géint eng Ouverture vun den Postservicer ausgeschwat hat.

Historesch gesinn léisst sech den Postmonopol an praktesch allen europäeschen Länner wuel doduerch erklären, datt just ee Stat d’Méiglechket hat esou een Service opzebauen, an datt den eenzelnen Bierger ee Recht zougestan kritt huet, vun esou engen Servicer däerfen ze profitéieren. Et war also och eng Garantie an ee Schutz duerch de Stat virun Willkür. Haut mengen mer jo dann an Europa, mir missten den Bierger virum Stat schützen, den Afloss vum Stat missten mer zréckdrécken well déi fräi Konkurrenz um Marché besser Resultater fir d’Leit géing bréngen. Oder sinn eis déi kléng Leit egal, denken mer net vill méi just un déi grouss Clienten, déi sech effektiv op engem fräien Maart besser Konditiounen aushandelen können, wat bei engem staatlechen Monopol natierlech vill manner gutt geet. An et sinn déi grouss Client’en, déi haut kënnen d’Conditiounen diktéieren. Ech Zweiwelen net drun, datt Amazon haut esou ee grousse Client ass, datt dee Betrib den dee Client huet alles dru setzt de Client ze halen, a wann en esou ee Client verléiert, da fält villes zesummen.

Wa mir dann elo mat op de Wee vun der totaler Liberaliséierung mussen goen, dann ass et wichteg, den klengen Client vun de Postservicer ze schützen.

Duerfir schafen mer een service universel, den eng mindest Prestatioun fir all Mënsch garantéiere soll, och fir déi Leit déi am ländlechen Raum liewen, och fir déi Leit déi relativ gielen vun der Postoffer gebrauch maachen.

De Minister hat gemengt den Service misst 6 Deeg an der Woch funktionéieren. Mir waren alleguer der Meenung, 5 Deeg an der Woch géing duergoen, an duerfir steet am Gesetz wat mer haut stëmmen och 5 Deeg. Den 6. Dag wier relativ deier gin, a mir hun keen Besoin vu kenger Säit fir dee 6. Dag gesin.

Iwwert d’Postbüroen’en steet näischt an eisem Gesetz. Et hätt een och kéinten festhalen, datt pro X Awunner och ee Postbüro misst sinn. Dat wier allerdéngs eng ganz komplizéiert Geschicht ginn. Ee Postbüro huet jo eng ganz Rei Aufgaben, déi wäit iwwert den service universel erausginn. A well den service universel jo och muss finanzéiert ginn, wier dat schonn eng zimlech onméiglech Aufgab ginn, wéi een Deel vum Postbüroen ënnert den service universel géing falen, a wat z.B. ënnert den service financier oder soss eng Dingschtleeschtung géing falen. Et ass also an eisen Aen korrekt, keng Zuel vun Postbüroen festzehalen. Mer sollten eis awer bewosst sinn, datt d’Zuel vun de Postbüroen an Zukunft riskéiert dramatesch erofzegoen. Vläicht kritt dann nach den een oder aneren Député-Maire virgehäit, datt en sech net hei an der Chamber fir eng Mindestzuel agesat hat, wann den Postbüro an senger Gemeng soll zougemet gin.

Wéi gesot, den service universel muss och finanzéiert gin. Duerfir gëtt ee Fonds geschaf, den vum Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) geréiert gëtt. D’Fro stellt sech, op genuch Prestatairen um Marché sinn fir an de Fonds anzebezuelen, op do genuch Gelder zesummen kommen, fir een eventuell defizitären service universel ze finanzéieren.

Dat ass zur Zäit schwéier ofzeschätzen. D’Post seet eis, datt de Marché vum Bréifverkéier vun Joer zu Joer méi kleng gëtt. Muss dat esou weider goen? Brauche mer op eemol kee Bréifdréier méi? Ech sinn do net esou pessimistesch. Ech mengen datt och an Zukunft nach Bréiwer verschéckt ginn. Verschiddenes wäert verschwannen oder ass scho verschwonn, wéi z.B. d’Bankextrait‘en, aner Produit’en ginn nei erfonnt, wéi den personnaliséierten Reklammsbréif.

Recommandéen, déi jo net zum service universel gehéieren, sinn iwweregens leider net um ausstierwen. Besonnesch elo, zënter datt eng ganz Rei Leit och hei zu Lëtzebuerg ufänken d’Kris ze spieren, ginn rëm ganz vill Recommandéen ausgedeelt.

P1010960

Mir waren net Demandeur fir dëst Gesetz. Och wann fir eng Rei Länner verständlech ass, datt se sech méi Konkurrenz gewënscht hunn, ech ka mech nach gutt erënneren wéi schlecht d’Post z.B. a Spuenien virun der Liberaliséierung funktionéiert huet: ee Pak ass a Spunien ukomm oder och net, eng Kaart aus der Vakanz huet ouni Weideres 3 Wochen gebraucht, bis se an der spuenescher Bréifboîte war.

Mee ech ka mech awer och nach gutt erënneren, wéi an Däitschland op eemol praktesch iwwer Nuecht eng gewalteg Konkurrenz zur Post opgebaut ginn ass, déi just mat der Aféierung vun engem sektoriellen Mindestloun konnt gestoppt ginn. Liberaliséierung ass oft eng Gefor fir sozial Acquis’en. An déi Gefor besteet och zu Lëtzebuerg.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Gemeng Miersch: Budget 2013

IMG_0913

Projet’en, déi déi gréng net matdroen:

  • Construction d’une maison relais au site du bâtiment Nic. Welter à Mersch:         400.000€
  • Construction d’un bâtiment pour le cycle 1 sur le site du bâtiment Nic. Welter à Mersch :  400.000€

Lo stinn fir d’véiert Joer hannereneen Suen am Budget fir eng Maison Relais matt e puer Schoulsäll um Site vun der Nic. Welter Schoul ze bauen. (Geschitt ass awer nach naischt.) Mir fannen dat eng falsch Approche. Mir sinn der Meenung, mir bräichten dringend een neien Schoulsite déi aner Säit vun der Uelzecht, fir d’Schoulwee’er méi kuerz ze maachen. Dee Schoulsite misst fir d’éischt geplangt a gebaut ginn, duerno kéint een den Site vun der A. Elsen an der N. Welter Schoul esou aus- an ëmbauen wéi een e brauch. Eis Iddi ass net zréckbehalen ginn, e.a. well dat ze laang géing daueren. D’Majoritéit hat d’lescht Joer versprach, hiren alen Projet géing iwwerduecht ginn. Dat ass anscheinend elo geschitt, awer just wat d’Käschten vum Bau betrëfft, un der Ausriichtung ass näischt geännert ginn.

  •  Extension de la maison des jeunes „Réaménagmenet de la maison No 3, rue Jean Majerus à Mersch : 400.000€

IMG_1203Mir kruten 2011 ee Projet presentéiert, wou an dem Haus niewent dem Jugendhaus zwou Wunnengen an Raimlechkeeten fir d’Jugendhaus solle kommen. D’Raimlechkeeten fir d’Jugendhaus sinn nach ni ideal gewiescht, et feelt z.B. ee gréisseren Raum fir Veranstaltungen. Et ass scho vill investéiert ginn, fir konform zu de Sécherheetsbestëmmungen ze sinn. Matt dem Haus No 3 ännert dat sech net wesentlech. D’Iddi fir een Haus fir Wunnzwecker an fir d’Jugendhaus ze notzen ass éischter absurd, hei sinn Konflikter virprogramméiert, well d’Interessen vun den Notzer ganz verschidden sinn.

  •  Pose d’une conduite de gaz à Schoenfels:  300.000€

IMG_1178De Projet Gasleitung fir Schëndels léisst d’Gemeng sech 920.000€ kaschten. Mat esou vill Geld kéint een méi intelligent Saachen fir Schëndels maachen. Zu Schëndels wunnen 234 Leit an 72 Stéid (1. Januar 2012). Wann d’Gasleitung op Schëndels bis geluecht ass, dann ass nach keen m3 Gas kaaft. Fir eng Uertschaft wéi Schëndels ginn et méi sënnvoll Léisungen fir eng nohalteg Energieversuergung ewéi Gas aus Russland z’importéieren. Déi 72 Haushalter hunn alleguer eng Heizung, déi wäerten sech elo och net direkt op de Gas stierzen. Zu Schëndels weist de Bauperimeter net allzevill Spillraum aus fir nei Haiser ze bauen. Mir hätten eis eng dezentral Léisung gewënscht, z.B. eng oder e puer Holzhackschnitzelanlagen, déi Hëtzt géingen produzéieren, an déi dann un d’Haiser géing geliwwert ginn. D’Gemeng Miersch ass schliisslech déi Gemeng am Land, déi de meeschten Bësch besëtzt (1140 ha).

  •  Aménagement de structures modulables provisoires près de l’Ecole Jean Majerus à Mersch :  50.000€

Einstweilen stagnéieren d’Schülerzuelen an der Grondschoul zu Miersch. Et besteet keen reellen Bedarf, rëm eng Kéier Containeren opzeriichten. Déi Suen kéinten gespuert ginn.

 

Wat eis am Budget feelt:

  • Construction d’habitations pour seniors –frais d’études :    0€

       Dépense antérieure :     2010 :   24.847,85€

                                                  2011 : 104.635,70€

                                                  2012 :  16.100,00€

IMG_1273Virun de Walen ass vun allen politeschen Parteien behaapt ginn, et misst eppes am Beräich betreit Wunnen fir Senioren gemeet ginn. No den Walen heescht et ganz knapp: projet mis en suspens an et ass keen Euro méi fir esou ee Projet virgesinn.

 

  • Amélioration de la performance énergétique des bâtiments :   30.000€

Eng Gemeng ass Propriétaire vu ganz villen Gebaier, et wier wichteg, all Gebaier systematesch op hiren energeteschen Zoustand z’ënnersichen, sech Prioritéiten ze setzen an deene Prioritéiten no ze renovéieren. Matt 30.000€ mécht een an dem Beräich net vill, déi Somme misst däitlech méi héich sinn, dat sinn Investissementer déi sech mëttel– an laangfristeg bezuelt maachen.

Zu Miersch sinn eng Rei ganz positiv Initiativen geholl ginn, fir déi erneierbar Energien ze förderen. Dat ass flott a wichteg. Mee et feelt oft nach um Konzept. Zu Miersch ginn et 4 ëffentlech Statiounen fir een Elektro-Auto opzelueden: Et sinn 3 verschidden Fabrikater,  wou een all kéiers een aneren Stécker brauch.

  •  Réalisation d’un concept dit „Parkraummanagment“  30.000€

Miersch huet ee Problem mam Verkéier a mat de Parkingsméiglechkeeten. Mir brauchen vill méi ewéi  eeParkraummanagement“, mir brauchen ee Verkéierskonzept. Gutt 10 Joer nodeems den Mierscher Contournement opgaang ass, knapp 5 Joer nodeems de Gousselertunnel fir de Verkéier opgaang ass, hu mer et zu Miersch fäerdeg bruecht, souvill Autosverkéier  ze produzéieren, datt d’Autoen sech stauen wéi virum Bau vum Contournement. Déi nei Lycéeën leien zwar op der Gare, mee all Schouldag kann een sech dervun iwwerzeegen, datt net all Mënsch mam Zuch kënnt. Am Beschmondsbongert léisst de Schäfferot d’Barrièren an d‘Strooss setzen an réckelen, jee nodeem wien sech grad am haartsten beschwéiert. D’Schoulsiten suergen vir zousätzlechen Verkéier an de Spëtzestonnen, d’Museksschoul zu Récken ass fir déi allermeeschte Leit just mam Auto z’erreechen. Den „Centre Commercial“ um Mierscherbierg ass verkéierstechnesch zumindest onglécklech… D’Fro vun engem Parking résidentiell rondrëm d’Gare an d’Lycéeën drängt sech op. Am Beraich Verkéiersplanung ass zu Miersch vill ze dinn, do muss méi Geld investéiert gin.

  •  Centre Aquatique Krounebierg

IMG_1317Mir sinn bei engem Defizit vun 1.000.000€ ukomm.

 Mir wëssen alleguer, datt wann een zu Lëtzebuerg eng Schwämm baut, dann belaascht een d’Gemengekonten. Den Defizit vun eisem Centre Aquatique ass duerchaus nach z’erdroen. D‘PIDAL zu Walfer huet z.B. een Defizit deen duebel esou grouss ass. An awer stelle mer fest, datt d’Dépensen klammen an d’Recetten stagnéieren, dat heescht d’Zuel vun de Visiteuren get liicht erof (mir haten jo am Januar d’Präisser gehéicht). D’Dépensen wäerten an Zukunft weider klammen, mir kréien jo bestëmmt Installatiounen déi mussen erneiert ginn, well se mat der Zäit ausgeleiert sinn an ersat mussen ginn. Et wier wichteg, datt mer detailléiert wëssen, wéi d’Dépensen vun eisem Wellnesscenter zustan kommen. Fir d’PIDAL ass z.B. een externen Audit gemeet ginn, an den huet ganz Bedenkleches opgewisen. Mir brauchen nët onbedingt een Audit. Mee mir brauchen vill méi eng détailléiert Opstellung wat wéivill an eiser Piscine kascht. Mir wëssen haut z.B. net, wat de Wellness kascht a wat d’Schwämm kascht. Dat mussen mer änneren.

 

Am Budget stinn och ganz vill Saachen, déi mir genau d’selwecht géingen maachen, wa mir an der Majoritéit wieren. De ganzen Volet Personal z.B., all Mesuren déi getraff ginn fir d’Drénkwaasserversuergung an der Reiz e halen asw… Miersch ass mëttlerweil eng fair-trade Gemeng, eng OGM- an pestizidfrai Gemeng. Dat ass alles positiv. Mir drohen och wäit iwwer 90% vun de Projet’en am Gemengerot mat.

Mir gesinn eis awer an eisem Roll als Oppositiounspartei, fir bei der Budgetsdebatt op déi Punkten hinzeweisen, déi eiser Meenung no net an der Rei sinn. Mir hunn op wichtegen Punkten eng aner Positioun wéi déi aktuell Majoritéit an duerfir stëmme mir dëse Budget net mat.

 

 

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar