Les services postaux

P1010968Mir haten, grad ewéi zéng aner EU-Memberstaten d’Recht kritt, fir d‘ EU-Direktiv 2008/6 net schonn 2010 ëmzesetzen, mee 2 Joer méi spéit, den 31. Januar 2012.

Et gëtt elo héich Zäit fir dëst Gesetz ze stëmmen, well soss riskéieren mer eng Strof ze kréien wéinst net Ëmsetzung vun der EU Direktiv.

Mat dem Gesetz iwwert d’services postaux féiere mer déi ganz Rei vun Bestriewungen zu Enn, fir de Postsekteur ëmmer méi ze liberaliséieren, den  méi ewéi 150 Joer alen Monopol vun der Lëtzebuerger Post fir d’Ausdeelen vun de Bréiwer a Postkaarten geet zu Enn, och wa mer der Post den service universel bis 2020 mat dësem Gesetz zouspriechen.

Et freet een sech natierlech zu Recht, wéi sënnvoll datt d’Liberaliséierung vun der Post ass, besonnesch fir ee klengt Land ewéi Lëtzebuerg. D’Postservicer hunn zu Lëtzebuerg eigentlech ëmmer gutt funktionéiert a waren relativ präiswäert –op alle Fall fir den Privatmann/fra. An esou ass et och kaum de Privatmann, deen vun der Liberaliséierung profitéiert.

Bei der Post huet villes changéiert. Wann de Bourvil nach virun 60 Joer an sengem Lidd „Tiens voilà le facteur“ gesongen huet:

Dans chaque village, on connaît l’facteur
C’est un personnage qu’on porte dans son cœur,

dann ass haut net méi vill vun der Nostalgie vum Bréifdréier iwwereg.

De Bréifdréier vun haut steet ënner Zäitdrock. Seng Gesten ginn ähnlech geplangt an organiséiert wéi déi an der Fleegeversécherung:

P1010966Moies muss de Bréifdréier eng strikt Reiefolleg anhalen, wéi hien säin Courrier zesummestellt. Fir d’éischt verdeelt hien déi virsortéiert Bréiwer an seng Casen, dann déi groussPli’en, dann d’Zäitschrëften, duerno d’Recommandéen an d’Reklammen. Dat erënnert un den E.W. Taylor an seng Theorie vum Scientific Managment. Den Taylor huet jo um Enn vum 19. Joerhonnert probéiert, duerch d’Observatioun an de Chronométrage vun eenzelnen Aarbechtsschrëtter d’Aarbecht op eng méiglechst rationell Aart a Weis nei z’organiséieren. Dat ass him och op villen Plazen gegléckt, huet awer och, an ech mengen ganz zu Recht, den Onmut vun de Gewerkschaften provozéiert: D’Leeschtungsverhalen vum Eenzelnen gëtt och vun de Relatiounen ënnert den eenzelnen Salariée an den Relatiounen mam Chef oder der Chefétage beaflosst. De Salarié kann a sengem Wierken net als Maschinn betruecht ginn.

Mee net nëmmen fir de Bréifdréier, och fir de Client huet sech villes geännert.

Den Bréifdréier däerf eigentlech keng Bréiwer méi vun de Leit op sengem Tour unhuelen. Dat ass op den Dierfer alt nach vill gemeet ginn, mee dat Kascht zevill Zäit, déi net an der Tournée mat ageplangt ass.

No der éischter Reorganisatioun vun der Post, déi jo net ganz glécklech war, war vill Duercherneen. D’Bréifdréier hunn oft gewiesselt, d’Zäit wou d’Post kënnt huet fir vill Leit changéiert. Et sinn verschidden Tir organiséiert ginn, een fir d’Zeitung, een fir d’Bréiwer, een fir d’Reklammen an een fir d’Päck. Dat hat esouguer eisen honorabelen an onermiddlechen Marcel Oberweisdozouverled, no der Ökobilanz an den CO2 Emissiounen vun der neier Strategie ze froen.

De Minister hat doropshin verséchert, datt d’Postentreprise sech scho géing Suergen ëm d’Ëmwelt an d’Nohaltegkeet maachen. D’Post keeft gréngen Stroum, passt bei hirem Fuerpark op de Verbrauch op an schafft drun, den „ecological footprint“ vun der Entreprise kleng ze halen.

Dat ass jo schéin agutt, a mat der 2. Reorganisatioun ass och munches besser ginn. Den interessanten Phänomen, datt zwee Postautoen sech nët aus de Féiss kommen: den Bréifdréier mam Courrier an den Michel Greco Auto de mat Päck hannendrun fiert, ass awer nach net ganz aus der Welt geschaf.

Mir schafen also haut den läschten service réservé vun der Post of, Liberaliséierung total. Déi gréng sprangen dowéinst net vu Freed an d’Luucht, eis Begeeschterung hält sech ferm a Grenzen. Och der Regierung hier Begeeschterung hat sech a Grenzen gehal, si hat sech esou laang ewéi et nëmmen méiglech war, géint déi Liberaliséierung gewiert. Mir waren eent vun deenen zwee Länner, déi sech den 1. Oktober 2007 géint eng Ouverture vun den Postservicer ausgeschwat hat.

Historesch gesinn léisst sech den Postmonopol an praktesch allen europäeschen Länner wuel doduerch erklären, datt just ee Stat d’Méiglechket hat esou een Service opzebauen, an datt den eenzelnen Bierger ee Recht zougestan kritt huet, vun esou engen Servicer däerfen ze profitéieren. Et war also och eng Garantie an ee Schutz duerch de Stat virun Willkür. Haut mengen mer jo dann an Europa, mir missten den Bierger virum Stat schützen, den Afloss vum Stat missten mer zréckdrécken well déi fräi Konkurrenz um Marché besser Resultater fir d’Leit géing bréngen. Oder sinn eis déi kléng Leit egal, denken mer net vill méi just un déi grouss Clienten, déi sech effektiv op engem fräien Maart besser Konditiounen aushandelen können, wat bei engem staatlechen Monopol natierlech vill manner gutt geet. An et sinn déi grouss Client’en, déi haut kënnen d’Conditiounen diktéieren. Ech Zweiwelen net drun, datt Amazon haut esou ee grousse Client ass, datt dee Betrib den dee Client huet alles dru setzt de Client ze halen, a wann en esou ee Client verléiert, da fält villes zesummen.

Wa mir dann elo mat op de Wee vun der totaler Liberaliséierung mussen goen, dann ass et wichteg, den klengen Client vun de Postservicer ze schützen.

Duerfir schafen mer een service universel, den eng mindest Prestatioun fir all Mënsch garantéiere soll, och fir déi Leit déi am ländlechen Raum liewen, och fir déi Leit déi relativ gielen vun der Postoffer gebrauch maachen.

De Minister hat gemengt den Service misst 6 Deeg an der Woch funktionéieren. Mir waren alleguer der Meenung, 5 Deeg an der Woch géing duergoen, an duerfir steet am Gesetz wat mer haut stëmmen och 5 Deeg. Den 6. Dag wier relativ deier gin, a mir hun keen Besoin vu kenger Säit fir dee 6. Dag gesin.

Iwwert d’Postbüroen’en steet näischt an eisem Gesetz. Et hätt een och kéinten festhalen, datt pro X Awunner och ee Postbüro misst sinn. Dat wier allerdéngs eng ganz komplizéiert Geschicht ginn. Ee Postbüro huet jo eng ganz Rei Aufgaben, déi wäit iwwert den service universel erausginn. A well den service universel jo och muss finanzéiert ginn, wier dat schonn eng zimlech onméiglech Aufgab ginn, wéi een Deel vum Postbüroen ënnert den service universel géing falen, a wat z.B. ënnert den service financier oder soss eng Dingschtleeschtung géing falen. Et ass also an eisen Aen korrekt, keng Zuel vun Postbüroen festzehalen. Mer sollten eis awer bewosst sinn, datt d’Zuel vun de Postbüroen an Zukunft riskéiert dramatesch erofzegoen. Vläicht kritt dann nach den een oder aneren Député-Maire virgehäit, datt en sech net hei an der Chamber fir eng Mindestzuel agesat hat, wann den Postbüro an senger Gemeng soll zougemet gin.

Wéi gesot, den service universel muss och finanzéiert gin. Duerfir gëtt ee Fonds geschaf, den vum Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) geréiert gëtt. D’Fro stellt sech, op genuch Prestatairen um Marché sinn fir an de Fonds anzebezuelen, op do genuch Gelder zesummen kommen, fir een eventuell defizitären service universel ze finanzéieren.

Dat ass zur Zäit schwéier ofzeschätzen. D’Post seet eis, datt de Marché vum Bréifverkéier vun Joer zu Joer méi kleng gëtt. Muss dat esou weider goen? Brauche mer op eemol kee Bréifdréier méi? Ech sinn do net esou pessimistesch. Ech mengen datt och an Zukunft nach Bréiwer verschéckt ginn. Verschiddenes wäert verschwannen oder ass scho verschwonn, wéi z.B. d’Bankextrait‘en, aner Produit’en ginn nei erfonnt, wéi den personnaliséierten Reklammsbréif.

Recommandéen, déi jo net zum service universel gehéieren, sinn iwweregens leider net um ausstierwen. Besonnesch elo, zënter datt eng ganz Rei Leit och hei zu Lëtzebuerg ufänken d’Kris ze spieren, ginn rëm ganz vill Recommandéen ausgedeelt.

P1010960

Mir waren net Demandeur fir dëst Gesetz. Och wann fir eng Rei Länner verständlech ass, datt se sech méi Konkurrenz gewënscht hunn, ech ka mech nach gutt erënneren wéi schlecht d’Post z.B. a Spuenien virun der Liberaliséierung funktionéiert huet: ee Pak ass a Spunien ukomm oder och net, eng Kaart aus der Vakanz huet ouni Weideres 3 Wochen gebraucht, bis se an der spuenescher Bréifboîte war.

Mee ech ka mech awer och nach gutt erënneren, wéi an Däitschland op eemol praktesch iwwer Nuecht eng gewalteg Konkurrenz zur Post opgebaut ginn ass, déi just mat der Aféierung vun engem sektoriellen Mindestloun konnt gestoppt ginn. Liberaliséierung ass oft eng Gefor fir sozial Acquis’en. An déi Gefor besteet och zu Lëtzebuerg.

Dieser Beitrag wurde unter Politik abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s