En train de Kiev à Lviv

P1060201Il n’est pas évident de trouver le bon train si on ne sait pas lire l’horaire. Le voyageur ukrainien moyen ne parle pas l’anglais… Le train partait, comme prévu, à 6.48, et arrivait,P1060203 comme prévu, à 11.59. Aucun arrêt entre Kiev et Lviv. Cinq heures de voyage, à une vitesse atteignant souvent les 160 km/heures. Les forêts, les champs immenses et les petites agglomérations défilaient à grande vitesse.

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

26 octobre 2014: élections législatives en Ukraine

Briefing par la Mission d'observation des élections de l'OSCE/ODIHR

Briefing par la Mission d’observation des élections de l’OSCE/ODIHR

 

Le système électoral ukrainien est un système mixte:

  • 225 députés sont élus selon un scrutin proportionnel de liste bloquée dans une circonscription unique couvrant tout le territoire national. Pour ces élections-ci, 29 listes de partis politiques avec en tout 3114 candidats ont été enregistrées.
  • 225 autres députés sont élus dans des circonscriptions uninominales, au scrutin majoritaire à un tour.

Ce système mixte a été critiqué à maintes reprises, ainsi que l’obligation de résidence de cinq ans pour pouvoir se porter candidat et l’absence d’une véritable réglementation sur le financement des campagnes.

Comme dans tous les pays, les médias jouent un rôle important lors des campagnes électorales. En Ukraine, la télévision joue un rôle primordial: 89% des Ukrainiens disent que la télé est leur source d’information préférée, 49% disent que l’internet est une source d’information supplémentaire, 29% disent la même chose de la presse écrite. Il existe une panoplie de médias pluralistes en Ukraine. Leur indépendance n’est cependant pas toujours garantie. Il y a notamment un problème de transparence de la propriété des médias, concentrée entre les mains de quelques personnes fortunées.

Actuellement, 9,4% des députés sont des femmes. 25% des candidats sur les listes des partis politiques et 13% des candidats pour les listes au scrutin majoritaire sont de sexe féminin.

Le conflit armé dans les régions orientales de l’Ukraine domine la campagne électorale. L’intégrité territoriale, la corruption, les réformes économiques et judiciaires, l’orientation internationale sont des sujets omniprésents.

Par rapport aux élections présidentielles et législatives auxquelles j’ai assisté dans le passé, la campagne pour les élections du 26 octobre 2014 est pratiquement invisible à Kiev. D’une part, les partis politiques ne disposent que de budgets restreints pour la campagne, d’autre part les citoyens semblent être déçus et las du monde politique.

Le Bloc Petro Porochenko est porté favori avec un score aux alentours de 30% des votes ; une attention particulière devra être portée au résultat des partis de l’extrême droite. Le parti des régions, qui avait remporté une majorité de voix lors de la dernière élection législative, ne se présente pas aux élections. Néanmoins un certain nombre de politiciens de ce parti ou proches de ce parti sont candidats dans les circonscriptions uninominales.

Je suis détaché à Lviv pour ma mission d’observation et je serai en équipe avec le député britannique conservateur Lord Richard Balfe.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Entrevue APEG an APEL

DSC_3696 (1)

E Mëttwoch hate mir eng Entrevue mat Vertrieder vun der APEG (association professionnelle des éducateurs gradués) an der APEL (association professionnelle des éducateurs luxembourgeois). Mir hunn dräi Themen diskutéiert:

1) D’Erzéier si frou iwwert d’Reform vun der fonction publique. Si kréien hier Beruffer endlech esou unerkannt wéi et soll sinn, dat heescht si kommen an déi Carrière wou se laut hire Studie musse sinn. Net frou sinn se, datt déi Kollegen, déi scho méi laang am Beruff sinn, net esou reklasséiert gin, wéi dat eigentlech misst sinn, an a vergläichbare Fäll an anere Carrièren och ëmmer de Fall war. D’Erzéier waren esouwuel vun der CGFP wéi vun de virechte Regierunge vergiess ginn. Déi nei Regierung huet de Problem geierwt, datt si e léist ass éischter onwahrscheinlech.

2) D’Beruffsfelder vun den Erzéier (éducateur an éducateur gradué) si net definéiert. Dat ass och guer net esou einfach, well et ganz vill Sparte gëtt, wou si schaffen: Schoulen, Maison relais, Foyeren, Altersheimer, Ediff… Dat ass awer och ee Problem, well sech mëttlerweil vill Leit als „Erzéier“ bezeechnen, déi keng entspriechend Diplomer an der Täsch hunn. Am MEN soll sech elo een Aarbechtsgrupp zesumme fannen, fir eng „Jobdescription“ mat de Concernéierten auszeschaffen.

3) Déi nei Mesure vun der Familljepolitik si just kuerz ugeschwat ginn. Hei ass jo nach villes am Vaguen. De Vertrieder vun den Erzéier (a mir selwer) feelt einstweilen déi néideg Phantasie, fir sech ee Konzept vu bilinguale Crèche virzestellen dat an eiser Villsproochegkeet Bestand huet. Mir loossen eis dat gären erklären, genausou wéi mer eis dann och erkläre loossen, wéi een esou ee Konzept praktesch ëmsetze kann.

Veröffentlicht unter Educatioun, Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Meeting Trixi Weis

P1030086Trixi Weis, présidente de l‘association des artistes plasticiens du Luxembourg (aapl), nous a rendu visite aujourd’hui. Le projet de loi 6612 relative aux mesures sociales au bénéfice des artistes professionnels indépendants et des intermittents du spectacle et à la promotion de la création artistique était à l’ordre du jour de la rencontre.

L’aapl est satisfaite d’un nombre important d’amendements que le projet de loi a connu. L’association critique l’obligation de prouver un revenu professionnel de quatre fois le salaire social minimum non qualifié durant l’année précédant directement la 1ère demande donnant droit aux aides pour les artistes non diplômés comme étant trop exigeante.

L’aapl désapprouve la baisse du coût maximal investit pour des oeuvres d’art dans les 7547971édifices publics lors d’appel d’offres des bâtiments publics, de 800.000 à 500.000€ par édifice. Je m’intéresse plus particulièrement à la façon selon laquelle les artistes sont choisis pour ces offres et à la mise en pratique de cette obligation d’investissement par les communes.

 

Veröffentlicht unter Kultur | Hinterlasse einen Kommentar

Wahlsystem änneren?

P1000530D’Zuel vun den Deputéierten ass ëmmer par rapport zu der Awunnerzuel gekuckt ginn, an net par rapport zu der Zuel vun de Wieler. Mat der Propositioun vum Gast Giberyen, déi de 14. Oktober an der Chamber debattéiert gouf, proposéiert d’adr ee Paradigmewiessel : D’Zuel vun den Deputéierte fir déi eenzel Bezierker soll net den Awunner no berechent ginn, mee de Wieler no.

Mir fannen dat ee falsche Wee. De Message un d’Volleksvertrieder wier jo dann: Dir sidd eenzeg an alleng der Populatioun verflicht déi iech och gewielt huet. Ech sinn der Meenung, datt mir eis als Deputéierten och musse fir d’Interessie vun deene Leit asetzen, déi net wiele goen däerfen oder kënnen : Dat sinn engersäits déi 46% Leit, déi bei eis wunnen a schaffen a keng Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, anerersäits och déi Kanner a Jugendlech, déi nach net de Wahlalter hunn, a schlussendlech och déi Leit, déi net kënne wiele kënne goen, well se um Wahlsonndeg onverhofft krank gi sinn oder hu missten an d’Ausland goen. Am Art. 50 vun eiser Constitutioun steet : „Les députés ne peuvent avoir en vue que les intérêts généraux du Grand-Duché.“ Dat ass an eisen Aen de Message dee mer musse weiderginn, an duerfir si mir der Meenung, datt de Schlëssel vun der Populatioun besser ass, wéi dee vun de Wieler.

De Staatsrot huet d’Rechnung gemaach, wéi et géing an der Chamber ausgesinn, wa mer de Schlëssel vun de Résidenten géinge bäibehalen an déi demografesch Entwécklung berücksichtegen. D’Conclusioun vun dem Exercice war, datt et vun 1981 bis 2013 zu minimale Verännerunge komm wier: zweemol zu Gonschte vum Bezierk Zentrum an zu Ongonschte vum Osten, an eng Kéier zu Gonschte vum Bezierk Süden an zu Ongonschte vum Bezierk Zentrum. Duerfir deelen ech och d’Conclusioun vum Staatsrot, datt et net vun Interêt ass, d’Wahlgesetz vum 20. Dezember 1988 op déi vun der adr gefroten Aart a Weis ze änneren.

Natierlech ass et ëmmer rëm legitim, ee Wahlsystem ze hannerfroen an a Fro ze stellen ! Och wann d’Opdeelung vum Land an déi 4 Wahlbezierker an d’Festleeung vun der Zuel vun den Deputéierte pro Wahlbezierk a mengen Aen méi Berechtegung huet, wéi den Auteur vun der Proposition de loi et gesinn huet, esou soll dat net heeschen, datt mer eis net däerfen oder net esou guer musse Gedanke maachen, ob eise Wahlsystem eng Verännerung brauch oder net.

Ech verstinn d’Opdeelung a Wahlbezierker als Versuch, net just Deputéierten aus dem Stater an Escher Gemengerot an Députe-mairen vun de gréisste Gemengen am Land an der Chamber ze hunn. Et ass einfach richteg, datt eise Wahlsystem mam Panachage deene Politiker en Avantage bréngt, déi bekannt si wann se an d’Wahle ginn. Et ass och kloer dat et tendenziell méi einfach ass, méi bekannt ze sinn, wann een an enger grousser Agglomeratioun wunnt wéi an engem klengen Duerf.

Den deemolege Präsident vum ADR, de Robert Mehlen hat no de Wahlen 2009, wou hien säi Mandat am Oste verluer hat, ëffentlech ausgerechent, datt ee bestëmmten Deputéierte vun der grénger Partei aus dem Zentrum ongerechter Weis bevirdeelegt wier, well den Zentrum zevill Deputéiert hätt, an eigentlech net dierft an der Chamber sinn.

Ech hunn net nogerechent, op ech dann elo no dem Här Mehlen senger Rechnung méi berechtegt sinn an der Chamber ze sëtzen ewéi 2009. Ech erënneren awer drunn, datt de Bezierk Zentrum sech aus dem Kanton Miersch an dem Kanton Lëtzebuerg zesummesetzt. Am Kanton Miersch wunne ronn 29.000 Leit, am Kanton Lëtzebuerg 167.000, also 5,5 mol esou vill. De Kanton Miersch ass zur Zäit duerch just een Deputéierte vertrueden, als Kanton also reng statistesch ënnervertrueden. Wéi d’Diskussioune rondrëm d’Wahlgesetz vun 1988 gefouert goufen, gouf et eng relativ staark Demande fir e fënnefte Wahlbezierk ze maachen : de Kanton Miersch an de Weste vum Land.

Déi 4 Wahlbezierker déi mer hunn, an d’Verhältnis an deem se agedeelt sinn, benodeelegen déi kleng Parteien a ginn deene grousse Parteien ee Virdeel. Dat huet z.B. de Fernand Fehlen an engem Artikel an der Zäitschrëft Forum op eng flott a beandrockend Aart a Weis duergestallt. Et kënnt och nach dobäi, dat d’Hondt Method no där d’Sëtzer berechent ginn, och nach zu Gonschte vun de grousse Parteie schafft. Do huet de Claude Biver e puer interessant Aussoen op sengem Site verëffentlecht.

Déi gréng hunn zënter laangem an hirem Wahlprogramm d’Fuerderung no engem eenzege Wahlbezierk fir dat ganzt Land stoen. D’Gréisst vum Land ass ee vun den Argumenter fir dës Positioun, et gëtt der awer nach eng ganz Rei, ech wert nach Geleeënheet kréien dorop anzegoen. Natierlech gëtt et och eng ganz Rei Froen iwwert déi praktesch Ëmsetzung vun dëser Positioun.

An der Chamber hunn sech all Parteie bereet erklärt sech op eng Reflexioun iwwert eise Wahlsystem anzeloossen. Interessant an dem Kontext ass d’ Table ronde: Le système électoral au Luxembourg, de 6. November 2014, organiséiert vun der Fondatioun Robert Krieps.

 

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Journée internationale contre la faim

Roberto Traversini, Gérard Anzia, Claude Adam à la marche de solidarité contre la faim

Roberto Traversini, Gérard Anzia, Claude Adam à la marche de solidarité contre la faim

Aujourd’hui à midi, Caritas Luxembourg avait invité à une manifestation publique avec marche musicale de solidarité dans le cadre de la „journée mondiale de l’alimentation“.

Marie-Josée Jacobs, ancienne Ministre et actuelle Présidente de la Caritas faisait parti du cortège, de même que Mars di Bartolomeo, Président de la Chambre des députés ainsi qu’un certains nombre de députés.

 

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

D’Schlass vu Meesebuerg

P1060049Am Kader vun de „journées du patrimoine“, hunn ech Sonndeg un enger Visite guidée vum Schlass vu Meesebuerg deelgeholl.

Bei engem Rondgang konnte mer eis e Bild maachen, wéi d’Restauratiounsaarbechten vu

D'Juegtschlass

D’Juegtschlass, do ass bis elo nach näischt renovéiert

Plaz kommen. Den Dag vum Schlass, matt de villen Ornamenter, ass mettlerweil faerdeg renovéiert. Et ass wichteg an richteg, datt de Stat hëlleft, datt d’Meesebuerger Schlass erhale bleiwt. Natierlech stellt sech d’Fro, wat an Zukunft mam Schlass a mat dem riisegen

Landschaftspark geschéie soll. Do ass jo schonn allerhand driwwer spekuléiert ginn, et gung vum Luxushotel iwwert ee Golfterrain an ee Polofeld. Decidéiert ass nach näischt, an et ass kloer, datt eng ganz Rei Iddien op dem doten Site net ze realiséieren sinn. Vläicht wier et gutt, een neien

Den Daniel Giorgetti huet iwwert de Site vum Schlass Meesebuerg guidéiert.

Den Daniel Giorgetti huet iwwert de Site vum Schlass Meesebuerg guidéiert.

Concours d’idées ze lancéiern? D’Schlass an den Terrain sinn a Privatbesëtz. Am Géigesaatz zu dem Propritaire vu virdrun, sinn déi nei Propriétairen ganz kooperativ mat de staatlechen Instanzen.

Den Numm Meesebuerg kéint och rëm ganz geschwënn méi bekannt ginn: Wann den 9. November 2014 d’Awunner vun de Gemengen Fëschbech, Fiels an Noumer am Referundum jo soen zu der Fusioun vun hiere Gemengen, dann kritt déi grouss, nei Gemeng den Numm Meesebuerg.

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

Ovatioun fir de Gérard Anzia

IMG_5855De Gérard Anzia, Scheffen an der Gemeng Useldeng ass zënter dem 10. Juli 2014 an der Chamber.  Hien ass fir d’Christiane Wickler nogeréckelt, dat säin Mandat als Deputéierten aus beruffleche Grënn néiergeluecht hat.

Haut hat den Syndicat d’Initiative op d’Ovatioun fir den neien Deputéierten agelueden. Déi sympatesch Feier huet mat engem Cortège am Haff vum Useldenger Schlass ugefaangen. Am Centre Culturel sinn fir d’éischt e puer Rieden geschmass ginn, d’Musek huet gespillt an d’Chorale huet gesong, an dunn gouf et natierlech ee Patt ze drénken an ee Maufel z’iessen. „Ech hat net domatt gerechent,“ sot de Gérard. „Wéi d’Viviane Loschetter mer ugeruff hat fir mer ze soen, datt d’Christiane ging ophalen an dat ech ging an d’Chamber noréckelen, hunn ech mer e bëssen Bedenkzäit gefrot. Dat bedeit jo awer vill Ännerungen, familiär an och berufflech, ech war ganz frou am ALR. Mee ech hu mech dunn awer schnell decidéiert, well wéi sot ech schonn ëmmer zu menge Schüler: Wann der de Bus vun hannen fuere gesitt, da sëtzt der net dran, da sidd der ze spéit komm“. Ech wënschen dem Gérard, den mäin neien Noper an der Chamber ass, vill Satisfaktioun an Erfolleg an senger  Missioun als Deputéierten.

Dem Christiane Wickler (2. vu lénks) säin leschten Dag an der Chamber

Dem Christiane Wickler (2. vu lénks) säin leschten Dag an der Chamber

Veröffentlicht unter Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Entrevue ACEN

DSC_3671Bei enger Entrevue hun d’Vertrieder vun der ACEN (Association des chargés de l’enseignement national) gesot, datt vill Ongerechtegkeeten mat der Reform vun der Fonction Publique sollen aus der Welt geschaf ginn -mee d’Chargeeën an de Schoulen goufen vergiess.

Mëttlerweil fannen si och Ënnerstëtzung bei den Enseignantsgewerkschaften. Dat war net ëmmer esou. D’Chargeeën hun nach ni eppes geschenkt kritt. All Fortschrëtt wat hier berufflech Situatioun ugeet, hu si sech viru Geriicht erstridden. Hiere Patron Stat hat sech oft net un dat geltend Aarbechtsrecht gehal.

Am Secondaire sinn laut chiffres clés vum MEN am Schouljoer 2012-13,  26,5% vun den Enseignanten „enseignants chargés“ gewiescht. Et kann een also weder vun engem marginalen nach vun engem kuerzfristegen Phänomen schwätzen. An eise Schoulen maachen verschidden Leit eng gläichwerteg Aarbecht, ee Véirel huet vill méi schlecht Aarbechtskonditiounen an vill méi eng niddreg Pei. D’Vertrieder vun der ACEN soen selwer, sie hätten jo net de Stage vun de Proffen gemaach, a verlaangen keng Gläichstellung. Sie hätten gären eng Unerkennung an Gerechtegkeet.

Et besteet Handlungsbedarf.

Veröffentlicht unter Educatioun | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

Demandeurs de protection internationale

Carre-MultiKulti-Ensemble[1]

Vu la multiplication des conflits armés et de nouvelles crises humanitaires on peut raisonnablement s’attendre à une augmentation du nombre des demandeurs de protection internationale au Luxembourg en 2015, voire pour la fin de cette année.

Dans ce contexte, je voudrais avoir les renseignements suivants de la part de Monsieur le Ministre de l’Immigration et de l’Asile :

  • Comment se présente l’évolution du nombre de demandes de protection internationale, du nombre des reconnaissances et des refus, ainsi que l’évolution du nombre des retours volontaires et non-volontaires de réfugiés déboutés ? Quelle est la durée moyenne des procédures de demandes ? Est-ce que le Gouvernement prévoit une montée du nombre de réfugiés ?
  • Le Luxembourg ayant été débordé par la vague de 2011, est-ce que les autorités compétentes sont aujourd’hui mieux préparées à gérer le cas échéant un nouveau pic de demandes ? Quelles sont actuellement les capacités de logement ? Est-ce que le ministère a prévu d’augmenter ces capacités ? Est-ce que d’autres initiatives sont prévues ?

A côté des demandeurs de protection internationale, il y a un nombre toujours croissant de  personnes qui ont été forcées ou contraintes à fuir ou à quitter leur foyer ou leur lieu de résidence habituel et qui n’ont pas franchi de frontières internationalement reconnues d’un Etat. La situation des déplacés internes dans le monde est de plus en plus préoccupante. 63% des déplacés sont concentrés dans cinq pays: la Syrie, la Colombie, le Nigéria, la RD du Congo et le Soudan. Ces chiffres, retirées du monde diplomatique (août-septembre 2014) datent de 2013. La multiplication des conflits armés et de nouvelles crises humanitaires suggère que le bilan pour 2014 sera encore plus lourd.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar