Wahlsystem änneren?

P1000530D’Zuel vun den Deputéierten ass ëmmer par rapport zu der Awunnerzuel gekuckt ginn, an net par rapport zu der Zuel vun de Wieler. Mat der Propositioun vum Gast Giberyen, déi de 14. Oktober an der Chamber debattéiert gouf, proposéiert d’adr ee Paradigmewiessel : D’Zuel vun den Deputéierte fir déi eenzel Bezierker soll net den Awunner no berechent ginn, mee de Wieler no.

Mir fannen dat ee falsche Wee. De Message un d’Volleksvertrieder wier jo dann: Dir sidd eenzeg an alleng der Populatioun verflicht déi iech och gewielt huet. Ech sinn der Meenung, datt mir eis als Deputéierten och musse fir d’Interessie vun deene Leit asetzen, déi net wiele goen däerfen oder kënnen : Dat sinn engersäits déi 46% Leit, déi bei eis wunnen a schaffen a keng Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, anerersäits och déi Kanner a Jugendlech, déi nach net de Wahlalter hunn, a schlussendlech och déi Leit, déi net kënne wiele kënne goen, well se um Wahlsonndeg onverhofft krank gi sinn oder hu missten an d’Ausland goen. Am Art. 50 vun eiser Constitutioun steet : „Les députés ne peuvent avoir en vue que les intérêts généraux du Grand-Duché.“ Dat ass an eisen Aen de Message dee mer musse weiderginn, an duerfir si mir der Meenung, datt de Schlëssel vun der Populatioun besser ass, wéi dee vun de Wieler.

De Staatsrot huet d’Rechnung gemaach, wéi et géing an der Chamber ausgesinn, wa mer de Schlëssel vun de Résidenten géinge bäibehalen an déi demografesch Entwécklung berücksichtegen. D’Conclusioun vun dem Exercice war, datt et vun 1981 bis 2013 zu minimale Verännerunge komm wier: zweemol zu Gonschte vum Bezierk Zentrum an zu Ongonschte vum Osten, an eng Kéier zu Gonschte vum Bezierk Süden an zu Ongonschte vum Bezierk Zentrum. Duerfir deelen ech och d’Conclusioun vum Staatsrot, datt et net vun Interêt ass, d’Wahlgesetz vum 20. Dezember 1988 op déi vun der adr gefroten Aart a Weis ze änneren.

Natierlech ass et ëmmer rëm legitim, ee Wahlsystem ze hannerfroen an a Fro ze stellen ! Och wann d’Opdeelung vum Land an déi 4 Wahlbezierker an d’Festleeung vun der Zuel vun den Deputéierte pro Wahlbezierk a mengen Aen méi Berechtegung huet, wéi den Auteur vun der Proposition de loi et gesinn huet, esou soll dat net heeschen, datt mer eis net däerfen oder net esou guer musse Gedanke maachen, ob eise Wahlsystem eng Verännerung brauch oder net.

Ech verstinn d’Opdeelung a Wahlbezierker als Versuch, net just Deputéierten aus dem Stater an Escher Gemengerot an Députe-mairen vun de gréisste Gemengen am Land an der Chamber ze hunn. Et ass einfach richteg, datt eise Wahlsystem mam Panachage deene Politiker en Avantage bréngt, déi bekannt si wann se an d’Wahle ginn. Et ass och kloer dat et tendenziell méi einfach ass, méi bekannt ze sinn, wann een an enger grousser Agglomeratioun wunnt wéi an engem klengen Duerf.

Den deemolege Präsident vum ADR, de Robert Mehlen hat no de Wahlen 2009, wou hien säi Mandat am Oste verluer hat, ëffentlech ausgerechent, datt ee bestëmmten Deputéierte vun der grénger Partei aus dem Zentrum ongerechter Weis bevirdeelegt wier, well den Zentrum zevill Deputéiert hätt, an eigentlech net dierft an der Chamber sinn.

Ech hunn net nogerechent, op ech dann elo no dem Här Mehlen senger Rechnung méi berechtegt sinn an der Chamber ze sëtzen ewéi 2009. Ech erënneren awer drunn, datt de Bezierk Zentrum sech aus dem Kanton Miersch an dem Kanton Lëtzebuerg zesummesetzt. Am Kanton Miersch wunne ronn 29.000 Leit, am Kanton Lëtzebuerg 167.000, also 5,5 mol esou vill. De Kanton Miersch ass zur Zäit duerch just een Deputéierte vertrueden, als Kanton also reng statistesch ënnervertrueden. Wéi d’Diskussioune rondrëm d’Wahlgesetz vun 1988 gefouert goufen, gouf et eng relativ staark Demande fir e fënnefte Wahlbezierk ze maachen : de Kanton Miersch an de Weste vum Land.

Déi 4 Wahlbezierker déi mer hunn, an d’Verhältnis an deem se agedeelt sinn, benodeelegen déi kleng Parteien a ginn deene grousse Parteien ee Virdeel. Dat huet z.B. de Fernand Fehlen an engem Artikel an der Zäitschrëft Forum op eng flott a beandrockend Aart a Weis duergestallt. Et kënnt och nach dobäi, dat d’Hondt Method no där d’Sëtzer berechent ginn, och nach zu Gonschte vun de grousse Parteie schafft. Do huet de Claude Biver e puer interessant Aussoen op sengem Site verëffentlecht.

Déi gréng hunn zënter laangem an hirem Wahlprogramm d’Fuerderung no engem eenzege Wahlbezierk fir dat ganzt Land stoen. D’Gréisst vum Land ass ee vun den Argumenter fir dës Positioun, et gëtt der awer nach eng ganz Rei, ech wert nach Geleeënheet kréien dorop anzegoen. Natierlech gëtt et och eng ganz Rei Froen iwwert déi praktesch Ëmsetzung vun dëser Positioun.

An der Chamber hunn sech all Parteie bereet erklärt sech op eng Reflexioun iwwert eise Wahlsystem anzeloossen. Interessant an dem Kontext ass d’ Table ronde: Le système électoral au Luxembourg, de 6. November 2014, organiséiert vun der Fondatioun Robert Krieps.

 

Dieser Beitrag wurde unter Politik abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s