CSV: Interpellation sur l’orientation future de la politique culturelle

PL6448Et ass gewosst, datt de Kulturministère bis viru knapp engem Joer, eng ganz laang Zäit an den Hänn vun der CSV louch.

Et ass jo net esou, datt an all deeër Zäit keng kulturell Aktivitéiten am Land gewiescht wieren, an et ass och net esou, datt all Decisiounen, déi an der Vergaangenheet geholl gi sinn, schlecht gewiescht wieren.

Et ass awer esou, datt engersäits ee gewëssen Nohuelbedarf och um kulturelle Plang besteet, an anerersäits e puer Entwécklungen net esou gelaf sinn, wéi se eigentlech hätte sollen lafen.

Wann den Dossier nei Nationalbibliothéik net esou laang geschleeft hätt, da wiere mer vläicht zu aneren Decisioune komm ewéi déi, déi mer d’lescht Joer hu missen huelen, an déi vun alle Parteien, och vun déi gréng, matgedroe gi sinn, wann och mat engem gewësse Bedaueren.

Mir hate schonn an der Regierung vun 2004-09 ganz vill Sëtzungen an der Kulturkommissioun mat engem neie Gesetz iwwert d’ « protection du patrimoine » verbruecht (insgesamt 29 Sëtzungen tëschent dem 08-10-2003 an dem 19-10-2009). Ee Gesetz, dat vun der Regierung nach virdrun, vun der deemoleger Ministesch Erna Hennicot-Schoepges den 17. Oktober 2000 deposéiert gouf, a wou ni Neel mat Käpp gemeet gi sinn.

Da gëtt et och nach ee Gesetz iwwert de Bau vun Nationalarchiven, dat de 26. Mee 2004, och vun der Madame Hennicot deposéiert gouf, dës Kéier allerdings an hirer Funktioun als Ministre des Travaux Publics. Nom Dépôt ass ni méi eppes an dem Dossier geschitt.

Bei der Nationalbibliothéik an den -Archiven hu mer ëmmer rëm op provisoresch Léisungen zréckgegraff, Léisungen, déi Sue kascht hunn ouni eis zefridde stellen ze kënnen.

Mir hate mol eng Kéier eng gewëss Pénurie vu Kulturinfrastrukturen, a mer hate mol eng Kéier eng « grande ministre bâtisseuse », déi hei Remedur geschaf huet. Mir hunn haut ee MUDAM, eng Philharmonie, ee Musée de la Forteresse, deen och een exzellent Beispill fir eng net transparent ëffentlech Bautepolitik ass, an eng Hellewull vu Regionale Kulturhaiser. Menger Meenung no, hu mer éischter ze vill Kulturhaiser zu Lëtzebuerg ewéi datt mer der net genuch hätten. D’ « autonomie communale » wäert awer derfir suergen, datt mer nach dat eent oder anert derbäi kréien. All Gemeng schéngt säin eegenen Tempel wëllen ze hunn, wéi a mat wat mer e gefëllt kréien, ass net déi éischt Suerg.

U Gebaier geet et sécherlech einstweilen duer, sauf National-Bibliothéik an -Archiven. Un Iddien, Visibilitéit, Struktur an Transparenz an der Kulturpolitik kënne mer awer nach eng Schëpp bäileeën.

Wat ass de Stellewäert vun der Kultur an eiser Gesellschaft haut, wat ass de Rôle vum Kulturministère ? Wat waren d’Schwéierpunkte vun der Kulturpolitik an deene läschte Joeren, wat waren d’Prioritéiten ? Wien mécht Kulturpolitik hei am Land, d’IGF oder d’Politik ?

Veröffentlicht unter Kultur, Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Meeting Leonor de Lera

IMG_5887

Leonor est musicienne free-lance, spécialisée en musique ancienne, plus précisément à la musique du XVIIe et du XVIIIe siècle. Ce qui l’attire le plus, c’est la musique italienne. Elle joue un violon du XVIIIe siècle, un instrument fait par un luthiste autrichien en Italie. Leonor fait parti de quelques ensembles, elle trouve ses engagement par des contacts internationaux, elle est contactée directement pour participer à divers projets particuliers.

C’est le premier séjour au Luxembourg pour Leonor. La jeune violoniste de Madrid est venue accompagner, avec l’ensemble instrumental Il Delirio Fantastico, une série de trois concert de l‘Ensemble Vocal du Luxembourg. L’ensemble instrumental Il Delirio Fantastico est un groupe de jeunes musiciens baroques spécialisés dans la pratique historique et le jeu sur instruments anciens, fondé en 2009 par le claveciniste Vincent Bernhardt.

Le prochain rendez-vous musical de Leonor est au Pays basque, dans dix jours, ou elle IMG_5898
participe à un programme moitié instrumental et moitié chant, avec Lux in tenebris et la soprano Abenauara Graffigna Caballero.

Pour le moment, la vie comme musicienne free-lance est très dure. En Espagne comme en  Italie, il n’y a pratiquement pas de travail. Leonor est quand-même optimiste. Elle dit que l’économie, c’est quelque chose avec des hauts et des bas. Elle est confiante, qu’il y aura une reprise économique au sud de l’Europe, qu’il y aura un avenir ou elle jouera plus souvent, peut-être elle formera même un jour son propre ensemble avec des amis musiciens.

Veröffentlicht unter Kultur | Hinterlasse einen Kommentar

TTIP Koordinatrice am US Ausseministère op Besuch

Claude Adam., Kim Valus Tuminaro,Heidi-Hakone L. Jovanovic, Dan Michels

Claude Adam., Kim Valus Tuminaro,Heidi-Hakone L. Jovanovic, Dan Michels

Haut hate mir d’Madame Kim Valus Tuminaro, TTIP Koordinatrice am US Ausseministère op Besuch. Si hat eng Entrevue ugefrot, fir iwwert den „Transatlatic Trade and Investment Partnership“ (TTIP) ze schwätzen. D’Madame Valus Tuminaro war begleet vun enger Delegatioun vun der Amerikanescher Ambassade hei zu Lëtzebuerg, der Madame Heidi-Hakone L. Jovanovic – Head of the Political and Economic Section, an dem Alain Charlier – Political / Economic Affairs Specialist

Si hunn plädéiert dat den TTIP fir d’USA e „natierlechen nächste Schratt“ an der ökonomescher Zesummenaarbecht tëscht den USA an der EU duerstellt. Den TTIP wier en Ofkommes tëschent zwee gläichwäertege Partner mat ähnlechen ökonomeschen Intressen.

Mir hunn eis den US Argumentaire fir den TTIP ugelauschtert an dono der US Representante och déi gréng Positioun erklärt. Dobäi hunn ech speziell eis Bedenke bezüglech enger Verwässerung vun den europäeschen Aarbechts- an Ëmwelt-Standarden an natierlech och eis Oflehnung vum ISDS Mechanismus (Privat-Schiidsgeriicht tëschent Investisseuren a Staaten) matgedeelt.

Och wann ech dem TTIP ganz kritesch vis-a-vis stinn, keng Verhandlungen iwwert eng Verbesserung vun der wirtschaftlecher Zesummenaarbecht tëscht den USA an der EU ass och keng Léisung. Queesch duerch d’Welt gëtt iwwert Fräihandelszone verhandelt, d’EU kann net just nokucken.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Gemeng Meesebuerg: Nee merci.

Marc Eicher, Marianne Brosius, Pit Wies

Marc Eicher (Noumer), Marianne Brosius (Fëschbech), Pit Wies (Fiels)

D’Resultater vum Referendum vum 9 November 2014 sinn däitlech: Keng Fusioun vun de Gemengen Fëschbech, Fiels an Noumer !

Etes-vous d’accord avec la fusion des communes de Fischbach, Larochette et Nommern au 1er janvier 2018 ?Capture d’écran 2014-11-09 à 18.35.45

Déi 3 Buergermeeschteren, déi mat hire Schäfferéit op e „point presse“ invitéiert haten, waren enttäuscht. Jorelaang hunn si eng Fusioun virbereet, – hier Wieler konnten se net iwwerzeegen. Si waren sech bewosst, datt d’Iddi vun enger Fusioun géing een Nee riskéieren. Mat dem Ausmooss vun der Ofleenung haten se awer net gerechent.

Et ass natierlech schwéier ze soen, firwat datt esou vill Wieler mat nee gestëmmt hunn. Schliisslech waren déi zwee Buergermeeschteren aus der Fiels an vu Fëschbech bei deene Gemengewahle vun 2011 ganz gutt erëmgewielt ginn –an si haten ni verstoppt, datt si ganz fervent Unhänger vun enger Fusioun wieren. (Zu Noumer ass 2011 net gewielt ginn, et ware just esou vill Kandidaten ewéi Posten am Gemengerot.).

Zwou Ursaache si vun de Gemengeverantwortlechen genannt ginn:

De Fusiounsaccord hat virgesinn, datt d’Kanner weider an dezentral Schoule géinge goen. An awer war d’Angscht virun enger Zentralschoul permanent een Thema. Datt déi Angscht virun enger Zentralschoul an der Fiels manner grouss ass wéi zu Fëschbech an zu Noumer, dat daerf hannerfrot ginn.

Eng aner Ursaach war eng méiglech “zone artisanale” an der fusionéierter Gemeng. Esou eng Zone ass zwar ëmmer vun de Gemengeverantwortleche gefrot ginn, ee méigleche Standuert war awer net direkt auszemaachen. Hei drängt sech natierlech d’Fro op, ob eng regional Industriezone,  net déi besser Léisung wier.

D’Virdeeler vun enger Fusioun sinn net bei de Wieler ukomm. D’Resultat ass kloer an däitlech. Keng Gemeng Meesebuerg ! Ob d’Resultat eng Auswierkung op d’Zesummenaarbecht vun deenen dräi Gemengen huet oder net, datt wäerten d’Gespréicher an deene jeeweilege Schäfferéit an den naechste Wochen weisen.

Et wier scho wichteg, eng geziilt Ursaachefuerschung ze maachen. Wat huet d’Leit motivéiert, massiv géint eng Fusioun ze stëmmen ? Ass et just aus dem Gefill vun Zefriddenheet mat der Situatioun an hirer Gemeng eraus ? Da kéinten déi jeeweileg Schäfferéit jo eigentlech, och wann et e bësse komesch kléngt, mam Resultat vum Referendum zefridde sinn. Wéi eng Grënn gëtt et nach ? Wëlle mer se all wëssen ?

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | 2 Kommentare

Kooperatiounspolitik ass keng karitativ Veranstaltung

DSC_3588Hei zu Lëtzebuerger gi mir e bësse méi wéi ee Prozent vu eisem Revenu national brut fir d’aide publique au développement aus. Dëse Montant ass an deene leschte Méint vu kritesche Stëmmen hannerfrot ginn. Wéi soll Denger Meenung no d’Zukunft vun der lëtzebuerger Kooperatioun ausgesinn?

Fir déi gréng ass Kooperatiounspolitik keng karitativ Veranstaltung, mee eng international Zesummenaarbecht tëschent Regierungen an Zivilgesellschafte vun ënnerschiddleche Länner fir zesummen zu bessere Sozialsystemer, méi Bildung, méi Demokratie, ee gerechten Handel, de Schutz vun eisen natierleche Ressourcen an enger globaler Ëmweltpolitik ze kommen. Als eent vun deene räichste Länner op der Welt solle mir frou sinn, datt Lëtzebuerg och un der Spëtzt steet, wat d’Entwécklungshëllef betrëfft. D’nächst Joer ass d’année européenne au développement ënnert der lëtzebuerger EU Presidence. Dëst gëtt eis d’Chance fir positiv Impulser um europäeschen Niveau ze setzen.

2015 ass ee wichtegt Joer fir d’Entwécklungspolitik…

2015 ass net just d’europäescht Joer vun der Entwécklungspolitik. Dat Joer stellt d’UNO och d’Weiche fir d’Zukunft vun der globaler Entwécklungsstrategie. De Bilan vun den 8 Millenium Developement Goals gëtt gezunn, an d’Post-2015 Agenda gëtt op d’Schinne gesat. Déi nei Zieler – déi sougenannt Sustainable Developement Goals – wäerte Fuerderunge stelle fir déi sech de grénge Mouvement schonns laang asetzt. Duerch déi nei Entwécklungsziler sollen negativ Impakter op eis Ëmwelt minimiséiert ginn an eis allgemengt Konsumverhalen a Fro gestallt ginn.

No der Verëffentlechung vum Zukunftspak goufen et vill Diskussiounen iwwer den zukünftege Rôle, deen d‘lëtzebuerger ONGen an der nationaler Kooperatiounspolitik solle spillen. Wéi gesäit Denger Meenung no den zukünftege Rôle vun de lëtzebuerger Kooperatiouns-ONGen aus?

D’lëtzebuerger Kooperatiouns-ONGen hunn 2013 em déi 20 Prozent vum Gesamtmontant vun der bilateraler Hëllef ëmgesat. Dëst ass e Beweis fir en staarken Engagement vun eiser Zivilgesellschaft un der Kooperatiounspolitik. D‘Mesuren aus dem Zukunftspak sollen ab 2016 en direkten Impakt op eisen ONGen hier Aarbecht hunn. déi gréng wëssen de lëtzebuerger ONGen hier Aarbecht ze schätzen, an d’ONGe sollen och weiderhin e wichtege Rôle an der lëtzebuerger Kooperatiounspolitik spillen. Enger Ëmstrukturéierung vun der lëtzebuerger Kooperatioun, am Dialog mat de concernéierten ONGen, an zu Gonschte vu méi enger grousser Effizienz, sti mir positiv géintiwwer.

source: déi gréng

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Meeting Urs Jaeggi

DSC07704Virun net all ze laanger Zäit hat de Schwäizer Ambassadeur, den Här Urs Hammer an d’Madame Raffaela Zenoni op eng Liesung an een Iessen mam Urs Jaeggi invitéiert. Den Urs Jaeggi, Joergang 1931, war Soziologieprofesser un verschiddenen Universitéiten, an ass haut nach als Auteur an als Kënschtler aktiv. Hien huet gesot, de Jean Ziegler geséich hien e bëssen als Mentor. 2014 ass säi Buch „Kunst ist überall“ erauskomm, an nach bis de 14. November 2014 si Wierker vun him am Gaart vum Centre Culturel Neimënster ze gesinn.

Veröffentlicht unter Kultur | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Verkéiersberouegung am Uelzechtdall

Capture d’écran 2014-11-03 à 22.56.34Méindeg den Owend hat de François Bausch, Minister vun der nohalteger Entwécklung a vun den Infrastrukturen, d’Awunner aus de Gemenge Lëntgen, Luerenzweiler, Walfer a Steesel op Hielem an de Centre culturel invitéiert. Um Ordre du jour stoung d’Presentatioun vu Verkéiersberouegungsmesuren am Uelzechtdall, wann d’A7 bis komplett a Betrib geet (September 2015) a vum Amenagement vum CR 123 tëschent Hënsdref a Pretten.

P1060272De Sujet huet d’Leit interesséiert, de Sall huet sech als vill ze kleng erausgestallt. Den Owend huet ugefaang mat enger Rei Donnéeën, déi eigentlech net nei sinn: Am Uelzechtdall (tëschent Miersch a Walfer) hunn 2009 24482 Leit gewunnt, 2020 sollen et der 29.400 sinn. D’Aarbechtsplaze gi vun 10586 op 11090 erop.

Op der RN7 soll de Verkéier tëschent Luerenzweiler an Heeschdref bis 2020 ëm 50% ofhuelen -duerch d’Nordstrooss. Elo gëllt et natierlech am Uelzechtdall, d’Mobilitéit esou ze plangen, datt méiglechst vill Leit mam ëffentlechen Transport fueren, an déi, déi op den Auto ugewise sinn oder net verzichte wëllen, solle méiglechst op der Autobunn bleiwen oder esou séier ewéi méiglech drop gedréckt ginn. Bis 2020 soll d’Eisebunn 135% méi Leit transportéieren ewéi bis elo. Méi Zich an den Arrêt bei der rouder Bréck sollen dat méiglech maachen. D’Offer vun de Busse soll verbessert ginn, esou datt am selwechten Zäitraum 30% méi Leit mam Bus fueren.

Wichteg Fro: Wat geschitt mam CR 123? Déi Strooss ass als potentielle Schläichwee ganz interessant: am Verglach zur R.N. 7, op enger Distanz déi bal d’selwecht ass:

rn7Wéineg Leit wëllen d’Strooss ganz zoumaachen. Eng Propose vum Ministère ass fir de CR 123 an den Uertschaftskären op Tempo 30 ze reduzéieren, eventuell een Deel just an eng Richtung opzemaachen (vu Steesel op Hënsdref) an een Deel ganz ze spären (tëschent Hënsdref an Pretten). Eng Testphase ass scho mol vun Abrëll bis November 2015. Da geet de ganze CR 123 op, well d’Strooss vu Goussel op Lëntgen wéinst Bauaarbechte gespaart gëtt. Dat ass also zum Deel mat an zum Deel ouni Nordstrooss.

Duerno mussen sech dann déi 5 Buergermeeschteren aus dem Uelzechtdall, déi alleguer bei der Informatiounsversammlung derbäi waren, eens ginn.

Natierlech waren och déi do, déi gemengt hunn, et géing just esou schlecht mam Verkéier P1060265virugoen, well mer net genuch Stroosse bauen. D’Diskussioun ass awer sachlech bliwwen, an dat war och dem Minister Bausch ze verdanken, deen sech d’Laun net verdierwe gelooss huet an d’Versammlung souverän geleet huet.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | 2 Kommentare

Entrevue mam Cercle des ONG-D

DSC_3698 2Haut hu mir eng Delegatioun vum Cercle des ONG-D empfaangen fir iwwert déi geplangten Ëmstrukturéierung vum Kofinanzement vun de lëtzebuerger ONGen hiren Entwécklungsprojeten, souwéi d’Erofsetzen vum Planfond vum staatlechen Zouschlag fir hir administrativ Käschten ze schwätzen. Des Mesuren déi een ënnert de Punkten 28 bis 30 am Zukunftspak ka rëmfannen, sollen ab 2016 en direkten Impakt op eisen ONGen hier Aarbecht hunn. déi gréng verstinn dofir dem Cercle seng Besuergness. déi gréng wëssen de lëtzebuerger ONGen hier Aarbecht ze schätzen a sinn der Meenung dat eis ONGen och weiderhin sollen e wichtege Rôle an der lëtzebuerger Kooperatiounspolitik spillen. Eng Ëmstrukturéierung vun der lëtzebuerger Kooperatioun, zu Gonschten vun méi enger grousser Effizienz vum Kooperatiounssektor, muss zesummen mat den ONGen diskutéiert ginn.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Wahlen an der Ukraine

P1060242 2

Den éischten Wahlbureau an enger klenger Stad no bei Lviv, wou mer um hallwer aacht ukomm sinn, war schonn e bësse speziell: Un enger Wahlkabinn houng ee Bild vun der Muttergottes mam Jesuskëndchen. D’Dieren si mat 2 Minutten Verspéidung opgemeet ginn, well wéi alles fäerdeg war, huet nach fir d’éischt misste gebiet ginn, an duerno ass zesummen d’Nationalhymn gesong ginn.

P1060246Mir sinn am ganzen 11 Wahlbureauen besiche gaang, ëmmer eng hallef Stonn do bliwwe, hunn dem Wahlprozess nogekuckt, mat de Leit geschwat a meng Konklusioun ass kloer: Do wou ech war, ass alles perfekt gelaf. D’Wahlbureauen sinn entweder an enger Schoul oder an engem Veräinshaus. Déi an de Veräinshaiser waren méi schlecht drun, well do däerf net gehëtzt ginn. Et muss Gas gespuert ginn. Am Wahlbureau war ëmmer eng ganz däitlech Majoritéit vu Fraen, 9 vun 11 Presidenten vun Wahlbureauen waren weiblech.

D’Stroossen fir bei déi kleng Dierfer sinn an engem miserabelen Zoustand. D’Autoen P1060250fueren weder riets nach lénks, mee am Slalom rondrëm déi riseg Lächer an de Stroossen. Ech ka mer net virstellen, wéi am Wanter nach iwwerhaapt een hei mat engem Auto fuere kann. Eis sinn och nach matzen an der Nuecht Vëlosfuerer a Foussgänger begéint, déi ouni Luucht an wäit ewech vun engem Duerf ënnerwee waren. Honn Katzen, Hinger, Inten a Gänsen gehéieren zum Duerfbild. Déi Leit, deene mir begéint sinn, waren all frëndlech an gaaschtfrëndlech. Et ass scho spannend, op Platzen ënnerwee ze sinn, wou een als Tourist ni hikéim.

P1060262Am Bureau wou mir bei der Auszielung waren, huet däitlech den Yatseniuk gewonn, virum Poroshenko Bloc, déi extrem Nationalisten hunn nach ze vill Stëmme kritt, och wann et der net wierklech vill waren.

Krich, d’Situatioun am Osten, d’Ukraine als Natioun, waren natierlech ëmmer een Thema, mir sinn awer virun allem déi beschwéierlechen Liewensbedingungen an der Ukraine opgefall. Et dierft nach ee wäide Wee fir d’Ukraine sinn, bis an d’Europäesch Unioun.

Capture d’écran 2014-10-29 à 11.14.17 

Veröffentlicht unter Politik, Verschiddenes | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

Meeting Lord Richard Balfe

P1060226Déi éischt Ausso, wéi den Richard Balfe héieren huet, datt ech vu Lëtzebuerg wier: „Do you know Astrid Lulling?“ Déi zwee hunn sech am Europaparlament begéint an och bei de Frënn vun Taiwan. Si sinn haut och nach an engem Comité, wou se sech regelméisseg gesinn. Den Richard Balfe huet och, d’selwecht wéi d’Astrid Lulling, d’Partei gewiesselt. Hien huet bei der Labour Party ugefaang Politik ze maachen a war laang fir Labour am Europaparlament. Am Januar 2002 ass hien aus der Labour Party rausgeflunn. „THat was the best thing that could happen to me“, huet hien gemengt, „I never liked Tony Blair.“ Am März 2002 ass hien bei déi Konservativ gaang. Zënter 2013 ass hien fir déi Konservativ am House of Lords. Hien ass de Mëttelsmann zu de Gewerkschaften an fir europäesch Froen zoustänneg, speziell och fir den Dossier Tierkei.

Den Lord Balfe fënnt TTIP geféierlech a wiert sech dogéint, hien ass fir d’Recht op Stierwhëllef an en iwwerzeechten Europäer. Schingt mir alles net ganz typesch, fir een konservativen Englänner.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar