Gemeng Meesebuerg: Nee merci.

Marc Eicher, Marianne Brosius, Pit Wies

Marc Eicher (Noumer), Marianne Brosius (Fëschbech), Pit Wies (Fiels)

D’Resultater vum Referendum vum 9 November 2014 sinn däitlech: Keng Fusioun vun de Gemengen Fëschbech, Fiels an Noumer !

Etes-vous d’accord avec la fusion des communes de Fischbach, Larochette et Nommern au 1er janvier 2018 ?Capture d’écran 2014-11-09 à 18.35.45

Déi 3 Buergermeeschteren, déi mat hire Schäfferéit op e „point presse“ invitéiert haten, waren enttäuscht. Jorelaang hunn si eng Fusioun virbereet, – hier Wieler konnten se net iwwerzeegen. Si waren sech bewosst, datt d’Iddi vun enger Fusioun géing een Nee riskéieren. Mat dem Ausmooss vun der Ofleenung haten se awer net gerechent.

Et ass natierlech schwéier ze soen, firwat datt esou vill Wieler mat nee gestëmmt hunn. Schliisslech waren déi zwee Buergermeeschteren aus der Fiels an vu Fëschbech bei deene Gemengewahle vun 2011 ganz gutt erëmgewielt ginn –an si haten ni verstoppt, datt si ganz fervent Unhänger vun enger Fusioun wieren. (Zu Noumer ass 2011 net gewielt ginn, et ware just esou vill Kandidaten ewéi Posten am Gemengerot.).

Zwou Ursaache si vun de Gemengeverantwortlechen genannt ginn:

De Fusiounsaccord hat virgesinn, datt d’Kanner weider an dezentral Schoule géinge goen. An awer war d’Angscht virun enger Zentralschoul permanent een Thema. Datt déi Angscht virun enger Zentralschoul an der Fiels manner grouss ass wéi zu Fëschbech an zu Noumer, dat daerf hannerfrot ginn.

Eng aner Ursaach war eng méiglech “zone artisanale” an der fusionéierter Gemeng. Esou eng Zone ass zwar ëmmer vun de Gemengeverantwortleche gefrot ginn, ee méigleche Standuert war awer net direkt auszemaachen. Hei drängt sech natierlech d’Fro op, ob eng regional Industriezone,  net déi besser Léisung wier.

D’Virdeeler vun enger Fusioun sinn net bei de Wieler ukomm. D’Resultat ass kloer an däitlech. Keng Gemeng Meesebuerg ! Ob d’Resultat eng Auswierkung op d’Zesummenaarbecht vun deenen dräi Gemengen huet oder net, datt wäerten d’Gespréicher an deene jeeweilege Schäfferéit an den naechste Wochen weisen.

Et wier scho wichteg, eng geziilt Ursaachefuerschung ze maachen. Wat huet d’Leit motivéiert, massiv géint eng Fusioun ze stëmmen ? Ass et just aus dem Gefill vun Zefriddenheet mat der Situatioun an hirer Gemeng eraus ? Da kéinten déi jeeweileg Schäfferéit jo eigentlech, och wann et e bësse komesch kléngt, mam Resultat vum Referendum zefridde sinn. Wéi eng Grënn gëtt et nach ? Wëlle mer se all wëssen ?

Dieser Beitrag wurde unter Politik abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

2 Antworten zu Gemeng Meesebuerg: Nee merci.

  1. Reding Jean-Marie schreibt:

    Schued fir déi motivéiert Gemengepolitiker, déi esou vill Energie dra gestach hunn. Mee:
    – Brénge Fusioune wierklech esou vill méi u Liewensqualitéit? (Neen, eben net onbedingt! Trotz staatlecher Bestiechung, pardon, ähm, „Ureizförderung“)
    – Firwat ginn et awer net wierklech vill „interkommunal“ Institutiounen am Land, wann een ALL (!) Beräicher kuckt? (vläicht well ee vu Gemeng léiwer am Singulier schwätzt aplaz am Pluriel?)
    – Wou fänkt „Proximitéit“ un a wou hält se op? (Bsp. Kantonalhaaptstied – Distanz (frz. Revolutioun): 1 Päerdsrëtt bis an déi Uertschaft. Haut: Kann een z.B. zu Fouss an de kommunalen Zentrum trëppelen?)
    – Wou fänkt „Identifikatioun“ mat enger kommunaler Gemeinschaft un a wou hält se op? (geographesch-historesch gewuesse Wuerzelen. Passt z.B. Ettelbréck an Dikkrech beieneen?)
    Effektiv vill Froen. Wëssenschaftlech Studien an deem Sënn: jo. Mee opgepasst: hei geet et ëm mënschlech Emotiounen. Déi si schwéier ze moossen.

    • clauderadam schreibt:

      Et geet hei ganz vill ëm mënschlech Emotiounen. Jo, déi si schwéier ze moossen, an awer, et ass wichteg, sech op dës Emotiounen anzeloossen, wann ee wëllt op d’Erwaardungen vun de Mënschen agoen.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s