CSV: Interpellation sur l’orientation future de la politique culturelle

PL6448Et ass gewosst, datt de Kulturministère bis viru knapp engem Joer, eng ganz laang Zäit an den Hänn vun der CSV louch.

Et ass jo net esou, datt an all deeër Zäit keng kulturell Aktivitéiten am Land gewiescht wieren, an et ass och net esou, datt all Decisiounen, déi an der Vergaangenheet geholl gi sinn, schlecht gewiescht wieren.

Et ass awer esou, datt engersäits ee gewëssen Nohuelbedarf och um kulturelle Plang besteet, an anerersäits e puer Entwécklungen net esou gelaf sinn, wéi se eigentlech hätte sollen lafen.

Wann den Dossier nei Nationalbibliothéik net esou laang geschleeft hätt, da wiere mer vläicht zu aneren Decisioune komm ewéi déi, déi mer d’lescht Joer hu missen huelen, an déi vun alle Parteien, och vun déi gréng, matgedroe gi sinn, wann och mat engem gewësse Bedaueren.

Mir hate schonn an der Regierung vun 2004-09 ganz vill Sëtzungen an der Kulturkommissioun mat engem neie Gesetz iwwert d’ « protection du patrimoine » verbruecht (insgesamt 29 Sëtzungen tëschent dem 08-10-2003 an dem 19-10-2009). Ee Gesetz, dat vun der Regierung nach virdrun, vun der deemoleger Ministesch Erna Hennicot-Schoepges den 17. Oktober 2000 deposéiert gouf, a wou ni Neel mat Käpp gemeet gi sinn.

Da gëtt et och nach ee Gesetz iwwert de Bau vun Nationalarchiven, dat de 26. Mee 2004, och vun der Madame Hennicot deposéiert gouf, dës Kéier allerdings an hirer Funktioun als Ministre des Travaux Publics. Nom Dépôt ass ni méi eppes an dem Dossier geschitt.

Bei der Nationalbibliothéik an den -Archiven hu mer ëmmer rëm op provisoresch Léisungen zréckgegraff, Léisungen, déi Sue kascht hunn ouni eis zefridde stellen ze kënnen.

Mir hate mol eng Kéier eng gewëss Pénurie vu Kulturinfrastrukturen, a mer hate mol eng Kéier eng « grande ministre bâtisseuse », déi hei Remedur geschaf huet. Mir hunn haut ee MUDAM, eng Philharmonie, ee Musée de la Forteresse, deen och een exzellent Beispill fir eng net transparent ëffentlech Bautepolitik ass, an eng Hellewull vu Regionale Kulturhaiser. Menger Meenung no, hu mer éischter ze vill Kulturhaiser zu Lëtzebuerg ewéi datt mer der net genuch hätten. D’ « autonomie communale » wäert awer derfir suergen, datt mer nach dat eent oder anert derbäi kréien. All Gemeng schéngt säin eegenen Tempel wëllen ze hunn, wéi a mat wat mer e gefëllt kréien, ass net déi éischt Suerg.

U Gebaier geet et sécherlech einstweilen duer, sauf National-Bibliothéik an -Archiven. Un Iddien, Visibilitéit, Struktur an Transparenz an der Kulturpolitik kënne mer awer nach eng Schëpp bäileeën.

Wat ass de Stellewäert vun der Kultur an eiser Gesellschaft haut, wat ass de Rôle vum Kulturministère ? Wat waren d’Schwéierpunkte vun der Kulturpolitik an deene läschte Joeren, wat waren d’Prioritéiten ? Wien mécht Kulturpolitik hei am Land, d’IGF oder d’Politik ?

Dieser Beitrag wurde unter Kultur, Politik abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s