Verkéiersberouegung am Uelzechtdall

Capture d’écran 2014-11-03 à 22.56.34Méindeg den Owend hat de François Bausch, Minister vun der nohalteger Entwécklung a vun den Infrastrukturen, d’Awunner aus de Gemenge Lëntgen, Luerenzweiler, Walfer a Steesel op Hielem an de Centre culturel invitéiert. Um Ordre du jour stoung d’Presentatioun vu Verkéiersberouegungsmesuren am Uelzechtdall, wann d’A7 bis komplett a Betrib geet (September 2015) a vum Amenagement vum CR 123 tëschent Hënsdref a Pretten.

P1060272De Sujet huet d’Leit interesséiert, de Sall huet sech als vill ze kleng erausgestallt. Den Owend huet ugefaang mat enger Rei Donnéeën, déi eigentlech net nei sinn: Am Uelzechtdall (tëschent Miersch a Walfer) hunn 2009 24482 Leit gewunnt, 2020 sollen et der 29.400 sinn. D’Aarbechtsplaze gi vun 10586 op 11090 erop.

Op der RN7 soll de Verkéier tëschent Luerenzweiler an Heeschdref bis 2020 ëm 50% ofhuelen -duerch d’Nordstrooss. Elo gëllt et natierlech am Uelzechtdall, d’Mobilitéit esou ze plangen, datt méiglechst vill Leit mam ëffentlechen Transport fueren, an déi, déi op den Auto ugewise sinn oder net verzichte wëllen, solle méiglechst op der Autobunn bleiwen oder esou séier ewéi méiglech drop gedréckt ginn. Bis 2020 soll d’Eisebunn 135% méi Leit transportéieren ewéi bis elo. Méi Zich an den Arrêt bei der rouder Bréck sollen dat méiglech maachen. D’Offer vun de Busse soll verbessert ginn, esou datt am selwechten Zäitraum 30% méi Leit mam Bus fueren.

Wichteg Fro: Wat geschitt mam CR 123? Déi Strooss ass als potentielle Schläichwee ganz interessant: am Verglach zur R.N. 7, op enger Distanz déi bal d’selwecht ass:

rn7Wéineg Leit wëllen d’Strooss ganz zoumaachen. Eng Propose vum Ministère ass fir de CR 123 an den Uertschaftskären op Tempo 30 ze reduzéieren, eventuell een Deel just an eng Richtung opzemaachen (vu Steesel op Hënsdref) an een Deel ganz ze spären (tëschent Hënsdref an Pretten). Eng Testphase ass scho mol vun Abrëll bis November 2015. Da geet de ganze CR 123 op, well d’Strooss vu Goussel op Lëntgen wéinst Bauaarbechte gespaart gëtt. Dat ass also zum Deel mat an zum Deel ouni Nordstrooss.

Duerno mussen sech dann déi 5 Buergermeeschteren aus dem Uelzechtdall, déi alleguer bei der Informatiounsversammlung derbäi waren, eens ginn.

Natierlech waren och déi do, déi gemengt hunn, et géing just esou schlecht mam Verkéier P1060265virugoen, well mer net genuch Stroosse bauen. D’Diskussioun ass awer sachlech bliwwen, an dat war och dem Minister Bausch ze verdanken, deen sech d’Laun net verdierwe gelooss huet an d’Versammlung souverän geleet huet.

Dieser Beitrag wurde unter Politik abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

2 Antworten zu Verkéiersberouegung am Uelzechtdall

  1. marc schreibt:

    ett ass contre-sens vun den Leit ze verlangen sie sollen op hiren privaten Auto verzichten wann elo endlech 50% manner Traffik ass. Den oeffentlechen Transport muss nach vill besser ginn an interessanter fir dat Leit gewellt sinn bei villen Trajets op den Auto kennen ze verzichten-also vum oeffentlechen Transport profiteieren. Dei voll Ligne 10 an ouni horaire ass secher ken Beispill vun funktionnellen oeffentlechen Transport.

  2. clauderadam schreibt:

    Dat ass de Kaer vum Problem: Wann d’Nordstroos opgeet, ass et rëm méi einfach, sech mam Auto ze deplacéieren. Wann am ëffentlechen Transport näischt geschitt, wann net probéiert gëtt, den Transitverkéier aus dem Uelzechtdall erauszehalen, dann ass d’Situatioun an e puer Joer rëm genee esou ewéi haut.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s