Haut hate mir d’Madame Kim Valus Tuminaro, TTIP Koordinatrice am US Ausseministère op Besuch. Si hat eng Entrevue ugefrot, fir iwwert den „Transatlatic Trade and Investment Partnership“ (TTIP) ze schwätzen. D’Madame Valus Tuminaro war begleet vun enger Delegatioun vun der Amerikanescher Ambassade hei zu Lëtzebuerg, der Madame Heidi-Hakone L. Jovanovic – Head of the Political and Economic Section, an dem Alain Charlier – Political / Economic Affairs Specialist
Si hunn plädéiert dat den TTIP fir d’USA e „natierlechen nächste Schratt“ an der ökonomescher Zesummenaarbecht tëscht den USA an der EU duerstellt. Den TTIP wier en Ofkommes tëschent zwee gläichwäertege Partner mat ähnlechen ökonomeschen Intressen.
Mir hunn eis den US Argumentaire fir den TTIP ugelauschtert an dono der US Representante och déi gréng Positioun erklärt. Dobäi hunn ech speziell eis Bedenke bezüglech enger Verwässerung vun den europäeschen Aarbechts- an Ëmwelt-Standarden an natierlech och eis Oflehnung vum ISDS Mechanismus (Privat-Schiidsgeriicht tëschent Investisseuren a Staaten) matgedeelt.
Och wann ech dem TTIP ganz kritesch vis-a-vis stinn, keng Verhandlungen iwwert eng Verbesserung vun der wirtschaftlecher Zesummenaarbecht tëscht den USA an der EU ass och keng Léisung. Queesch duerch d’Welt gëtt iwwert Fräihandelszone verhandelt, d’EU kann net just nokucken.
