Le génocide arménien

Salim Levent Sahinkaya, Ambassadeur de Turquie en visite chez déi gréng

Salim Levent Sahinkaya, Ambassadeur de Turquie en visite chez déi gréng

Les Arméniens à travers le monde commémorent ce vendredi, 24 avril 2015 le centenaire du génocide, au cours duquel deux tiers des Arméniens qui vivaient alors sur le territoire actuel de la Turquie ont péri du fait de déportations, famines et massacres de grande ampleur.
La semaine prochaine, une motion au sujet de ce génocide sera déposée à la Chambre des Députés par le député Laurent Mosar. Voilà pourquoi l’ambassadeur de la Turquie a fait une démarche urgente auprès des différents partis politiques luxembourgeois.
La Turquie n’accepte pas le terme de “génocide” pour les événements qui se sont déroulés à partir du 24 avril 1915. Il parle d’une tragédie où des centaines de milliers de personnes, des Arméniens, sont mortes, mais qui a également produit des victimes turques…
Selon l’ambassadeur, le gouvernement turc de l’époque avait décidé de déporter les Arméniens d’une partie de la Turquie vers une autre sans aucune intention de génocide. Le mot génocide est problématique pour la Turquie du fait qu’il n’y aurait pas de preuve juridique pour une telle intention. Seul un tribunal international indépendant pourrait attribuer ce vocabulaire.
Le terme de génocide a été créé en 1944 par Raphael Lemkin, professeur de droit américain, et a été défini e.a. par l’ONU en 1948. Selon les représentants turcs, l’application du terme ne peut se faire de façon rétroactive.
 En Europe, les historiens sont pratiquement unanimes à affirmer que ces massacres constituent le premier génocide du 20e siècle. Le génocide arménien est redevenu un sujet d’actualité.

Le Parlement autrichien a reconnu le génocide arménien ce 22 avril 2015. Le gouvernement turc a immédiatement rappelé son Ambassadeur. En Allemagne, une déclaration est actuellement discutée et mènera probablement à une mention de la notion de génocide cachée dans une phrase secondaire.
Notre motion risque d’entraver les relations avec la Turquie.
 L’Ambassadeur a demandé quel serait notre intérêt à soutenir une telle motion vu qu’il n’existe pas de diaspora arménienne au Luxembourg.  Il a rappelé que les relations commerciales entre le Luxembourg et la Turquie sont bonnes, p.ex. la Turkish airlines entretient des vols réguliers depuis le Luxembourg.
Je ne connais pas encore le texte de la motion qui sera déposée la semaine prochaine à la Chambre des députés. Il est fort probable qu’elle sera renvoyée en Commission des affaires étrangères, afin de trouver une formulation qui puisse être acceptée par une très large majorité des députés.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Referendum: Eischt Table ronde vun der Chamber

Chamber Aktuell_TR referendum 1 200415 011

Haut ass déi éischt table ronde vun der Chamber am Studio vun RTL opgezeechent ginn. An déi gëtt dann och vun haut un op Chamber TV diffuséiert.

Bei dësem éischte Gespréich ass et em d’Begrenzung vun de Mandater an ëm d’Erofsetze vum Wahlalter op 16 Joer gaangen. D’Positioune vun den eenzelne Parteie si jo scho méi laang kloer. D’Sondagë sinn och bekannt. Ech hoffen, datt et eis geléngt, duerch eng sachlech Argumentatioun nach däitlech Bewegung bei de Wieler ze kréien. Ech mengen net, datt mir déi Referendumscampagne hätte sollen éischter starten. Et sinn dräi Froen, déi zimlech einfach ze verstoe sinn. Wa mer dat net a 6 Woche vermëttelt kréien, kréie mer et och net a 6 Méint erklärt.

Haut ass et drëm gaang, op ee Minister no zwou Legislaturperioden eng Auszäit soll huelen. Dat ass eng Fro, déi engem Politiker säi Choix aschränkt, also en Agrëff an engem Mënsch seng fräi Decisioun. Dat ass vläicht net déi allerwichtegst Fro, mee si ass verfassungsrelevant an duerfir „referendumswürdeg“. Am Moment ass dat jo déi eenzeg Fro, wou d’Sondagen eng Majoritéit fir de „Jo“ gesinn.

D’Erofsetze vum Wahlalter op 16 Joer schéngt fir eng grouss Majoritéit vun de Wieler net a Fro ze kommen. Déi gréng hunn dës Propositioun scho laang an hirem Wahlprogramm. Ech war selwer laang Zäit éischter skeptesch bei der Positioun. Ech hu mech mëttlerweil zimlech intensiv mat dem Sujet beschäftegt a sinn iwwerzeegt, datt et gutt ass de Wahlalter erofzesetzen. Et ass fir mech onverständlech, wéi mer wëlle Jonker zu méi politescher Partizipatioun an zu méi (politeschem) Engagement bewegen, wa mer hinnen net zoutrauen, dat si kënnen un engem Wahlprozess Deel huelen. Et geet net drëm, 16 a 17 Järeger an d’Wahlkabinnen ze zwéngen. Et geet drëm, deenen déi an dem Alter wëlle politesch Faarf bekennen, dat och z’erméiglechen. D’Propose vum Referendum heescht: Et gëtt keen zu eppes forcéiert, et kritt keen eppes ewech geholl, et kréie just eng Rei Jugendlecher d’Méiglechkeet wielen ze goen. Dat ass net revolutionär, dat ass do wou et erméiglecht ginn ass, net op Problemer gestouss. D’Altersmoyenne vun de Wieler ass a kengem Land an Europa esou héich ewéi zu Lëtzebuerg.

D’Auslännerwahlrecht soll an enger nächster Emissioun a 14 Deeg thematiséiert ginn.

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Hinterlasse einen Kommentar

Meeting Ellie Nimeroski

IMG_6464Ellie est née à Toronto et a grandi à New Foundland (Canada).

En 2012, elle a passé un an à Paris à la Cité internationale des Arts, où elle a joué avec l’orchestre baroque „les talens lyriques„de Christophe Rousset.

De Paris, Ellie est passée à Genève, oû elle travaille avec Florence Malgoire, tout en gardant ses liens avec l‘orchestre baroque Arion de Montréal.

Elle est venue au Luxembourg pour le concert des Rencontres Musicales de la Vallée de l’Alzette du dimanche, 29 mars 2015.

IMG_6485Ellie joue avec des orchestres français, suisse et canadien sur instrument de l’époque (violon baroque, cordes à boyaux). Elle donne aussi des cours particuliers à des enfants et à des adultes à Genèves. Elle est musicienne chercheuse et a actuellement un projet de recherche autour de l’archet de François Xavier Tourte, archetier français fin XVIIIe siècle.

Veröffentlicht unter Kultur | Hinterlasse einen Kommentar

Reform vun der Fonction publique (Interview*)

Manif virun der Chamber den Dag vum Vote.

Manif virun der Chamber den Dag vum Vote.

D’Reform vun der Fonction publique ass laang diskutéiert ginn, bis se elo endlech ofgeschloss gouf. Firwat ?

Zu Lëtzebuerg schaffen 349.518 Salariéen. Dovu sinn 102.321 Lëtzebuerger, 94.040 Net-Lëtzebuerger Residenten an 153.157 Frontalieren. (source: Huitième rapport de l’Observation Interregional du marché de l’Emploi décembre 2012). Den 1. Januar 2015 hunn 26.670 Leit beim Staat geschafft, Fonctionnairen, Employéen a Salariéen. Méi ewéi 45.000 Leit hänke méi oder manner direkt un der Fonction publique drun (Gemengen, CFL, konventionéierte Secteur …). Eng Reform vun der Fonction publique betrëfft ganz vill Leit, vun deenen déi allermeescht Wieler a Wielerinne sinn. Dat ass delikat a brauch seng Zäit. D’Regierung huet gewiesselt, d’Ministeren hu gewiesselt: Biltgen, Modert, Kersch.

D’Besetzung vun der Kommissioun vun der Fonction Publique huet gewiesselt, de Rapporteur huet gewiesselt. Den Staatsrot hat méi ewéi honnert “oppositions formelles” gemaach

 

Wien schafft dann elo alles beim Staat?

Interessant ass de Fait, datt déi Leit déi am Enseignement schaffen, am Joer 2014 50,3% vum gesamten Effektiv vun de Fonctionnairen ausgemaach hunn. 1970 huet den Enseignement nach nëmmen 32,2% vum Effektiv vun de Fonctionnairen ausgemeet.

5600 Fonctionnaire schaffen an de verschiddenen Administratiounen, 2250 bei Police an Arméi. 515 schaffen an der Magistratur, mee déi hu mer jo am Moment nach net mat an d’Reform ageschloss.

Hu mer eng Reform vun der Fonction Publique gebraucht?

Jo! D’Carrièrë beim Staat ware bis elo just op zwee Critèren opgebaut: Den Diplom, mat deem ee beim Staat ugefaang huet mat schaffen, an d’Anciennetéit, also d’Déngschtjoren déi ee beim Staat ugesammelt huet. An Zukunft wäert den Aspekter Responsabilitéit a Performance méi Bedeitung zoukommen. De Staat gëtt sech a sénge Beamten eng gestion par objectifs fir d’Institutioune besser un d’Besoine vun de Bierger a Biergerinnen unzepassen. All Verwaltung soll hier Objektiver definéieren, an dann hier Moyen’en ofstëmmen, fir zu dësen Ziler ze kommen. Et gëtt och eng d’Bachelor Carrière agefouert, déi bis elo nach an der Fonction publique gefeelt huet. Eng Moderniséierung vun der Fonction Publique war noutwendeg.

Eng grouss Neierung ass de Stage an der Fonction Publique. Wat ännert dann elo?

Fir d’Beamten, déi an Zukunft den Déngscht beim Staat untrieden, ass e Stage vun 3 Joer mat reduzéiertem Gehalt agefouert ginn. (80% vum Gehalt déi zwee éischt Joer, an 90% am drëtte Joer). Et ass festgestallt ginn, datt et eng Aféierung an de Beruff brauch, e Stage soll eng Ënnerstetzung fir déi Jonk sinn. Et läit elo um Patron Staat, déi 3 Joer Stage méiglechst sënnvoll ze gestalten. Dee Stage muss een natierlech packen, den Echec soll allerdéngs d’Ausnahm bleiwen. D’Ufankscarrièren beim Staat leien däitlech iwwert deenen am Privatsekteur, dat huet mat derzou bäigedroen, datt bei den Ufanksgehälter eng Reduktioun komm ass, déi, well se sech op de Stage beschränkt, de Rescht vun de Carrièrë net duerchernee geheit.

 

Eng Rei Leit sinn onzefridde mat der Reform, si Saache schif gelaf ?

Et ass fir mech scho bal ondenkbar, haut nach eng gréisser Reform ze maachen, wou 100% vun de Leit zefridde sinn. Onzefridde sinn zum Deel d’Educateuren an d’Educateurs graduéen. Déi ginn elo endlech an déi richteg Carrière agestuuft, eppes wou dës Beruffsgruppe scho joerzéngtelaang drop waarden. Déi Kollegen, déi sech jorelaang fir eng Upassung vun der Carrière agesat hunn, gewanne manner bäi ewéi si sech erhofft haten. A fillen sech ongerecht behandelt. Net zefridde sinn och d’Chargé de cours an Deeler vun der Police. Déi ganz Reform sollt käschtenneutral bleiwen, dat ass en Deel vun der Erklärung. Eng Rei Doléancë ginn als berechtegt agestuuft, et ass jo och net esou wéi wann et an Zukunft net méi zu Verhandlungen tëschent dem Patron Staat a senge Salariéë géing kommen.

 

Dat heescht, den Dossier ass nach net ofgeschloss?

Mir hate schonn an eisem Wahlprogramm stoen, datt mer de Gehälteraccord awer och den ausgehandelte Beamtestatut géife respektéieren, duerfir hu mer de Pak och net nach eng Kéier opgemeet. D’Gesetzprojete sinn an der Chamber votéiert ginn. Et ass fir mech kloer, datt dat, wat mer ofgestëmmt hunn, och elo gëllt.

D’Aarbecht ass mat dësem Accord awer nach net ofgeschloss. Et kéint een esouguer soen, déi eigentlech Aarbecht géing réischt ugoe mat der Ëmsetzung vun der Reform an deene verschiddene Secteure vun der Fonction Publique. Dat gëtt bestëmmt nach spannend Diskussiounen.

 

An et stinn och nach nei Dossieren un ?

Jo ! Mir brauchen ee code de déontologie fir Statsbeamten. Deen ass aus dem Gesetzpak erausgeholl ginn, a soll elo getrennt ausgeschafft ginn. Ech géing mer wënschen, datt och a Saachen « compte épargne-temps » nach konkret eppes géing geschéien.

D’Art a Weis ewéi d’Chambre des Fonctionnaires et Employés Publics gewielt gëtt ass absolut reformbedürfteg. An der Kategorie G (employés, chargés de cours et volontaires de l’Armée et de Police) gëtt et 10.343 Wieler, a si däerfen 2 Vertrieder wielen. An der Kategorie B (carrières moyennes) gëtt et 4.423 Wieler, si däerfe 5 Vertrieder wielen. An der Kategorie F (ministre du culte catholique) gëtt et 344 Wieler fir ee Vertrieder.

Mir kréie jo elo nei Carrièren. Ech sinn iwwerzeegt, datt mer dann och eng méi gerecht Verdeelung vun de Vertrieder an der Staatsbeamtekummer kréien.

* Interview déi gréng
Veröffentlicht unter Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Visite officielle de M. le Général Patrick de Rousiers

IMG_7133Monsieur le Général Patrick de Rousiers, président du Comité militaire de l’Union européenne, était en visite officielle au Luxembourg les 19 et 20 mars 2015.

Le 20 mars, il a rencontré les membres de la commission des affaires étrangères, et j’ai profité de l’occasion pour lui poser les deux questions suivantes:

Si on parle de „Battle Groups“, si Monsieur Juncker invoque la création d’une armée européenne, il se pose évidemment la question: qui va donner les ordres, quel sera le rôle des parlements et des parlementaires? M. le général, quelle est votre vue concernant un contrôle parlementaire de missions militaires? Est-ce que vous pouvez vous imaginer qu’un jour, le parlement européen interviendra dans la décision concernant des opérations de sécurité et de défense communes? (Le Bundestag allemand a actuellement le droit de décision concernant les opérations de la Bundeswehr.)

Le général, citoyen Français, a répondu que les processus de décision diffèrent largement d’un pays européen à l’autre. Il a cité l’exemple de la France, où le président seul décide d’un engagement militaire, bien qu’il se rende au parlement pour l’informer de ses décisions. Jusqu’à présent, les armées sont évidemment sous la souveraineté des nations. Les Etats devraient être prêts à accepter un changement concernant leur souveraineté nationale au profit d’une souveraineté d’un Etat fédéral européen, qui actuellement n’existe pas.

Aujourd’hui, le parlement européen n’a pas de choix ni de vote à prendre en ce qui concerne les opérations de sécurité et de défense commune.

Actuellement, il y a 5 opérations militaires dans le cadre de la politique de sécurité et de défense, et 10 opérations civiles. Une nouvelle opération, cette fois-ci en Lybie, est discutée par les ministres des affaires étrangères des pays membres de l’EU. Est-ce qu’il existe des planifications concrètes? Quels pourraient être les buts d’une telle mission? Est-ce qu’il y a eu une requête d’un mandat de l’ONU?

La Lybie est depuis longtemps en crise. Cette crise est de plus en plus déstabilisante pour toute la région. (Selon une affirmation de notre Ministre des Affaires étrangères de ce matin, 2000 groupes de milices opéreraient actuellement en Lybie.) Ors récemment, un nombre important de milices a passé de l’Al-Qaïda au Daesh. Le DAESH a une autre stratégie que l’Al-Qaïda, il veut faire des conquêtes territoriales. Il faut se préparer à faire face à cette menace. Il existe un vaste spectre de mesures possibles. Il est encore beaucoup trop tôt pour prendre des décisions. Evidemment il faudrait une résolution des Nations Unies pour agir. Il s’agit maintenant de se mettre en position de pouvoir réagir rapidement en cas d’urgence.

 

 

 

Veröffentlicht unter Verschiddenes | 1 Kommentar

Entrevue mat der ErwuesseBildung

Erwuesse BildungDëse Méinden hat ech e Gespréich mat Vertrieder vun der ErwuesseBildung asbl. Heibäi huet et sech em en éischte Besuch vun der ErwuesseBildung an der grénger Fraktioun gehandelt. Bei der Entrevue hunn d‘Vertrieder vun der asbl. hir villsäiteg Aarbecht virgestallt, déi sech an de Beräicher Mediathéik, Mediekompetenz a Weiderbildung, an do virun allem Perséinlechkeetsbildung, befannen. Et ass och dorëms gaang, fir e géigesäitegen Austausch iwwert Theme wéi Pressefräiheet, Liesfuerderung a Mediendidaktik an de lëtzebuerger Schoulen anzeleeden. An enger interessanter Diskussioun sinn awer och aner Themen ugeschnidde ginn, wéi zum Beispill d’Aktioun Autofaaschten an d’Astellunge vun deene verschiddene Glawensgemeinschaften zum Thema Ëmweltschutz.

D’ErwuesseBildung gëtt zu engem groussen Deel vum Erzbistum finanzéiert, mech och de Familljeministère an d’Gemeng Lëtzebuerg droen zum Finanzement bäi. Et sinn och eng ganz Rei Leit, déi éierenamtlech bei der Erwuesse Bildung engagéiert sinn.

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Hinterlasse einen Kommentar

Referendum: Regierungsmandater begrenzen

????????????Sidd Dir mat der Iddi averstanen, d’Zäit, während där eng Persoun ouni Ënnerbriechung Member vun der Regierung däerf sinn, op maximal 10 Joer ze begrenzen?

Dës Fro ass och verfassungsrelevant, well se d’Rechter vun eenzelne Mënschen aschränkt.

Et geet hei net em de Cumul vu Mandater, do wieren déi gréng ganz wäit matgaang, mee iergendwéi schéngt nach keng aner politesch Partei wëlle mat eis an déi Richtung ze goen.

Hei geet et ganz einfach ëm d’Fro, op een no 10 Joer Regierungsaarbecht soll eng Paus maachen oder net.

Mir sinn der Meenung dach, et soll een dann eng Paus maachen. Déi Paus ka gären an der Chamber gemaach ginn : Et ass ëmmer schéin z’erliewen, wéi ee fréiere Minister ganz engagéiert en Dossier verteidegt, deen hien oder si nach aus hirer Regierungserfahrung kennt.

Et gëtt genuch talentéiert Leit am Land, fir datt mer kee mussen éiweg halen, well et ouni hie net géing goen. Mir brauche keng Ministeren, déi Erfahrung hunn fir jorelaang Problemer auszesëtzen.

Den honorable Marc Spautz hat op der CSV Pressekonferenz (Februar 2015) gemengt, seng Partei wier géint d’Beschränkung vun der Mandatszäit vun engem Regierungsmember. Et wier jo de Wieler, den engem géing den Optrag ginn an d’Regierung ze goen, an duerfir soll een dem Wieler dat net ewech huelen.

Dobäi weess den Här Spautz ganz genee, datt de Wieler d’Leit an d’Chamber wielt, datt ee gutt Wahlresultat sécherlech hëlleft Chancen op ee Regierungsposten ze kréien, mee datt dat awer keng Selbstverständlechkeet ass. Dës Regierung a bal all Regierung virdrun huet Leit an d’Regierungsequipe opgeholl, déi net extra gutt gewielt waren, an och Leit, déi guer net u Wahlen Deel geholl haten.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | 2 Kommentare

Referendum: Net-Letzebuerger däerfen och wielen

Table Ronde: droit de vote des citoyens non-luxembourgeois. Org.:La Commission Consultative Communale d’Intégration de la commune de Roeser

Table Ronde: droit de vote des citoyens non-luxembourgeois. Org.:La Commission Consultative Communale d’Intégration de la commune de Roeser

Sidd Dir mat der Iddi averstanen, datt d’auslännesch Matbierger d’Recht kréien, sech fakultativ an d’Wielerlëschten anzeschreiwen, fir als Wieler bei Chamberwahle matzemaachen, an dat ënnert der besonnescher duebeler Bedéngung, datt si op d‘mannst während 10 Joer zu Lëtzebuerg gewunnt hunn a virdru scho bei Gemengen- oder Europawahlen zu Lëtzebuerg matgemaach hunn?

Den éischte Januar 2014 hu ronn 550.000 Leit zu Lëtzebuerg gewunnt. Mir wëssen, datt dovu praktesch 45% Net-Lëtzebuerger sinn. A mir wëssen och, datt déi Tendenz weider wärt klammen.

Den 31. Dezember 2014 hunn an der Stad Lëtzebuerg 107.340 Leit gewunnt. Dovu waren 69% Net-Lëtzebuerger. D’Stater Buergermeeschter ka vu sech soen, si wier Buergermeeschter vun enger Stad, wou e groussen Deel vun de Bierger d’Méiglechkeet huet wielen ze goen. Well an der Stad, wéi an alle Gemengen an eisem Land, eben och  Net-Lëtzebuerger kënne wiele goen.

Bei de Chamberwale geet dat net. An eiser aktueller Constitutioun steet :

Pour être électeur, il faut: 1° être Luxembourgeois ou Luxembourgeoise …

Mir wëllen eng kleng a bescheiden Ouverture maachen, fir déi vill Net-Lëtzebuerger, déi bei eis wunnen a schaffen, déi bei eis akafe ginn, Steiere bezuelen, deenen hier Kanner bei eis an d’Schoul ginn an déi hier Fräizäit bei eis verbréngen, ënnert gewësse Konditiounen och u Chamberswahlen Deel huelen ze loossen.

Ech nennen et eng kleng a bescheiden Ouverture. Et si Konditioune gesat : 10 Joer am Land wunnen, a schonn zumindest un enger Wahl, sief et eng Europawahl oder eng Gemengewahl, Deel geholl hunn. A da geet et hei och nëmmen ëm dat aktiivt Wahlrecht, dat passiivt Wahlrecht bleift de Lëtzebuerger virbehal.

Dat si Konditiounen, déi méi Leit ausschléisse wéi se der zu de Wahlen zouloossen. Mee och wann et eng kleng a bescheiden Ouverture ass, dann ass et awer e wichtegen a symbolträchtege Schrëtt.

D’Virstellung, datt däitlech manner wéi d’Halschent vun de Leit déi hei am Land wunnen, kee Recht hunn fir dierfen Deputéierten ze wielen, ass fir mech keng schéi Virstellung. Mir sinn awer net méi wäit dovun ewech. Mir sollen den Debat zu Lëtzebuerg féieren, wou mer stinn a wou mer hiwëllen.

Ech sinn der Meenung, datt wa mer méi politesch Partizipatioun wëllen, da musse mer méi Leit den Zougang zu Wahlen erméiglechen.

D’CSV mengt, de Wee zu méi Partizipatioun misst iwwert d’Nationalitéitegesetz goen.

Ech si frou fir déi Ouverture, an den Här Wiseler kléngt 2015 esou wéi den Här Braz 2008 geklongen huet : Residenzzäit méi kuerz, Sproocheklausel net esou streng. Mir freeën eis op déi Diskussioun. Mir mengen awer, datt dat eng aner Diskussioun ass wéi déi iwwert d’politesch Partizipatioun.

Et gëtt gutt Grënn, den Zougang zu der lëtzebuerger Nationalitéit net onnéideg schwéier ze maachen, et gëtt gutt Grënn fir d’Partizipatioun zu de Chamberwahlen e bësse méi einfach ze maachen. Déi Grënn iwwerschneiden sech, mee si sinn net identesch.

Déi gréng wäerten sech asetzen, fir méiglechst vill Leit dovun z’iwwerzeegen, datt mir Lëtzebuerger net méi aarm ginn, wa mer e Stéck vun eise Wahlprivilegien un eis Net-Lëtzebuerger Residenten ofginn, mee am Géigendeel, datt dat fir all Awunner hei am Land e Gewënn wäert sinn.

 

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Referendum: Wiele goen mat 16

Table Ronde: Droit de vote à 16 ans, org.: CGJL

Table Ronde: Droit de vote à 16 ans, org.: CGJL

Sidd Dir mat der Iddi averstanen, datt d’Lëtzebuerger, déi tëschent 16 an 18 Joer al sinn, d’Recht kréien, sech fakultativ an d’Wielerlëschten anzeschreiwen, fir als Wieler bei de Wahle fir d’Chamber, d’Europaparlament an de Gemengerot souwéi bei de Referende matzemaachen?

Déi gréng hu scho laang an hirem Wahlprogramm stoen, datt si fir d’Wahlrecht vu Jonke vu 16 Joer un sinn.

Ech weess, datt dat ëmstridden ass, net nëmmen a konservative Kreesser, esouguer och bei enger Rei Jonke selwer. Meeschtens leeft d’Diskussioun drop eraus, datt déi Eeler an zum Deel och déi Jonk selwer, jonke Leit mat 16 oder 17 Joer kee politescht Uerteel zoutrauen. Si mengen déi Jonk hätte keen Interessi un der Politik, géingen sech liicht beaflosse loossen, hätte keng Ahnung vu Politik.

Dem setzen ech entgéint, datt et och vill Leit iwwert 18 Joer gëtt, déi keen Interessi un der Politik hunn, déi sech liicht beaflosse loossen, deenen hiert politescht Urteel net réng op Fakte berout.

Et gëtt och nach heiansdo argumentéiert, datt d’Wahlrecht misst un d’Groussjäregkeet gekoppelt sinn. Dat ass e Bild vun engem Jonken, dee viru sengem 18. Gebuertsdag méiglechst näischt däerf, a deem vun dem Dag un, wou en dann seng 18 Joer kritt, op eemol all Diere sollen opstoen.

Dat ass ee Bild vum Mënsch, dat ech net deelen. Erwuesse ginn ass ee Prozess, eng Entwécklung, déi Schrëtt fir Schrëtt viru geet. A mir hunn der Schrëtt schonn e puer : Conduite accompagnée däerf een och scho mat 17 maachen. D’Schouflicht geet just bis 16, net bis 18. Mir mudde Jonken zou, schaffen ze goen an Steieren ze bezuelen, awer wielen däerfen se net ? Eist Strofrecht mécht natierlech een Ënnerscheed tëschend engem Mineur an engem Majeur, mee och ee Jugendleche vu 16 oder 17 ka vum Jugendriichter un ee Strofgeriicht verwise ginn.

Am Referendum proposéiere mer, datt ee Jonke virun 18 Joer net muss wiele goen, mee wann e wëllt a mindestens 16 Joer al ass, sech an d’Wielerlëschten däerf androe loossen an dann natierlech och muss wiele goen.

Dat ass ee Kompromëss, deen eigentlech de Kritiker vum Erofsetze vum Wahlalter misst entgéint kommen.

Mir erwaarden eis, datt déi Jonk an d’Schoulen sech méi wäerte fir d’Politik interesséieren, wa Jonker kënne wiele goen. Mir sinn der Meenung, datt et ee Gewënn fir eis alleguer ass, wa mer deene Jonken d’Méiglechkeet ginn, sech méi fréi politesch z’engagéieren an ze responsabiliséieren.

Bei de Chamberswahlen 2013 waren 239,668 Wieler ageschriwwen, 218,453 hu vun hirem Wahlrecht gebrauch gemaach. Wa mer dervun ausginn, datt e Joergang zu Lëtzebuerg eng ronn 5000 Leit duerstellen (dat ass graff déi Zuel déi aus de Schoulstatistiken ze liesen ass), da schwätze mer hei vun engem Potential vu ronn 10.000 Wieler. Dovu sinn der vill net Lëtzebuerger, an d’Aschreiwe vun de Jonken ass jo fräiwëlleg. D’Wielerpotential gëtt also net gewalteg an d’Luucht gesat.

Ech sinn der Meenung, datt et eisem Land an eiser Politik gutt deet, wa mer déi Jonk encouragéieren, sech fir d’Politik, also fir d’Gestaltung vun dem Land an dem si nach méi laang wäerte liewe wéi meng Generatioun, z’interesséieren.

Bei eis ass den Undeel vun de Wieler, déi net méi am aktiven Aarbechtsprozess sinn, verhältnisméisseg grouss. Eng « Verjüngung » vun der Wielerschaft ass eng richteg Decisioun.

Et geet wuel gemierkt, hei just ëm dat aktivt Wahlrecht, et ass net gefrot an och net virgesinn, den Alter fir dat passiivt Wahlrecht erofzesetzen.

 

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Referendum 1

Pressekonferenz déi gréng Fraktioun, 12.02.2015

Pressekonferenz déi gréng Fraktioun, 12.02.2015

Op enger Pressekonferenz hat ech d’lescht Woch e.a. gesot, datt  et natierlech schued wier, datt d’CSV hire Memberen a Sympathisante géing recommandéiere fir bei den 3 Referendumsfroen dräimol mat nee ze stëmmen. Dat wier allerdings och konsequent vun der CSV an duerfir net weider verwonnerlech. Schliisslech stinn déi Referendumsfroe jo am Zesummenhang mat der Revisioun vun eiser Verfassung, iwwer déi scho jorelaang diskutéiert gëtt, an eben op dëse Punkte keen Akkord mat der CSV ze fanne war.

Ech hat och gesot, datt wann d’CSV hire Sympathisante proposéiert hätt, dräimol mat jo ze

TELECRAN 9, 2015

TELECRAN 9, 2015

stëmmen, da wier dat engersäits super gewiecht, dann hätte mer ee grousse politeschen Konsens gehat, anerersäits hätte mer ee Problem wat den ugekënnegten Referendum vum 7. Juni 2015 betrëfft, dee bräichte mer jo dann net méi.

D’CSV hat schonn eng Kéier hier Meenung geännert. Si hat nom Accord vun der Regierung an de Reliounsgemeinschaften akzeptéiert fir den Art. 106. Les traitements et pensions des ministres des cultes sont à charge de l’Etat et réglés par la loi. aus der Konstitutioun ze sträichen.

D’Referendumsfro « Sidd dir mat der Iddi averstanen, datt de Stad net méi d’Verflichtung huet, d’Paien an d’Pensioune vun den Kultusdënger vun de Glawensgemeinschaften ze iwwerhuelen ? » hat op eemol e grousse politesche Konsens fonnt. Dat hat zur Konsequenz, datt mer déi véiert Fro aus der Proposition de loi vum Referendum gestrach haten.

Wann d’CSV och bei deenen 3 anere Froen hier Positioun geännert hätt, dann hätte mer eis logescherweis missten iwwerleeën, ob mer dann iwwerhaapt nach ee Referendum géinge maachen. Et gëtt vill Froen zu deenen ee kann e Referendum organiséieren. D’Absicht vun der aktueller Majoritéit war awer net, fir an dëser Legislaturperiod op ee schwäizer Wee vun direkter Demokratie ze goen, mee fir Kloerheet ze kréie wéi eng Richtung verschidde Punkten an eiser Verfassung solle kréien.

Déi dräi Froen, déi elo nach iwwreg bleiwen, ginn allen dräi an d’Richtung vu méi Matbestëmmung. Méi Leit sollen sech an d’Politik abréngen, méi Leit solle partizipéieren, sollen d’Méiglechkeet kréien sech politesch z’engagéieren a responsabel ze handelen. Méi Leit sollen sech kënnen u politesche Wahlen als Wieler bedeelegen.

Dënsdeg, de 24. Februar 2015 steet d’Proposition de loi iwwert de Referendum um ordre du jour vun der Chamber. Ech ginn dann nach eng Kéier op den Detail vun den 3 Referendumsfroen an. Kloer ass awer elo schonn : Déi gréng recommandéiere fir op déi dräi Froe mat JO ze stëmmen.

 

 

 

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar