Referendum: Regierungsmandater begrenzen

????????????Sidd Dir mat der Iddi averstanen, d’Zäit, während där eng Persoun ouni Ënnerbriechung Member vun der Regierung däerf sinn, op maximal 10 Joer ze begrenzen?

Dës Fro ass och verfassungsrelevant, well se d’Rechter vun eenzelne Mënschen aschränkt.

Et geet hei net em de Cumul vu Mandater, do wieren déi gréng ganz wäit matgaang, mee iergendwéi schéngt nach keng aner politesch Partei wëlle mat eis an déi Richtung ze goen.

Hei geet et ganz einfach ëm d’Fro, op een no 10 Joer Regierungsaarbecht soll eng Paus maachen oder net.

Mir sinn der Meenung dach, et soll een dann eng Paus maachen. Déi Paus ka gären an der Chamber gemaach ginn : Et ass ëmmer schéin z’erliewen, wéi ee fréiere Minister ganz engagéiert en Dossier verteidegt, deen hien oder si nach aus hirer Regierungserfahrung kennt.

Et gëtt genuch talentéiert Leit am Land, fir datt mer kee mussen éiweg halen, well et ouni hie net géing goen. Mir brauche keng Ministeren, déi Erfahrung hunn fir jorelaang Problemer auszesëtzen.

Den honorable Marc Spautz hat op der CSV Pressekonferenz (Februar 2015) gemengt, seng Partei wier géint d’Beschränkung vun der Mandatszäit vun engem Regierungsmember. Et wier jo de Wieler, den engem géing den Optrag ginn an d’Regierung ze goen, an duerfir soll een dem Wieler dat net ewech huelen.

Dobäi weess den Här Spautz ganz genee, datt de Wieler d’Leit an d’Chamber wielt, datt ee gutt Wahlresultat sécherlech hëlleft Chancen op ee Regierungsposten ze kréien, mee datt dat awer keng Selbstverständlechkeet ass. Dës Regierung a bal all Regierung virdrun huet Leit an d’Regierungsequipe opgeholl, déi net extra gutt gewielt waren, an och Leit, déi guer net u Wahlen Deel geholl haten.

Dieser Beitrag wurde unter Politik abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

2 Antworten zu Referendum: Regierungsmandater begrenzen

  1. Herber schreibt:

    Jo a fierwat just e bemol iwwer esou en total secondairen Sujet e Referendum machen ? Mat mer elo keng Angscht a sot mer dass dat doten wierklech net är eenzeg Suergen sin wat ons d’Land ubetrefft, wat en als Schlussfolgerung vun der Propositioun vun esou engem hierachesch proriteits gegliedertem Referendum kinnt unhuelen.

    • clauderadam schreibt:

      Déi Angscht kann ech Iech huelen. D’Mandatsbegrenzung vun Regierungsmemberen ass fir mech kee wesentleche Problem. Si gëtt als drëtt Fro beim Referendum gestallt, well se vu verschiddene Juristen als Beschränkung vun der Fräiheet vun engem Bierger agestuuft ginn ass, an duerfir verfassungsrelevant ass. (Et gëtt och Juristen, déi dat anescht gesinn.)

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s