Reform vun der Fonction publique (Interview*)

Manif virun der Chamber den Dag vum Vote.

Manif virun der Chamber den Dag vum Vote.

D’Reform vun der Fonction publique ass laang diskutéiert ginn, bis se elo endlech ofgeschloss gouf. Firwat ?

Zu Lëtzebuerg schaffen 349.518 Salariéen. Dovu sinn 102.321 Lëtzebuerger, 94.040 Net-Lëtzebuerger Residenten an 153.157 Frontalieren. (source: Huitième rapport de l’Observation Interregional du marché de l’Emploi décembre 2012). Den 1. Januar 2015 hunn 26.670 Leit beim Staat geschafft, Fonctionnairen, Employéen a Salariéen. Méi ewéi 45.000 Leit hänke méi oder manner direkt un der Fonction publique drun (Gemengen, CFL, konventionéierte Secteur …). Eng Reform vun der Fonction publique betrëfft ganz vill Leit, vun deenen déi allermeescht Wieler a Wielerinne sinn. Dat ass delikat a brauch seng Zäit. D’Regierung huet gewiesselt, d’Ministeren hu gewiesselt: Biltgen, Modert, Kersch.

D’Besetzung vun der Kommissioun vun der Fonction Publique huet gewiesselt, de Rapporteur huet gewiesselt. Den Staatsrot hat méi ewéi honnert “oppositions formelles” gemaach

 

Wien schafft dann elo alles beim Staat?

Interessant ass de Fait, datt déi Leit déi am Enseignement schaffen, am Joer 2014 50,3% vum gesamten Effektiv vun de Fonctionnairen ausgemaach hunn. 1970 huet den Enseignement nach nëmmen 32,2% vum Effektiv vun de Fonctionnairen ausgemeet.

5600 Fonctionnaire schaffen an de verschiddenen Administratiounen, 2250 bei Police an Arméi. 515 schaffen an der Magistratur, mee déi hu mer jo am Moment nach net mat an d’Reform ageschloss.

Hu mer eng Reform vun der Fonction Publique gebraucht?

Jo! D’Carrièrë beim Staat ware bis elo just op zwee Critèren opgebaut: Den Diplom, mat deem ee beim Staat ugefaang huet mat schaffen, an d’Anciennetéit, also d’Déngschtjoren déi ee beim Staat ugesammelt huet. An Zukunft wäert den Aspekter Responsabilitéit a Performance méi Bedeitung zoukommen. De Staat gëtt sech a sénge Beamten eng gestion par objectifs fir d’Institutioune besser un d’Besoine vun de Bierger a Biergerinnen unzepassen. All Verwaltung soll hier Objektiver definéieren, an dann hier Moyen’en ofstëmmen, fir zu dësen Ziler ze kommen. Et gëtt och eng d’Bachelor Carrière agefouert, déi bis elo nach an der Fonction publique gefeelt huet. Eng Moderniséierung vun der Fonction Publique war noutwendeg.

Eng grouss Neierung ass de Stage an der Fonction Publique. Wat ännert dann elo?

Fir d’Beamten, déi an Zukunft den Déngscht beim Staat untrieden, ass e Stage vun 3 Joer mat reduzéiertem Gehalt agefouert ginn. (80% vum Gehalt déi zwee éischt Joer, an 90% am drëtte Joer). Et ass festgestallt ginn, datt et eng Aféierung an de Beruff brauch, e Stage soll eng Ënnerstetzung fir déi Jonk sinn. Et läit elo um Patron Staat, déi 3 Joer Stage méiglechst sënnvoll ze gestalten. Dee Stage muss een natierlech packen, den Echec soll allerdéngs d’Ausnahm bleiwen. D’Ufankscarrièren beim Staat leien däitlech iwwert deenen am Privatsekteur, dat huet mat derzou bäigedroen, datt bei den Ufanksgehälter eng Reduktioun komm ass, déi, well se sech op de Stage beschränkt, de Rescht vun de Carrièrë net duerchernee geheit.

 

Eng Rei Leit sinn onzefridde mat der Reform, si Saache schif gelaf ?

Et ass fir mech scho bal ondenkbar, haut nach eng gréisser Reform ze maachen, wou 100% vun de Leit zefridde sinn. Onzefridde sinn zum Deel d’Educateuren an d’Educateurs graduéen. Déi ginn elo endlech an déi richteg Carrière agestuuft, eppes wou dës Beruffsgruppe scho joerzéngtelaang drop waarden. Déi Kollegen, déi sech jorelaang fir eng Upassung vun der Carrière agesat hunn, gewanne manner bäi ewéi si sech erhofft haten. A fillen sech ongerecht behandelt. Net zefridde sinn och d’Chargé de cours an Deeler vun der Police. Déi ganz Reform sollt käschtenneutral bleiwen, dat ass en Deel vun der Erklärung. Eng Rei Doléancë ginn als berechtegt agestuuft, et ass jo och net esou wéi wann et an Zukunft net méi zu Verhandlungen tëschent dem Patron Staat a senge Salariéë géing kommen.

 

Dat heescht, den Dossier ass nach net ofgeschloss?

Mir hate schonn an eisem Wahlprogramm stoen, datt mer de Gehälteraccord awer och den ausgehandelte Beamtestatut géife respektéieren, duerfir hu mer de Pak och net nach eng Kéier opgemeet. D’Gesetzprojete sinn an der Chamber votéiert ginn. Et ass fir mech kloer, datt dat, wat mer ofgestëmmt hunn, och elo gëllt.

D’Aarbecht ass mat dësem Accord awer nach net ofgeschloss. Et kéint een esouguer soen, déi eigentlech Aarbecht géing réischt ugoe mat der Ëmsetzung vun der Reform an deene verschiddene Secteure vun der Fonction Publique. Dat gëtt bestëmmt nach spannend Diskussiounen.

 

An et stinn och nach nei Dossieren un ?

Jo ! Mir brauchen ee code de déontologie fir Statsbeamten. Deen ass aus dem Gesetzpak erausgeholl ginn, a soll elo getrennt ausgeschafft ginn. Ech géing mer wënschen, datt och a Saachen « compte épargne-temps » nach konkret eppes géing geschéien.

D’Art a Weis ewéi d’Chambre des Fonctionnaires et Employés Publics gewielt gëtt ass absolut reformbedürfteg. An der Kategorie G (employés, chargés de cours et volontaires de l’Armée et de Police) gëtt et 10.343 Wieler, a si däerfen 2 Vertrieder wielen. An der Kategorie B (carrières moyennes) gëtt et 4.423 Wieler, si däerfe 5 Vertrieder wielen. An der Kategorie F (ministre du culte catholique) gëtt et 344 Wieler fir ee Vertrieder.

Mir kréie jo elo nei Carrièren. Ech sinn iwwerzeegt, datt mer dann och eng méi gerecht Verdeelung vun de Vertrieder an der Staatsbeamtekummer kréien.

* Interview déi gréng
Dieser Beitrag wurde unter Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s