Referendum: Net-Letzebuerger däerfen och wielen

Table Ronde: droit de vote des citoyens non-luxembourgeois. Org.:La Commission Consultative Communale d’Intégration de la commune de Roeser

Table Ronde: droit de vote des citoyens non-luxembourgeois. Org.:La Commission Consultative Communale d’Intégration de la commune de Roeser

Sidd Dir mat der Iddi averstanen, datt d’auslännesch Matbierger d’Recht kréien, sech fakultativ an d’Wielerlëschten anzeschreiwen, fir als Wieler bei Chamberwahle matzemaachen, an dat ënnert der besonnescher duebeler Bedéngung, datt si op d‘mannst während 10 Joer zu Lëtzebuerg gewunnt hunn a virdru scho bei Gemengen- oder Europawahlen zu Lëtzebuerg matgemaach hunn?

Den éischte Januar 2014 hu ronn 550.000 Leit zu Lëtzebuerg gewunnt. Mir wëssen, datt dovu praktesch 45% Net-Lëtzebuerger sinn. A mir wëssen och, datt déi Tendenz weider wärt klammen.

Den 31. Dezember 2014 hunn an der Stad Lëtzebuerg 107.340 Leit gewunnt. Dovu waren 69% Net-Lëtzebuerger. D’Stater Buergermeeschter ka vu sech soen, si wier Buergermeeschter vun enger Stad, wou e groussen Deel vun de Bierger d’Méiglechkeet huet wielen ze goen. Well an der Stad, wéi an alle Gemengen an eisem Land, eben och  Net-Lëtzebuerger kënne wiele goen.

Bei de Chamberwale geet dat net. An eiser aktueller Constitutioun steet :

Pour être électeur, il faut: 1° être Luxembourgeois ou Luxembourgeoise …

Mir wëllen eng kleng a bescheiden Ouverture maachen, fir déi vill Net-Lëtzebuerger, déi bei eis wunnen a schaffen, déi bei eis akafe ginn, Steiere bezuelen, deenen hier Kanner bei eis an d’Schoul ginn an déi hier Fräizäit bei eis verbréngen, ënnert gewësse Konditiounen och u Chamberswahlen Deel huelen ze loossen.

Ech nennen et eng kleng a bescheiden Ouverture. Et si Konditioune gesat : 10 Joer am Land wunnen, a schonn zumindest un enger Wahl, sief et eng Europawahl oder eng Gemengewahl, Deel geholl hunn. A da geet et hei och nëmmen ëm dat aktiivt Wahlrecht, dat passiivt Wahlrecht bleift de Lëtzebuerger virbehal.

Dat si Konditiounen, déi méi Leit ausschléisse wéi se der zu de Wahlen zouloossen. Mee och wann et eng kleng a bescheiden Ouverture ass, dann ass et awer e wichtegen a symbolträchtege Schrëtt.

D’Virstellung, datt däitlech manner wéi d’Halschent vun de Leit déi hei am Land wunnen, kee Recht hunn fir dierfen Deputéierten ze wielen, ass fir mech keng schéi Virstellung. Mir sinn awer net méi wäit dovun ewech. Mir sollen den Debat zu Lëtzebuerg féieren, wou mer stinn a wou mer hiwëllen.

Ech sinn der Meenung, datt wa mer méi politesch Partizipatioun wëllen, da musse mer méi Leit den Zougang zu Wahlen erméiglechen.

D’CSV mengt, de Wee zu méi Partizipatioun misst iwwert d’Nationalitéitegesetz goen.

Ech si frou fir déi Ouverture, an den Här Wiseler kléngt 2015 esou wéi den Här Braz 2008 geklongen huet : Residenzzäit méi kuerz, Sproocheklausel net esou streng. Mir freeën eis op déi Diskussioun. Mir mengen awer, datt dat eng aner Diskussioun ass wéi déi iwwert d’politesch Partizipatioun.

Et gëtt gutt Grënn, den Zougang zu der lëtzebuerger Nationalitéit net onnéideg schwéier ze maachen, et gëtt gutt Grënn fir d’Partizipatioun zu de Chamberwahlen e bësse méi einfach ze maachen. Déi Grënn iwwerschneiden sech, mee si sinn net identesch.

Déi gréng wäerten sech asetzen, fir méiglechst vill Leit dovun z’iwwerzeegen, datt mir Lëtzebuerger net méi aarm ginn, wa mer e Stéck vun eise Wahlprivilegien un eis Net-Lëtzebuerger Residenten ofginn, mee am Géigendeel, datt dat fir all Awunner hei am Land e Gewënn wäert sinn.

 

Dieser Beitrag wurde unter Politik abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s