bourses pour étudiants: Tëschebilan

Ech hat den 13. September fir déi gréng Fraktioun ee Punkt op den Ordre du jour vun der Héichschoulkommissioun setze gelooss:

 Etat d’avancement des discussions sur la réforme du régime d’aide financière de l’Etat pour études supérieures

Mir sinn an enger spezieller Situatioun, well mer alleguer am Wahlkampf sinn, a well awer och d’Chamber nach net opgeléist ass. Eigentlech ass den Zäitpunkt net ideal fir esou ee komplexen Punkt ewéi Studenteboursen elo nach an enger Kommissioun ze diskutéieren. Mee well engersäits dat Gesetz, wat nach de Juli duerch d’Chamber gedréckt ginn ass, ëmmer an zu recht  just als eng kuerzfristeg Léisung duergestallt ginn ass, an anerersäits och d’Héichschoulministesch weiderhinn Leit zesummerifft fir sech iwwert een neit Boursegesetz auszetauschen, war et wichteg, och d’Chamber z’informéieren, wou d’Diskussiounen dann elo stinn.

Haut de Mëtten stung dunn dee Punkt um Ordre du jour. Et waren eng Rei Démarchen vu Regierungssäit ënnerholl ginn, et ass mat 2 Gewerkschaften an de Studentenorganisatiounen geschwat ginn. Ech hunn d’Gefill, wéi wann et immens schwéier dierft ginn, een allgemengen Konsens ze fannen. Mam Grondgehalt fir Studenten, wat 2010 agefouert gouf, sinn d’Erwaardungen bei de Studenten natierlech zimlech héich.  Well en groussen Deel vun de Frontalier’en hiere Kanner no engem rezenten Geriichtsuerteel och an de Genoss vun enger Bourse kommen  wäerten, schéngt et kloer, datt den aktuelle System muss ofgeännert ginn, well en ze deier gëtt.  Déi nächst Regierung muss sech eng Budgetslinn ginn, wéivill Souen mer fir Studenteboursen kënnen ausginn. Dat hängt natierlech vun der Entwécklung vun de Staatsfinanzen of. Et gëtt eng ganz Rei Schrauwen, wou ee kann drunn dréinen, d’Ministesch huet der och e puer ugefouert :

Et soll eng Basisprime ginn. Déi misst zumindest an der Héicht vum Kannergeld sinn, well d’Kannergeld ass jo schliisslech 2010 fir d’Studenten ofgeschaaft ginn. Eng aner Méiglechkeet wier, eventuell doriwwer nozedenken fir d’Kannergeld rëm bis 25 Joer anzeféieren (wéi an D an an der B). Da kréichen awer all Kanner vun de Frontalier’en dat Kannergeld, an net just déi, wou d’Elteren scho mindestens 5 Joer am Land schaffen. Dat ass der aktueller Regiirung ze deier. Iwwert de Montant vun esou enger Basisprime gët et selbstverständlech Divergenzen.

Et soll och eng Zousatzprime ginn fir Aschreiwungsgebühren op der Uni ze rembourséieren, esou ähnlech wéi se am Gesetz vun 2010 virgesinn sinn.

Dat gëtt nach den Critère vun der Mobilitéit ugefouert : Dat ass awer och alles anescht ewéi einfach, villes gëtt diskutéiert : Geet et duer wann ee Student kann noweisen, datt en ee Loyer bezuelt ? Muss en och an een anert Land studéiere goen? Wéi eng Konsequenzen huet dat fir d’Uni Lëtzebuerg –wou de Staat jo och vill Suen an den Obbau investéiert? Dobai schingt et awer nach ëmmer wichteg ze sinn, eis Studenten ze motivéieren an d’Ausland studéieren ze goen. A wéi eng Ziiler hu mer bei de Studenten déi an der Groussregioun wunnen ?

All Diskussiounspartner wëllen datt och sozial Critèren berücksichtegt ginn. Mee wéi dat soll realiséiert ginn, dat weess keen esou richteg. D’sozial Critèren un de Revenu vun den Elteren bannen, wat jo eigentlech logesch wier, ging un der Autonomie vun de Studenten krazen. Dobäi huet och bal all Partner gemengt, déi Autonomie wier wichteg, déi misst een bäibehalen.

Fazit : D’Demanden fir Studentenboursen ginn an d’Luucht, d’Ausgaben och, an duerch d’Decisioun vum Geriicht ass fir d’Joer 2013/14 mat engem ganz groussen Uwuessen vun den Demanden ze rechnen. D’Autonomie vun de Studenten soll erhale bleiwen, kee wëllt manner Sue kréien (UNEL : ne touche pas à ma bourse d’études), do ass eng Léisung schwéier. Mir sollen dee selwechten Service assuréieren, awer mat manner Suen –eng fir Lëtzebuerg ongewinnten Situatioun.

Dobäi wier et wichteg, d’Ziiler vun eiser Héichschoulpolitik mat an dës Diskussioun ze bréngen. Méiglechst vill Leit op de Wee vun iergend engem universitären Studium ze bréngen, schéngt mir e bëssen ze kuerz gegraff. Bei der Diskussioun iwwert d’Boursen stellt sech z.B. och eraus, datt mer eise Schüler a Studenten eng besser Hëllef bei der Orientatioun mussen ginn, an datt mer keen Zuelematerial hunn, op dat mer eis kënnen verloossen. Anescht ewéi 2010 misste mer dës Kéier och eng Planung vun de Finanzen maachen, déi d’Strooss hällt.

 

Veröffentlicht unter Educatioun | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Table ronde Éducatioun

Haut de Mëtten ass eng table ronde iwwert „Schoul a Formatioun“ am Studio vum 100,7 opgezeechent ginn. Dës Emissioun gëtt vum 100,7 a vun RTL iwwerdroen: Samschden, den 21.September (100,7) vun 12h05 – 13h00 an Sonndeg den 22.September ( RTL) vun 11h05 – 12h00.

Allen 9 Parteien, déi un de Wahlen Deel huelen, hunn och um Ronndëschgespréich Deel geholl. Dat ass korrekt esou, dat sinn awer och vill Leit fir eng Stonn ze fëllen. All Mënsch huet 2 mol 2 Minutten Zäit fir op Froen vun de Journalistinnen ze äntwerten, an zum Schluss nach 45 Sekonnen fir ze philosophéieren: Wann meng Partei den Educatiounsminister no de Wahlen stellt, dann…

P1040804Esou eng Emissioun léisst wéineg Raum fir Iddien duerzestellen a gëtt iwwerhaapt keng Méiglechkeeten fir eng kontrovers Diskussioun: jiddereen schwätzt schéi brav dann, wann en de Mikro huet, a wann déi 2 Minutten eriwwer sinn, wat een op enger Auer ka matverfollegen, da kritt een däitlech Handzeechen fir zum Schluss ze kommen. Dat ass positiv, well d’Leit hunn sech effektiv un d’Regelen gehal, -ech fannen et ëmmer méi ewéi penibel wa Leit, besonnesch Politiker hunn oft déi Tendenz, engem aneren an d’Wuert falen, den Matstreider net ausschwätze loossen, probéieren d’Riednerzäit ze monopoliséieren. Wann een awer, ewéi hei, 9 politesch Vertrieder un een Dësch sëtzt, ass ee mat esou engem Modell vun Ronndëschgespréich eigentlech un d’Grenzen vun all Diskutéieren gestouss. Et ass net méiglech, op eng Ausso ze reagéieren, et ass ganz schwiereg eppes ze developpéieren, z’erklären, et ass ee praktesch dozou veruerteelt fir just Opzielungen ze maachen. Dat ass schued! Et sinn Aussoen gemeet ginn, déi duerchaus hätte missten kommentéiert ginn an hannerfrot ginn. Net nëmmen déi politesch Akteuren hate keng Méiglechkeet dozou, och de Journalistinnen war keng Zäit dozou bliwwen.

Mick Entringer (100,7) an Danièle Weber (rtl)

Mick Entringer (100,7) an Danièle Weber (rtl)

Am Virfeld hat ech mech gefrot, wien dann d’CSV géing op ee Rondësch gespréich iwwert Éducatioun schécken. D’Tessy Scholtes? Hatt war jo mol bildungspolitesch Spriecherin vun der CSV, dat wier denkbar gewiescht, oder de Michel Wolter, den nach nach ëmmer nogesot kritt, hien hätt Loscht op d’Schoul? Mee nee, et war d’Martine Hansen, aktuell Héichschoulministesch, dat fir d’CSV ugetrueden ass. D’Martine Hansen huet och direkt gesot, datt hatt jo iewer als ehemoleg Lycéesdirektesch den Dossier Éducatioun gutt géing kennen. Dat ass natierlech richteg, an dat mécht de Krees vun de potentiellen Nofolger vun der Nach-Éducatiounsministesch ganz erfreelech grouss: Et gëtt 32 ëffentlech Lycéeën, déi hunn all een Direkter, d’Sousdirekteren wëll ech och net ausschléissen, a fairerweis misst een och nach déi ronn 25 Schoulinspekteren als schoulkompetent betruechten. Dës Lëscht vun potentielle Ministerkandidaten ass domatt awer nach laang net komplett:-).

Gären hätt ech mech e bëssen mat der Ausso vun der CSV Vertriederin ausernee gesat, firwat d’CSV dann elo wëll een allgemenge Wäerteunterrecht am Secondaire aféieren, an awer net am Enseignement fondamental. Gären hätt ech dem Vertrieder vun der adr gesot, datt matt dem Sproch „fréier war alles besser“ keng Schoulpolitik ze maachen ass. Iwwerrascht war ech, datt de Vertrieder vun de Piraten sech kloer fir eng 60 Punkten-Zensur ausgeschwat huet, erféiert war ech iwwert déi regelrecht konservativ Aussoen vum Vertrieder vun déi lénk zum Sproochenunterrecht. Interessanterweis war op der Table ronde iwwert Schoul a Formatioun, eng Domaine wou méi Fraen ewéi Männer schaffen, just eng Fra present. Fir weider Detailer: Radio lauschteren! Bleiwt d’Fro, wéi attraktiv esou eng Emissioun fir den Nolauschterer ass? 55 Minutten politesch Duerstellungen noeneen an ouni Paus.P1040808

Bei der TR derbäi, vu lénks no riets: Z. Bernard (KPL), A. Bauler (DP), A. Maar (Piraten), G. Foetz (déi lénk), M. Hansen (CSV), C. Hagen (LSAP), C. Adam (déi gréng), F. Kartheiser (adr), C.

Veröffentlicht unter Educatioun | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

Mam Vëlo vu Miersch an d’Stad.

Départ zu Miersch

Départ zu Miersch

Rendez-vous haut um 6.45 zu Miersch ënnert der Bréck bei der Gare. Et ass nach däischter, zimlech frësch, mee et reent net.

D’Vëlosinitiativ (LVI) huet agelueden, fir zesummen d’Vëlosstreck vun Miersch an d’Stad, also duerch den Uelzechtdall, ze fueren. Dëst ass eng Aktioun am Kader vun der „semaine de mobilité“, an d’LVI hat och schonn d’lescht Joer op esou een Tour invitéiert. Eng flott Iddi, ech bedauere just, datt d’Mobilitéitswoch Mëtt September ass, dat ass keng glécklech Zäit fir Reklamm fir de Vëlo ze maachen. D’Wierder spillt bei eis ëm déi Zäit oft net méi matt, fir de Vëlo nohalteg z’entdecken wier d’Fréijoer eigentlech dee besseren Zäitpunkt!

Bei der Bréck vun der Nordstrooss

Bei der Bréck vun der Nordstrooss

Vu Miersch an d’Stad sinn et mam Vëlo knapp 20 km, ech brauch dofir normalerweis +/- eng Stonn. Fir zréck op Miersch geet et e bësse méi schnell. Déi Streck ass nach ëmmer net ideal fir de Vëlo: Tëschent Lëntgen an Luerenzweiler ass ee Chantier, wou ëng nei Vëlospiste gebaut gëtt. Déi Piste soll 2014 virum Summer fäerdeg ginn. D’Stréck vun Lëntgen iwwer Pretten op Hënsdref, déi de Moment nach fir den Autosverkéier gespäert ass an just fir de Vëlo op ass, gëtt méi breed gemeet an soll dann och rëm fir den Autosverkéier an 2 Richtungen opgoen.

Op der Vëlosstréck sinn nach eng ganz Rei Verbesserungen ze maachen: Trottoiren déi net ofgesenkt sinn, Plaatzen wou et esou schmuel ass, datt Vëlo an Foussgänger schlecht laanscht eneen kommen. Zu Walfer ass d’Piste zwar besser gezeechent wéi nach viru Joeren, ech begéinen awer regelméissen Vëlosfuerer, oft Touristen, déi hei d’Vëlospiste verluer hunn. Da geet et iwwert d’Krommlängten, wou et besonnesch bei der Bréck virun der russescher Ambassade zimlech geféierlech ass. Problematesch fannen ech och, datt et vu Clausen net méiglech ass mam Vëlo bei den Lift vum Gronn ze kommen.

D’LVI wëll Anlagen op dëser Piste opriichten loossen fir d’Vëloen ze zielen. Esou wëll d’LVI beweisen, datt d’Zuel vun den Notzer mat all Verbesserung un der Piste erop geet. Am Prinzip sinn d’Gemengen am Uelzechtdall averstan, fir esou eng Zielanlagen ze finanzéieren, mee opgeriicht ass nach keng. D’LVI wëll all Joer an der Mobilitéitswoch esou een Tour vu Miersch an d’Stad organiséieren.

Les finalistes

Les finalistes

Mir sinn zu enger gudder halwer Dosen zu Miersch gestart an zu enger Bäckeschdosen an der Stad ukomm. Dëst Joer sinn 3 Deputéierten matgefuer. D’Stader Schäffin Viviane Loschetter huet den Participant’en am Numm vun der Gemeng Lëtzebuerg Kaffi an eng kleng Stärkung offréiert, an och den Xavier Bettel ass Moie soe komm.

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

Beim 100,7

P1040531Et war fir d’éischt, datt ech net an d’Monterey’s Avenue mee an d’Avenue Kennedy bei den 100,7 gaange sinn. Et bien, dat ass eppes anescht, déi nei Bureauen vum 100,7! Gesäit esou aus, wéi wann d‘Konditiounen fir staatlechen Radio ze maachen (endlech) optimal gi wieren. Kee Verglach méi mat den alen Studioen, grouss, modern Raimlechkeeten.

Et ass eng Emissioun geplangt iwwert d’Schoulpolitik. Eng hallef Stonn hunn ech mam M. Entringer iwwert gréng a meng Positiounen zu der Situatioun an eisen Schoulen diskutéiert. Wéi geet et weider no 9 Joer Delvaux-Reformen? Eigentlech misst et jo an déi Richtung viru goen wéi mer Amgaang sinn. Keng Partei huet sech zu aneren Zilsetzungen bekannt an d’Marschrichtung prinzipiell a Fro gestallt.

Déi gréng an der Regierung géingen fir d’éischt mol Wäert drop leeën, déi Reformen vun der Primärschoul ze festegen. Nei Bulletin’en fir d’Schüler sollen méi einfach verständlech an iwwersiichtlech ginn, um Prinzip vun der Evaluatioun vum eenzelen Schüler senge Fortschrëtter däerf awer net ofgeréckelt ginn. Problematesch ass a bleift den Iwwergang vun der Primärschoul an de Secondaire. Mir géingen den Iwwergang jo gären méi spéit maachen. Mir wëssen awer och, wéi schwiereg all Schrëtt a Richtung „tronc commun“ ass: dat hunn eis gréng Kollegen zu Hamburg an am Saarland erlieft, dat hu mir och zu Lëtzebuerg gesinn, wéi d’Delegatioun vun de Proffen aus de Lycéeën et radikal ofgeleent hunn, déi 2 éischt Joer am Lycée als Lernprozess ze gesinn, deen een net sollt ënnerbriechen. Bleift also de Knackpunkt vum Iwwergang aus engem System mat enger ënnerstëtzend beschreiwender Bewäertung an een dräigedeelten System (Classique, Technique, Modulaire).

Do ass et den nächsten Educatiounsminister oder –Ministesch deen d’Weichen setzt. Dat gëllt och fir d’Fro vun den Direkteren an der Grondschoul, an fir d’Aféierung vun engem Ethikcours fir jiddereen. Am Secondaire bleift villes op (et läit ee Projet um Dësch, deen eng Rei Verbesserungen ging bréngen, mee z.B. am Beräich vun de Sproochen keng P1040528Äntwerten op d’Erausfuerderungen gëtt), d‘ Beruffsausbildung ass een risegen Chantier, an leider een net ganz gutt organiséierten. An ëmmer erëm stellt sech d’Fro vun der Orientatioun, der Begleedung vun eise Schüler an eise Studenten bei de Sich no der bescht méiglecher an sënnvoller Formatioun. D’Emissioun kënnt de 19. September um 10 op 7 moies an dauert bis hallwer 8. Et ginn Extrait’en vun de verschiddene Parteien a Schoulakteuren agespillt an dann mam Romain Martin vun der Uni an dem Michèle Gantebein vum Lëtzebuerger Wort kommentéiert.

Veröffentlicht unter Educatioun | Verschlagwortet mit | 2 Kommentare

Mënschewürd an Dateschutz

P1040735Le 11 septembre 2013 à Esch: Table ronde: Prism – lutte anti-terroriste, sauvegarde de la sphère privée et protection des intérêts économiques sont-ils compatibles?

Och wann et anscheinend een Zoufall war, datt dës Konferenz um 11. September war, huet praktesch all Riedner op den spezifeschen Datum higewisen. (Jo, ech weess och nach zimlech genee, wat ech den 11.09.2001 gemaach hunn.)

PRISM ass d’Resultat vun enger Erosioun vun de Biergerrechter, an den Stefan Braum huet 3 Paradigmewiessel opgezielt, déi dozou gefouert hunn:

1. Spéitstens zënter den Erfahrungen, déi an den 70ger Joeren vill europäesch Länner hu missten matt Terroristen maachen, ass ëmmer méi d’Sécherheet virun d’Fräiheet gestallt ginn. Am Zweiwelsfall hunn sech ëmmer d’Interesse vun de Sécherheet géint déi vun der Fräiheet duerchgesat.

2. D’Aart a Weis wéi mir mat Daten ëmginn huet sech geännert. Den allgemengen Datenaustausch gëtt als Noutwendegkeet duergestallt. Vill Leit stellen hier Daten an sozialen Netzwierker zur Dispositioun.

3. Mir sammelen net méi Daten, well mer iergendeen Verdacht hunn, mee well mer mengen, mir kéinten se iergendwann eng Kéier brauchen, dat betrëfft z.B. Mobiltelefon, mam Fliger fléien, Internet surfen… De Staat kann op dës Daten zréck gräifen, awer net nëmmen de Staat, och aner Gruppen, an ee Profil vun eis erstellen. Mir sammelen net méi Daten wann ee Verdacht besteet, mir sammelen alles, a mir sinn all verdächteg. Dobäi hunn ech d’Gefill, wéi wann eis Welt trotz der Sammelwut net méi sécher ginn ass. D’Affaire Snowden huet jo niewebäi och bewisen, datt mol kee Geheimdingscht kann garantéieren, datt seng Daten sécher geschützt sinn.

All eis Virstellungen vun Online Kontroll goufen iwwertraff. All Trick fir un Daten ze kommen, den méiglech oder denkbar ass, ass effektiv och ugewannt ginn. Wann ech eng Schwachstell vun engem System mellen, muss ech dovun ausgoen, datt vum Moment vun der Meldung bis zur Behiewung vun der Schwaachstell, déi Plaatzen ausgenotzt ginn. Dat huet och Industriebetriber direkt a massif betraff.

Et ass och nach op verschidden Géigesätz an eiser Gesellschaft higewise ginn: engersäits verlaange mer zu Recht,datt de Staat spuersam ass beim Datesammlen, rezent Lëtzebuerger Beispill:Schülerdatebanken, anerersäits ginn Datesammlungen net nëmmen vum eegene Staat verwalt mee vun anere Staaten ugezaapt, an d’Méiglechkeeten vun privaten Datensammler sinn mëttlerweil onbegrenzt. All carte de fidélités erméiglecht et, ee Profil vum Client ze zeechnen. Online Beweegungen ginn opgezeechent, net nëmmen wat mer kaafen, mee alles wat mer kucke ginn.

Vill Leit soe mëttlerweil: dat ass mir alles egal, si maachen et souwisou an ech hu jo och näischt ze verstoppen. Dat ass allerdings eng ganz geféierlech Ausso. Wat geschitt, wann de Staat, deen Daten sammelt op eemol net méi den demokrateschen ass, dee mer gewinnt sinn? Wat kann eng Privatindustrie nach zousätzlech matt eisem Profil ufänken, wéi just méi oder manner lästeg Reklammen verschécken? Wat hu mir alles ënnerschriwwen, wéi mer de Kontrakt fir eisen Handy ënnerschriwwen hunn? Wien kann garantéieren, datt méiglech Konklusiounen, déi aus engem Profilbild gezu ginn, feelerfräi sinn an net geziilt zum Nodeel vun enger Persoun benotzt ginn?

P1040742Wa mer d’Grondrecht op de Schutz vun der Privatsphär vum Mënsch net méi eescht huelen, da riskéiere mer de Wäert vu Grondrechter iwwerhaapt a Fro ze stellen.

Den 11. September 2001 hate mer zu Lëtzebuerg nach keng Dateschutzkommissioun! Haut wësse mer, datt Dateschutz net nëmme méi an engem Land geregelt ka ginn an eppes ass wat déi ganz Gesellschaft betrëfft an net just e puer Dateschützer. Et gëtt ee legale Kader am Dateschutz, och wann en net performant ass. Dee Kader besser ze maachen, ass e.a. och eng Erausfuerderung fir d’Uni Lëtzebuerg. Hei kënnen europäesch Standard’en zum Dateschutz ausgeschafft ginn, an déi kéinten esou guer weltwäit exportéiert ginn… Mir brauchen een Regelwierk wat ne onbedéngt méi streng ass, wéi dat aktuellt, mee virun allem méi effektiv! Ob déi bestehend Dateschutzregelen zu Lëtzebuerg agehale gi sinn, z.B. bei Microsoft an Skype, do wësse mer zum Enn vun dësem Mound oder Ufank vum nächste Mound wahrscheinlech méi, esou den President vun der CNPD.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

Wahlen 1999-2013

Kandidat 1999

Kandidat 1999

1999 sinn ech eng éischte Kéier mat an d’Chamberswahlen gaang. Deemools sinn déi gréng nach matt engem Spëtzenteam vun 8 Leit an d’Wahle gaang, ëmmer schéin am Wiessel: eng Fra, ee Mann eng Fra… Ech war den 9. op der Lëscht. Déi gréng kruten 9,66% vun de Stëmmen, ech war mat 4282 den 7. vun eiser Lëscht, an ganz zefridden mat mengem perséinlechen Resultat.

Mir haten fir déi Wahlen ee kléngt Bichelchen gemet, wou all Kandidat niewent senger Foto och nach Plaatz hat, fir kuerz seng Schwéierpunkten an senger politescher Aarbecht duerzestellen. Bei mir war dat Matbestëmmung, Ëmweltschutz an Schoul. Dorun huet sech bis haut wéineg geännert, ech géing elo just d’Schoul op déi éischt Positioun stellen.

2004 sinn ech eng éischte Kéier an d’Chamber gewielt ginn (7339 Stëmmen, déi gréng 13,65% am Zentrum), 2009 eng zweete Kéier (9161 Stëmmen, déi gréng 13,21% am Zentrum).

Kandidat 2013

Kandidat 2013

2013 ass den Ausgang vun de Wahlen méi op ewéi jee. Natierlech ass mäin perséinlecht Resultat mir wichteg! Mindestens esou wichteg ass awer fir mech d’Ofschneiden vun der ganzer Partei an d’Méiglechkeet déi d’Walresultat hoffentlech zouléisst: eng Regierungsbedeelegung vun déi gréng.

Et ass Zäit, datt mir weisen, datt mer net nëmmen gutt Oppositiounsaarbecht maache kënnen, mee och Verantwortung an enger Regierung kënnen iwwerhuelen. Natierlech stellt sech d’Fro vun dem oder den potentiellen Koalitiounspartner, mee un éischter Stell steet eist eegent Walresultat: Eng staark gréng Fraktioun ass de Schlëssel fir gréng Regierungsverantwortung.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Vennbahn: Mam Velo vun Ëlwen op Oochen

P1040695Deen éischte parlamentaresche Rendez-vous no der Summerpaus war fir mech haut eng Sortie op d’Vennbahn. D’Memberen vun Conseil Parlementaire interrégional an dem Beneluxparlament waren invitéiert fir ee Stéck vum PC21 – Vennbahn ofzefueren.

Dëse Vëloswee ass 125 km laang a leeft iwwert déi fréier Eisebunnverbindung vun Ëlwen op Oochen. Dës Verbindung hat d’Kuelenrevéier am Oochener Raum mat de Schmelzen zu Lëtzebuerg an am Loutrengeschen matenee verbonnen. Bis 1962 sinn hei nach Gidder iwwert d’Schinnen transportéiert ginn. Dëse Vëloswee gëtt gären als positiivt Beispill vun enger grenziwwergräifender, regionaler Zesummenaarbecht an d’Fënster gestallt. De Vëloswee P1040704ass offiziell den 2. Juli 2013 zu St. Vith ageweit ginn, an et ass mir net ganz kloer, firwat datt den R-V vun haut zu stane komm ass… Mir kruten matgedeelt, dee ganze Projet hätt 14,7 Milliounen kascht, op der Aweiung vun der Piste ass allerdings vun 17,7 mio € riets gaang. Dëse Vëloswee soll d’Stäip fir den Tourismus an deer Regioun ginn an domatt och zur economescher Entwécklung bäidroen. De Parcours ass aus villenUrsaachen ganz interessant: Den Historik vun der Eisebunnslinn ass u sech scho ganz spannend, datt et ee grenziwwerschreidende Projet ass, den duerch 3 Länner féiert, och, genee esou wéi de Fait, datt de Wee duerch an laanscht Naturschutzgebidder féiert.  Esou zum Beispill duerch d’Hohes Venn (Hautes Fagnes), dat gréissten Naturschutzgebitt vun der Belsch. Och wann de Wee praktesch ganz färdeg ass, sou sinn awer nach vill Iddien net ëmgesat. Op lëtzebuerger Säit dréint sech do villes em den Eisebunnstunnel tëschend Ëlwen an Lengeler (B). Eigentlech war geplangt, mam Velo duerch den 800 m laangen Tunnel ze fueren. Well den awer an der Tëschenzäit vun den Fliedermais entdeckt an „gesquatt“ gouf, ass den Veloswee rondrëm den Tunnel geled ginn. P1040710Anscheinend sollen 13 verschidden Arten vu Fliedermais am Tunnel iwwerwanteren, dovun wéinstens 3 déi vum Ausstierwen bedrot sinn. Déi Leit déi un der Realiséierung bedeelegt sinn, probéieren aus dem „Problem Fliedermais“ een „Highlight Fliedermais“ ze maachen. Esou soll de Wee zwar net duerch den Tunnel goen, mee bis bei den Tunnel, an do soll da mat modernster Technik d’Aktivitéiten vun dësen Déieren siichtbar gemeet ginn. D’Iddien sinn do, d’Realisatioun léisst nach op sech waarden. Datt een positiv kann mat Erausfuerderungen am Naturschutz kann emgoën mécht hoffentlech Schoul (cf PC Mamer Miersch, Velospist vu Kéideng am Dall vun der Wäisser Iernz).

P1040719

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

NSA, SREL a kee weess eppes

Eise Premier äntwert mir op meng parlamentaresch Ufro vum 27. Juni 2013, d’lëtzebuerger Regierung hätt näischt vun den Iwwerwaachungsprogrammer „Prism“ an „Tempora“ gewosst, an wier, genee wéi mir anerer och,  déi Nouvellen an der Press gewuer ginn. D’Regierung huet sech awer och net beschwéiert iwwert dësen Datemëssbrauch, si wäert mol of, wat d’amerikanesch Autoritéiten der europäescher Kommissioun verzielen, et gëtt och scho mol een Expertegrupp.

D’Chamber war do scho méi däitlech an hierer Ausso. Den 2. Juli 2013 ass eng Resolutioun vun déi gréng eestëmmeg ugeholl ginn.

… Considérant inacceptables les activités d’espionnage politique des services de renseignement américains aussi bien à rencontre de l’Union européenne, de pays membres et d’organisations internationales ;

La Chambre des Député-e-s demande

– l’arrêt immédiat de ces activités de surveillance et d’espionnage à rencontre des citoyens, sociétés et institutions européennes et nationales ; …

Et heescht an der Äntwert op meng QP, déi Donnéen gingen vun de Geheimdénschter gesammelt an analyséiert ginn, fir méiglech Terroristen ze bekämpfen:

En ce qui concerne la finalité des données collectées par les services étrangers, le Gouvernement note que le Ministre de la Justice du Gouvernement fédéral des États-Unis. Eric Holder. a déclaré en marge de la réunion ministérielle précitée que le programme „Prism“ ...  est utilisé pour le retracement des données de trafic de communications dans le contexte de la lutte contre le terrorisme.

Dat ass déi Erklärung, matt der einfach alles ka begrënnt ginn, an déi anscheinend net muss hannerfrot ginn. An dobäi wier et a mengen Aen awer grad just interessant dës Erklärung ze hannerfroen. Et ass schonn erstaunlech, datt dës Deklaratioun „en marge“ vun enger Reunioun, eiser Regierung duer geet. An menger Ufro hat ech ganz speziell duerno gefrot, ob et net denkbar wier, datt matt dëse Programmer och gingen Daten gesammelt an analyséiert ginn, déi interessant wieren am Kader vun enger wirtschaftlecher Spionage. Dat schingt keen Thema ze sinn. An dobäi si mer am gaang Lëtzebuerg een neit Standbeen ze ginn, andeems mer mat zimlechem Succès eng Rei IT-Giganten op Lëtzebuerg gelackelt hunn. Eigentlech dierft déi rezent Opdeckung vun Datentransferten tëschent NSA an den IT-Giganten an d’Ausmooss vun dësen Transferten kee Mënsch hei zu Lëtzebuerg onberéiert loossen.

IMG_5013…Es gibt diesen Abhörskandal, NSA. Wir werden von den Amis beobachtet. Die Bevölkerung regt sich aber kaum auf…. Es handelt sich um Empörungsverweigerung in einem besonders schweren Fall…. schreiwt den Kolumnist Harald Martenstein am Zeit Magazin vum 8. August 2013.

Den Interessi um Daten-Skandal ass och zu Lëtzebuerg éischter kleng. Datt d’Geheimdénschter all déi Donnéeën austauschen, déi se wëllen austauschen an dobäi selbstverständlech net erzielen wéi se un déi Donnéeën kommen, dat schockéiert kee Mënsch méi. Dat mir zu Lëtzebuerg keng Donnéeën späicheren, ausser wann d’Justiz et gäeren hätt an de Geheimdéngscht et fir richteg fënnt, dat ass och no all deene SREL Geschichten déi mer an der leschter Zäit opgedëscht kruten, anscheinend normal. Ech halen et mam Martenstein senger Erklärung: „…man kann sich nicht unbegrenzt oft aufregen …  zwischen zwei Skandalen (müsste) eine Karenzzeit von mehreren Monaten liegen, und kein Mensch (kann) unbegrenzt viele Skandale gleichzeitig verarbeiten.“

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Summerlektüre

P1040284Am schnellsten kommen ech mat engem Buch an Vakanzstëmmung. Fir richteg unzekommen, soll dat éischt Vakanzebuch net komplizéiert sinn, an sech schnell liese loossen. Dat däerf gären ee Krimi sinn, muss awer net. Dës Vakanz hunn ech mam Martin Suter sengem „Allmen und die Dahlien“ gestart. Nujee, déi Allmen Trilogie muss ee wierklech net gelies hunn, den Suter huet a mengen Aen vill besser Bicher geschriwwen. Mee den Zweck huet d’Buch erfëllt: dat liest sech schnell, do kritt een kee Kappwéi dovun.

Den August huet jo grad réischt ugefaang, bleift also nach vill Zäit fir ze liesen.Wann een Amazon net onendlech wëll ënnerstëtzen, a wann et relativ wäit ass bis an een Bicherbuttek (der et ëmmer manner gëtt), da gëtt et eng Alternativ, déi nach vu ville Leit kann entdeckt ginn: Ëffentlech Bibliothéiken. Esou war ech an d’Mierscher Lieshaus fir mech mat Bicher fir den August anzedecken. An och wann ëmmer rëm dovun geschwat gëtt, d’Buch wier doud, et ging éischtens net méi gelies ginn an zweetens nëmme méi elektronesch: Am Lieshaus ginn vill Leit aus an an. D’Zuelen vun der läschter Woch: Dënschdeg: 40, Më: 23, Do: 23, Fr: 19, Sa: 22. An enger Vakanzewoch sinn zu Miersch an eiser ëffentlecher Bibliothéik 127 Leit Bicher ausléine komm. Déi Zuelen vun de Benotzer sinn schonn e puer Joer laang relativ stabil, matt enger Tendenz no uewen.

P1040281D’Avantagen vun der Bibliothéik liichten mir an: Ech fannen ganz nei Bicher (mir probéieren zu Miersch ëmmer d’Bestsellerlëschten, z.B. vum Spiegel ze hunn), fannen awer och Bicher déi et net méi am Buchhandel gëtt. Ech ka mer Bicher gratis ausléinen, déi ech mer wahrscheinlech ni géing kafen, z.B. Weber’s Grill Bibel: Ech sinn virwëtzeg, hunn awer kee Weber Grill an einstweilen och net wëlles een ze kafen… vläicht änneren ech meng Meenung no der Lektüre. An da gëtt et jo och nach Luxemburgensia. „Anekdotische Reise durch Luxemburg“ vum Carlo Hemmer, dat wollt ech scho méi laang eng Kéier liesen. Vläicht elo am August? An ech hu mech schonn oft driwwer geiergert, datt ech ee Krimi kaaft hunn, deen wierklech de Pabäier net wäert war. Mat de Bicher aus der ëffentlecher Bibliothéik ass dat einfach. Ech droen se ganz einfach zréck, ob gelies oder net. Ëffentlech Bibliothéiken gëtt et eng ganz Rei am Land, d’Ausléinen ass gratis.

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Shooting Star, once again

P1040272

Och ouni Spëtzekandidat ze sinn, als „député sortant“: Een zweete Fotoshooting. Ech wollt Foto’en zu Miersch maachen. A Fro komm sinn déi nei Lycéen, schliesslech sinn meng Haaptdossieren Edukatioun, den Centre National de la littérature, d’Mierscher Lieshaus, den Institut National des Langues… Mir sinn an de Mierscher Park gaang, deen ass méi schéin ewéi all Gebäi.  Dës Kéier ouni Pudder am Gesiicht.

Mee natiirlech gëtt et och nach aner Préparatiounen op d’Walen, ewéi déi beim Photograph. Läschte Samschden vun 9.00 bis 16.00 Auer Walprogramm diskutéiert. Méindeg den Owend Bezierksversammlung, Dënsdeg Fraktiounssëtzung, de Moien Réunioun mat de Kolleginnen aus dem Uelzechtdall… Den August geet et da méi lues, bis dann am September d’Maschinn op Volltouren leeft bis den 20. Oktober.

P1040275

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar