Beim 100,7

P1040531Et war fir d’éischt, datt ech net an d’Monterey’s Avenue mee an d’Avenue Kennedy bei den 100,7 gaange sinn. Et bien, dat ass eppes anescht, déi nei Bureauen vum 100,7! Gesäit esou aus, wéi wann d‘Konditiounen fir staatlechen Radio ze maachen (endlech) optimal gi wieren. Kee Verglach méi mat den alen Studioen, grouss, modern Raimlechkeeten.

Et ass eng Emissioun geplangt iwwert d’Schoulpolitik. Eng hallef Stonn hunn ech mam M. Entringer iwwert gréng a meng Positiounen zu der Situatioun an eisen Schoulen diskutéiert. Wéi geet et weider no 9 Joer Delvaux-Reformen? Eigentlech misst et jo an déi Richtung viru goen wéi mer Amgaang sinn. Keng Partei huet sech zu aneren Zilsetzungen bekannt an d’Marschrichtung prinzipiell a Fro gestallt.

Déi gréng an der Regierung géingen fir d’éischt mol Wäert drop leeën, déi Reformen vun der Primärschoul ze festegen. Nei Bulletin’en fir d’Schüler sollen méi einfach verständlech an iwwersiichtlech ginn, um Prinzip vun der Evaluatioun vum eenzelen Schüler senge Fortschrëtter däerf awer net ofgeréckelt ginn. Problematesch ass a bleift den Iwwergang vun der Primärschoul an de Secondaire. Mir géingen den Iwwergang jo gären méi spéit maachen. Mir wëssen awer och, wéi schwiereg all Schrëtt a Richtung „tronc commun“ ass: dat hunn eis gréng Kollegen zu Hamburg an am Saarland erlieft, dat hu mir och zu Lëtzebuerg gesinn, wéi d’Delegatioun vun de Proffen aus de Lycéeën et radikal ofgeleent hunn, déi 2 éischt Joer am Lycée als Lernprozess ze gesinn, deen een net sollt ënnerbriechen. Bleift also de Knackpunkt vum Iwwergang aus engem System mat enger ënnerstëtzend beschreiwender Bewäertung an een dräigedeelten System (Classique, Technique, Modulaire).

Do ass et den nächsten Educatiounsminister oder –Ministesch deen d’Weichen setzt. Dat gëllt och fir d’Fro vun den Direkteren an der Grondschoul, an fir d’Aféierung vun engem Ethikcours fir jiddereen. Am Secondaire bleift villes op (et läit ee Projet um Dësch, deen eng Rei Verbesserungen ging bréngen, mee z.B. am Beräich vun de Sproochen keng P1040528Äntwerten op d’Erausfuerderungen gëtt), d‘ Beruffsausbildung ass een risegen Chantier, an leider een net ganz gutt organiséierten. An ëmmer erëm stellt sech d’Fro vun der Orientatioun, der Begleedung vun eise Schüler an eise Studenten bei de Sich no der bescht méiglecher an sënnvoller Formatioun. D’Emissioun kënnt de 19. September um 10 op 7 moies an dauert bis hallwer 8. Et ginn Extrait’en vun de verschiddene Parteien a Schoulakteuren agespillt an dann mam Romain Martin vun der Uni an dem Michèle Gantebein vum Lëtzebuerger Wort kommentéiert.

Dieser Beitrag wurde unter Educatioun abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

2 Antworten zu Beim 100,7

  1. Michel Cames schreibt:

    Claude,
    Zu dengem Punkt „Iwwergang gären méi spéit – Schrëtt a Richtung „tronc commun“

    Vill Länner hunn en Schoulsystem deen 3-gedeelt ass virun der Uni, zB Frankraich mat Primaire, Collège, Lycée, bref, primaire bis ca 12, dann awer nach e Schnëtt mat ca. 15 Joer. Dat schéint och praktesch Virdeeler ze hunn, well 1) ab 15 d´Educatioun a ville Länner net méi obligatoresch ass an 2) d’Studierichtungen sou verzweigt ginn (zumools am technique) dat een, wëll een alles an enger Schoul haalen, een ganz grouss Schoulen huet, ewéi hei zu Lëtzebuerg üblech, also ganz vill 7e fir no ville Verzweigungen nach genuch Studenten zB op 10e an enger Richtung ze hunn (Beispill LTC). Eng Ursaach firwaat am LEM Technique-Studenten no 3 Joer musse wiesselen (Ausso LEM-Direkter Medinger).

    Wat hältst du vun engem 3-gedeelten Schoulsystem zu Lëtzebuerg?

  2. clauderadam schreibt:

    Theoretesch schingt et einfach: Et gëtt méi Länner déi ee Schoulsystem hunn mat iergendenger Form vun „tronc commun“ bis 15 Joer. Den dräigliddregen Schoulsystem ass virun allem am däitschsproochegen Raum doheem an kritt an all Etude virgeworf, e ging sozial Ongerechtegkeeten éischter verstäerken ewéi aus der Welt schafen. déi gréng vertrieden ëmmer d’Positioun, datt et ganz vill verschidden Kanner gëtt, mee datt et eng Schoul fir all déi Kanner gëtt. Dat stellt héich Uspréch un d’Schoul, mee dat huet och eppes mat eiser Vierstellung vun enger solidarescher Gesellschaft ze dinn. D’Géigendeel wier: Vill verschidden Kanner brauchen vill verschidden Schoulen, wou dann d’Fro erlaabt muss sinn, wien decidéiert wéini wéi eng Kanner a wéi eng Schoul gingen passen. Duerfir wëlle mir d’Kanner an déi jonk am schoulpflichtegen Alter oder zumindest bis 15 Joer méiglechts zesummen an enger Schoul hunn. Déi noutwendeg Spezialisatioun ging eréicht ab 16 Joer verdéift ginn: Also all Lycée soll am cycle inférieur all Schüler hunn, duerno léisst déi noutwendeg Spezialisatioun dat net méi zou.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s