bourses pour étudiants: Tëschebilan

Ech hat den 13. September fir déi gréng Fraktioun ee Punkt op den Ordre du jour vun der Héichschoulkommissioun setze gelooss:

 Etat d’avancement des discussions sur la réforme du régime d’aide financière de l’Etat pour études supérieures

Mir sinn an enger spezieller Situatioun, well mer alleguer am Wahlkampf sinn, a well awer och d’Chamber nach net opgeléist ass. Eigentlech ass den Zäitpunkt net ideal fir esou ee komplexen Punkt ewéi Studenteboursen elo nach an enger Kommissioun ze diskutéieren. Mee well engersäits dat Gesetz, wat nach de Juli duerch d’Chamber gedréckt ginn ass, ëmmer an zu recht  just als eng kuerzfristeg Léisung duergestallt ginn ass, an anerersäits och d’Héichschoulministesch weiderhinn Leit zesummerifft fir sech iwwert een neit Boursegesetz auszetauschen, war et wichteg, och d’Chamber z’informéieren, wou d’Diskussiounen dann elo stinn.

Haut de Mëtten stung dunn dee Punkt um Ordre du jour. Et waren eng Rei Démarchen vu Regierungssäit ënnerholl ginn, et ass mat 2 Gewerkschaften an de Studentenorganisatiounen geschwat ginn. Ech hunn d’Gefill, wéi wann et immens schwéier dierft ginn, een allgemengen Konsens ze fannen. Mam Grondgehalt fir Studenten, wat 2010 agefouert gouf, sinn d’Erwaardungen bei de Studenten natierlech zimlech héich.  Well en groussen Deel vun de Frontalier’en hiere Kanner no engem rezenten Geriichtsuerteel och an de Genoss vun enger Bourse kommen  wäerten, schéngt et kloer, datt den aktuelle System muss ofgeännert ginn, well en ze deier gëtt.  Déi nächst Regierung muss sech eng Budgetslinn ginn, wéivill Souen mer fir Studenteboursen kënnen ausginn. Dat hängt natierlech vun der Entwécklung vun de Staatsfinanzen of. Et gëtt eng ganz Rei Schrauwen, wou ee kann drunn dréinen, d’Ministesch huet der och e puer ugefouert :

Et soll eng Basisprime ginn. Déi misst zumindest an der Héicht vum Kannergeld sinn, well d’Kannergeld ass jo schliisslech 2010 fir d’Studenten ofgeschaaft ginn. Eng aner Méiglechkeet wier, eventuell doriwwer nozedenken fir d’Kannergeld rëm bis 25 Joer anzeféieren (wéi an D an an der B). Da kréichen awer all Kanner vun de Frontalier’en dat Kannergeld, an net just déi, wou d’Elteren scho mindestens 5 Joer am Land schaffen. Dat ass der aktueller Regiirung ze deier. Iwwert de Montant vun esou enger Basisprime gët et selbstverständlech Divergenzen.

Et soll och eng Zousatzprime ginn fir Aschreiwungsgebühren op der Uni ze rembourséieren, esou ähnlech wéi se am Gesetz vun 2010 virgesinn sinn.

Dat gëtt nach den Critère vun der Mobilitéit ugefouert : Dat ass awer och alles anescht ewéi einfach, villes gëtt diskutéiert : Geet et duer wann ee Student kann noweisen, datt en ee Loyer bezuelt ? Muss en och an een anert Land studéiere goen? Wéi eng Konsequenzen huet dat fir d’Uni Lëtzebuerg –wou de Staat jo och vill Suen an den Obbau investéiert? Dobai schingt et awer nach ëmmer wichteg ze sinn, eis Studenten ze motivéieren an d’Ausland studéieren ze goen. A wéi eng Ziiler hu mer bei de Studenten déi an der Groussregioun wunnen ?

All Diskussiounspartner wëllen datt och sozial Critèren berücksichtegt ginn. Mee wéi dat soll realiséiert ginn, dat weess keen esou richteg. D’sozial Critèren un de Revenu vun den Elteren bannen, wat jo eigentlech logesch wier, ging un der Autonomie vun de Studenten krazen. Dobäi huet och bal all Partner gemengt, déi Autonomie wier wichteg, déi misst een bäibehalen.

Fazit : D’Demanden fir Studentenboursen ginn an d’Luucht, d’Ausgaben och, an duerch d’Decisioun vum Geriicht ass fir d’Joer 2013/14 mat engem ganz groussen Uwuessen vun den Demanden ze rechnen. D’Autonomie vun de Studenten soll erhale bleiwen, kee wëllt manner Sue kréien (UNEL : ne touche pas à ma bourse d’études), do ass eng Léisung schwéier. Mir sollen dee selwechten Service assuréieren, awer mat manner Suen –eng fir Lëtzebuerg ongewinnten Situatioun.

Dobäi wier et wichteg, d’Ziiler vun eiser Héichschoulpolitik mat an dës Diskussioun ze bréngen. Méiglechst vill Leit op de Wee vun iergend engem universitären Studium ze bréngen, schéngt mir e bëssen ze kuerz gegraff. Bei der Diskussioun iwwert d’Boursen stellt sech z.B. och eraus, datt mer eise Schüler a Studenten eng besser Hëllef bei der Orientatioun mussen ginn, an datt mer keen Zuelematerial hunn, op dat mer eis kënnen verloossen. Anescht ewéi 2010 misste mer dës Kéier och eng Planung vun de Finanzen maachen, déi d’Strooss hällt.

 

Dieser Beitrag wurde unter Educatioun abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s