déi gréng aus dem Uelzechtdall: Neijoerspatt

2_publicDéi gréng hunn sech déi néideg Struktur gi fir eng Zesummenaarbecht am Uelzechtdall : déi gréng Regional Uelzechtdall.

Mir sinn iwwerzeegt, datt et sënnvoll ass, sech regelméisseg ze gesinn an sech iwwert Problemer auszetauschen, déi eis alleguer betreffen: Verkéier, Ëmwelt, Drénkwaasser, wat mécht eis Gemeng, wat mécht eis Regierung?
3_fränz a camilleZënter e puer Joer invitéiert déi gréng Regional Uelzechtdall regelméisseg am Januar op een Neijoerspatt. 1_buffetDéi 8 Gemengeréit aus dem Uelzechtdall waren um Patt. De Staatssekretär Camille Gira an de Minister François Bausch hunn ee kuerzen Abléck an hire Minister-Alldag ginn an op d’Wichtegkeet vun der Ënnerstëtzung vun de grénge Membere fir hier Aarbecht higewisen. Ganz vill Membere hunn eppes  fir z’iessen matbruecht. Dëst Joer huet Saxitude fir de musikaleschen Encadrement gesuergt.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

disparümäpaaperdü – ultimomondo seet äddi

IMG_0110No 14 Joer (2000 bis 2014) an 99 Publikatiounen hält de Lëtzebuerger Literaturverlag ultimomondo op. Sonndeg, de 14. Dezember war e lescht Fest am CNL: De Claude D. Conter an d’Germaine Goetzinger hunn dem Verlag Merci gesot fir déi geleeschten Aarbecht. De Guy Rewenig huet d’Aarbecht vun deene sëlleche Mataarbechter iwwert déi vill Joere resuméiert. Duerno hunn d’Damme vum Cabaret Peffermillchen Extrait’en vun den Texter vun allen ultimomondo-Auteure gelies. De Jitz Jeitz Quartet huet fir de musikaleschen Encadrement gesuergt.

Eng ganz schéi Geschicht, déi vum ultimomondo. Schued, datt se elo ophält.IMG_0115

 

Veröffentlicht unter Kultur | Hinterlasse einen Kommentar

Militärausgaben der Entwécklung vum PIB upassen?

Flag_of_NATO.svgLëtzebuerg ass dee NATO Member, deen däitlech am mannsten an déi gemeinsam Keess abezuelt, an deem et wirtschaftlech mat am allerbeschte geet. Duerfir kënne mir domat liewen, datt mer eise Beitrag vum PIB fir d’NATO vun 0,4% op 0,6% eropsetzen.

Um NATO Sommet zu Newport am Wales, hunn d’Regierungsscheffen eng gemeinsam Deklaratioun verëffentlecht, déi 113 Punkten ëmfaasst.

Am Punkt 14 gëtt folgendes festgehalen:

    • Les Alliés dont la part du PIB consacrée à la défense est actuellement inférieure au niveau précité :
      • chercheront à se rapprocher dans les dix années à venir des 2 % recommandés, en vue d’atteindre leurs objectifs capacitaires OTAN et de combler les insuffisances capacitaires de l’OTAN.

Ech fannen dat eng falsch Approche. Déi geet zréck op de fréiere Verdeedegungsminister vun den USA, de Robert Gates, dee gemengt huet, d’Amerikaner hätte keng Loscht méi, fir d’Verdeedegung vun den Europäer mat ze bezuelen. D’amerikanesch Regierung mécht permanent Drock fir datt d’Militärausgaben automatesch der Entwécklung vum PIB ugepasst ginn a bei 2% vum PIB leien.

Richteg ass effektiv, datt de prozentualen Undeel vun den USA un de gemeinsame Verdeedegungskäschten ëmmer méi an d’Luucht gaangen ass.

 

Capture d’écran 2014-12-12 à 16.36.48Dat ass nëmmen zu engem Deel d’Resultat dovun, datt d’Europäer nom Enn vum kale Krich hir Rüstungsausgaben zréckgeschrauft hunn. Dat ass virun allem d’Resultat vun enger Iwwermilitariséierung vun den USA. D’Zuele schwätze fir sech:

Erhöhung des Pentagon-Etats in den Jahren 2000 bis 2010:

  • Streitkräfteumfang 2000: 1,274 Millionen Soldaten und Soldatinnen, Verteidigungsetat: 280 Milliarden Dollar gleich 3,1 Prozent des Bruttoinlandsprodukts.
  • Streitkräfteumfang 2010: 1,563 Millionen, Etat: 712 Milliarden Dollar gleich 4,9 Prozent des BIP.

Quelle: Theo Sommer, Die Zeit, September 2014 

 

Haut hunn och d’Amerikaner hire Militärbudget e bësse reduzéiert, mee et bleift nach ëmmer ee verréckte Chiffer, deen all Joers an d’Militär investéiert gëtt. Et ass eng Tatsaach, datt d’USA weltwäit bei wäitem am meeschte Geld an d’Rüstungsindustrie stiechen.

Quelle: SIPRI (Stockholm International Peace Research Institute) MILITARY EXPENDITURE DATABASE.

Quelle: SIPRI (Stockholm International Peace Research Institute) MILITARY EXPENDITURE DATABASE.

D’amerikanesch Regiirung mecht permanent Drock fir datt d’Militärausgaben automatesch der Entwécklung vum PIB ungepasst ginn.

Mir schingt et ee falschen Usaz ze sinn, d’Ausgaben fir d’Verteidegung op ee bestëmmten Prozentsaatz festzeleeën. Méi richteg wier et, fir ze kucken wat mer dann iwwerhaapt fir eis Verteidegung brauchen. D’EU muss sech verstärkt fir eng gemeinsam Verteidegungs- an Sécherheetspoilitik asetzen. Firwat brauchen mer Suen?, misst jo eigentlech eis éischt Fro sinn. Zur Zäit leeft d’Diskussioun e bëssen an d’Richtung: Mir hunn Suen, (an hätten der gäre méi,) woufir kënne mer se ausginn?

 

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

GovSat

Capture d’écran 2014-12-10 à 18.12.50Eis Regierung investéiert an ee Satellit deen der Kommunikatioun vum Militär déngt. Domat probéiere mer en Engagement, wat mer als Member vun der NATO agaange sinn, ëmzesetzen. D’Zil vun 2% vum PIB als Bäitrag fir d’NATO gëtt ëmmer rëm als erstriewenswäert duergestallt, fir d’lescht nach eng Kéier um NATO Gipfel zu Wales am September 2014.

Capture d’écran 2014-12-10 à 18.26.28Just 4 Länner leien iwwert de gefuerderten 2%, a Lëtzebuerg läit ganz un leschter Plaz, mat 0,4% vum PIB.

Ech kann domatt liewen, datt mer eise Beitrag vum PIB fir d’NATO lues a lues vun 0,4% op 0,6% eropsetzen. Ech erwaarde mer awer och an Zukunft, datt d’lëtzebuerger Regierung sech asetzt fir manner Oprüstung, fir méi Cooperatioun, fir méi Preventioun.

Da stellt sech natiirlech d’Fro : Muss et dann ee Satellit sinn ?

Déi gréng waren net warem wéi eng virecht Regierung decidéiert hat, an ee Militärfliger z’investéieren. Déi Sue waren ouni déi geréngste positiv ökonomesch Retombée fir eist Land. Mir däerfe jo net vergiessen, datt déi Länner, déi souvill méi an d’Rüstung investéiere virun allem an hier eege Rüstungskonzerner am Land investéieren. Si hunn also een direkten ökonomesche Retour vun hirem Invest.

Mir investéieren och net just an ee Satellit : Mir renovéieren den Härebierg, eng Investitioun déi scho laang iwwerfälleg ass, an déi geet op de selwechte Compte vum NATO Apport, – genee wéi ee gewësse Prozentsaz vun den Investissementer, déi mer um Findel maachen.

Um Härebierg maache mer éischtens eppes wat dringend noutwendeg ass fir eis Zaldoten an zweetens hu mer, duerch déi Renovatiounsaarbechten, eng direkt Retombée économique.

An deem Sënn ass et och logesch, wa mer probéieren, eis Engagementer op engem Gebitt ze realiséiere, wou mer mat enger Plus-value rechne kënnen.

Beim GovSat hunn déi gréng ëmmer drop gedrängt, datt mer extern Etuden eranhuelen iwwert d’Responsabilitéit vun eisem Staat, a wéi mer eis am beschte kéinte virun onerwënschte Konsequenze schützen. Ech mengen datt d’Regierung hir Aufgab an dem Beräich gemaach huet. Ech sinn awer och der Meenung, datt et keng absolut Garantie an deem Beräich gëtt. Et bleift an dëser Matière ëmmer eng grouss Responsabilitéit fir eng Regierung, an dat ass schlussendlech och gutt esou a richteg esou.

Mir hunn als gréng ëmmer dofir plädéiert, datt mer vum Blockdenken ewech kommen, mir hunn eng Memberschaft vun Lëtzebuerg an der NATO awer net a Fro gestallt, zumindest déi lescht 15 Joer wou ech derbäi sinn, net. An eng Memberschaft an engem Bündnis, dat eis Sécherheet garantéiert ass nu mol net zum Nulltarif ze kréien.

Et ass zur Zäit schonn alleng aus technesche Grënn net méiglech, fir bewaffnet Drohne mat Hëllef vun eisem GovSat op een Zil ze steieren. Dat ass allerdings keng Garantie, dat kann sech an Zukunft änneren.

D’Fro vum Asaz vu bewaffneten Drohnen duerch d’NATO stellt sech. Och schonn haut, an och fir eis, well mer jo Member vun der NATO sinn.

« LOSCHT DECH ANZESETZEN,
 D’ARMÉI ENG ERAUSFUEDERUNG FIR DECH », esou mécht d’Lëtzebuerger Arméi Reklamm fir nei Rekruten ze fannen.

D’Bild vum Zaldot huet sech an den leschte Joeren an Joerzéngte massiv verännert. Ewech vum Kämpfer, dee mat Bajonett a Maschinnegewier an de Krich gezunn ass, wéi an deenen zwee Weltkricher. Haut ass den Zaldot éischter een Hightec Spezialist, deen eben och weess, wéi een eng Drohn vun engem séchere Stützpunkt aus steiert. Zaldote sinn awer och haut nach méi ewéi Computerfachmänner, Logistiker oder Entwécklungshelfer.

D’Bild vun engem Waffenasaz aus engem klimatiséierte Bureau aus, ass fir mech een onangenehmt Bild, an ech wëll och datt dat fir mech esou bleift.

D’Alternativ wier, datt mer Leit vun eiser Arméi an ee Konflikt schécken, wou d’Conterpartie sech un absolut keng zivilisatoresch Regelen hält.

Eng weider Alternativ wier, d’Aen zou maache virun der Barbarei.

 

 

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Kuerzinterview: Lëtzebuergesch*

1000px-Flag_of_Luxembourg.svg– Wéi geet et eiser Sprooch?

Et hunn nach ni esou vill Leit Lëtzebuergesch geschwat a geschriwwen ewéi haut. Déi nei Medien hu ganz vill dozou bäigedroen. Et hunn och nach ni souvill Leit Lëtzebuergesch geléiert ewéi haut. Mir wäerten der lëtzebuerger Sprooch eng Plaz an der neier Konstitutioun ginn. Dat war bis elo nach net de Fall. Déi lëtzebuergesch Sprooch ass esou lieweg wéi nach ni virdrun an eiser Geschicht.

– Et hunn nach ni esou vill Leit Lëtzebuergesch geschwat ewéi haut, mee de perséinlechen Androck ass awer dax en aneren…

Effektiv, d’Wahrscheinlechkeet, am ëffentleche Raum Leit ze begéinen, déi kee Lëtzebuergesch schwätzen huet och zougeholl: Eis Populatioun ass zolitt gewuess, et komme vill Frontalier’en bei eis schaffen, a Lëtzebuerg ass och een attraktivt Zil gi fir Touristen aus der ganzer Welt. Dat alles mécht eise Wuelstand aus.

– Et ginn awer Problemer mat der Sprooch, zum Beispill an de Spideeler an den Altersheemer…

Dat ass richteg! Mir brauchen nu mol méi medezinescht Personal, wéi mer selwer kënne forméieren. Am ganze Secteur gi vill Efforte gemaach, datt déi Leit, déi hier Formatioun am Ausland gemaach hunn, déi Leit, déi mer dringend brauchen an déi kee Lëtzebuergesch schwätzen, eis Sprooch kënne léieren. Déi Efforte musse mer bäibehalen, esouguer ausbauen.

– Et ginn och ëmmer erëm Stëmmen haart, déi gär hätten, dass mer eis Sprooch vun der EU sollen unerkenne loossen.

Wat géing dat heeschen? Datt d’EU déi ganz EU-Legislatioun misst op Lëtzebuergesch iwwersetzen? De Käschtepunkt wier enorm fir eppes, wat mer selwer net géingen notzen. Mir mussen net vun der EU bestätegt kréien, dass Lëtzebuergesch eis Sprooch ass!

* déi gréng
Veröffentlicht unter Kultur, Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Asaz a Krisegebidder

IMG_1747Ech si ganz skeptesch a kritesch, wat den Asaz vun der Arméi a Krisegebidder betrëfft. Den Asaz vum Militär a Libyen war e groussen Echec, déi amerikanesch Invasioun am Joer 2003 am Irak war eng eenzeg Katastrophe. Och den Asaz am Afghanistan ass keng Erfollegsgeschicht, ob et ee regelrechte Mësserfolleg war, dat wäerte mer gesinn, wann d’Natotruppen bis definitiv fort sinn. Duerfir sinn déi gréng ëmmer an éischter Stell fir Verhandlungen a gesinn ee militärescht Agräifen als lescht Mëttel, dat et méiglechst z’evitéiere gëllt.

Déi gréng hunn, wéi all aner Partei och, hier Vergaangenheet an hier Wuerzelen. Eng vun dëse grénge Wuerzelen ass de Pazifismus. Pazifismus heescht awer net Passivitéit. Pazifisten wëllen sech aktiv um Friddensprozess bedeelegen. Pazifiste si keng Leit déi einfach alles wëlle geschéie loossen. Ech wëll an deem Kontext een Zitat aus der Zäit vum August 2014 vum Ethiker Wolfgang Huber ubréngen : «  Für mich schliesst das Gebot : « Du sollst nicht töten » auch das Gebot ein : « Du sollst nicht töten lassen ». Wir bewegen uns also nicht außerhalb des Tötungsverbotes, wenn wir verhindern wollen, dass der Islamische Staat morgen wieder Kinder tötet, Frauen vergewaltigt, Männern den Kopf abschlägt. »

„Le barbare est d’abord l’homme qui croit à la barbarie,“ huet de Claude Levi–Strauss geschriwwen. Den Damien Vandermeersch huet de Saz a sengem Buch « Comment devient-on génocidaire ? an deem hien de Vëlkermord am Ruanda vu 1994 opgeschafft huet, liicht ëmgeännert an „Le barbare est celui qui ne s’oppose pas à la barbarie.“  Et kann ee net vu Verantwortung schwätzen, wann ee vu viran net bereet ass sech z’engagéieren. Oder wéi den Cem Özdemir gesot huet : Et kann een den Islamesche Staat net mat Yogamatte bekämpfen. D’Dschihadisten vum IS si net vum Himmel gefall. Si sinn d’Symptom vun enger Krankheet, déi di arabesch politesch Kultur scho viru Joerzéngte befall huet.

Déi gréng verstoppe sech net hannert hirer pazifistescher Grondhaltung an hunn och an der Vergaangenheet hier Responsabilitéit iwwerholl. Mir hunn d’Deployementer vun eiser Arméi a Krisegebidder matgedroen, och als Oppositiounspartei.

Veröffentlicht unter Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Leckere Landschaft

P1060295Wie jede öffentliche Bibliothek steht das Mierscher Lieshaus im Dienste des Buches und seiner Leser. In unserer Bibliothek versuchen wir, Wohlfühlatmosphäre zu schaffen und geben Lesetipps und Leseanreize. Wir bleiben jedoch nicht in unserem schönen Haus bei unseren vielen Büchern sitzen, um auf Leserinnen und Leser zu warten.

Wir gehen auch auf die Menschen zu: Mit Konferenzen, die wir selbst organisieren oder wo wir einen thematischen Büchertisch zusammenstellen, mit Lesungen, Lesezirkeln, Schreibwerkstätten, Sprachkursen… Wir sind regelmäßig auf den “Walfer Bicherdeeg” vertreten, arbeiten mit Schulen und Maison Relais zusammen und überhaupt mit allen Menschen und Institutionen mit denen sich Projekte rund um das geschriebene und gesprochene Wort realisieren lassen.

So waren wir auch schnell für dieses Buchprojekt der Leader Region Lëtzebuerg West zu

Michel Grevis vom Centre SNJ Hollenfels stellt sein Buch vor. (Samstag, 22. November 2014)

Michel Grevis vom Centre SNJ Hollenfels stellt sein Buch vor. (Samstag, 22. November 2014)

begeistern, und sind froh, dass wir unseren bescheidenen Beitrag zur Realisierung dieses Buches leisten konnten.

Dieses Buch ist ein tolles Kochbuch, mit vielen leckeren Rezepten, aber auch ein schönes Fotobuch, ein spannender Bericht über regionale Produzenten und ihre Produkte, über die Entdeckungen von Kindern und Jugendlichen im ländlichen Raum.

Das Mierscher Lieshaus möchte allen Menschen danken, die an der Realisierung dieses Werkes mitgearbeitet haben und wünscht allen Lesern viel Spaß beim Lesen und Ausprobieren der Rezepte.

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

I like MUDAM

P1020158Ëmmer erëm tauche méi oder manner virulent Kritike géint de MUDAM op. Dat ass u sech net schlëmm, dat muss den art contemporain och verdroen. Wann dat awer dozou féiert, datt d’finanziell Ressourcë vun esou enger Institutioun op eemol esou ageschränkt ginn, datt et un d’Substanz geet, da fannen ech dat net nëmme schued, mee regelrecht beonrouegend.

De MUDAM, deen iwwregens an engem externen Audit vu Lordculture virun engem Joer eng gutt Zensur ausgestallt krut, ka mat senge bescheidene Moyenen – ech fannen, datt seng Moyenen zevill bescheide sinn – eng gewëss Visibilitéit op internationalem Plang opweisen. De MUDAM kritt €6,5 mio als Dotatioun vum Staat, dat ass zevill fir ze stierwen awer kaum genuch fir ze liewen. Dat ass ongeféier déi selwecht Zomm Suen, wéi se de Musée vun der zäitgenösseger Konscht vu Lille zur Dispositioun huet. Dësen ass zwar vun der Gréisst vergläichbar, mee ech mengen awer, dat de Musée vun eiser Haaptstad sech nach enger Rei Fuerderunge stellen muss, déi aner städtesch Muséen net an dem Ausmooss hunn.

Mat dem bescheidene Budget – do geet jo nach ganz vill an d’Personalkäschten (44%) an an d’Ënnerhaltskäschte vum Gebai (knapp 28%), huet de MUDAM bis haut eng gutt Aarbecht gemaach.

Huit années après l’ouverture du Mudam au public, le bilan est avant tout positif. En effet les équipes du Mudam ont su réunir une collection cohérente et pertinente, en phase avec les grandes tendances de la création contemporaine et bien équilibrée au regard du choix des artistes, de la diversité des médiums et de la richesse des sujets. Les relations fortes nouées avec des artistes émergents ou reconnus témoignent d’un dynamisme particulier de l’institution.*

Ech kann novollzéien, dat et Mënsche gëtt, déi näischt kënne mam art contemporain ufänken. Wann déi Leit allerdings mengen, mir kéinten zu Lëtzebuerg nach op d’Joerhonnert vum art moderne opsprangen, dann ieren se sech. Ech mengen, datt de MUDAM an de Casino, eng vun de villverspriechendste Méiglechkeeten sinn, Lëtzebuerg an engem positive Liicht ze weisen. Dat kënne mer schonn 2015 ganz flott an Evidenz setzen, wa mer d’Presidence vun der Europäescher Unioun hunn.

*Extrait aus dem Audit vun Lordculture
Veröffentlicht unter Kultur | Hinterlasse einen Kommentar

Nation Branding.lu?

P1040344Den 10. November 2014 sollte mer an der aussepolitescher Kommissioun iwwer « Nation Branding » diskutéieren. D’Diskussioun war zimlech kuerz, ech hunn fir mech zwou Saachen doraus zréckbehal :

  • Nation Branding kann een net ëmmer plangen, heiansdo kritt ee Publicitéit vu baussen octroyéiert, an dat muss net positiv sinn… Mir hate ganz vill iwwer Luxleaks geschwat.
  • Mir sollen net probéieren, een anert Land ze kopéieren : d’Alpe kënne mer net op Lëtzebuerg huelen an eist Markenzeeche wäert och kaum de Schockela ginn. Mir solle mat deem schaffe wat mer hunn an do schaffe wou mer eng Chance hunn.

Et gëtt bestëmmt méi wéi eng gudd Iddi, wéi mer eisem Land ee positiven Image kënne ginn.

Ech sinn der Meenung, datt d’Kultur eng gutt Méiglechkeet ass, fir eis gutt ze presentéieren.

Mir hu schonn eng ganz Rei positiv Ambassadeuren am Kulturberäich. An der Literatur z.B. hunn Auteure wéi de Jean Kréier, de Jean Portante, de Nico Helminger an d’Anise Koltz vill zu engem positive « Nation Branding » bäigedro. Ënnerstëtzt goufe si z.B. vum Germaine Goetzinger, wat am Centre National de la littérature eng fantastesch Aarbecht geleescht huet, déi elo de Claude D. Conter genee esou gutt weiderféiert.

An der Musek hu mer nieft villen aneren z.B. de Francesco Tristano, d’Cathy Krier, de Gast Waltzing an de Maxime Bender, déi vill am Ausland optrieden. Hei verweisen ech op eng Ausso vum Giovanni Trono vu MusicLX am Wort vu gëschter, wou hie seet datt d’Perceptioun vun eise Muséksgruppen am Ausland changéiert huet, datt d’Bild besser ginn ass, datt et méi gutt Gruppe gëtt an datt dat sech am Ausland bemierkbar mécht. « Venir d’un petit pays n’est pas forcément un handicap. A l’étranger, c’est perçu comme quelque chose de nouveau, d’exotique. » An hie seet och, datt eng Grupp net ka vun eisem klenge Marché liewen, mee sech exportéiere muss. Hei mécht MusicLX eng gutt Aarbecht.

De Frank Hoffmann huet eisem Theater eng international Renommée bruecht, d’ Marie-Paule Jungblut huet dat selwecht fir d’Museeë gemaach.

Ech hunn dës puer Leit opgezielt, déi sech ëm eis Kultur verdéngt gemaach hunn, an ech entschëllege mech fir all déi vill déi ech hei net kann opzielen. Ech sinn der Meenung, datt mer eis um kulturelle Plang net brauchen ze verstoppen an datt mer eis net däerfen op eis Landesgrenze beschränken.

Mir brauchen den Zougang zu engem europäeschen, zu engem internationale Marché. Et kann een eng Produktioun net zu Maarnech, zu Ettelbréck, Miersch, Mamer, Nidderaanwen, Déifferdeng an Zolwer weisen; do mécht de Publik net matt. Wann d’Mierscher Kulturhaus misst vun de Mierscher Leit gefëllt ginn, da wier et zimlech eidel, a wat fir Miersch gëllt, gëllt wahrscheinlech och fir aner Plazen.

Mir hunn eng Philharmonie, déi eng ganz grouss Dotatioun kritt, déi duerfir een immens flotten a villsäitege Programm ubitt. Mir fannen dat gutt. D’Lëtzebuerger Bierger an d’Residente profitéieren dovun; d’Finanzplaz Lëtzebuerg, d’Land vun den europäeschen Institutiounen brauch esou eng Institutioun. Mir sollen eis awer bewosst sinn, datt mer hei Kultur akafe ginn, zumindest fir de Gros vum Programm. Ausnahme gëtt et natierlech ëmmer, ewéi zum Beispill leschte Samschden, wou d’Philharmonie an de gréisste Bopebistrot vu Lëtzebuerg verwandelt gouf, an ee Mierscher Museker, deen och scho mam Laurent M. opgetrueden ass, sech konnt een Dram erfëllen. Et ass scho flott, datt d’Philharmonie och fir esou eng lëtzebuerger Produktiounen ze kréien ass.

An der Philharmonie hu mer eng Programmatioun, déi mam Weltniveau mathale kann. Et kascht vill Suen, mee mir packen dat.

Prominent Lieserbréiwerschreiwer mengen, mir bräichten attraktiv Konschtaustellungen a sollten och mol Spektakuläres um Konschtmarché akafen. Dat kënne mer eis awer menger Meenung no einfach net leeschten.

Solle mer eng Ausstellung iwwert de Picasso organiséieren ? Mir hu jo een, da brauche mer der nëmmen 49 am Ausland ze léinen a lass ! – Mir kréie keng 49 geléint, a wa mer se kéinte kréien, kéinte mer d’Locatioun net bezuelen. Ech gesinn och keen Notzen dran, elo ze probéieren, um Marché nach an den art moderne eranzeklammen : dat ass finanziell net ze realiséieren.

 

Veröffentlicht unter Kultur, Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar

Kulturpolitik: Subsiden an Subventiounen

euroD’Kulturpolitik war an ass natierlech och eng Politik vun Subsiden an Subventiounen. An do war villes historesch gewuess a wéineges direkt novollzéibar an transparent.

Déi vill Konventiounen tëschent dem Kulturministère an deenen ënnerschiddlechsten kulturellen Associatiounen sinn, wéi dat schonn méi laang am viraus ugekënnegt war, den 1. September dëst Joer gekënnegt ginn.

Et sinn Questionnairen un d’Associatiounen verschéckt ginn, och un esou eng spezifesch Associatiounen ewéi den Carré Rotonde an den Casino. An et ass virgesinn, d’nächst Joer dee selwechten Exercice vun Autoevaluatioun och op Etablissement public an aner Institutiounen, déi majoritaire vun de Gemengen finanzéiert ginn, auszedehnen. Dat gëllt fir Conservatoiren, städtesch Theateren asw.,

Dat ass eng noutwendeg Initiative fir zu méi Transparenz an Gerechtegkeet bei der Subventionéierung ze kommen. Déi betraffen Associatiounen mussen allerdings ganz schnell iwwert hier Situatioun informéiert ginn, well si wësse mussen, wou se drun sinn, fir hier Planung kënnen ze maachen.

Fir eng gerecht an transparent Struktur vun de Subventiounen fir eis kulturell Associatiounen an Instituter ze schafen, brauchen mer Critèren an eng Struktur, déi un Hand vun dëse Critèren Decisiounen hëlt.

Hei stellt sech d’Fro, wéi dat soll organiséiert ginn. Vläicht sollte mer eis beim Filmfong orientéieren ? Et ass denkbar, datt déi Milliounen Subventiounen geoutsourced ginn. Dat kéint méi eng effizient Aarbecht erlaben, dat kéint méi transparent sinn, dat kéint och méi eng schnell Ofwécklung erlaben, et wier ebe just wichteg, datt kloer Critèren opgestallt ginn, an datt et och net eng Decisioun vun enger Persoun dierft sinn, mee am beschten vun engem paritéitesch zesummegesatene Komitee vun Leit déi eppes vun der Matière kennen.

Ech hunn iwwregens d’lescht Woch a menger Funktioun als Member vum Comité vun de Rencontres Musicales de la Vallée de l’Alzette de Site vum Focuna ënnert d’Lupp geholl. Ech wollt kucken, ob mer eventuell eng finanziell Hëllef do z’erwaarden hunn. Ech muss soen, d’Opmaachung vum Site, d’Verständlechkeet vun der verlaangter Demarche, hu mech beandrockt. Hei kéint eventuell och de Ministère sech inspiréieren loossen.

Veröffentlicht unter Kultur, Politik | Verschlagwortet mit | Hinterlasse einen Kommentar