No 14 Joer (2000 bis 2014) an 99 Publikatiounen hält de Lëtzebuerger Literaturverlag ultimomondo op. Sonndeg, de 14. Dezember war e lescht Fest am CNL: De Claude D. Conter an d’Germaine Goetzinger hunn dem Verlag Merci gesot fir déi geleeschten Aarbecht. De Guy Rewenig huet d’Aarbecht vun deene sëlleche Mataarbechter iwwert déi vill Joere resuméiert. Duerno hunn d’Damme vum Cabaret Peffermillchen Extrait’en vun den Texter vun allen ultimomondo-Auteure gelies. De Jitz Jeitz Quartet huet fir de musikaleschen Encadrement gesuergt.
Eng ganz schéi Geschicht, déi vum ultimomondo. Schued, datt se elo ophält.