Nation Branding.lu?

P1040344Den 10. November 2014 sollte mer an der aussepolitescher Kommissioun iwwer « Nation Branding » diskutéieren. D’Diskussioun war zimlech kuerz, ech hunn fir mech zwou Saachen doraus zréckbehal :

  • Nation Branding kann een net ëmmer plangen, heiansdo kritt ee Publicitéit vu baussen octroyéiert, an dat muss net positiv sinn… Mir hate ganz vill iwwer Luxleaks geschwat.
  • Mir sollen net probéieren, een anert Land ze kopéieren : d’Alpe kënne mer net op Lëtzebuerg huelen an eist Markenzeeche wäert och kaum de Schockela ginn. Mir solle mat deem schaffe wat mer hunn an do schaffe wou mer eng Chance hunn.

Et gëtt bestëmmt méi wéi eng gudd Iddi, wéi mer eisem Land ee positiven Image kënne ginn.

Ech sinn der Meenung, datt d’Kultur eng gutt Méiglechkeet ass, fir eis gutt ze presentéieren.

Mir hu schonn eng ganz Rei positiv Ambassadeuren am Kulturberäich. An der Literatur z.B. hunn Auteure wéi de Jean Kréier, de Jean Portante, de Nico Helminger an d’Anise Koltz vill zu engem positive « Nation Branding » bäigedro. Ënnerstëtzt goufe si z.B. vum Germaine Goetzinger, wat am Centre National de la littérature eng fantastesch Aarbecht geleescht huet, déi elo de Claude D. Conter genee esou gutt weiderféiert.

An der Musek hu mer nieft villen aneren z.B. de Francesco Tristano, d’Cathy Krier, de Gast Waltzing an de Maxime Bender, déi vill am Ausland optrieden. Hei verweisen ech op eng Ausso vum Giovanni Trono vu MusicLX am Wort vu gëschter, wou hie seet datt d’Perceptioun vun eise Muséksgruppen am Ausland changéiert huet, datt d’Bild besser ginn ass, datt et méi gutt Gruppe gëtt an datt dat sech am Ausland bemierkbar mécht. « Venir d’un petit pays n’est pas forcément un handicap. A l’étranger, c’est perçu comme quelque chose de nouveau, d’exotique. » An hie seet och, datt eng Grupp net ka vun eisem klenge Marché liewen, mee sech exportéiere muss. Hei mécht MusicLX eng gutt Aarbecht.

De Frank Hoffmann huet eisem Theater eng international Renommée bruecht, d’ Marie-Paule Jungblut huet dat selwecht fir d’Museeë gemaach.

Ech hunn dës puer Leit opgezielt, déi sech ëm eis Kultur verdéngt gemaach hunn, an ech entschëllege mech fir all déi vill déi ech hei net kann opzielen. Ech sinn der Meenung, datt mer eis um kulturelle Plang net brauchen ze verstoppen an datt mer eis net däerfen op eis Landesgrenze beschränken.

Mir brauchen den Zougang zu engem europäeschen, zu engem internationale Marché. Et kann een eng Produktioun net zu Maarnech, zu Ettelbréck, Miersch, Mamer, Nidderaanwen, Déifferdeng an Zolwer weisen; do mécht de Publik net matt. Wann d’Mierscher Kulturhaus misst vun de Mierscher Leit gefëllt ginn, da wier et zimlech eidel, a wat fir Miersch gëllt, gëllt wahrscheinlech och fir aner Plazen.

Mir hunn eng Philharmonie, déi eng ganz grouss Dotatioun kritt, déi duerfir een immens flotten a villsäitege Programm ubitt. Mir fannen dat gutt. D’Lëtzebuerger Bierger an d’Residente profitéieren dovun; d’Finanzplaz Lëtzebuerg, d’Land vun den europäeschen Institutiounen brauch esou eng Institutioun. Mir sollen eis awer bewosst sinn, datt mer hei Kultur akafe ginn, zumindest fir de Gros vum Programm. Ausnahme gëtt et natierlech ëmmer, ewéi zum Beispill leschte Samschden, wou d’Philharmonie an de gréisste Bopebistrot vu Lëtzebuerg verwandelt gouf, an ee Mierscher Museker, deen och scho mam Laurent M. opgetrueden ass, sech konnt een Dram erfëllen. Et ass scho flott, datt d’Philharmonie och fir esou eng lëtzebuerger Produktiounen ze kréien ass.

An der Philharmonie hu mer eng Programmatioun, déi mam Weltniveau mathale kann. Et kascht vill Suen, mee mir packen dat.

Prominent Lieserbréiwerschreiwer mengen, mir bräichten attraktiv Konschtaustellungen a sollten och mol Spektakuläres um Konschtmarché akafen. Dat kënne mer eis awer menger Meenung no einfach net leeschten.

Solle mer eng Ausstellung iwwert de Picasso organiséieren ? Mir hu jo een, da brauche mer der nëmmen 49 am Ausland ze léinen a lass ! – Mir kréie keng 49 geléint, a wa mer se kéinte kréien, kéinte mer d’Locatioun net bezuelen. Ech gesinn och keen Notzen dran, elo ze probéieren, um Marché nach an den art moderne eranzeklammen : dat ass finanziell net ze realiséieren.

 

Dieser Beitrag wurde unter Kultur, Politik abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s