Nei Bilanen elo?

 

Patrick Arendt an Patrick Remakel

Patrick Arendt an Patrick Remakel

Haut haten d’Gewerkschaften SNE an SEW den Optakt vun hirer Campagne: Nei Bilanen elo!

Déi zwou Gewerkschaften vum Léierpersonal aus der Grondschoul sinn sech eens: Si fannen déi aktuell Bilan’en nët verständlech fir d’Elteren an keng Hëllef fir d’Kanner. Hirer Meenung no gëtt bei den aktuellen Bilan’en just no Kompetenzen gekuckt an si kritiséieren, datt de Volet vum Wëssen ze kuerz kéim.

De Patrick Arendt vum SEW-OGBL huet erkläert, wéi et zum Ofbroch vun den Diskussiounen mam Ministère iwwert eng Reform vun de Bilanen komm ass, den Patrick Remakel vum SNE huet den alternative Projet vun de Gewerkschaften virgestallt.

Staark vereinfacht:  D’Kanner sollen eng Zensur kréien, wou se fir déi verschidden Fächer, déi an Sparten opgedeelt sinn, all kéiers geschriwwe kréien op se ganz gutt, gutt, gutt genuch oder net gutt genuch sinn. Fir mech huet d’Alternative vun de Gewerkschaften de Virdeel, datt se relativ einfach verständlech ass. Mee sorry, dat schéngt mir awer nët d’Léisung ze sinn. Domat si mer rëm ganz no bei den alen Zensuren, och wa keen zu de Punkten bis 60 zréck wëll. D’Méiglechkeet, fir engem Kand ee Feedback zu senger eegener Entwécklung ze ginn, fällt mat esou enger Zensur flaach. De gudde Schüler kritt all Trimester konfirméiert datt hien gutt ass, de schwaache Schüler kritt all Trimester gesot, datt hien schlecht ass. Dat ka jo awer net d’Resultat vun 3 Joer Schoulreform sinn!

Den Patrick Arendt huet ganz zum Schluss gesot, datt mer eigentlech scho joerelaang amgaang sinn, eis laanscht déi wierklech grouss Erausfuerderungen, déi sech eisem Schoulsystem stellen, ze drécken: d’Sproocheproblematik. Do huet de Gewerkschaftsvertrieder recht! Op nach genuch Energie bleift, no joerelaangem Geschwätz iwwert Sockelen, Cyclen an Kompetenzen fir offensiv an zesummen déi Diskussioun iwwert de Stellewäert vun dene verschiddenen Sproochen an eiser Schoul ze féieren?P1020312

Ech wënschen de Gewerkschaften vill konstruktiv Gespréicher op hierem Tour duerch d’Land, déi nei Bilanen, déi si virstellen wënschen ech mir net.

Dieser Beitrag wurde unter Educatioun abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Hinterlasse einen Kommentar