Grénge Kongress zu Jonglënster

IMG_3634Den „nach“ Caissier Christian Kmiotek huet de finanzielle Bilan presentéiert: Déi gréng Finanzen sinn gesond, mir hunn manner Suen ausginn, wéi der erakomm sinn, d’Prêten sinn all ofbezuelt. Also gutt Viraussetzungen fir d’Waljoer 2014! Mee och 2013 steet ee positiven Event un, wat mer eis e bëssen eppes kaschte loossen: déi gréng feieren hiren 30en Gebuertsdag!

Well d’Lokalsektiounen finanziell op relativ gudde Been stinn, sollen 2014 keng Sue méi un si ausbezuelt ginn. D’Lokalsektiounen finanzéieren sech gréisstendeels vun den Don’en vun hiere Mandatairen: Conseilleren, Memberen vun de Kommissiounen, etc… Dat schéngt fir déi gréng Sektiounen an hir Mandatairen zimlech onproblematesch ze sinn.

Et sinn 3 méi grondsätzlech Rieden gehal ginn:

IMG_3628D’Presidentin Sam Tanson ass op d’Geschicht vun der Partei agaang an huet sech e.a. fir eng couragéiert Familiepolitik ausgeschwat.

IMG_3632De Fraktiounspresident François Bausch huet virun allem d’CSV op d’Schëpp geholl: Si si just zoustänneg fir déi gutt Saachen, fir déi schlecht net, dat waren ëmmer déi aner: déi aner Parteien, auslännesch Contrainteën… Hien huet och d’Verhandlungen, déi mat de Katari iwwert d’Cargolux gefouert gi sinn, als onméiglech naiv kritiséiert an d’Aarbecht vum Geheimdéngscht, zumindest bis 2004, resüméiert mat: alles wat net stramm konservativ war, ass observéiert ginn.

P1020317De gréngen Europadeputéierten Claude Turmes huet verlaangt, datt Europa méi sozial muss ginn. An dat geet net mat rietsliberale Politiker. De Bierger gesäit Europa éischter als eppes wat Problemer schaaft wéi eppes wat Problemer léisst. Eis Regierung stellt an der Europapolitik net de Mënsch an de Mëttelpunkt, mee de Maart!

P1020313P1020314

De Claude Turmes schwätzt ganz vill mat den Hänn!

IMG_3626De Christian Goebel kandidéiert net méi fir d‘Presidentschaft, virun allem aus zäitleche Grënn. De Christian, ee Politiker, den eigentlech léiwer am Hannergrond schafft wéi an der éischter Rei wénkt, krut zu Recht een „tosender Applaus“! Hien geet awer net einfach senger Wee:  Hien ass zënter kuerzem President vun déi gréng Jonglënster, a prett fir d’Walcampagne 2014.
IMG_3631Eisen neie President, deen ganz gaeren an der éischter Rei wénkt an och haart schwätzt, ass de Christian Kmiotek. De Kmio huet awer och ëmmer immens vill geschafft, egal an der wéivillter Rei hien grad stung. Hien huet eng exzellent kämpferesch Ried gehal, wou hien virun allem um CSV Denkmal gekraatzt huet an um „J-C.J., eisem Gott!“
De Kmio huet senger Roserei fräie Laf gelooss. Ech ginn dervun aus, datt aus der Roserei vill positiv Energie erauskënnt, fir konstruktiv Politik ze maachen.
D‘Sam an de Kmio, si mat gewalteger Zoustëmmung gewielt ginn.

De Jean-Jacques Arrensdorff ass neien Trésorier. Hien ass duerch säin Beruffsliewen exzellent fir déi Missioun qualifizéiert.

Am Conseil à l’égalité entre femmes et hommes waren esou vill Kandidaten ewéi Posten, all Kandidat hat och méi Stëmmen wéi statutaresch erfuerdert. Gewielt sinn: Françoise Folmer, Claudie Reiland, André Bernardo, André Hilger, Abbes Jacoby, Georges Lemmer, Aathanase Popov. Eng ganz Rei weider Memberen vum Conseil à l‘égalité sinn  iwwert Gremien an de Conseil nominéiert ginn.
Walen vum Comité exécutif: Et ass immens flott ze gesinn, wéi vill ënnerschiddlech Leit mat interessanten Profiler sech fir ee Posten bei déi gréng mellen!
Et waren 9 Kandidatinnen fir 9 Posten. 106 Walziedelen goufen agesammelt, all Kandidatinnen sinn gewielt ginn.
Et waren 8 Kandidaten fir 6 Posten.
Onproblematesch war och de Vote vun der Grondsatzdeklaratioun, déi elo an d’Statuten integréiert ass:

„Les objectifs principaux, les valeurs et les lignes directrices de la politique du parti sont consignés dans une déclaration de principe qui fait partie intégrante des statuts (les premières pages du document). Cette déclaration fixe notamment les priorités thématiques du parti : l’écologie, les droits humains et la solidarité, la démocratie, la justice sociale, le changement structurel de l’économie, l’égalité entre hommes et femmes, la participation égalitaire des immigrantes et immigrants, le refus de la violence, l’engagement pour une Europe écologique et sociale.“

Zum Schluss gouf nach d’Walkommissioun festgehal.

An der Walkommissioun sin: Christian Kmiotek, Sam Tanson, François Bausch,
Françoise  Folmer, Gina Arvai, Abbes Jacoby, Christian Goebel, Tilly Metz, Collette Kutten
D’Walkommissioun huet d’Aufgab, all Bezierk eng Kandidatenlëscht virzestellen, déi dann de Bezierk unhëllt (oder och eventuell net unhëllt.)

Am fréien Nometteg hat ech nach eng Entrevue matt enger Delegatioun vun der UNEL an de jonke gréngen. Mir hun eis iwwert d’Virfäll am Péitenger Lycée, eng Verbesserung vun den Aerbechtskonditiounen vun der CNEL (Conférence nationale des élèves du Luxembourg), d’Studentenhëllefen an d’Reform vun der Uni ausgetosch. En Austausch iwwert d’Schoulreform ass vun den 2 Säiten an Aussiicht gestallt ginn.P1020327

Dieser Beitrag wurde unter Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Hinterlasse einen Kommentar