An iert ech dann elo auschecken an op de Flughafen kommen, iwwregens gëtt et hei keng Taxi’en, déi als Taxi z’erkennen sin, wëll ech nach e puer Leit Merci soen fir hier Hëllef. Fir d’éischt dem Pia, ech war bestëmmt den bescht dokumentéierten Deputéierten, den un dëser Wahlobservatioun deelgeholl huet! Dann dem Diana, dat mer ganz vill Wëssen iwwert säin Land vermëttelt huet, dem Villum fir d’Gesellschaft, dem Vladimir fir seng Chauffeursservicer, dem Viktoria wou ech mer Suerge maachen iwwert seng politesch Entwécklung, dem Manuel fir d’Ariichten vum Blog.
Den Hotel wou ech zu Odessa war, erënnert mech un een ale Kinneg: Iergendwou ass eppes Majetätesches drun, mee seng bescht Zäit ass awer schon laang eriwwer:-)