Drogefräi Schoul

L’École Privée Sainte-Anne, le Lycée Technique Agricole et le Lycée Technique d’Ettelbruck, en collaboration avec la Police Grand-Ducale, circonscription régionale de Diekirch, vous invitent, dans le cadre de leur campagne Ettelbrécker Schoule géint Drogen, à une table ronde, placée sous le thème “ fir eng drogefräi Schoul” dans la salle des fêtes de l’Ecole Privée Sainte-Anne le mardi, 23 octobre 2012 à 19.30 heures.

Ech weess nët, op et un der Moderatioun vum Caroline Mart luch, oder op déi Leit einfach all gutt an onkomplizéiert waren: Et as bal zwou Stonnen intensiv diskutéiert gin, jidfereen as zu Wuert komm, jidfereen konnt ausschwaetzen, d’Leit hun nogelauschtert an sin nët onroueg op hiere Still gin.

Inhaltlech as esou eng Veranstaltung natierlech schwéier ze resuméieren. Eng Rei Punkten sin ëmmer rëm opgetaucht: D’Wichtegket vun Opklärungsversammlungen (Campagnen géint Fëmmen z.B. hun Wirkung gewisen, et si manner Leit, manner Jugendlecher déi fëmmen). D’Vernetzung ënnert dem Léierpersonal, SPOS, ONG’en soll weider gefördert gin. Elterenaarbecht as eng Konditioun fir zu engem Erfolleg ze kommen. Eng drogefrai Schoul as eng Utopie (et mol keen drogefraie Prisong), mee et lount sech dofir ze kämpfen. Mir liewen jo och net an enger drogefräier Gesellschaft, mir behandelen den Alkohol nach ëmmer als „Kavaléierdrog“. Weiderbildung vum Léierpersonal as natierlech och een Thema. Besonnesch problematesch dierft déi relativ grouss Zuel vun Jugendlechen sin, déi Problemer hun oder wou et offensichtlech ass, datt se werte Problemer kréien: Bezéihungen déi feelen, keng Motivatioun, Onsecherhet déi muss iwwerspillt gin,  keng Grenzen unerkennen…

 

Dieser Beitrag wurde unter Educatioun abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s