Goodbye Odessa


An iert ech dann elo auschecken an op de Flughafen kommen, iwwregens gëtt et hei keng Taxi’en, déi als Taxi z’erkennen sin, wëll ech nach e puer Leit Merci soen fir hier Hëllef. Fir d’éischt dem Pia, ech war bestëmmt den bescht dokumentéierten Deputéierten, den un dëser Wahlobservatioun deelgeholl huet! Dann dem Diana, dat mer ganz vill Wëssen iwwert säin Land vermëttelt huet, dem Villum fir d’Gesellschaft, dem Vladimir fir seng Chauffeursservicer, dem Viktoria wou ech mer Suerge maachen iwwert seng politesch Entwécklung, dem Manuel fir d’Ariichten vum Blog.

Den Hotel wou ech zu Odessa war, erënnert mech un een ale Kinneg: Iergendwou ass eppes Majetätesches drun, mee seng bescht Zäit ass awer schon laang eriwwer:-)

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

mission accomplie

D’Auszielprozedur ass extrem laangwiereg. No annerhallewer Stonn hat eise Wahlbureau nach ëmmer nëmmen erausfonnt, wéivill Leit wiele waren. Insgesamt 42,23% vun den ageschriwwene Wieler. Landeswäit sollen et der ongeféier 50% gewiecht sin. Well et allgemeng esou laang dauert, bis ausgezielt gëtt, maachen d’Observateuren sech Suergen et kéint am fréie Moien nach Iwwerraschungen gin.

Eischten Héichrechnungen no soll d’Partei vun der Regiounen ëm 30% leien, d’Vereenegung vun den Oppositiounsparteien ronn 25%, d’UDAR manner wéi erwart bei 15%, d’Nationalisten onerwart staark bei iwwer 10%. Ech weess allerdings nët, op dës Héichrechnungen ähnlech zouverléisseg sin ewéi bei eis.

Et schingt also esou ze sin, datt manner Leit wiele gaange sin ewéi erwaart. Mir hun oft erzielt kritt, d’Leit wieren es mitt, d’Politik hätt sie vill ze vill oft enttäuscht. Dat ass ee Problem hei, et gëtt der awer nach vill méi. Zum Beispill d’Peien: Een Diplomingenieur verdingt 200 € de Mount. Well dat och hei net duerget fir ze liewen, huet hien zwou Aerbechtsplaatzen, eng beim Staat, wou hien Chef de service ass, an eng an der Privatindustrie. Déi Plaatz beim Stat huet den Nodeel, dat hien nët regelméisseg bezuelt gët, well de Stat nët ëmmer Suen huet. En Enseignant verdingt hei esou wéineg, dat ka scho kee Mënsch sech méi virstellen. Hien iwwerliewt mat Nohëllefstonnen. An da kënnt nach den éiwegen Problem vun der Korruptioun derbäi: fir eng Diplomaerbecht unerkannt ze kréien brauch ee Student Ënnerschrëften. All Ënnerschrëft kascht Suen. Eng Fra huet eis erzielt, sie misst all Mount 10€ Schoulgeld fir hiert Kand an der Primärschoul bezuelen. Offiziell kascht d’Schoul natierlech näischt. 

Een Team, matt eiser Interpretin an dem däneschen liberalen Deputéierten Villum Christensen.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

Voting day in Odessa

 

Um halwer 8 konnte mer materliewen, wéi ee Wahlbureau sech op d’Ouverture preparéiert hat. D’Urnen goufen versiggelt, D’Präsidentin an d’Observateuren sin bei den versiggelten Safe gaangen, wou d’Wahlziedelen luchen. Alles war pünktlech installéiert an déi éischt Wieler sin um Punkt 8.00 Auer an de Wahlbureau komm.

An all Wahlbureau waren 2 Kameraen installéiert. Dat ukrainescht Wahlgesetz schreiwt dat esou vir. D’Biller sin direkt op Kiev an eng Zentral iwwerdroe gin. Mir sin vun engem Präsident vun enger Wahlkommissioun gefrot gin, op mir den Ecran vun de Opnahmen wéilten gesin. Wéi ech jo gesot hun, war de Mann e bëssen iwwerrascht, huet awer no e puer Minutten de Schlëssel vun der Këscht fonnt an fir eis opgespärt.

Dat gët schon een immenst Gefill vun „big brother is watching you“!

Natierlecch kann een nët vun dene puer Wahlbureauen, déi mir gesin hun, op de ganzen Déroulement vun de Wahlen schléissen, an awer: de Wahlprozess schingt allgemeng gutt organiséiert ze sin an ziviliséiert ofgelaf ze sin. Et huet och esou ausgesin, wéi wann méi eler Leit ginge wiele goen ewéi Jonker. Mat dene ville Gespréicher déi mir esou de ganzen Dag iwwer haten, sin eng ganz Rei vun erstaunlechen Geschichten op d’Tapéit komm, op verschiddener wert ech méi spéit nach eng Kéier zréck kommen. Déi meescht Wahlbureauen waren an enger Schoul. Interessant hei mol 2 Biller vun ukraineschen Turnhalen:


M
ir maachen eis nach eng Kéier op an ee leschte Bureau, wou mer nach eng Kéier eng hallef Stonn de Wahlprozess observéieren, an dann awer och beim Auszielen vun de Stëmmen derbai sin.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

Ready to go!

Also nach ee Briefing zu spéider Stonn, dann nach kuurz mat der Interpretin an dem Chauffeur ofgeschwat: Start maer de Moien um 6.55 Auer. Mir sin bei der Ouverture vun engem Wahlbureau derbai, da komme mer zréck an den Hotel Kaffi drénken, an da get et lass mam Tour.

Ech si frou, datt dëst nët meng éischt Missioun ass, well d’Organisatioun léisst ze wënschen iwwreg. Mir werten also alles selwer organiséieren, flexibel sin an eis Aerbecht esou gutt ewéi méiglech maachen.

Mir sollen als Walbeobachter neutral bleiwen an och keng Commentairen bei der Press ofgin. Dat ass engersäits logesch, mir beobachten jo just, mir/ech hun jo och eigentlech keng Präferenz wat d’Resultat uget, mir wënschen eis just, datt de Wahlvirgang propper an fair ofleeft. Anerersäits ass dat awer och e bëssen naiv. Lauter Parlamentarier sollen ee politeschen Prozess beobachten, an kee Commentaire ofgin?! Ech soen duerfir elo nët, wéi d’Wahlen an der Ukraine ausgin, gin awer ze bedenken: Eng gutt organiséiert Partei huet méi Chancen wéi eng schlecht oder guer net organiséiert. Eng Partei ouni charismatesch Persounen, déi se kann an d’Fënster stellen, huet haut keng Chance méi op ee gutt Wahlresultat.

P.S.:

Esou esäit „d’Fliessband“ um Flughafen zu Odessa aus. Et huet nët méi laang gedauert, bis d’Valissen komm sin wéi op engem aner Flughafen 🙂

 

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

Waiting in Odessa

L’avion de Kiev à Odessa de l’après-midi annonçait un retard de plusieurs heures. L’entrevue avec les observateurs à long terme et les interprètes et chauffeurs a été reportée à 21.00 heures.

Comme j’étais déjà parti le matin, j’avais le temps de me promener à Odessa. J’ai vu du beau, du très beau et du moins beau.

.. du vieux, du révolu et du pas facile à trouver!

 

Veröffentlicht unter Verschiddenes | Verschlagwortet mit | 1 Kommentar

Kameraen am Wahlbureau!?

An all Wahlbureau sin 2 Kameraen installéiert fir ze versécheren, datt nët ka gefuddelt gin. Engem vun 5 Wieler maachen déi Kameraen allerdings Angscht: Sie fillen sech beobacht, kontrolléiert, ageschüchtert duerch déi Kamera. Dobai gin déi Kameraen ausgeschalt wann ausgezielt gët. Dat ass scho komesch, well d’Gefoer fir ze fuddelen ass méi grouss beim Auszielen vun de Stëmmen ewéi beim Wiele goen. Et ass och méiglech, datt eng ganz Rei Observateuren am Wahlbureau filmen. Dat ass erlaabt. Wat geschitt no 20 Auer mat de Kamera’en? Do schingen keng kloer Direktiven ze bestoen. Et schingt sech och erauszestellen, datt nët all Mënsch an de Wahlbureauen d’selwecht an och net d’selwecht gutt informéiert as.

„TVi ist the last independent channel broadcasted throughout the territory of Ukraine.“ Sie hun ee Film gewisen: 300 Leit hun sech mat engem Bréif un hiere Wahlbureau gewandt, sie wiere krank a wéilten doheem wielen (ronn 10% vun den ageschriwwene Wieler). Dat ass laut Wahlgesetz duerchaus méichlech. Allerdings: d’Bréiwer waren bal all mat der selwechter Handschrëft geschriwwen, et war ee Stempel vun enger Klinik drop, déi et anscheinend guer nët gëtt, an et waren och zum Deel Adressen, wou kee gewunnt huet…

Biller vun den Ofschlossmanifestatiounen vun der Regierungspartei an dem Bündnis vun den Oppositiounsparteien.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

Briefing by OSCE

Briefing vun den Observateuren, Parlamentarier aus ganz Europa. Et ass déi gréisst Missioun vun der OSCE fir 2012.

Ganz vill Leit sin onzefridden mat der politescher Situatioun an der Ukraine. 40% gleewen nët, datt d’Wahlen fair iwwert d’Bühn gin. Trotzdem hun leschten Sondagen no 65% vun de Leit gesot, si ginge wielen goen. Besonnesch interessant wert d’Ofschneiden an d’Verhalen vun de Leit vun der UDAR sin. Si hun an de leschten Sondagen d’Bündnis vun der vereenegter Oppositioun iwwerholl. Dat as zu engem Deel drop zréckzeféieren, datt déi charismatesch Leaderen vun der Oppositioun am Prisong sin, an den Leader vun UDAR, den V. Klitschko ganz gutt bei de Wieler ukënnt. Dat léisst schon Spekulatiounen zou, datt bei den naechste Präsidentschaftswahlen mat engem staarke Kandidat Klitschko ze rechne wier.

Mee och déi wirtschaftlech Situatioun an der UKraine ass net roseg. Och wann mat engem liichten Uwuessen vum PIB gerechent gët, stet d’Méiglechket am Raum, datt den Hrywnja (UAH) no den Wahlen ofgewert gët.

Eng ganz Rei Verstéiss géint d’Wahlgesetz sin vun den laangzäit Observateuren festgestalt gin. Un éischter Stell stet d’Beaflossung duerch d’Administratioun, déi dem Kandidat vun der Regierung Avantagen zougestan huet, déi aner Kandidaten nët kritt hun. Och Drohungen géint Kandidaten gehéieren zu de Verstéiss, grad ewéi de Versuch, Stëmmen ze kafen.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

Erëmgesin zu Kiev

Ech kennen just ee Mënsch zu Kiev, an ech hat d’Chance, dee Mënsch rëmzegesin. D’Viktoria hat mäin Wahlbeobachterteam schon zweemols bei den Präsidentschaftswahlen 2010 beglet. Mir waren zesummen iessen an hun iwwert d’Politik an der Ukraine geschwat.

D’Victoria war 2004 bei der oranger Revolutioun derbai, huet matt aner Leit aus senger Famill wochelaang bei Minusgraden op der Onofhängegkeetsplaatz zu Kiev kampéiert, fir sech géint d’Wahlmanipulatiounen vum Janukowitch ze wieren. 2010 war hat allerdings schon zimlech desillusionéiert vun Tymochenko an Co,  war allerdings och zimlech schockéiert iwwert den Erfolleg vum Janukowitch.

D’Viktoria huet haut eng interessant Plaatz am Ausseministère, säi Mann huet eng kleng Entreprise opgebaut. Politesch as seng Entwécklung weidergaang, an hat as do geland, wou vill Leit politesch landen, wann se oft genuch enttäuscht gi sin. Mir hun grouss politesch Differenzen, mir haten awer interessant Diskussiounen.

Een vun de gréissten Problemer an der Ukraine ass d’Korruptioun. Dat liest een ëmmer rëm, dat hun ech och scho vun anere Leit gezielt kritt, déi vill an der Ukraine ënnerwee sin. Et ass awer beandrockend, wann een direkt betraffene Bierger konkret Beispiller opzielt, déi weisen, datt näscht ouni Bestiechung lieft, datt et nët just ëm Souen get, mee em ee ganze System, dat eng ganz Gesellschaft moralesch korrupt gët. An der Ukraine lieft kaum een Deputéierten vun senger Indemnitéit als Deputéierten alleng. Jidfereen vertrëtt méi oder manner offen déi Interessen déi seng Finanzen opbesseren. Korruptioun an Onéierlechket wat d’Bezuelen vun Steieren uget sin ganz wäit verbret. Et huet sech mëttlerweil een zimlech raffinéiert Mëttel vun Drock op de politeschen Géigner entwéckelt: Wien zevill kritesch ass, wien Parteien vun der Oppositioun finanziell ënnerstëtzt, wien sech géint d’Interessen vun dene Leit déi um Pouvoir sin wiert, den kritt d’Beamten vum Steieramt op de Pelz gehetzt. Anscheinend fannen sie ëmmer eppes, wann nët direkt, da sichen se esou laang bis se eppes fonnt hun. Perfid: an engem System, wou eigentlech jidfereen eppes mécht, wat nët propper oder legal ass, schécken ech dem, dem aus der Rei danzt, den Fisk laanscht. Déi Method ass anscheinend esou effikass, datt d’Oppositioun kaum nach Souen aus der Geschäftswelt kritt.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

Ukraine 3: Kiev virun de Wahlen

ENEMO (European Network of Election Monitorions Organisations) huet an sengem leschten Rapport festgehalen, datt Zuel vun den Menacen an Aggressiounen vis-à-vis vun Oppositiounskandidaten zougehol huel, wat de Wahltermin méi no geréckelt as.

D’Chefin vun der Virwahlmissioun vun der OSCE an der Ukraine huet sech enttäscht doriwwer gewisen, datt sie weder mam Ioulia Tymochenko, nach mam Y. Loutsenko konnt schwaetzen. Béid Politiker vun der Oppositioun sin jo zu Prisongstrofen verurteelt an daerfen och nët un de Wahlen partizipéieren.

Déi Franséisch Ambassade an der Ukraine huet Ufanks Oktober nach folgenden Sondage an hierer „Revue de la presse ukrainienne“ publizéiert:

Sondages

Selon les derniers sondages sociologiques du centre « Initiatives démocratiques » et du KMIS, le Parti des régions dépasse ses concurrents de 7% (23,3%), OuDAR occupe la deuxième position avec 16%, l’Opposition unie la troisième avec 15,1%. Le Parti communiste atteindrait 10,1% et, pour la première fois, le parti Svoboda obtiendrait 5,1%, dépassant ainsi le seuil électoral. 24% d’électeurs n’auraient pas encore défini leur orientation politique (Segodnya). 

Op der Autobunn vum internationalen Flughafen vu Kiev an den Stadzentrum stin ganz vill Publizitéitspanneauen laanscht Strooss. Mee et sin bal keng politescher Panneauen ze gesin. Ganz heiansdo gesäit ee mol ee Plakat vun der Partei vun der Regiounen, an och vereenzelt as den Vitali Klitschko ze gesin.

Méi no am Zentrum hun ech dann och dat éischt an bis elo eenzegt Plakat vun den ukraineschen Gréngen gesin. Och ouni Kenntnisser vum Kyrilleschen Alphabet: D’Faarw an d’Sonneblumm sin nët ze verkennen. Allerdings gët et mengen Informatiounen no gläich 3 gréng Parteien an der Ukraine, wat alleng scho bal eng Garantie as, datt déi Gréng bei dëse Wahlen keng Roll ze spille kréien. Am Zentrum vu Kiev, as och nach emmer nët vill vun Wahlen ze spiiren. Vereenzelt gesäit een Zelter vun der Regierungspartei. Déi ware mir schonn bei den Präsidentenwahlen duerch hier massiv Präsens an hiert

 scho bal paramilitärescht Optrieden opgefall. Freideg den Owend sin zwou grouss Veranstaltungen ugesot, gutt honnert Meter vuneneen ewech: D’Partei vun den Regiounen an d’Oppositioun rondrëm d’Madame Tymochenko hun grouss Bühnen opgeriicht. Interessant wert de Roll vun der 3. Kraaft am Wahlkaroussell, dem Klitschko senger Partei gin. Eigentlech bekennt sech seng Formatioun zur Oppositioun, huet awer keng richteg Ofsprooch faerdeg kritt, an hier Positioun no de Wahlen ass alles anescht ewéi kloer.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar

Ukraine 2: Parlamentswahlen 2012

Den 28. Oktober sin Parlamentswahlen an der Ukraine.

E bëssen iwwerrascht war ech schon, wéi sech den Ambassadeur vun der Ukraine fir d’Belsch an Lëtzebuerg bei mir gemeld hat, an eng Entrevue proposéiert hat. Hien huet gemengt, datt et fir d’Ukraine immens wichteg wier, wann bei den Parlamentswahlen déi international Beobachter gingen eng gutt Zensur iwwert den Oflaf vum Wahlprozess ausstellen.

Vun der OSCE sin 90 laangzäit Beobachter an 600 kuurzzäit Beobachter op der Plaatz. Vun Lëtzebuerg aus, ass schon den 23. Oktober eng Delegatioun vu 6 Leit Richtung Kiev geflunn.

Dat Ukrainescht Parlament gët fir 5 Joer gewielt an huet 450 Memberen. Am September waren nach 45% vun den Ukrainer nët decidéiert, wiem se hier Stëmm wéilte gin.

Veröffentlicht unter Politik | Verschlagwortet mit , | Hinterlasse einen Kommentar