TTIP-Manif

P1070513déi gréng: Gesi mir dech e Samschdeg op der TTIP-Manif?

– Natierlech sinn ech do. Als gréng sti mir schliisslech fir de Schutz vun héijen ekologeschen, sozialen a Verbraucherschutzstandarden, fir Rechtsstaatlechkeet an Demokratie op alle politeschen Niveauen. TTIP an och de CETA Accord mat Kanada stellen dës Wäerter a Fro an dogéint protestéieren e Samschdeg och déi gréng. Nach weess jo kee wat schlussendlech erauskënnt, mee esou wéi d’TTIP-Verhandlunge momentan lafen, a wann ech kucke wéi eng Interessen do dominéieren, fäerten ech, dass mir a Punkto Ëmwelt- a Sozialstandarden keen Accord op méiglechst héijem Niveau kréien, mee een op méiglechst déiwem Niveau.

E Samschden op der Place Clairefontaine kenne mir all zesumme weisen, datt Lëtzebuerg a Punkto TTIP och weiderhin eent vun de kriteschsten EU-Länner ass. Och den Ausseminister, eis gréng Ëmweltministesch a souguer de Chamberpresident – zesumme mat anere Parlamentspresidenten – hu jo scho kritesch bei der EU Kommissioun intervenéiert. Mee dass elo schonn iwwer 3 Milliounen Europäerinnen a Europäer d’Biergerinitiativ géint den TTIP ënnerschriwwen hunn, weist, dass queesch duerch ganz Europa vill Skepsis herrscht.

déi gréng: häls du vun der neier Versioun vun de Schiedsgeriichter?

– Déi nei Propose ass scho mol e klenge Fortschrëtt deen duerch de wuessenden ëffentlechen Drock zustane komm ass. Um grondsätzleche Problem vun der Paralelljustiz P1070515fir auslännesch Investisseuren ännert se allerdéngs näischt. Och bei der neier Propose, déi d’EU-Kommissioun elo vu ISDS op ICS ëmgedeeft huet, behalen auslännesch Investisseuren Extrarechter géigeniwwer den nationalen Entreprisen an de Bierger. Virun allem sinn dës Schiedsgeriichter awer net deen eenzege Kritikpunkt. Genee esou problematesch ass zum Beispill déi sougenannten „regulatoresch Zesummenaarbecht“, wou abseits vu der Ëffentlechkeet a vun de gewielte Parlamenter weider Normen a Regelen tëscht den USA an der EU harmoniséiert gi sollen, a wou z.B. och eng zukünfteg Verschäerfung vun den EU Ëmwelt oder Sozialgesetzgebunge kéint blockéiert ginn.

déi gréng: steet awer als éischt emol CETA virun der Dier, oder net ?

– Richteg. Déi Diskussioun iwwert d’Schiedsgeriichter betrëfft souwuel den TTIP-Accord mat den USA wéi och de CETA mat Kanada. CETA ass schonn eng ganz Zäitche fäerdeg verhandelt, a gëtt „offiziell“ nach just juristesch iwwerkuckt. „Inoffiziell“ läit de CETA Accord allerdéngs wéinst dem Konflikt ëm d’Schiedsgeriichter beim TTIP virleefeg op Äis bis eng Léisung fonnt gouf. Dat kéint awer elo, op Grond vun der neier Propose vun der EU Kommissioun, relativ séier weider goen, wann d’USA an och Kanada déi nei Propose géifen unhuelen. déi gréng bleiwen awer och hei weiderhi ganz kritesch a fuerderen dass TTIP, CETA an och all aner ähnlech Verhandlungen endlech mussen aus der P1070522„Dunkelkammer“ eraus. Esou wäitreechend international Verhandlunge kenne net just vun der EU Kommissioun géréiert ginn, mee musse vun alle Memberlänner a virun allem vun de gewielte Parlamentarier, den ONGen an allen interesséierte Bierger kennen agekuckt ginn. An all nationaalt Parlament muss bei TTIP an CETA zum Schluss fir säin OK gefrot ginn !

Dieser Beitrag wurde unter Politik abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s