Beruffsausbildung : Eng Reforme mat katastrofalem Nospill

Capture d’écran 2015-10-07 à 16.20.49D’Situatioun ass katastrofal, dat soen net nëmme vill Enseignanten, Elteren a Proffen, wann se iwwert d’Formation professionnelle schwätzen, dat huet och den aktuelle Minister vun der Educatioun selwer gesot.

An elo leien all déi kritesch Aussoen och a Form vun engem Rapport vun der Uni Lëtzebuerg vir, deen de heidege Minister der zoustänneger Chamberskommissioun an dono der Presse virgestallt huet. Eppes neies goufe mer eigentlech net gewuer, d’Ausmooss vun de Mëssstänn no der Reform gëtt just nach e bësse méi däitlech.

D’Iddi vun der Reform u sech war ni a Fro gestalt ginn. D’Reform vun der Formation professionnelle war an d’Weeër geleet ginn, well den ale System zu ganz vill Echec’en gefouert huet a well vu ville Säiten d’Fuerderung no engem « Enseignement par compétences » gestallt ginn ass.
Mee déi nei Gesetzestexter si wéineg lisibel a net ausgeräift, d’Organisatioun vun de Modulen net equilibréiert an et gouf kee kohärente Pilotage. Eng schlecht Zesummenaarbecht tëscht de verschiddene Partner gëtt am Rapport festgehalen.

Déi vill Rattrapagen ze organiséieren ass schlicht onméiglech a sprengt d’Méiglechkeete vun der traditioneller Schoul. D’Equipes curriculaires sinn sech selwer iwwerlooss gewiescht, d’auslännesch Experten déi intervenéiert sinn, gi schaarf kritiséiert an et gouf vill Oppositioun vun den Enseignanten.

Dee virun allem aus Wirtschaftskreeser gefuerderte Kompetenzunterrecht ass net akzeptéiert ginn an op Onverständnis gestouss. D’Entreprisë waren am Prinzip fir déi Reform well se fir eng « approche par compétences waren ». Mee mat der Praxis waren och si net zefridden.
D’Schüler hu fonnt, datt et mat de Kompetenze méi schwéier gi wier. Si fannen sech net gutt informéiert, an haten den ale Punktesystem léiwer. Mee d’Verständnis, datt een alles op méi spéit kéint drécken, war séier do.

De MEN war fir den « Enseignement par compétences », d’Enseignanten dergéint. D’Equipes curriculaires goufen alleng gelooss an d’Conseillers pédagogiques konnten hier Aarbecht net maachen, während d’Elteren grouss Schwieregkeeten haten a hun fir de System ze verstoen. De Vertrieder vun der Uni huet dat ganzt haut an der Chamberkommissioun als Interaktioun vu verschiddenen Akteure bezeechent, als Zesummespill vu lauter Leit déi mengen si hätte Recht.

D’Echantillone vun der Etude si net representativ, d’Etude ass virun allem op d’Kritike baséiert.
Ëmmerhinn sinn awer ronn 150 Leit gesi ginn, mat deene ganz exhaustiv Interviewe gefouert goufen.
An de Konklusioune vum Rapport heescht et : Net bei null ufänken, mee sech froen, wat ee besser maache kann. Et muss méi positiv a méi konstruktiv diskutéiert ginn.

Zwee Sätz aus de Konklusiounen :

« L’ambiance n’est pas propice à la mise en œuvre de la réforme : lassitude, frustrations, irritation et morosité caractérisent ce climat qui manque de sérénité ».

« […] une mise à plat et un réexamen serein de la réforme permettront de sortir de cette impasse et de recommencer sur de nouvelles bases dans un climat positif ».

Et ass natierlech net un der Uni, fir ee Wee aus dem Misère ze fannen. An déi pathetesch Begrëffer vun Empathie, Determinatioun, Konsens, Transparenz an Gläichberechtegung, déi an der Konklusioun stinn loossen drop deiten datt d’Hëllef vun der Wëssenschaft och nëmme begrenzt ka sinn, fir aus dem Schlamassel eraus ze kommen.

De Minister gesäit ëmmerhin och de positiven Aspekt, datt kee Mënsch d’Qualitéit vun der Ausbildung vun deene Jonken, déi d’Formatioun gepackt hunn, a Fro stellt.
De Minister hat och schnell mat enger instruction ministérielle reagéiert, fir datt iwwer honnert Jonker net op der Strooss stinn. Des Mesure ass ëm ee Joer verlängert ginn.

Et ass och dëst Joer am Februar een neit Gesetz (PL6774) deposéiert ginn, mat enger Reform vun der Reform vun 2008. Dat stécht awer am Moment fest, well et eng Rei Incompatibilitéite mat eiser Konstitutioun opweist, déi net einfach opzeléise sinn.

Wat heescht eng mise à plat ? Déi läscht mise à plat am Educatiounsberäich war déi iwwert d’Gesetz vun der Reform vun de Lycéeën. Déi war och ganz berechtegt, mee zënterhier ass vill an de Schoulen diskutéiert a gestridde ginn, de PL6573 ass zur Zäit awer net méi am Rennen.

No enger Reformflut an der Ära Delvaux (déi d’Resultat vun engem ganz laange Reformstau war !), ass haut eng vun de wichtegste Froen an der Educatioun : Wéi kréie mer rëm eng besser Kommunikatioun, ee positive Klima tëschent alle Partner? Ech mengen net, datt d’Suggestioun vun der Uni, fir déi verschidde Kritikpunkten déi am Rapport festgehale goufen elo ze validéieren « par une méthodologie quantitative plus rigoureuse, par exemple des enquêtes par questionnaires, … » eng grouss Hëllef ass.

Ech deelen dem Minister Meisch seng Ausso :

„Eent ass awer kloer, … datt déi viregt Reform net wäert réckgängeg gemaach ginn, … Kuerzfristeg soll d’Formatioun un d’Realitéite vum Terrain, d.h. vun de Schüler, de Schoulen, de Programmen an awer och den Entreprisen ugepasst ginn.“

Et ass awer och esou, datt d’Moduler net equilibréiert an net ausgeräift sinn. Dat féiert zu Ongerechtegkeeten. D’Moduler mussen iwwerschafft ginn, an dat geet net vun haut op muer. Dofir musse mer eis déi néideg Zäit huelen an näischt méi iwwert de Knéi briechen.

 

Dieser Beitrag wurde unter Educatioun abgelegt und mit , verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Eine Antwort zu Beruffsausbildung : Eng Reforme mat katastrofalem Nospill

  1. Paul Zens schreibt:

    Hat dies auf paulzens rebloggt.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s